Méi wéi Sex – Staffel 7 podcast artwork

PODCAST · health

Méi wéi Sex – Staffel 7

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Sep 8, 2024 · Source feed

  1. 0

    #194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?

    Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.   An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes ILGA Rainbow Map ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.

  2. -1

    Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3)

    Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette - Savolainen & Anna Kjellbin Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What’s up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast

  3. -2

    #189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?

    Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode.  An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.

  4. -3

    #188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet

    Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt  Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen.  An der Rubrik erkläert d'Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet.

  5. -4

    #187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng

    D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d'Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet. Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :) An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica. Shownotes: Addendum zum Thema "Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen": D'Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären. Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE) mengverhuetung.lu: Vaginalring

  6. -5

    #186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen

    Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt? An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.

  7. -6

    #185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun

    Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit.

  8. -7

    #184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)

    Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611. „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex

  9. -8

    #183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn

    Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn. An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass.

  10. -9

    #182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen

    D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt.  An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass. Quellen: Un droit à l’avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Geschichte - fraendag.lu Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal: Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal

  11. -10

    #181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech

    Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et  vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn. Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.

  12. -11

    #180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten

    Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.

  13. -12

    #179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)

    Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus! Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „Iron Flame“) vum Rebecca Yarros.

  14. -13

    #178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun

    Eis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun wierklech auseneen halen? Den Elie, d'Ella an d*e Robin ginn an dëser Episod denen (a méi) Froë no an diskutéieren hir Erfarungen. An der Rubrik fänkt Kelly eng nei Serie iwwer dem Emily Nagoski säi rezent Buch "Come Together" un a schwätzt iwwer den Intro an dat éischt Kapitel.

  15. -14

    #177: Kënschtlech Gefiller a Biller – AI Chatbots an Deepfakes

    Doduerch, datt Chatbots wéi „ChatGPT“ an anerer esou populär sinn, benotzen och ëmmer méi Mënschen se als Ersatz-Bezéiung. Verschiddener verléiwen sech esouguer an eng kënschtlech Intelligenz. Ausserdem ass et och méi einfach ginn, Biller ze generéieren, déi ausgesi wéi echt Leit, mä net vun hinne sinn, sougenannt Deepfakes. An dëser Episod schwätzen d'Ella an de Joël doriwwer, wéi si déi Trends bewäerten a wisou si net der Meenung sinn, datt et eng gutt Iddi ass, mat engem Chatbot ze flirten. Och d'Deepfakes an déi iwwergrëffeg Tendenzen, déi domadder verbonne sinn, huelen si auserneen. An der Rubrik erklärt d'Ella eis, wat eng bakteriell Vaginos ass.

  16. -15

    #176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash

    Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d'Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D'Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash verbannen a wat hir Strategië sinn, fir domadder ëmzegoen. Natierlech diskutéieren si och doriwwer, wat dat alles fir Auswierkungen op hiert Sexliewen huet. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d'Spoon-Theory.

  17. -16

    #175: Omnomnom – Eating Out

    De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Penis mee net u Vulven an Anusser? Firwat fanne Leit et flott, fir aner Leit "z'iessen" oder "giess" ze ginn? A wéi kann een*t sech bei dene Sexualpraktiken uleeën? De Joël an d*e Robin ginn denen an anere Froen no a schwätzen iwwer hir Erfarungen mat Oralsex u Vulven an Anusser. D'Ella schwätzt an der Aktualitéitsrubrik iwwer déi geplangten Reform fir d'Recht op Ofdréiwung an d'Verfassung ze setzen.

  18. -17

    #174: Herzschmerz am Jugendzëmmer – Éischt Trennungen

    E neie September, eng nei Méi Wéi Sex Staffel! A wat kéint besser sinn fir dës aacht Staffel ze feieren wéi iwwer eisem team hir éischt Trennungen ze schwätzen! Kelly, de Joël, den Elie, d*e Robin an d'Ella schwätzen vun hiren éischte Kéieren mamm Schluss maachen a Schluss gemaach ginn, a wat hinnen gehollef huet (oder och net) fir mat dene Situatioune besser ëm ze goen. An der Rubrik stellt Kelly Iech als leschten Deel vum Summer Book Club d'Bicher "Come As You Are" an "Come Together" vum Emily Nagoski vir.

  19. -18

    #173: Summer Book Club: Judith Butler – Who’s Afraid of Gender

    Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who's Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d'Rechter d’Fräiheeten, an d’Liewensweise vu Fraen, queeren an trans Mënschen an d*e Judith Butler erkläert eis wéi mir eis géint se wiere kënnen.  Infos zum Buch Judith Butler - Who's Afraid of Gender, publizéiert vum Allen Lane (Penguin) Verlag

  20. -19

    #172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We’re Briefly Gorgeous

    Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm  dem Schrëftsteller  seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobiografie.  Et geet em Krichststrauma, Familljendrama, Identitéit, Schicksal, a Kultur. Infos zum Buch on-earth-were-briefly-gorgeous-by-ocean-vuong -publizéiert bei Penguin House

  21. -20

    #171: Summer Book Club: Renske Diks – Queens of Beirut

    Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen a Queerphobie ëmginn. Infos zum Buch Renske Diks – Queens of Beirut, publizéiert bei Ezo Wolf

  22. -21

    #170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt

    Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen. Infos zum Buch Gretchen Felker-Martin – Manhunt, publizéiert bei Tor Nightfire

  23. -22

    #169: Manner ass Méi – Broschtverklengerung

    Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.

  24. -23

    #168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands

    Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Koppeltherapie. Shownotes: Iwwer d'Studie mat de Sexaarbechterinnen: Segal, L. (2001) The Belly of the Beast: Sex as Male Domination? In S.M. Whitehead & F.J. Barrett (Eds.) The Masculinities Reader (pp. 100-111). Polity Press. Eis Episod zum Thema "Friemgoen"

  25. -24

    167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?

    Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d’Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd’Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bezéiung kënnen definéieren. An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwert „Sex Wars“ aus den 1970er-Joren. Shownotes Episod 57 Ech wëll eppes vun dir – mä wat? Episod 121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? Episod 126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit Episod 157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen Rubrik zum Mythos Sex Drive Types of attraction Amatonormativiteit Questionable Origins of Love Languages Choosing Therapy zu romantic attraction Bicher: bell hooks: all about love Angela Chen: Ace

  26. -25

    #166: Däerf ech dech kussen? Konsensmodeller an hir Limitten

    Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och doriwwer, wat fir Nodeeler se kënnen hunn a wat een*t un hinne ka kritiséieren. An an der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Autosexualitéit ass (Spoiler: et huet näischt mat Autoen ze dinn). Shownotes: Erklärungen zum Wheel of Consent Zine "Konsens lernen" (Learning Good Consent)

  27. -26

    #165: AI & Me – den Afloss vu kënschtlecher Intelligenz op eist Sexliewen

    Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéieren zukünfteg AI-Geschäftsmodeller fir Datingapps. An der Rubrik erkläert d'Ella, wat et mat der Petitioun Nummer 3198 op sech huet. Shownotes: Dem Joël säin Essay iwwer AI: Der Computer bleibt dumm Nicola Döring et al.: The Impact of Artificial Intelligence on Human Sexuality: A Five-Year Literature Review 2020–2024 Nicola Döring: Jugendsexualität und Künstliche Intelligenz – Empfehlungen für die Sexual- und Medienpädagogik KI gegen Einsamkeit: Die Illusion von Gesellschaft Note: Leider ass eis ee Feeler an der Rubrik ënnerlaf. Et huet een hallwen Dag an net just 6 Stonne gedauert, bis d'Petitioun no.3281 déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummen hat.

  28. -27

    #164: Fuck around and find out? – konstruktiv mat Regreten ëmgoen

    Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn. An der Rubrik erklärt den Elie d Pornotrends vum Joer 2024. Wann s du en Thema hues, vun deem s du mengs, dass et interessant wier wa mir dat beschwätzen, da schreiw eis iwwer Instagram, Facebook oder eng Email op [email protected].

  29. -28

    #163: Swipen, Matchen, Fécken? – Online Sex fannen

    Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou Plattforme beweege kann. An der Rubrik erklärt eis d‘Ella, wat et mam „Male Gaze“ op sech huet. Shownotes: Artikel iwwer AI-Companions an der woxx Nëtzlech Rubrik vun eis: How to: Safe(r) Sexting

  30. -29

    #162: Féck de System – Wéi de Kapitalismus eise Sex futti mécht

    Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass. An der Episod erwähnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht “Amerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefährdet” a gouf 2021 (net 2018) vun der däitscher Amerika Wëssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizéiert. Weider Quellen an Empfeelungen: “Sexual Hegemony: Statecraft, Sodomy, and Capital in the Rise of the World System” vum Christopher Chitty (2020) “Warum Frauen im Sozialismus besseren Sex haben - Und andere Argumente für ökonomische Unabhängigkeit” vum Kristen Ghodsee (2018) “The Dispossessed” vum Ursula K. Le Guin (1974)

  31. -30

    #161: Wéi Therapie mäi Sexliewe verännert huet – Therapie, Bezéiungen a Sexualitéit

    An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut. An der Rubrik erzielt d'Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer Blosenentzündunge wësse mussen.

  32. -31

    #160: Size matters? – Penisgréisst

    D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobäi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat "dick energies" op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn. An der Episod erklärt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten "Sexom" ass. Aner Folgen iwwer Penis- a Männlechkeetsufuerderungen: #059 Männlechkeet #67 Haaptsaach eng Gäns? – Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer

  33. -32

    #159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren

    Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten. An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir. Shownotes - Buch: "erotica universalis" (TASCHEN Verlag) - Performance Deborah de Robertis - Youtube: Video-Essay zu Omegaverse, nach een Video-Essay zu Omegaverse Further Reading: - Susan Sontag: The Pornographic Imagination - Wikipedia: History of erotic depictions - "Kunst-Performances zu Sexualität" (Paper vum Nicola Döring) - Fraen an der Konscht (Zines vun R22)

  34. -33

    #158: Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen

    An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Poppers.

  35. -34

    #157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen

    Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.

  36. -35

    #156: Make or break – Strait, Versöhnung an (keen) Sex

    An dëser Episode schwätzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo. Rubrik How to Complete your Stress Cycle

  37. -36

    #155: Gutt spruddeleg – Wéi Neurodivergenz Bezéiungen a Sex beaflosst

    Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verännert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet. An der Rubrik erkläert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a Bezéiungsliewen veränneren.

  38. -37

    #154: Ech sinn een Kierper, an elo? – Body-Mind-Split (an der Praxis)

    Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper (body) a Geescht (mind) bestëmmt, wéi mer (eis) fillen a wéi mer mat eis, mat Aneren a mat der Ëmwelt ëmginn. Ween woren déi al wäiss Männer, déi di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir déi ze hannerfroen? Quellen - Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen

  39. -38

    #153: Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex?

    Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e Phänomen, dat als "compulsory sexuality" bezeechent gëtt. An der Rubrik verzielt Kelly, wéi een*t besser Orgasmen hu kann. Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen. Shownotes: Episod #126: Méi wéi just heiansdo Sex - Demisexualitéit Episod #142: Keng Persoun, déi wëll, kee Bock, an elo? - Kee Sex hunn Buch vum Sherronda J. Brown (2022). Refusing Compulsory Sexuality - A Black Asexual Lens on Our Sex-Obsessed Culture. North Atlantic Books.

  40. -39

    #152: Op Aenhéicht trotz Ënnerscheeder – Hierarchien a Bezéiungen

    Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Chemsafe. Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.

  41. -40

    #151: Dsau, dsa an aner Obscénitéiten – Sprooch a Pronomen

    An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn. An der Rubrik schwätzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann. Robin erklärt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?

  42. -41

    #150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions  – wouhier kommen eis sexuell Fantasien?

    Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël  op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi si mat hire Fantasien ëmginn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Chemsex – net just fir all fir all déi, déi (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.

  43. -42

    #149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it

    Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn. An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn. Hei sinn aner Episoden, déi mäer schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn: #87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner #112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen? #146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung Falls et guer net méi geet, kanns de der hei Ënnerstëtzung an Hëllef sichen: https://454545.lu/ https://www.kjt.lu/de/ https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/ https://www.prevention-suicide.lu/

  44. -43

    #148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier

    Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass. Shownotes: Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen Episod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

  45. -44

    #124: Outtakes!

    Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.

  46. -45

    #123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster

    Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d'Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a wat et mat deem groussen Tabu Geschwëster a Sex op sech huet. Eng Rubrik gëtt et net, dofir wënsche mir iech ee schéine Summer – bis an der nächster Staffel, bléift hydratéiert!

  47. -46

    #122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive

    Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive. An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.

  48. -47

    #121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?

    Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellschaftlech Strukturen a perséinlech spirituell Froen. An an der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Kreativitéit beim Masturbéieren. Shownotes: -„All about love“ vum bell hooks -„Zu Lieben. Lieben als politisches Handeln / Kapitalismus entlieben“ vum Lann Hornscheidt - Episod 57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat? - Episod 110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

  49. -48

    #120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys

    Si si mëttlerweil iwwerall - an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys - Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang? De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft a firwat munch Leit keng Sex Toys gebrauche (wëllen). An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sex an nei Technologien.

  50. -49

    #119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

    Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer Community just als Marketing gesinn, ass och an dësem Gefillscocktail. Donieft geet et dorëms, wéi Prides méi inklusiv kéinte sinn, an u wat fir Membere vun der LGBTIQA-Community dacks net geduecht gëtt. An der Rubrik schwätzt d*e Robin iwwert Intergeschlechtlechkeet. Shownotes Doku iwwert Marsha P. Johnson op Netflix: The Death and Life of Marsha P. Johnson Kuerzbiografie vum Marsha P. Johnson Stonewall riots Cooper Do-nuts Riot Compton's Cafeteria riot Artikel vum Joël iwwer Regenbogenkapitalismus an der woxx

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper

HOSTED BY

MÉI WÉI SEX

Frequently Asked Questions

How many episodes does Méi wéi Sex – Staffel 7 have?

Méi wéi Sex – Staffel 7 currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Méi wéi Sex – Staffel 7 about?

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper

How often does Méi wéi Sex – Staffel 7 release new episodes?

Méi wéi Sex – Staffel 7 has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Méi wéi Sex – Staffel 7?

You can listen to Méi wéi Sex – Staffel 7 on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Méi wéi Sex – Staffel 7?

Méi wéi Sex – Staffel 7 is created and hosted by MÉI WÉI SEX.
URL copied to clipboard!