PODCAST · society
Handwierk on Air – Den Podcast vun der Chambre des Métiers
by Chambre des Métiers Luxembourg
Eise Podcast bréngt d’Stëmm vum Handwierk direkt bei Iech – mat Gespréicher, déi begeeschteren, informéieren an zum Nodenken uregen. Hei schwätze mir mat de Mënschen, déi d’Handwierk liewen: Betribsleit, Jonker, Expert:innen an Entscheedungsträger. Lauschtert eran a entdeckt d’Wäerter, d’Innovatiounen an d’Visiounen, déi d’Handwierk vu muer gestalten.Ce podcast donne la parole à l’artisanat – avec des conversations qui enthousiasment, informent et invitent à la réflexion. Ici, nous parlons avec celles et ceux qui font vivre l’artisanat : chefs d’entreprise, jeunes, expert·e·s et décideurs. Écoutez et découvrez les valeurs, les innovations et les visions qui façonnent l’artisanat de demain.
-
10
D'Handwierk a seng Zukunft
An dëser 10. Episod vun Handwierk on Air schwätze mer mam Tom Oberweis (President) a mam Paul Nathan (Vizepresident) vun der Chambre des Métiers iwwer d’Zukunft vum Lëtzebuerger Handwierk. Am Fokus: 🔨 d’Roll vum Handwierk an eiser Gesellschaft 🚀 Ausbildung, Quereinsteiger a Betribsnofolleg 🌱 Nohaltegkeet a Lokalitéit 💻 Digitalisatioun & Kënschtlech Intelligenz als Ënnerstëtzung 🔮 Chancen a grouss Defie fir déi nächst Generatioun Eng Episod iwwer Haltung, Wandel – an firwat Handwierk och an Zukunft onersetzbar bleift. --- Dans cet épisode 10 de Handwierk on Air, nous discutons avec Tom Oberweis (Président) et Paul Nathan (Vice-président) de la Chambre des Métiers au sujet de l’avenir de l’artisanat luxembourgeois. Au programme : 🔨 Le rôle de l’artisanat dans notre société 🚀 Formation, reconversion professionnelle et reprise d’entreprise 🌱 Durabilité et ancrage local 💻 Digitalisation et intelligence artificielle comme soutien 🔮 Opportunités et grands défis pour la prochaine génération Un épisode qui parle d’engagement, de transition – et des raisons pour lesquelles l’artisanat restera indispensable à l’avenir.
-
9
Nohalteg Entwécklung: Eng rentabel Investitioun fir d’Handwierk?
An dësem Podcast schwätze mir doriwwer, ob nohalteg Entwécklung fir d’Handwierk eng rentabel Chance ass. De Clément Wampach (TK Elevator) an d'Elisa Mendes (Chambre des Métiers) si mat dobäi. Mir checken déi gängeg Mythen, erklären déi dräi Piliere vum nohaltege Wuesstum, a kucken, wéi d’Handwierksbetriber konkret dovunner profitéieren. Dir kritt Beispiller vu finanziellen an immaterielle Gewënner, déi duerch nohalteg Aktiounen entstane sinn, a mir weisen, wéi wichteg et ass, d’Kommunikatioun am Betrib an no baussen ze stäerken. D’Chambre des Métiers stellt hire Service fir eng méi nohalteg Zukunft vir: Formatiounen, Berodung, Tools a Partnerschaften. Kleng Schrëtt zielen! Inspiréiert an engagéiert iech fir een nohaltegt Handwierk. --- Dans cet épisode, nous abordons la question essentielle : le développement durable représente-t-il une opportunité rentable pour les entreprises artisanales ? Accompagnés de Clément Wampach (TK Elevator) et Elisa Mendes (Chambre des Métiers), nous déconstruisons les mythes autour du développement durable, explorons ses piliers, et discutons des enjeux concrets rencontrés dans le secteur. Vous découvrirez des exemples pratiques de gains financiers et immatériels obtenus grâce à des actions responsables, ainsi que l’importance de communiquer sur ces initiatives. La Chambre des Métiers partage son accompagnement étape par étape vers un avenir durable : formations, conseils, outils, et partenariats. Chaque petite action compte et inspire. Avançons ensemble vers une économie plus durable, sans attendre la solution parfaite !
-
8
Handwierk mat Haltung – firwat ass Handwierk méi wéi just eng Aarbecht?
An dëser Episod schwätze mir mam Gilles Walers, Directeur des Affaires Stratégiques, Juridiques & Européennes bei der Chambre des Métiers, iwwer déi onsiichtbar Kraaft hannert all Handwierksberuff: Haltung. D’Haltung, déi dech motivéiert, och wann d’Wieder net matspillt. D’Haltung, déi aus enger Aarbecht eng Passioun mécht. D’Haltung, déi Jonker inspiréiert – a Quereinsteiger nei Ufäng fanne léisst. Mir entdecken, firwat Handwierk net nëmme produzéiert, mee Geschichten erzielt. A firwat grad elo eng Generatioun no Méi sicht: méi Authentizitéit, méi Wäerter, méi Eechtheet. Lauschter eran an eng Episod, déi weist, firwat Handwierk net nëmmen e Metier ass – mee eng Liewenshaltung. --- Dans cet épisode, nous parlons avec Gilles Walers, Directeur des Affaires Stratégiques, Juridiques & Européennes à la Chambre des Métiers, de la force invisible derrière chaque métier de l’artisanat : l’attitude. L’attitude qui te motive même lorsque la météo n’est pas de ton côté. L’attitude qui transforme un travail en passion. L’attitude qui inspire les jeunes – et qui permet aux personnes en reconversion de trouver un nouveau départ. Nous découvrons pourquoi l’artisanat ne se contente pas de produire, mais raconte aussi des histoires. Et pourquoi, aujourd’hui plus que jamais, une génération est en quête de plus : plus d’authenticité, plus de valeurs, plus de vérité. Plonge dans un épisode qui montre pourquoi l’artisanat n’est pas seulement un métier – mais une véritable philosophie de vie.
-
7
Beruffsausbildung am Handwierk
An dëser Episod schwätze mir mam Armin Lux vun Heizung Barthel S.A. a Michael Kyll vun Électricité Kyll S.A. iwwer d’Realitéit vun der Beruffsausbildung am Lëtzebuerger Handwierk – direkt aus der Perspektiv vun de Formateuren am Betrib. Wéi funktionéiert d’dual Ausbildung am Alldag? Wéi leeft d’Zesummenaarbecht tëscht Betriber, Schoulen an der Chambre des Métiers? Wéi eng Diplomer ginn et – a wéi gesäit d’Weiderbildung aus? A firwat sinn Ausbildung & Nofolleg haut méi wichteg wéi jee? D’Episod weist, wéi Betriber Jonker begleeden, motivéieren an op eng erfollegräich Zukunft am Handwierk virbereeden. --- Dans cet épisode, nous discutons avec Armin Lux de Heizung Barthel S.A. et Michael Kyll de Électricité Kyll S.A. de la réalité de la formation professionnelle dans l’Artisanat luxembourgeois – directement du point de vue des formateurs en entreprise. Comment fonctionne la formation duale au quotidien ? Comment se déroule la collaboration entre les entreprises, les écoles et la Chambre des Métiers ? Quels sont les diplômes existants – et à quoi ressemble la formation continue ? Et pourquoi la formation et la relève sont-elles aujourd’hui plus importantes que jamais ? L’épisode montre comment les entreprises accompagnent les jeunes, les motivent et les préparent à un avenir réussi dans l’Artisanat.
-
6
Design meets Handwierk
An dëser Episod begéinen sech Design an Handwierk op aussergewéinlech Aart a Weis. D’Julie Conrad, Produktdesignerin, an den Norbert Brakonier, Schrainermeeschter, erzielen, wéi si fir den internationale Projet „Designers of Luxembourg fir Osaka 2025“ zesumme geschafft hunn. Zesummen hu si e Stull entwéckelt, deen net nëmmen am VIP-Bereich vun der Weltausstellung zu Osaka stoung, mee och d’Kreativitéit, d’Ergonomie an d’Nohaltegkeet vereent. D’Episod weist, wéi vill Pingpong, Gedold an Offenheet et brauch, fir Innovatioun ze fërderen, a wéi Designer an Handwierker mat verschiddenen Expertisen eng gemeinsam Sprooch fannen. Mir entdecken, wéi regional Holz, recycléiert Materialien an d’Iddi vun der Reparabilitéit zu engem modernen Miwwel féieren, deen och personaliséierbar ass. Dans cet épisode, design et artisanat se rencontrent pour donner naissance à une collaboration exceptionnelle. Julie Conrad, designer industrielle, et Norbert Brakonier, maître artisan, partagent leur expérience autour du projet « Designers of Luxembourg pour Osaka 2025 ». Ensemble, ils ont imaginé une chaise exposée dans l’espace VIP de l’Exposition universelle d’Osaka, symbole de créativité, d’ergonomie et de durabilité. L’épisode explore le dialogue entre designer et artisan, les défis à relever et la richesse d’un véritable échange d’idées. On découvre comment le savoir-faire luxembourgeois s’exprime à travers des matériaux locaux et recyclés, avec une attention particulière à la réparabilité et à la personnalisation.
-
5
De Mains De Maîtres 2025 - Konschthandwierk zu Lëtzebuerg
Dans cet épisode, l’artiste Charlotte Payet nous parle de ses sculptures monumentales en plastique recyclé – une démarche qui lui a valu le Prix de l'Artisanat d'Art en 2024. Avec Jean-Marc Dimanche, commissaire général de la Biennale De Mains de Maîtres, nous explorons les liens entre Artisanat et art, les nouvelles technologies, l’écologie et les collaborations internationales. Depuis sa création en 2016, la Biennale est devenue un rendez-vous incontournable de l’artisanat d’art au Luxembourg et au-delà – avec des expositions à Paris, Venise, Bruxelles et bien sûr au 19 Liberté. Un épisode inspirant sur la créativité, le savoir-faire et l’évolution d’un métier en pleine transformation. D’Konschthandwierkerin Charlotte Payet erzielt, wéi si aus recycléierte Plastiksfläsche monumentale Skulpture mécht – an domat 2024 den Prix de l'Artisanat d'Art 2024 gewonnen huet. Zesumme mam Jean-Marc Dimanche, Generalkommissär vun der Biennale De Mains de Maîtres, schwätze mir iwwer d’Grenzen tëscht Konscht an Handwierk, iwwer nei Technologien, Nohaltegkeet an international Zesummenaarbecht. D’Biennale ass zanter hirer Grënnung 2016 zu engem wichtege Pilier am europäesche Konschthandwierk gewuess – mat Ausstellungen zu Lëtzebuerg, Paräis, Venedeg a Bréissel. Eng Episod iwwer Kreativitéit, Gemeinschaft an d’Kraaft vun engem Handwierk, dat sech weiderentwéckelt an d’Zukunft matgestalt.
-
4
Co-labor: wéi Handwierk Leit zesummebréngt
An dëser Episod schwätze mir mam Max Holz, Generaldirekter vu Co-labor, iwwer d’Verbindung tëscht Handwierk, sozialer Integratioun an Ëmweltschutz. Zanter 1983 schafft Co-labor mat Mënschen, déi wäit vum Aarbechtsmarché ewech sinn, a bitt hinnen eng Perspektiv – duerch konkret Aarbecht am Gaart, Bësch, an der Bio-Liewensmëttelproduktioun a schlussendlech am Handwierk. De Max Holz erkläert, wéi Co-labor sech zu engem komplexen, professionellen Handwierksbetrib entwéckelt huet, dee gläichzäiteg eng sozial Kooperativ ass. Mir entdecken, wéi d’Missioun vun engem Betrib seng Identitéit formt – a wéi Handwierk eng Plattform ka si fir Nohaltegkeet, Solidaritéit a lokal Engagement. Eng Episod iwwer Courage, Zesummenhalt an d’Kraaft vun engem Handwierk, dat Verantwortung iwwerhëlt. Dans cet épisode, Max Holz, directeur général de Co-labor, nous parle d’un artisanat engagé, au service de l’humain et de l’environnement. Depuis 1983, Co-labor accompagne des personnes éloignées du marché du travail en leur offrant une formation et une activité concrète dans les domaines du jardinage, de la forêt, de l’alimentation bio et donc, en fin de compte, de l'artisanat. Max nous explique comment Co-labor est devenu une entreprise artisanale complexe et professionnelle, tout en restant fidèle à sa mission sociale. On découvre comment une entreprise peut allier production locale, durabilité et inclusion – et comment l’artisanat peut devenir un moteur de transformation sociale. Un épisode inspirant sur l’impact positif de l’artisanat – pour les personnes, la société et la planète.
-
3
Club Créateur: zesummen an d'Selbststännegkeet
An dëser Episod geet et ëm de Sprong an d’Selbststännegkeet am Handwierk: D’Brigitte Weber huet nom Doud vun hirem Mann de Coiffeurssalon iwwerholl, fir d'Salariéen net hänken ze loossen. De Laurent Müller huet sech no 20 Joer bei engem grousse Patron endlech getraut, säin eegene Betrib, “De Glaser”, opzemaachen – mam Support vun der Chambre des Métiers. De Joe Girst vum Contact Entreprise erkläert, wéi de Club Créateur dobäi hëlleft, Grënner:innen ze begleeden. Eng Episod iwwer Courage, Zesummenhalt an d’Kraaft vum Handwierk. Dans cet épisode, on parle de création d’entreprise dans le secteur artisanal : Brigitte Weber a repris le salon de coiffure de son mari après son décès, pour soutenir ses salarié·e·s. Laurent Müller, après 20 ans chez un grand patron, a osé créer son entreprise « De Glaser SARL », grâce au soutien de la Chambre des Métiers. Joe Girst, du service Contact Entreprise, explique comment le Club Créateur accompagne les futurs entrepreneurs. Une discussion inspirante sur le courage de se lancer, le soutien collectif et la passion du métier.
-
2
Luxforge an d’Digitalisatioun vun engem traditionellen Handwierksbetrib
An dëser Episod gi mir op eng Rees duerch d’Digitaliséierung am Handwierk. Den Dirk Treinen, Patron vu Luxforge, erzielt eis, wéi sech säi Betrib vum klassesche Metallbauer zu enger Hightech-Entreprise entwéckelt huet. – mat digitalem Know-how, vill Visioun an engem staarke Fokus op Mënsch an Ëmwelt. Vun den éischten CAD-Zeechnunge bis bei KI-gestützt Konfiguratiounssystemer: Luxforge weist, wéi d’Digitaliséierung net nëmmen d’Aarbecht vereinfacht, mee och nei Méiglechkeeten opmécht – fir d’Mataarbechter, d’Clienten an d’Zukunft vum Handwierk. Eng inspiréierend Episod, déi weist, wéi modern, engagéiert a kloer op d’Zukunft ausgeriicht en Handwierk ka sinn. Dans cet épisode de Handwierk on Air, nous recevons Dirk Treinen, patron de Luxforge, pour un échange passionnant sur la transformation numérique dans l’artisanat. Il nous raconte comment son entreprise est passée d’un atelier traditionnel à un acteur innovant du métal sur mesure, grâce à une vision claire et une digitalisation progressive. De la première utilisation de logiciels de dessin à la création d’un configurateur 3D alimenté par l’intelligence artificielle, Dirk partage les étapes clés, les défis humains et les réussites techniques qui ont marqué ce parcours. Il nous montre que l’artisanat peut être à la fois porteur de sens, épanouissant et profondément respectueux de la société et de l’environnement. Un épisode inspirant qui met en lumière un artisanat moderne, engagé et résolument tourné vers l’avenir.
-
1
D’Meeschterprüfung: Inspiratioun a Perspektiv am Handwierk
Wat bréngt de Brevet de Maîtrise dem Handwierk vun haut a vu muer? D‘Liette Even vun der Chambre des Métiers deelt aussergewéinlech Geschichte vu Bewerber:innen a weist, wéi vill Méiglechkeeten de Brevet bitt. De Pascal Garçon huet 20 Joer op enger Bank geschafft, bis hien de Sprong an d’Gastronomie gewot huet – an elo ass hien selbststännegen Traiteur. De Mike Fandel, Schwammmeeschter zu Esch, verréit, firwat och säi Beruff en Handwierksberuff ass – a firwat hien sech fir de Brevet entscheet huet. Eng Episod iwwer Karriärweeër, Leidenschaft an d’Kraaft vum Handwierk. Le Brevet de Maîtrise ouvre des portes – et parfois même des vocations. Liette Even de la Chambre des Métiers partage des histoires étonnantes de candidat·e·s et montre tout ce que ce diplôme peut offrir. Pascal Garçon a travaillé pendant 20 pour une banque – et aujourd’hui, il est traiteur indépendant. Mike Fandel, maître-nageur à Esch, nous explique pourquoi son métier est aussi un métier artisanal – et pourquoi il a choisi de passer le Brevet. Une discussion inspirante sur les parcours atypiques, les compétences et la passion du métier.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Eise Podcast bréngt d’Stëmm vum Handwierk direkt bei Iech – mat Gespréicher, déi begeeschteren, informéieren an zum Nodenken uregen. Hei schwätze mir mat de Mënschen, déi d’Handwierk liewen: Betribsleit, Jonker, Expert:innen an Entscheedungsträger. Lauschtert eran a entdeckt d’Wäerter, d’Innovatiounen an d’Visiounen, déi d’Handwierk vu muer gestalten.Ce podcast donne la parole à l’artisanat – avec des conversations qui enthousiasment, informent et invitent à la réflexion. Ici, nous parlons avec celles et ceux qui font vivre l’artisanat : chefs d’entreprise, jeunes, expert·e·s et décideurs. Écoutez et découvrez les valeurs, les innovations et les visions qui façonnent l’artisanat de demain.
HOSTED BY
Chambre des Métiers Luxembourg
Loading similar podcasts...