PODCAST · news
Kultur
by radio 100,7
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
-
50
Turning Point: Generation 9/11
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
-
49
Faux Real - "Poison Time"
Schonn d'Singleauskopplungen hu gewisen, wou d'Rees higeet: "That Far" an "One & Done" zéien den Nolauschterer mat repetitive Synth-Linnen a punkiger Energie direkt an hire Bann. Wéi "Poison Time", den zweete Longplayer vu Faux Real soss esou kléngt, weess de Marc Clement.
-
48
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star”
Enn September/ Ufanks Oktober ginn eng ganz Rei interessant Ausstellungen op en Enn. Falls dir État bruit an der Escher Konschthal, d’Luxembourg Architecture Awards am LUCA am Gronn oder vu Lilien a Linnen am Nationalmusée um Fëschmaart nach net gesinn hutt, maacht iech bäi. Och wat di speziell Gebuertsdagsprogrammer am Casino an am Mudam ugeet. Am Pei-Musée kënnt dir traditionell all Summer en aneren Deel vun der Collectioun entdecken. Fir 20 Joer Mudam wollt d’Équipe sech eppes Spezielles afale loossen. D’Kerstin Thalau huet mat der Directrice Bettina Steinbrügge iwwer d’Expo “Video killed the Radio Star” geschwat.
-
47
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen
D‘Vakanzezäit ass fir vill Leit elo eriwwer an et ass de richtege Moment e Buch iwwer d‘Reesen ze liesen, e Buch, dat sécher kee Reesguide ass. An domat huet d‘Valerija Berdi dann och e ganz besonnesche Liestipp. Der Felicitas Hoppe hire Roman „Reisen“ aus dem Hanser-Verlag.
-
46
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen...
Gëschter ass d’Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis bekannt ginn. Sechs Bicher huet d’Jury ausgewielt, déi d’Chance hunn de 5. Oktober, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse ausgezeechent zeginn. Wéi eng Bicher dat sinn, dat erzielt eis elo d’Valerija Berdi.
-
45
ENGLBRT um Reeperbahn Festival
Een Duo aus engem Jazz-Batteur an engem Indiesänger-a Gittarist, déi zesumme Popmusek maachen - dat ass ENGLBRT. Den ENGL ass den Niels Engel, dee scho mat villen Jazz-Gréissten d’Bün konnt deelen, a BERT ass de Spëtznumm vum Georges Goerens, bekannt als Bartleby Delicate an als Frontmann vun der Rockband Seed to Tree. Hir Plack "Song(e)s" ass nach waarm aus dem Uewen, a prett, un nei, international Ouere virzedréngen. An 10 Deeg geschitt dat um Reeperbahn Festival zu Hamburg, an den nächste Mount och um Waves Vienna. De Marc Clement huet kierzlech mam Georges Goerens geschwat.
-
44
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
Jonk sinn an Italie wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut: Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem rezent op Däitsch iwwersate Roman "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach). D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags. De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam italieenesche Schrëftsteller ënnerhalen.
-
43
Rentrée littéraire: "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly: Ee Roman, an deem den Auteur eng vu senge fragilen Erzielfiguren an ee Pastiche tëschent Krimi, Horror an Abenteuerroman andauche léisst.
-
42
Noruff Gloria Steinem
D‘Gloria Steinem hat jorzengte laang fir Gläichberechtegung am Heem an op der Aarbecht gekämpft, an sech fir d‘Fräiheet op Ofdreiwung agesat. Si huet Fraen encouragéiert an d‘Aarbechtswelt an an d‘Politik ze trieden an huet sou e kulturelle Wandel erbäigefouert. Si ass d‘lescht Woch am Alter vun 92 zu New York gestuerwen. D‘Claire Barthelemy mat engem Noruff.
-
41
"Blue Heron" vun der Sophy Romvari
Der Sophy Romvari hiren éischte Film "Blue Heron" ass eng melancholesch Autofiktioun iwwer der Realisatrice hir Kandheet mat engem psychesch kranke Brudder. De Film krut dëst Joer um LuxFilmFest de Präis vun der internationaler Filmkritik. D’Vesna Andonovic an de Jeff Schinker waren e fir eis kucken – mir lauschteren hir Andréck.
-
40
"The Dog Stars" vum Ridley Scott
Och mat 89 Joer ass de Ridley Scott, Realisateur vun “Alien” oder “Blade Runner”, nach fit genuch, fir Filmer ze dréinen. “The Dog Stars”, eng Adaptéierung vun engem Roman vum Peter Heller, huet mam Jacob Elordi, Margaret Qualley, Josh Brolin a Guy Pearce een Top-Cast. Wéi gutt dem Scott säi postapokalytpesche Film ass, dat verroden iech d’Vesna Andonovic an de Jeff Schinker an hirer Filmkritik.
-
39
"L’inconnue" vum Arthur Harari
Dir wollt schon ëmmer eemol am Kierper vun engem anere liewen? Den Arthur Harari weist a sengem Film "L’inconnue", dass verschidde Wënsch am beschten ni Realitéit ginn. Obschonns de Film zu Cannes am Wettbewerb gelaf ass, huet L’inconnue eis Rezensente gespléckt.
-
38
"Hot Flashes"
Hot Flashes, iwwersat Hëtzten, Hitzewallungen oder Bouffées de chaleur – dat sinn d’Symptomer, déi am Kierper vun de Frau d’Menopause oder d’Perimenopaus ukënnegen. Maskénada an d‘Tammy Reichling hunn doraus ass eng performativ, feministesch quasi One Woman Show gemaach – an d’Perfomerin an Autrice vum Stéck ass haut beim Jeff Schinker am Studio, fir iwwert "Hot Flashes" ze schwätzen.
-
37
First Mote - Snapdragons at the Market
D’Sängerin Ninon, de Pop-Cowboy Raftside, den jazzege Popduo ENGLBRT an de Guitar-Batterie Duo First Mote spillen de Freiden 18. September an der Prinzenbar zu Hamburg op der Reeperbahn. Fir déi Leschter, First Mote, steet direkt duerno nach d’Vereffentlechung vun hirem zweeten Album "Snapdragons at the Market" un, firwat de Marc Clement sech gëschter mam Batteur Christophe Demart getraff huet.
-
36
"Joseph dans la nuit" vum Olivier Grondeau
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Joseph dans la nuit" vum Olivier Grondeau, eng Autofiktioun iwwert dem Schrëftsteller seng 72 Deeg Garde a vue an iranesche Prisongen.
-
35
D'Ninon spillt ee Showcase um Reeperbahn Festival
Véier Lëtzebuergesch Museksprojee'e spillen de 16. September op der Reeperbahn zu Hamburg, wou all Joer ee Showcase-Festival fir europäesch Bands organiséiert gëtt. Wat ENGLBRT, Raftside, Fist Mote an Ninon gemeinsam hunn, ass ee gefëllte Release-Kalenner, sief et rezent, oder geschwënn. Mat der jonker Sängerin Ninon wollt de Marc Clement iwwert d'Opnam-Aarbechten an den ustoënde Live-Optrëtt schwätzen... den neien Album kënnt iwwregens am Januar.
-
34
"Jesus Christ Kinski" vum Benjamin Myers
Wärend dem Lockdown huet jiddereen eppes gesicht, fir d‘Zäit erëm ze kréien. Déi eng hunn Brout gebak, déi aner hu geléiert bitzen oder hunn Puzzle gemaach. Dem Schrëftsteller Benjamin Myers hat an där Zäit de kontroversen dätsche Schauspiller Klaus Kinski entdeckt, an war obsedéiert. Iwwert deen huet hien elo en experimentellt Buch geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et vir eis gelies.
-
33
100 Joer fir den Allen Ginsberg
Den amerikanesche Poet an Aktivist Allen Ginsberg ass ee vun de bekanntsten Gesichter aus der Amerikanescher Géigekultur. Hien huet Artisten wei d‘Patti Smith, den Bob Dylan, d‘Beatles an The Clash inspiréiert. Hien hätt am Juni seng 100 Joer kritt. D‘Claire Barthelemy kuckt op dem Allen Ginsberg säi Liewen zréck.
-
32
De gréisste jiddesche Ghetto an Europa
A Polen tauchen ëmmer erëm Iwwerreschter vum Zweete Weltkrich am Häerz vun der Haaptstad op. Zënter zwee Joer hunn Archäologe Ausgruewungen an der Géigend gemaach, wou de Warschauer Ghetto - dee gréissten an Europa - fréier eemol war. Zënter 1940 goufe Judden aus dem ganze Kontinent an dëse puer iwwerfëllte Quadratkilometer agespäert ënner onmënschleche Konditiounen, ier se an Vernichtungslager deportéiert goufen. Méi wéi 3.500 Objete goufen an de Ruine fonnt, an d'Fuerscher hunn decidéiert, d'Plaz fir Visiteuren opzemaachen. Den Adrien Sarlat huet si op enger guidéierter Tour begleet.
-
31
Frida - The Making of an Icon
Si huet faarweg, traditionell Kleedung un, Blummen an den Hoer, e Flaum iwwert de Lepsen an breet schwäerz Aperhoer: Dir hutt vläicht scho geroden, et geet Riets vum Frida Kahlo. An der mexikanescher Kënschtlerin hiert Gesiicht ass hautdesdaags méi bekannt wei hir Wierker. Eng grouss Ausstellung zu London weist, wei si zum weltwäiten Phenomen ginn ass. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
-
30
Rentrée littéraire: "Histoire d’amours" vum Serge Joncour
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Histoire d’amours" vum Serge Joncour, ee Roman, dee wéi viru Kuerzem och dem Jemp Schuster seng "Spawecken" tëschent zwou Epoche spréngt, fir d’Geschicht vun engem Territoire, enger Regioun an de Mënschen, déi do liewen, ze erzielen.
-
29
Luca de Dios - de amor y desamor
Mëtt Oktober gëtt de Luca Vaillancourt de Dios - vun Triana y Luca an de Pescadores - seng éischt Solo-Plack eraus, mat engem Live Concert am Centre Culturel opderschmelz. Eng Stëmm, eng Nylonsgittar, spuenesch Häerzfaseren an e puer nostalgesch, elektronesch Schieter bestëmmen d‘Songs vu senger kommender Plack „de amor y desamor“. De Marc Clement wollt méi wëssen.
-
28
Rentrée littéraire: "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart. Ee Roman tëschent Familljegeschicht an Autofiktioun, an deem d’Schrëftstellerin eng Korrespondenz vun 2.000 Bréiwer tëschent hire Grousselteren opschafft.
-
27
En Noruff op d‘Dolly Parton
D‘Dolly Parton ass als Country-Ikon bekannt, déi de Genre duerch eng Rëtsch grouss Hits an de Mainstream bruecht huet. Mee si war och eng Schauspillerin, Geschäftsfra an eng Philanthropin, déi sech hiert Liewe laang fir déi manner bemëttelt agesat hat. Am polariséierten Amerika ass si eng vun de raren Perséinlechkeeten, déi vun alle Säite beléift ass. Hei een Noruff op d‘Dolly Parton vum Claire Barthelemy
-
26
Rentrée littéraire: "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis, wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert – een intelligenten dystopesche Sci-Fi-Roman, dee sech virstellt, wéi eng vun de Maschinnen dirigéiert Mënschheet ausgesäit.
-
25
Rezensioun: Lambchop - "Punching the Clown"
De Kurt Wagner ass de Leadsänger an eenzeg bleiwende Member vun engem ufanks bis zu 18-käppegen Nashviller Kollektiv mam Numm Lambchop. Fir de 17. Lambchop-Album hat de Kurt Wagner, Leadsänger, eng absolut fantastesch Iddi: Seng intim, nikotinbeluegte Stëmm mat de rengen, klore Stëmme vu Chouersänger ze kontrastéieren. Eraus kënnt “Punching the Clown”, een Album, deem säin Titel schonn en neien Niveau vum Wagner sengem Songwriting suggeréiert.
-
24
"Ultramarin" vun der Ann-Christin Kumm
Net grad déi lëschtegst Summerlecture, trotzdeem derwäert, der Ann-Christin Kumm hiren éischte Roman "Ultramarin" ze liesen, mengt d'Valerija Berdi. D'Buch ass am Hanser-Verlag eraus komm.
-
23
"The Reverse Centaur‘s Guide to Life After AI" vum Cory Doctorow
Mir sinn am Zäitalter vun der KI ukomm, do gëtt et keen Zweiwel méi. Ass den Hype awer berechtegt? An wéi genau wäert dës nei Technologie all eenzele betreffe? Den Cory Doctorow gëtt a sengem neie Buch ganz wäertvoll Denkustéiss. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis ragelies.
-
22
EUYO – European Youth Orchestra
EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Unioun. Joer fir Joer kommen aus 27 verschiddenen Natiounen Musekerinnen a Museker zesummen, fir ee Joer laang eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen. Am Jury an Conseil d’administration vum EUYO ass och den Joe Haas, responsabelen beim Lëtzebuerger Kulturministère fir d’Ënnerstëtzung vun Artisten.
-
21
Pop-Rock-Rentrée zu Lëtzebuerg
De Schluss vun de Congés annulés ass glaichzaiteg bal de Startschoss fir d'Rentrée... Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.
-
20
Cornelius - Refractions
De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur. Den Numm hat hien deemools un de Schimpans am originale Planet of the Apes Film vun 1968 ugeleent, a säin Duerchbrochsalbum “Fantasma” vun 1997 huet deemools Vergläicher mam Brian Wilson abruecht, esou kandlech-verspillten Tournure waren dorop ze fannen. De Marc Clement huet an den neisten Album vum Japaner erageläuschtert.
-
19
Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer
Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend – esou ass den neie Roman vum südkoreanesche Schrëftsteller Kim Ho-Yeon. Dofir ass och d‘Buch "Jae-yeons Reise ans Meer" e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch ass an däitscher iwwersetzung am Hanser-Verlag erauskomm.
-
18
"La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Den Ufank vun der Serie iwwer déi franséisch Rentrée littéraire mécht "La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon – eng Zort Agatha Christie Remake am Kontext vu männlecher Toxeschkeet.
-
17
Smartglasses
Smartglasses si Brëller, déi kleng Kameraen a Microen am Gestell hu mat deenen ee ganz einfach filmen an ophuele kann. De bekanntste Modell ass vu Meta: D‘Firma hanner Facebook, Instagram a WhatsApp. Meta gëtt elo kritiséiert, well dës Brëller ëmmer méi benotzt gi fir Leit heemlech ze filmen. Géint dës nei Tech-Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
-
16
"Angel Down" vum Daniel Kraus
Den Pulitzer Präis fir Fiktioun ass dëst Joer un e Buch gaangen, an deem sech Krichsliteratur a Science Fiction mateneen vermëschen. Et ass dem Daniel Kraus säi Buch "Angel Down". An dat huet hien an engem eenzege Saz geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis gelies.
-
15
"Transcription" vum Ben Lerner
Well en Handy futti fiert, kann ee Mann säin Interview net an den uerdentleche Konditioune féieren. Wat wéi ee journalisteschen Albdram kléngt, féiert am Ben Lerner sengem kuerze Roman “Transcription” zu enger poetescher Meditatioun iwwer Memoire, Identitéit an d’Archivéiere vu Wëssen an enger Zäit, an där de Smartphone dacks d'Denken an d’Stockéiere fir eis iwwerhëlt. De Jeff Schinker huet de Roman fir eis gelies – an ass begeeschtert.
-
14
Zum Doud vum Robbie Martzen
Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim Nationale Literaturconcours. Seng éischt eegestänneg Publikatioun "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" ass ze Lëtzebuerg bei Black Fountain Press erauskomm. An dëser "Textsammlung " faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen zesummen. Mir lauschteren dem Michel Delage seng Andréck.
-
13
Liestipp: Guy Helminger - Gebäude für Breitengrade
An haut e weidere Liestipp vum Valerija Berdi. Et ass dem Guy Helminger säi Gedichtband: Gebäude für Breitengrade. D‘Buch ass am däitschen Elif-Verlag erauskomm.
-
12
Film vun der Woch: "Hen"
E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.
-
11
Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés
Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.
-
10
Liestipp: "Dans la jungle" vun der Adeline Dieudonné
An der Adeline Dieudonné hirem véierte Roman "Dans la jungle" erfuerscht d’Belsch Schrëftstellerin eng toxesch Bezéiung, déi tragesch endegt. De Jeff Schinker huet de Roman gelies, a verréit, wisou de Roman sech, trotz senger Donkelheet, wéi ee spannende Thriller liest.
-
9
Filmkritik: "The Last House" (Netflix)
Den amerikaneschen Horror-Survival-Thriller "The Last House" setzt eng Famill an Zeen, déi wärend engem forcéierte Confinement zolitt op d'Prouf gestallt. De Michel Delage mat enger Kritik vun dësem Netflix-Film.
-
8
Liestipp: "Famesick" vun der Lena Dunham
D'Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt hat. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an hirem neie Memoire "Famesick". D'Claire Barthelemy huet d'Buch fir eis gelies.
-
7
Liestipp: Birgit Bachmann – "Ein Samstag im August"
Datt Familljen net just eng Plaz vu Sécherheet, Léift a Zesummenhalt sinn, dierft gewosst sinn. Déi däitsch Schrëftstellerin Birgit Bachmann stellt an hirem Debut-Roman "Ein Samstag im August" eng ganz Rei Persoune vir, déi duerch familiär Liene matenee verbonne sinn. Queesch duerch Generatioune weist d‘Autorin op Geheimnisser, Suergen, Dreem a Verbatterung hin, an datt Famill alles ka sinn. Op alle Fall esou licht wéi den Titel et versprécht, ass dëst Buch net. E Liestipp vum Valerija Berdi. "Ein Samstag im August" vun der Birgit Bachmann ass am Penguin-Verlag erauskomm.
-
6
Eng Woch Stuerm
"Eng Woch Stuerm" passéiert, wann de Gudde Wëllen an der Helleggeescht Gaass dem Label Two Steps Twice de Schlëssel fir eng Woch gëtt a seet: "Maacht wat dir wëllt". Wat si wëllen, ass Panels iwwer Filmsynic, Songwriting-Workshops, Echangen iwwer Film, Musek an hire Marketing, an natierlech ee Concert an eng House-Party. Reportage vum Marc Clement um vum Freiden den Owend, kuerz viru Schluss vun der "Woch Stuerm".
-
5
Slow Fiction - Dollhouse
E Poppenhaus ass eng kleng Welt, déi ee kontrolléiert. schützt, an agencéiert wéi ee wëllt. Mee och eppes Fragilles. Op "Dollhouse" gesi Slow Fiction eist Privatliewen als esou eng Welt a beschreiwe, wat passéiert, wann d'Baussewelt sech net méi ofwiere léisst.
-
4
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
-
3
Liestipp: Anne Weber - Annette, ein Heldinnenepos
Am Moment ass d‘Verfilmung vum Homer senger “Odyssee” e grousse Sujet. D‘Valerija Berdi huet Iech eng ganz aner Helden-, oder besser gesot Heldinnen-Geschicht ze proposéieren. Kee Film, mee e Buch. Der däitscher Schrëftstellerin Anne Weber hiert Wierk: "Annette, ein Heldinnenepos". Eng Odyssee vun enger anerer Zort. D'Buch koum am Verlag Matthes & Seitz eraus.
-
2
Film vun der Woch: "Father"
E slowakesche Familljendrama iwwer Schold a Responsabilitéit, beschwat vum Michel Delage a Vesna Andonovic.
-
1
Programm vun der Saison 2026/2027 vum CAPE Ettelbréck
Ganz vill Variatioun, esou kann een d’Saison 2026/2027 vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck iwwerschreiwen. An dobäi gëtt op en Neits fir déi nächst Saison ganz vill op “Community and Participation” gesat. Ganz vill Variatioun wëllt heeschen, datt Kreatiounen a Co-Produktiounen um Programm stinn a Variatioun heescht awer och, datt Spektakelen a véier Sproochen ugebuede ginn: Franséisch, Däitsch Englesch a Lëtzebuergesch. A wa mir vu Kreatioune schwätzen, ganz spannend dierft d’Kreatioun “Die sieben Todsünden” vu Kurt Weill a Bertolt Brecht am Februar d'nächst Joer ginn. Detailer dozou an iwwer de ganze Programm huet de Jean Claude Majerus bei der Directrice Artistique vum CAPE Ana Maria Tzekov nogefrot.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
TOPICS IN THIS SHOW
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...