Skip to content
Haut, Muer an Deemools podcast artwork

PODCAST · music

Haut, Muer an Deemools

by Harmonie Municipale Differdange

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Jun 12, 2026 · Source feed

Episodes

  1. Speziell Episod - Live am Park

    Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance...

  2. Episod 14 - Eugène Schmitz

    An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert...

  3. Speziell Episod - 1. Mee Feier

    Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu…

    more
  4. Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert

    An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt....

  5. Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3

    No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet. An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.…

    more
  6. Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3

    An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025…

    more
  7. Episod 10 - Fränz Goergen - Deel 2

    An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek. D'Episod hält op...

  8. Episod 9 - Gilles Krein - Deel 3

    An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass. Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als...

  9. Episod 8 - Gilles Krein - Deel 2

    An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen. Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och...

  10. Episod 7 - Gilles Krein - Deel 1

    Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigent vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass,...

  11. Episod 6 - Martine Goergen - Deel 2

    An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen...

  12. Episod 5 - Martine Goergen - Deel 1

    An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen. D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze...

  13. Episod 4 - Raphael Mosar - Deel 2

    Haut hu mir nees d'Éier eise Vizepresident ze begréissen. De Raphael Mosar ass fir eng zweet Episod dobäi. Déi leschte Kéier war net genuch Zäit fir seng laang Geschicht an der Déifferdenger Musek ze erzielen. Produktioun: Harmonie Municipale Differdange Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira...

  14. Episod 3 - Raphael Mosar - Deel 1

    Haut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënnt mat eis schwätzen. Hien huet bei eis 2004 um Saxofon ugefaangen an huet sech vum Jugendmuseker bis zum Vizepresident erop geschafft, wéi et dozou komm ass dass hien als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt dir an dëser...

  15. Episod 2 - Nicolas Elsen

    An dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn...

  16. Episod 1 - François Goergen - Deel 1

    An eiser éischter Episod schwätze mer mam Fränz Goergen. De Fränz ass schonn iwwer 70 Joer bei eis am Veräin an huet esou munch Anekdoten ze erzielen. An dëser éischter Nummer vun eisem Podcast fänke mir an de 40er Joer un a gi mat him duerch bal 4 Joerzéngte vun eisem Veräin. Mer kréie witzeg...

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.

HOSTED BY

Harmonie Municipale Differdange

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Haut, Muer an Deemools have?

Haut, Muer an Deemools currently has 16 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Haut, Muer an Deemools about?

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer...

How often does Haut, Muer an Deemools release new episodes?

Haut, Muer an Deemools has 16 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Haut, Muer an Deemools?

You can listen to Haut, Muer an Deemools on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Haut, Muer an Deemools?

Haut, Muer an Deemools is created and hosted by Harmonie Municipale Differdange.
URL copied to clipboard!