Moiesstudio podcast artwork

PODCAST · news

Moiesstudio

Besser informéiert an den Dag

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Apr 24, 2026 · Source feed

  1. 50

    Rotonden zu Bouneweg: Eng nei Saison mat neie Méiglechkeeten

    D'Renovéierung vun der Rotonde 1 ass ofgeschloss. De Marc Clement erkläert, wéi eng Evenementer an den nächste Méint do geplangt sinn.

  2. 49

    Ass Keelen nach ëmmer Lëtzebuerger Vollekssport?

    Zweemol Gold, eemol Sëlwer an eemol Bronze - mat deem beandrockende Medailespigel sinn d’Lëtzebuerger vun der Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Langenfeld an Däitschland heemkomm. Wéi e Stellewäert huet d'Keelen haut hei am Land a wat ass den Ënnerscheed tëschent Keelen a Sportkeelen? Ënner anerem doriwwer schwätze mir mat de Goldmedailegewënner an der Disziplin Tandem Mixte: Martine Keller a Christian Junck.

  3. 48

    Wafferou am Iran: Kéint Israel den Accord un d'Wackele bréngen?

    Eisen Israel-Korrespondent Leonardo Kahn erkläert, firwat den Accord tëschent den USA an dem Iran an Israel ganz kritesch gesi gëtt.

  4. 47

    Onzefridde Livreure bei Wolt: Wat kënnen d'Gewerkschafte maachen?

    Mir froen den David Angel vum OGBL, wéi d'Gewerkschaften d'Livreure wëllen ënnerstëtzen.

  5. 46

    Wann de Fussball de Leit hir Suerge vergiesse deet

    Bei enger Fussball Weltmeeschterschaft dobäi ze sinn ass fir vill Natiounen näischt aussergewéinleches méi. Et ginn awer Länner, fir déi ass et e besonneschen Ament. Bei dëser Editioun sinn dat ënner anerem den Irak, Haiti an déi Demokratesch Republik Kongo. Well wann hir Nationalekippen bei der WM um Terrain stinn, da léisst dat d’Awunner aus deene Länner fir op d’mannst 90 Minutte vill Suerge vergiessen. Wéi wichteg de Fussball fir eng ganz Natioun an hir Bevëlkerung ka sinn, dat weist eis de Jo Diseviscourt an engem klenge Bäitrag.

  6. 45

    DJ Nosi: E Lëtzebuerger geet viral

    Nodeems hien d'lescht Joer beim bekannten Tomorrowland-Festival opgetratt ass, mécht dee jonke Lëtzebuerger DJ sech ëmmer méi en Numm an der internationaler Elektrozeen.

  7. 44

    Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz

    Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem Fräie Mikro hei geheie mir schonn e Bléck no vir op d’Rentrée. Vun Hierscht u mussen d'Schüler:innen zu Lëtzebuerg nämlech méi laang an d’Schoul goen. D'Schoulflicht gëtt vu 16 op 18 Joer erhéicht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncéiert. D‘Iddi ass gutt, mee d’Schoulen hunn elo e grousse Problem, seet d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

  8. 43

    E Bléck op e vergiessene Wirtschaftszweig: D'Lëtzebuerger Rousenzuucht

    D'Rousenzuucht war laang Zäit e wichtege Wirtschaftszweig hei am Land. Eng Expo am Kierchbierger Central Park kuckt op déi Episod zeréck. Mir waren eis se zesumme mat der Céline Coubray vum Fonds Kirchberg ukucken.

  9. 42

    Brisante WM-Optakt: Den Iran spillt säin éischten Match zu LA

    Eise Korrespondent Philip Crowther huet deen éischte Match vum Iran mat verfollegt.

  10. 41

    Euthanasie zu Lëtzebuerg: Muss nach nogebessert ginn?

    Mir froen de President vun der nationaler Euthanasie-Kommissioun, de François Prüm, ob hie sech nach Ännerungen um Gesetz iwwer d'Stierfhëllef wënscht.

  11. 40

    Iran-USA-Accord: Ass en Enn vun der Energiekris a Siicht?

    Mir froen den Eric Bleyer, hien ass President vum Groupement Energies Mobilité, dem Branchëverband vun den Uelegkonzerner hei am Land.

  12. 39

    Initiativ "Keine 10-Millionen-Schweiz“ gouf zeréckgewisen

    Méi däitlech wéi erwaart hunn d'Schwäizer sech gëschter géint eng Begrenzung vun der Awunnerzuel ausgeschwat. Explikatioune vum SRF-Journalist Philipp Schrämmli

  13. 38

    Bluttspenden: Sinn d'Konditiounen ze streng?

    Bei Geleeënheet vum Internationalen Dag vum Bluttspenden, dee gëschter war: En Interview mat der Direktesch vum Centre de transfusion sanguine Anne Schuhmacher

  14. 37

    Eichenprozessionsspinner: Befall dëst Joer extreem

    D’Raupe gesinn harmlos aus, mee si kënne fir Mënsch an Déier awer duerchaus geféierlech ginn. Dowéinst ginn d’Näschter am Fréijoer an am fréie Summer preventiv ewechgeholl. Mir ware bei esou enger Interventioun dobäi.

  15. 36

    Table Ronde iwwer Verlagshaiser: Strukturell Hëllef wier néideg

    D‘Verlagshaiser zu Lëtzebuerg bräichten eng änlech strukturell Hëllef wéi d‘Pressehëllef. Dat war ee vun den Erkenntnisser bei enger 100,7 Table ronde zum Theema. Dat am Kontext vum annoncéierten Enn vum Verlagshaus Op der Lay.

  16. 35

    D'Kapverde bei der WM

    Zesumme mat Usbekistan Jordanien a Curaçao gehéieren d’Kapverden zu deene Länner, déi déi éischte Kéier bei enger Weltmeeschterschaft am Fussball vun den Häre mat derbäi sinn. Mam fréiere kapverdianeschen Nationalspiller Ronny Souto hu mir eis driwwer ënnerhalen, wat dat fir d’Land bedeit a wat d’Chancë beim Turnéier sinn.

  17. 34

    Gëtt dës WM déi klimaschiedlechst, déi et jee gouf?

    De Jo Welfringer ass där Fro fir eis nogaangen.

  18. 33

    Eng Cyberattack stoppt Zich vun der CFL - Lëtzebuerg test den Eeschtfall

    D'Lëtzebuerger Autoritéiten hu sech an de leschten Deeg un engem groussen europäesche Cybersecurity-Test bedeelegt. Mir kucken, wéi eng Léieren doraus gezu ginn.

  19. 32

    Wirtschaft: EZB héicht Zënse fir Inflatioun ze bremsen

    Déi Europäesch Zentralbank huet fir d‘éischte Kéier zanter bal dräi Joer hir wichtegst Zënstauxen nees eropgesat. Den Haapttaux fir d‘Banken a Spuerer klëmmt vun 2 Prozent op 2,25 Prozent. De Pierre Reyland huet mam Chef vun der Lëtzebuerger Gaston Reinesch iwwer déi Decisioun geschwat.

  20. 31

    Muer an der Coque: Special Olympics fir jiddereen

    Muer am Nomëtteg ass eppes méi lass um Kierchbierg: Special Olympics Luxembourg lued de breede Public an zesumme mat Leit déi eng intellektuell Aschränkung hu Sport ze maachen. Vun zwou bis fënnef bidden eng ganz Rei Sportfederatiounen zesumme mat Associatiounen Atelieren un. De Message: jidderee kann op seng Manéier Sport maachen. Detailer vum Luca Di Santolo

  21. 30

    Vun 100 op 99 Gemengen? Bauschelt a Stauséigemeng rapprochéiere sech

    Den Interessi bei de Bierger:inne war grouss, wéi déi béid Buergermeeschtere Jeff Gangler a Marco Koeune gëschter, respektiv e Mëttwoch op Informatiounsowender an hir jeeweileg Gemengen invitéiert haten, fir iwwer Chancen a méiglech Bedenken zu enger Fusioun ze diskutéieren. Nach ass näischt decidéiert – d’nächst Joer sollen d’Bierger:innen hir Meenung per Referendum ausdrécken. Mee en éischte Stëmmungsbarometer waren d’Informatiounsowender duerchaus - an dee kéint een als virsiichteg optimistesch bezeechnen.

  22. 29

    De Stauséi - Affer vun sengem eegenen Erfolleg?

    Bei iwwer 30 Grad wiere gäre mol 8.000 Visiteuren um Stauséi am Nordweste vum Land, wuel gemierkt den Dag, esou den Tom Schmit, Ranger vum Naturpark Uewersauer. Mëttlerweil ass vu Massentourismus rieds, dee seng Problemer mat sech bréngt.

  23. 28

    Voices International, de Multikulti-Chouer

    Méi wéi 150 Sänger:innen aus iwwer 40 Natioune stinn e Samschdeg op der Bün vun der Philharmonie. De Marc Reding, ee vu wéinege Lëtzebuerger, ass zënter 2 Joer derbäi.

  24. 27

    Wéi grouss ass Är Virfreed op d'WM?

    Déi Fro stelle mir dem techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun Manuel Cardoni, 12 Stonne virum Ouverturesmatch tëschent Mexiko a Südafrika.

  25. 26

    Divergenzen an der LSAP-Fraktioun

    Deen neien LSAP-Deputéierte Ben Streff reagéiert op de Sträit ëm d'Positioun zum Asyl- a Migratiounspak - ausgerechent op sengem 1. Dag an der Chamber ...

  26. 25

    "Net kohärent": D'COPAS kritiséiert d'Qualitéitskontroll fir Altersheemer

    De President vum Daachverband vun den Altersheemer, de Pierre Jaeger, erkläert firwat hie sech méi kloer Krittäre bei de Kontrolle wënscht.

  27. 24

    Wéi wäit koume Kanada, d'USA a Mexiko bei de Fussball-WMe vun 1930 un?

    Ass Mexiko, dat Land vun deenen 3, dat am dackste bei enger WM dobäi war, och dat mam gréisste Succès bis elo? Huet Kanada iwwerhaapt schonn e Goal op enger WM geschoss? A sinn d'USA am mannste wäit komm, am Verglach mat den zwee Noperen?

  28. 23

    Wann d'Chamber sech muss fläissen

    Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen. Dat ass net nëmme problematesch fir d’Roll vun eisem Parlament, mee och allgemeng fir d’Glafwierdegkeet vun den demokrateschen Instanzen, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

  29. 22

    Mam Cyber-Léonie géint Cyber-Mobbing a Cyber-Kriminalitéit

    Leonora ass e Projet, deen zesumme mat Lycée-Schüler:innen entwéckelt gouf. Op eng spilleresch Manéier solle Jonker léieren, wat mat hiren Date geschitt a wéi si sech an hir Privatsphär schützen. Dëst iwwer sougenannte Webtoons – also interaktiv Bande-dessinéeën, Spiller a Quizfroen.

  30. 21

    D'Galiounsfigur vum Widderstand géint Rëmerschen

    Haut (10.6.) hätt d'Elisabeth Kox-Risch 100 Joer kritt. Hirem Asaz ass et zu engem gudden Deel ze verdanken, datt keen Atomkraaftwierk op d'Musel stoe koum. Den Owend gëtt zu Peppeng eng Strooss no hir benannt. Den Henri Kox, dat 10. vun hiren 11 Kanner, erënnert (sech) u seng Mamm.

  31. 20

    Tripartite: Waren de Wirtschafts- an den Energieminister sech ëmmer eens?

    De Lex Delles ass fir béid Ressorten zoustänneg. Mee fënnt hien als Energieminister all d'Mesüre gutt, mat deenen d'Inflatioun gebremst soll ginn?

  32. 19

    Tramstopp GridX: Firwat soll de Staat alles bezuelen?

    Mir froen d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun, d'Corinne Cahen (DP), firwat de Marc Giorgetti als Proprietär vum GridX net un de Käschte vum Bau bedeelegt gëtt.

  33. 18

    Tripartite: Wéi grouss ass den ekonomeschen Impakt vun de Mesuren?

    Mir froen de Statec-Direkter Tom Haas a wéi wäit den Impakt vun de verschiddene Mesuren ausgerechent gouf.

  34. 17

    Filmtipp: A bras-le-corps

    Deen neie Film vun der Marie-Elsa Sgualdo zeechent de Portrait vun enger staarker Fra an engem Ëmfeld, dat vun Hypokrisie gepräägt ass.

  35. 16

    EU-Migratiouns- an Asylpak: D'Deadline leeft dës Woch of

    An der Chamber gëtt haut um Dënschdeg iwwer verschidde Gesetzesprojeten ofgestëmmt, déi dofir suergen, datt den europäesche Pakt fir d’Migratioun an den Asyl zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Dee Vott kënnt kuerz éier dee Pak soll den 12. Juni, also dëse Freideg, an alle 27 Länner vun der Europäescher Unioun a Kraaft trieden. Den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Markus Brunner, huet vun där komplexster Asylreform an der Geschicht geschwat. Wat genee ännert sech konkreet duerch dësen EU-Migratiouns- an Asylpak? A wéi realistesch ass et, datt d’Reform wierklech Enn der Woch ëmgesat gëtt? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

  36. 15

    Loyer ass net gläich Loyer: Nei Enquête gëtt Detailer zu der Präisstruktur

    D’Loyeren hei zu Lëtzebuerg si staark heterogen: et gëtt grouss Ënnerscheeder queesch duerch d’Land, Typ vu Wunneng a Surface. Zu där Conclusioun kënnt den Observatoire de l’habitat an enger neier Analys iwwer d’Loyerspräisser. Den Observatoire hat dofir 2025 eng Ëmfro u ronn 28.000 sougenannte “Multiproprietären” erausgeschéckt, knapp e Fënneftel dovun hate geäntwert. De Julien Licheron, Fuerscher beim Liser a beim Observatoire de l’habitat, gëtt Explikatiounen zu de Conclusiounen.

  37. 14

    Fall Lyhanna: A Frankräich solle 70.000 Plainten nei gepréift ginn

    Nom Doud vum 11 Joer ale Lyhanna gëtt et vill Kritik un der franséischer Justiz. Eise Korrespondent Max Tholl erkläert d'Hannergrënn.

  38. 13

    Gratis juristesch Berodung zu Esch

    Vun elo u proposéiert de Barreau och zu Esch e Service d’accueil et d’information juridique, wéi et e schonn an der Stad gëtt a geschwënn och nach op 4 anere Plaze gi soll. Explikatioune vum Bâtonnier Albert Moro

  39. 12

    Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?

    U wat denkt Dir als éischt, wann Dir un de leschte grousse Fussball-Tournoi, nämlech d’EM virun 2 Joer an Däitschland, zeréckdenkt? D’Chancë si grouss, datt et dem Spuenier Cucurella säin “Hands” an der Véierelsfinall géint Däitschland war. E perfekt Beispill dofir, wéi Arbitterdecisiounen an d’Reegele selwer an de sportleche Mëttelpunkt réckelen. Wéi eng Reegelen dëst Joer bei der WM dobäikommen, erkläert eis de Jo Diseviscourt, dee mam Chef vun de Lëtzebuerger Arbitteren, dem Alex Krüger, geschwat huet. Och doriwwer, wéi een iwwerhaapt WM-Arbitter gëtt.

  40. 11

    WM 2026: Rekord mat 48 Länner - a schonn déi nächst Expansioun am Bléck

    Geschwë geet an Nordamerika d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026 vun de Männer un - mat engem neie Rekord vun 48 Ekippen. Mee d'FIFA denkt scho weider. Fir 2030 kéinten et esouguer 64 Natioune ginn. Eng Kéier am Bléck: D'Geschicht vun der WM an hir kontinuéierlech Erweiderung.

  41. 10

    D'Landwirtschaft steet ënner Drock - wéi sollt drop reagéiert ginn?

    No der Tripartite an dem Landwirtschaftsdësch de leschte Freideg an der Annonce, datt d’EKABE keng Mëllech méi vu Lëtzebuerger Bauere wäert unhuelen, maache mir de Point mam President vun der Landwirtschaftskammer, dem Christian Hahn.

  42. 9

    "Die Landpartie": d'Geschicht vun engem Bild

    Et ass d’Geschicht vun engem Bild, dat an den 1930er Joere vun den Nazie geklaut gouf, deem säi rechtméissege Proprietär nom Krich net direkt konnt identifizéiert ginn, dat du wärend laange Jore verschwonne war, éier et nees opgetaucht ass, dat awer ëmmer nach a friemen Hänn ass. Eng verwuerelt Geschicht, déi och e Lien mat Lëtzebuerg huet, well d’Bild dem Grousspapp vum Gerd Klestadt gehéiert huet. An dee Gerd Klestadt, deen zu Bergen-Belsen am KZ war, huet eng laang Zäit zu Lëtzebuerg gelieft, an hien ass och vill doruechter a Schoulen iwwer seng Zäit am Konzentratiounslager schwätze gaangen. E Buch iwwer hien, dat hei am Land erauskoum, spillt och eng net onwesentlech Roll an der Geschicht, déi de Maurice Molitor verzielt.

  43. 8

    Reebësch Fong TFFF

    De Fong mam Numm Tropical Forest Forever Facility, kuerz TFFF, wäert zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn. Dat huet de brasilianeschen Ausseminister d’lescht Woch op de sougenannte Klima-Finanz-Deeg an der Philharmonie um Kierchbierg annoncéiert. Den internationale Fong huet zum Zil Länner, déi hire Reebësch erhalen, dofir ze remuneréieren. Wéi dat genee fonctionéiere soll, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.

  44. 7

    António José Seguro sicht de Kontakt mat de Portugisen zu Lëtzebuerg

    Dräi Deeg laang war de portugisesche President António José Seguro fir eng offiziell Visitt zu Lëtzebuerg, wou hien op gläich 3 Plazen d’Geleeënheet hat a Kontakt ze komme mat der portugisescher Communautéit. Ee Samschdeg gouf et zu Diddeleng een Empfang, an der Philharmonie stoung e Concert a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel um Programm an am Artikuss zu Zolwer gouf et méi eng waarmhäerzeg Renconter mat de Kanner, déi zu Lëtzebuerg portugisesch Coursë suivéieren.

  45. 6

    Premièresexamen am Lëtzebuergeschen

    Am Lycée Michel Rodange an der Stad gouf gëschter deen éischte Premièresexamen am Lëtzebuergesche geschriwwen. 150 Minutten haten d’Schüler:innen Zäit fir eng literaresch Dissertatioun ze schreiwen. Um Programm stoungen dat ganzt Joer iwwer zwee Theaterstécker an e Buch. Wéi et de Schüler:innen nom Exame gaangen ass a wéi et mam Pilotprojet weidergeet huet d’Sté Bisenius am Lycée um Geesseknäppchen nogefrot.

  46. 5

    Jugendwunnen: Croix Rouge hëlleft Jonke fir net op der Strooss ze landen

    Mam Programm "Jugendwunnen“ zu Uewerglabech stellt d'Croix Rouge Jonken a prekäre Situatioune Wunnengen zu abordabele Präisser zur Verfügung.

  47. 4

    Tripartite: d'Reaktioun vun der Union syndicale

    Am Numm vun der Gewerkschafts-Unioun kommentéiert d'OGBL-Presidentin Nora Back den Accord, op deen d'Sozialpartner sech gëschter mat der Regierung gëeenegt hunn.

  48. 3

    Gëtt de séieren Tram ze lues?

    An der Mobilitéitskommissioun vun der Chamber gouf z. B. vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten kritiséiert, datt speziell den Arrêt beim GridX d'Dauer vum Trajet onnëtz verlängert.

  49. 2

    Tripartite: d'Reaktioun vum Regierungschef

    De Premier Luc Frieden kommentéiert den Accord, op deen d'Regierung sech gëschter zu Senneng mat de Sozialpartner gëeenegt huet.

  50. 1

    Tripartite: d'Reaktioun vum Patronat

    De Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL, kommentéiert den Accord, op deen d'Sozialpartner sech gëschter mat der Regierung gëeenegt hunn.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Besser informéiert an den Dag

HOSTED BY

radio 100,7

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Moiesstudio have?

Moiesstudio currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Moiesstudio about?

Besser informéiert an den Dag

How often does Moiesstudio release new episodes?

Moiesstudio has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Moiesstudio?

You can listen to Moiesstudio on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Moiesstudio?

Moiesstudio is created and hosted by radio 100,7.
URL copied to clipboard!