Skip to content
Meh. podcast artwork

PODCAST · society

Meh.

by Meh.

“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen oversharing - Sidsel a Cat (wësse vu wat se schwätzen… heiansdo)

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Sep 15, 2026 · Source feed

Episodes

  1. Episod 9 - Däiwel op der Blousebroscht

    D’Rentrée steet virun der Dier, dem Catherine säin Noper och an, deemno wou dir wunnt, och d’Karen aka Sidsel. Rullt de rouden Teppech aus well d’Prinzessinne vu meh sinn zréck. Zréck an der Realitéit an zréck am Land vum Dommendéck.

  2. Episod 8 - Beien um Aarsch

    D’Persoun, déi ëmmer eis Texter schreift (aka. Cat) ass aktuell am Congé… Dowéinst hei meng (Sidsel) Notizen zu der Episod: Giele Rack, Nuggi, Police & Konsumaffer… Fir de Recht, iwwerzeegt iech selwer!

  3. Episod 7 - Vun der Liewer op d’Zong

    Alarm an der Muedenzentral!! Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand well den Holger säin Onwiesen dreift. An net just Lëtzebuerg, beim Cat a Sidsel ass d’Hëtzt och ukomm an de Kapp dämpt - oder wéi kann ee sech soss Brëschtkrich, Traumaschof an Ex-Frënn ouni Nimm erklären? Verspriecht eis einfach op 3...

  4. Episod 6 - Mir gräifen aus

    Dës Episod in a tanned nutshell: D’Sidsel huet DE Currywurscht-Tipp. D’Cat eifert dem Schéinheetsideal no. Déi Zwee wëlle just nach als Duo agestallt ginn, kréien awer zesumme kee riichte Saz eraus. Brauche se och net, Sprooch verännert sech an am Zweifel, wéi op TikToxic: hal deng Maul.

  5. Episod 5 - Comeback vum Aarschgewei?

    Wéi vill Synonymmer ginn et fir ze kräischen? 1. Waasser loossen 2. Sech d’Aen verknäifen 3. Aus den Aen urinéieren 4. Pippi an den Aen 5. Eist Liewen An deem Sënn vill Spaass bei dëser Episod… oder Courage.

  6. Episod 4 - Entierft a gekënnegt

    Si mir hei op der Titanic oder der Arche Noah? Vum Niveau hir villäicht méi Titanic, ma vun der Besatzung hir freet den Noah sech iwwer seng Pouleten a Geckos. Ass och egal, Haaptsaach d’Schëfft leet of. Dot är NET GIEL Schwammwesten un, maacht iech prett fir Influencer-Dasein an üübt scho mol...

  7. Episod 3 - Mond-Flatulenzen

    “Champignone kann een net vertrauen, Leit kann een net vertrauen, a Männer souwisou net” – esou kéint een dës Episod resüméieren, mee iergendwéi och net well...wat ass dës Episod??? Fir et am Catherine senge Wierder ze soen “Dës Achterbunn ass e Podcast”. Leet är Schwammflosse prett well déi…

    more
  8. Episod 2 - Haters gonna Internet

    Meh proudly presents: eng Produktioun mat groussen Ambitiounen an nach méi groussen Nimm. Freet iech op d’Eso-Erica, de Fernseh-Fuzzi, de Spanner vum M an d’Monien aus der leschter Rei. Opgepasst: dëst Stéck ass en interaktive Lückentext an enthält Humor a Gaunerei. Mir haften net fir...

  9. Episod 1 -Diagnos ass do, a mir och

    A wéi Äppel B wéi Bh C wéi mir si rëm do a maachen eis eege Reegelen

  10. Episod 39 - Doesn’t butter me

    Zitt de Fändel an d’Luucht, wëscht de Sabber vun der Massage-Brëtsch an dot är 270€ Jeans-Box un - wéi hutt der net? Da sidd der an dëser Episod genee richteg. Vun der petite-bourgeoisie bis op Pöbel-Status, d’Queens sinn e puer Stackwierker no ënner gerullt. Fir genee ze si bis an Hotelzëmmeren,...

  11. Episod 38 - Gromperen-Couchelchen

    Brimborium leviosa oder fir et méi elegant auszedrécken f*ck JK Rowling. Domat starte mer eloquent wéi eh und je an dës Wonnerwelt vu Podcast. Maacht iech eng kleng Kuschelzäit a genéisst dat neit Konzept vu Queens of Meh: Dir lauschtert eis beim schlofen no – happy NAPisod. JOKE, wéi wann...

  12. Episod 37 - Sidd dir eng Koppel?

    Maacht den Applaus-Knäppche prett well d’Thermomix Karen an d’Miss Nothum stinn an de Startlächer. Mat enger Pace vun 1:18 an e bësse krimineller Energie geet et Richtung Zil wou schonn déi gutt richent Norweger:inne waarden. Wat mécht eigentlech dem Cat säi Kiné berufflech? Wéi ass d’Sidsel sou...

  13. Episod 36 - D’ass just eng Phas

    Jorelaang ass ee professionell Partymaus, et huet een e crush op den Drummer vun der Band an iergendwou am Kapp spillt ëmmer ee Lidd. A knapps ass een 28 muss ee sech mat co-parenting ausernee setzen, Lafschong kafen ass Thema Nummer 1 an et gëtt drop an derwidder gedierzt. Blöd just wann ee sech...

  14. Episod 35 - Mat der Dier an d’Pan

    Wann eng nei Episod um Weltfraendag opgeholl gëtt, da muss een natierlech mat geballter Alpha-Energie an d’Renne goen. Un der Startlinn stinn d’Sporty Spice & d’Koriander-Cat a maache sech waarm fir mat beschtem italieeneschen Accent iwwer Schwanzvergläich ze schwätzen. Wat Himmelsdéiercher domat...

  15. Episod 34 - Flirt mat der Hand

    Rideau op: den inklusiven Theater mat Trigger Warnung, villen Emotiounen an zwou Kinniginne von und zu Meh ass am Duerf. Den Text sëtzt net ëmmer mee et gëtt un der Verständlechkeet geschafft, oder awer um verständnisvoll sinn? Virun allem d’Cat muss léiere wéini laachen ubruecht ass an d’Sidsel...

  16. Episod 33 - Sexy Dumplings

    Dës Episod gëtt iech presentéiert vun der Léift - déi am Krankebett, déi live vum LSC a virun allem déi vum Sidsel sengem Partner. Spicy gëtt et awer net, héchstens cringe vue, dass den Altersënnerscheed tëscht eisen zwou Queens laut enger Infirmière bei mindestens 20 Joer läit. Och wann alles...

  17. Episod 32 - D’Geschicht vum Meter Béier

    3…2…1 Apeldecken! An domat ass 2025 dann och offiziell lancéiert, an dat direkt mat enger existenzieller Fro: Wéi vill kann an enger Episod geflucht ginn? Problematesch ass an dëser Episod net just wéi vill misst gepiipt gi mee och är Hosts aka Junkien. Dopamin-junkies versteet sech, eppes aneres...

  18. Episod 31 - Blannen Hond a kale Jang?

    Licht an! Oder aus? Et ass net ëmmer esou einfach säi Wee am däischteren ze fannen, virun allem net wann een d’Gefill huet verfolleg ze ginn… An dësem Fall awer Luuchten un, well sos kann een net d’Biller bewonneren, déi d’Cat no 3 Joer a senger Wunneng elo endlech opgehaangen huet. Wärenddeems...

  19. Episod 30 - 2 Poolboys um Zebrasträifen

    Advent Advent, kuckt eist onnëtzt Talent. Oder am Cat sengem Fall TalentER. Nodeems endlech d’Fro gekläert gouf ob sech am beschten no vir, no hannen oder aus dem leschte Lach päift, kann den Zirkus lass goen. Ganz no deem Motto gouf en neie Level un domm entdeckt, YOLO-Parking bedriwwen a...

  20. Episod 29 - Spullmaschinnen-Sekte

    Halloween ass eriwwer mee et bleift creepy bei de Queens of True Crime Dating CoMEHdy. Dir hutt d’Gefill dir gitt beobacht? Dir gesitt ëmmer erëm déi selwecht Persoun mat Kap a Schnurres virun ärer Fënster stoen? An ärer Spullmaschinn wunnt den Tom Cruise? E klore Fall fir d’Trovatis. Tri…

    more
  21. Episod 28 - Neien Dag, neit Gehier

    Ho ho ho - Halloween ass eriwwer mee déi grujeleg Gestalte laueren nach iwwerall: Ex-Partner, Bankkonten, eeler Leit mat vill Spaut am Mond a Lama um Spieß. Maacht et wéi all déi Leit, déi net beim Staat schaffen a schrauft är Erwaardungen erof. TV-Sternchen Sidsel an extravagant Persoun aus dem...

  22. Episod 27 - Nuesläppchen

    This is the voice of Dingsdabumms… Ob sech d’Still fir d’Queens ëmdréinen oder net, gitt dir an der neister Episod vun ärem Liblings-KFZ-Podcast gewuer. Keng Angscht, sollten technesch Problemer opkommen, d’Cat krempelt d’Äerm vu sengem Fräizäitkostüm an d’Luucht an d’Sidsel huet d’Dréikräiz an...

  23. Episod 26 - Cornischong an der Tut

    Stellt Iech vir de Fliger stierzt of an dir sëtzt dran, wat braucht der? Wann d’Äntwert dorop Aaxt a Feier ass, congrats dir sidd e Mann. Wann dir eng Fra sidd, eist Bäileed well wéi FB Kommentare beweisen: “Frae sinn net witzeg”. An deem Sënn, wëllkomm beim Trauerpodcast an deem et dës Kéier…

    more
  24. Episod 25 - I just a baby

    Live vum Medienzentrum Hesper: Ären ergotherapeutesch korrekte Podcast! Wéi op der Schueberfouer, oder fir d'Sidsel, wéi am Tram, geet et ronn. Sëtzt iech nieft an op keen a lass geet et mat adulting fails, Panikattacken an ongefiltertem Chaos. Wärend déi eng Queen Stellungnam zu sengen…

    more
  25. Episod 24 - De Ping Ling Effekt

    Et ass d’Rentrée vun de royalen Therapiestonnen, déi net vun der Krankekeess gedeckt ginn – Queens of Meh sinn zréck mat enger extended Episod. Wat gehéiert zu der Rentrée dozou? En neien Outfit! Kee Problem fir d’Sidsel, dat zwar aktuell weder Job nach Wunneng huet, ma de Kleeder-Code huet et…

    more
  26. Episod 23 - Liberté, Égalité, Duerffest

    Dot är Rettungswesten un, Schwammkap op de Kapp a lass, seet de Kapitän German the Herman. Mir paddele Richtung Pride, laanscht Lëtzebuerger Duerffester an och déi sloweenesch Hecke ginn ënnerwee matgeholl, wuertwiertlech. Wat mussen déi dann och direkt virun den Auto sprangen? Konflikter ginn et...

  27. Episod 22 - De boob-business

    Just Ken, just George oder awer just Sidsel? Nee, keng Angscht, och wann déi Zwee sech am Privaten net leide kënnen, gehéiert d’Cat zu dësem Podcast, wéi Holland an England an d’Finall. Wärend Lëtzebuerg Privat scho mat den Hufe schäert fir en exklusiven Interview, ginn d’Queens léiwer en...

  28. Episod 21 - Wat kucks de sou domm?

    Léif Passagéier, mir begréissen iech ganz häerzlech um Vol Richtung süffisant kulturell Aventure vun enger Naturburschin an engem Bienenstich-Mäuserich. Huelt iech Plaz beim Emergency Exit well är Pilotinnen op dësem Podcast hunn Turbulenze matbruecht. Vu Bodyshaming am Fliger, bis allerlee...

  29. Special - Déi mam Speed Dating

    Si mir alleguerte just SIMS deenen d’Leeder fortgeholl gouf? Sinn d’Äisbieren de key wann et ëm d’Flirte geet a wat war eigentlech virun 100 Joer lass? Froen iwwer Froen an dëser spezieller Episod an där ee sech net sécher ass op een op engem Date sëtzt, an enger Konferenz iwwer Déieren oder awer...

  30. Episod 20 - Keen Alkohol iwwer 18

    Triggerwarnung: Dës Episod ass crunchy. Net just well d’Sidsel an d’Cat sech u verschiddene Wierder d’Zänn ausgebass hu mee well drop an derwidder gesnacked gouf. A propos Alkohol, d’Queens sinn nees beieneen an dat mierkt een um Pegel, mee keng Angscht genee esou wéi den Niveau geet och dee...

  31. Episod 19 - Wupp Wupp Hurra

    Wëllkomm u Bord vum Karaoke Zuch, deen aus dem leschte Lach päift. Äre Lokführer haut ass d’Sidsel, och nach bekannt ënnert dem Numm Prinzessin Schicki Micki, a fir de people pleasing suergt d’Delulu-Cat. Kuerz Warnung am Ufank déi Zwee mussen nach rausfanne wéi ee sech als normale Mënsch an der...

  32. Episod 18 - D’Wellness-Bitch

    Dot äert Säbbelchen un, elo gëtt portionéiert geklotzt a gekleckert! 3 Wochen hunn d’Queens näischt vu sech héiere loossen, oder wéi si soen „d’Kontroll iwwert d’Liewe verluer“, elo si se zréck mat den schlüpferegen details an de wichtege Froe vum Liewen. Wéi vill kascht eng Poubellestut? 24…

    more
  33. Episod 17 - Eppes ganz Perverses

    Wéi iwwerbréngt ee schlecht Noriichten? NET. An dofir loosse mer all déi negativ Aspekter an der Beschreiwung vun dëser Episod mol raus, sou wéi Altersshaming, ustrengend Diskussiounen an der Famill oder onnéideg Verlobungen. Wann der méi dozou wëllt wësse musst der scho ralauschtere well hei…

    more
  34. Special - Déi op däitsch

    Hallo ihr Lieben, jetzt wird’s special! Speziell dumm und uninformiert, das aber in 5 Sprachen. Die beiden Chamäleons aus Luxemburg haben auf die unzähligen (3) Nachfragen reagiert und eine Folge komplett auf Deutsch gemacht, oder wie sie sagen „so nämlich!“. Von Keyboard warriors, geilen…

    more
  35. Episod 16 - Knutsche mer elo?

    Huelt iech ären emotional support dog namens Sidsel un d’Säit well hei kënnt eng Episod wéi dem Cat säin Auto: béid kéime wéinst fautes majeures net duerch de Contrôle Technique. Mee wa mer eppes aus dëse 46 Minutte léieren, dann, dass Feeler wichteg sinn am Liewen an, wéini et den…

    more
  36. Episod 15 - Fir sech ze schummen

    Opgepasst, dës Episod ass FSK-Aarsch gezeechent a soumat net fir Leit, déi hiert Liewen am Grëff hunn. Ze soen et geet drënner an driwwer géif de Geschichten net gerecht gi well si mer éierlech geet et virun allem drënner: Ënnert d'Gürtellinn fir genee ze sinn. Wärend d'Sidsel d'Parallellen…

    more
  37. Episod 14 - Toiletten-Handbroch

    Schéine gudden Hallo vun engem eenaarmege Geméis-Snob an engem gehierlose Schweed. Sëtzt iech un den Dësch, dat (on)perfekten Dinner ka lassgoen. Als Entrée gëtt et den Toiletten-Handbroch, presentéiert vum Sidsel, oder wéi et och nach genannt gëtt: Haip. Iwwregens: Just hei gëtt et déi…

    more
  38. Episod 13 - Mutz um Strand

    Wanderfrënn an Insta-Mausis, Billjee zéien a lass an den Zuch Richtung dirty town. Nodeems bei enge vun de Queens d'Dommheet Weeër sicht fir rauszekommen, wëllen d'Sidsel & Cat sech an dëser Episod beweise wéi bewandert se wierklech sinn. Virum Reese gëtt sech natierlech fir d'éischt informéiert…

    more
  39. Episod 12 - Uewe cosy, ënnen hoe-sy

    Happy nei Hoer! Oder awer schéint neit Joer? Mam Nofroe wat dee Géigeniwwer gemengt huet hunn d'Cat an d'Sidsel et och am neie Joer net esou, och net mam Karma, mat der Geo a mat der Gesondheet. Dofir awer mat de wierklech wichtege Froen am Liewen: Wat ass mam Apéro? Firwat pisse Leit sech an hir...

  40. Episod 11 - It is what it is

    Chrëschtdag a Silvester falen dëst Joer fir 50% vun de Queens openeen, déi aner 50% verschaffe wärenddeems scho Beobachtungen aus Familljekreesser. Ausser eng déck Lëps, déi riskéiert gouf, e Rdv bei der falscher Bank an eng schloflues Nuecht dréint sech an dëser Episod awer alles dorëms wat 2023...

  41. Special - Déi mat Chrëschtdag

    Ho Ho Hold up - dëst ass eng Christmas Special Episod vun de Queens a se gëtt very me(h)rry! E kuerze Réckbléck op London, wou dragmas an darts gefeiert / erlidde gouf, dierf net feelen an dann ass de Rudolph mat senger big nose och scho prett fir eis Richtung dänesch a lëtzebuergesch…

    more
  42. Episod 10 - Dupsi op d'Nues

    „Mir paken eise Koffer an huele mat: E positive Possum, Bagage vu fréiere Bezéiungen, naass Strëmp mat Lächer a Matbewunner aus der Spull“, esou kéint een dës Episod resuméiere wann d’Episod just 10 Minutten hätt. D'Cat a Sidsel kontrolléieren d’Zäit awer net, net esou wéi de Mister Strange oder…

    more
  43. Episod 9 - Et gönnt ee sech jo soss näischt

    Mat VTT geet déi heiten Dier vum Adventskalenner op an hannendru verstoppe sech e Crêpemeister an e Wellness-Expert mat pikante Geschichten. Wärend d’Cat mol erëm Dokteren an d’Pan klaakt, huet d’Sidsel Geschichten aus dem Privat-Puff. A falls dir iech frot, wéi ee Lëtzebuerger am Euromillions...

  44. Episod 8 - Schleeken am Ouer

    Wat hunn e Stéck Schockela an eng Kaz gemeinsam? Allen 2 suergen op hir Aart a Weis fir Erausfuerderungen am Alldag vun deenen zwou Queens! Doriwwer eraus gëtt et alt erëm en neien Overthinking Zenario beim Akafen an eng grouss Fro déi eis natierlech all beschäftegt: Gëtt an FKK-Hotelle plakeg...

  45. Special - Déi mam 11.11

    Jecke Warnung, dës Episod ass wéi dem Cat säi Glitzer: All over the place! D'Queens of *an dësem Fall* Fire and Ice, hoffen dir sidd prett fir Kölle Alaaf à la Meh! D'Motto #HeißIceBaby zitt sech net just duerch dësen 11.11 mee och duerch alles wat duerno geschitt ass: Et gouf geFEIERt, geziddert…

    more
  46. Episod 7 - Mehcaroni a Meckereien

    Um Sonndesmenü stinn haut schmanteg lackeleg Saache wéi Nuddele mat Pesto-Waasser an Alkohol aus dem Biberon. Nieft Gourmet-Froe gëllt et awer och nach d’Peinlechkeete vun der Firmefeier ze klären, e Kostüm fir den 11.11 ze bastelen an dem gudde Lëtzebuerger säi Rassismus auszedreiwen. Natierlech...

  47. Episod 6 - K.O ass ni OK

    Besser spéit wéi ni, obwuel an deem heite Fall bestëmmt och Leit soen: "besser ni wéi spéit". Dës Episod ass genee esou wéi d'Cat an d'Sidsel de Weekend: En Ausnamezoustand. Fortlafe vun der Responsabilitéit eng Episod opzehuele war awer keng Optioun, dat maache mer just bei de wierklech wichtege...

  48. Episod 5 - Anuslosegkeet

    Et ass Walsonndeg a 50% vun dësem Podcast hunn doru geduecht, déi aner 50% loosse sech excuséieren. Awer natierlech net vun dësem Podcast! Do ginn et keng Excusen, och keng Krankschreiwungen. Esou kämpft Sidsel sech derduerch mat sengem Schnapp an engem klenge groussen Down. An d'Catherine leit...

  49. Special - Déi mat der Bucketlist

    Eng Lëscht esou laang wéi déi aktuell physesch Distanz tëscht dem Cat a Sidsel. A genee dowéinst huet missen eng speziell Episod hir, mat äre Bucketlist points awer natierlech och mat hiren! Risiken an Niewewierkungen: D'Verlangen duerno de Koffer ze paken an ze reesen, e Keramik-Kuer ze beleeën...

  50. Episod 4 - "Dat schneide mer raus"

    Heiansdo kommen d’Sidsel an d’Cat sech vir wéi am Reality TV. Oder wéi géift dir iech et erkläre wann d’Sidsel mat Pampers op d’Aarbecht geet an d’Cat esou eppes Penibeles erzielt, dass et awer an d’Episod wëll schneide goen? Penibel ass dës Kéier d’Stéchwuert, dat huet sech och d’Technik…

    more

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen oversharing - Sidsel a Cat (wësse vu wat se schwätzen… heiansdo)

HOSTED BY

Meh.

Frequently Asked Questions

How many episodes does Meh. have?

Meh. currently has 54 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Meh. about?

“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen...

How often does Meh. release new episodes?

Meh. has 54 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Meh.?

You can listen to Meh. on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Meh.?

Meh. is created and hosted by Meh..
URL copied to clipboard!