RTL - Am Takt podcast artwork

PODCAST · music

RTL - Am Takt

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

  1. 100

    Hannah Ida, Timo Romeo, Nikki Ninja a Wibbeldidubs & WM Hymne, 15/06/2026

    Mir hu mat enger Lëtzebuerger Musekerin iwwer hir nei EP geschwat an en neien Album fir Kanner gëtt et och.

  2. 99

    MARCY, Lisa Mariotto, Der Däiwel an d'Caté, 08/06/2026

    An der Emissioun "Am Takt" hu mir iwwert nei Musek, Optrëtter an och iwwert e Lidd fir Mammendag geschwat.

  3. 98

    Adriano Selva, Culture Forest Festival zu Esch, Veda Bartringer & Alex Fernandes, 01/06/2026

    Et gëtt nei Musek vum Adriano, de Weekend ass Culture Forest Festival, d'Veda Bartringer huet en Optrëtt an der Philharmonie a den Aalex ass am Studio.

  4. 97
  5. 96

    Gast Waltzing, HellKeller, & Rocklab Live Sessions mat Maya an Thalamus Projet, 11/05/2026

    De Gast Waltzing feiert 70. Gebuertsdag an der Philharmonie, et gëtt déi 5. Editioun vum Hellkeller zu Welleschten, a Rocklab Live Sessions mat Maya an Tha

  6. 95

    Superdrive & Vagabond Kings, 04/05/2026

    Superdrive huet sech nei opgestallt an d'Vagabond Kings spillen den 8. Mee hiren éischte Concert.

  7. 94

    Irem, Rapson & The Disliked, 27/04/2026

    Et gëtt nei Musek vum Irem an The Disliked a mir stellen ierch de Rapson vir.

  8. 93

    Maale Gars, Next Deed, Carisa Dias an scene.lu, 20/04/2026

    Mir schwätzen iwwert d'Concerten vu Maale Gars, Next Deed a Carisa Dias a stellen eng nei Internetsäit fir Museker a Musekfans vir.

  9. 92

    Krizla, Deep Dive Culture & Heavy Petrol, 13/04/2026

    Op Besuch am Studio sinn de Krizla mat engem aktuelle Projet, Deep Dive Culture mat hirem éischten Album, an Heavy Petrol mat enger neier EP!

  10. 91

    Claude Fridrici, Luc Spada, Celove & Low Density Corporation, 23/03/2026

    Eng Instrumental-EP, eng Live Session vum Rocklab am Gudde Wëllen, en neit Talent an al Huesen déi et nach eng Kéier wësse wëllen.

  11. 90

    Moofest 2026, 16/03/2026

    De Lex Heyar vu Moof am Interview fir de Spektaktel den 18. Abrëll an der Rockhal.

  12. 89

    Schëppe 7, Lucas Ferraz, Mallows & Joe Rommes (JR), 09/03/2026

    Schëppe 7 ware bei eis am Studio an dat mat neier Musek. Et gëtt e neien Album vum Lucas Ferraz, "Thermometer 40" heescht dei nei Single vu Mallows a mir l

  13. 88

    Josh Island, Dead Cat Bounce & Mariana Bernardes, 02/03/2026

    D'Mariana Bernardes an de groussen Dram vun der Musikerin, den Josh Island a säin neien Album an Dead Cat Bounce sinn zeréck, no enger laanger Paus.

  14. 87

    Mariana Bernardes, Josh Island & Dead Cat Bounce, 02/03/2026

    D'Mariana Bernardes an de groussen Dram vun der Musikerin, den Josh Island a säin neien Album an Dead Cat Bounce sinn zeréck, no enger laanger Paus.

  15. 86

    Dontnod & De Bumski, 23/02/2026

    Ee Lidd pro Saison vun Dontnod fir dëst Joer & De Bumski suergt fir Gutt Laun.

  16. 85

    Am Takt: Debbie M, 09/02/2026

    Eng jonk Singer-Songwriterin déi sech no laange Joren an der Klassik och elo am Pop probéiert.

  17. 84
  18. 83

    Netty Hugo, 26/01/2026

    Fir de Mark an den Hugo geet en Dram an Erfëllung. Déi 2 sinn dëst Joer bei Tomorrowland dobäi, grad wéi den Nosi an d'Ogazon.

  19. 82
  20. 81
  21. 80

    Am Takt: Déi 8 Finaliste vum Luxembourg Song Contest, 15/12/2025

    Invitéiert waren déi 8. Finaliste vum Luxembourg Song Contest, déi de 24. Januar an der Rockhal optrieden. Mat hinnen hu mir hier nei Lidder gelauschtert.

  22. 79

    Adriano Selva, Yves Desquiotz, Just About, Authentica a Fawldeer, 08/12/2025

    Den Adriano Selva huet en nei Lidd dobaussen, eng Rocklab Session vun Just About an Authentica steet un an et gëtt nei Chrëschtmusek vum Yves & Guy. Méindes Owes leeft bei eis um Radio d’Emissioun “Am Takt” an do geet et ëm d’Lëtzebuerger Musek. Den Adriano Selva huet seng nei Single “Amour Moderne” präsentéiert – heiranner geet et ëm d’Léift an den haitegen Zäiten. Eng Gesellschaft an där een sech séier verléift, mee wou d’Gefiller och grad sou séier erëm kënne noloossen. Dernieft huet hien eis erzielt, datt en sech an der franséischer Sprooch am wuelste fillt, den Adriano wäert dohier och déi nächste Lidder ëmmer nees op franséisch Sangen. Seng nei EP Amour Moderne kënnt de 6. Februar 2026 eraus. Den Yves Desquiotz an de Guy Lepage si mat hirem Hit “Picon Béier” viral gaangen. Fir d’Chrëschtzäit hunn si elo en neit Lidd dobaussen: “Wann um Beemchen all Käerze blénken”. E Chrëschtlidd, dat an Italien op der Plage entstanen ass. E Mëttwoch ass an der Rockhal eng Rocklab Session, do trieden dann “Just About” an “Authentica” op. Just About dat sinn d’Elya Craig an de Sven Sauber, op engem Open Mic Event hunn si sech kennegeléiert a maachen zanterhier gemeinsam Musek. Authentica, dat ass d’Martina Menichetti an hatt mëscht keltesch Lidd mat och engem Touch Folk. Am Studio war och de Sascha Even, säin häerzensprojet ass “Fawldeer”. Hien ass Perkussionist an der Esch Musek an hei mat dësem Projet mëscht hien einfach genee déi Saachen, op déi hie Loscht huet. Mol ass dat Metal, mol sinn dat och méi roueg Saachen. Den 19.12 kënnt seng reng instrumental EP “Tides” mat 4 Lidder eraus.

  23. 78

    Am Takt: Oceiros, Joel Marques, Larry Bonifas, 01/12/2025

    Et gëtt nei Musek vum Oceiros, Joel Marques a Larry Bonifas. An der Emissioun “Am Takt” ass de Jeff Speicher invitéiert, hie präsentéiert eis nei Musek a verréit eis wisou hien ënnert dem Kënschtlernumm OCEIROS Musek mëscht. Invitéiert war och de Joel Marques. Zesumme mam Maya Maunet huet hien elo e Chrëschtdagslidd erausbruecht. Hie fënnt déi Musek zwar selwer heiansdo e bësse kitscheg, mee wollt dat einfach emol ausprobéieren. Dernieft ass eng nei EP “Chaos” och rezent erauskommen. Säin Dram ass et nach ëmmer emol e grousse Museksstar ze ginn an dofir gëtt hien all Dag alles. Dem Larry Bonifas seng Karriär huet scho munch Joren um Bockel, 1989 krut hien seng éischt Gittar an déi benotzt hien och nach haut. A verschiddene Bands war hien an all de Joren ënnerwee, aktuell mëscht hien eleng Musek. Am RTL-Interview verréit eis wisou hie Schwieregkeeten huet sech musikalesch ze fannen an sech op eppes ze fixéieren.

  24. 77

    Am Takt: Between Shelves & Myura, 24/11/2025

    Mat BETWEEN SHELVES déi Loscht op hire Release Concert Loscht gemaach hunn a MYURA bei deenen de Begrëff SUPERGROUP mol guer net sou falsch ass.

  25. 76

    Am Takt: Andrea Galetti, 10/11/2025

    Vun den 3 Talenter aus dem Grand-Duché huet nëmmen Eent d'Battles bei The Voice of Germany iwwerstanen. D'lescht Woch konnt sech den Andrea Galetti mat "Jet - Are You Gonna Be My Girl" duerchsetzen an ass dann elo bei den Teamfights dobäi.

  26. 75

    Am Takt: Ptolemea, L’Éphémère a Blue-ish, 27/10/2025

    Ptolemea, de Projet ronderëm d’Sängerin Priscila Da Costa, bréngt mat hirem neien Album “Kali” eng Mëschung aus alternative Rock a Spiritualitéit op d’Bün. Nieft hinnen trëtt den Duo L’Éphémère mat hirer éischten EP “Résilience” an der Kulturfabrik op. D’Elise Nunes an de Steve Richer schafen eng melancholesch Welt, wou et ëm d’Akzeptanz, d’Verloscht an d’Hoffnung geet. Blue-ish, eng jonk Singer-Songwriterin mat franséisch-däitsche Wuerzelen, sie huet 2024 de Screaming Fields-Concours gewonnen an ass haut den Owend och an der Emissioun am Takt mat dobäi.

  27. 74

    Am Takt: Tanja June, 20/10/2025

    Dës Kéier vill nei Musek an d'Tanja June am Interview.

  28. 73

    Am Takt: Luciana, Artists for Mental Health & Marcy, 06/10/2025

    Dës Kéier mat e bëssen The Voice of Germany, enger Kënschtlerin déi e bëssen enttäuscht war datt aus dem Concert fir den Trounwiessel näischt ginn ass an engem Concert fir déi mental Gesondheet.

  29. 72

    Am Takt: Go By Brooks, Alfalfa, an den Hoffi Zambezi!, 29/09/2025

    Go By Brooks waren am Studio, Alfalfa triede beim Trounwiessel op, an den Hoffi Zambezi hëlt den Trounwiessel als Ulass fir eng nei Single!

  30. 71

    Am Takt: The Cookies, Fontana, Lata Gouveia, S.K.O.R. an Der Däiwel, 22/09/2025

    The Cookies feiere mat eis Avant-Premiere, de Fontana presentéiert seng nei EP "Essenz" a Kollaboratioun mam T-Way, de Lata Gouveia wiesselt de Stil, a S.K.O.R. setze sech an hirem Lidd "Encore un tour" mat der Pensiounsreform auserneen.

  31. 70

    Am Takt: Andrea Galleti & Nicool, 15/09/2025

    Am 2. Episod fir dës Saison war et um Nicool an um Andrea Galleti. D'Nicool huet mam Luca Sales den Album "Liewen" gemaach an den Andrea probéiert sech bei The Voice of Germany.

  32. 69

    Am Takt: The Young Souls, Daniel Balthasar & Pilot Light, 08/09/2025

    D'Sendung mat 100% Lëtzebuerger Musek ass zeréck. Méindes Owes heescht et erëm AM TAKT um Radio. An de Studio war gutt gefëllt; mat dobäi The Young Souls, den Daniel Balthasar a Pilot Light.

  33. 68

    Am Takt: Eastcoast Festival, Ninon & Benoît Martiny, 14/07/2025

    Äddi Pascal vu Wooltz, Rou a Fridden. Nieft dësem traurege Moment ass et ëm den Eastcoast Festival zu Mäertert gaangen, d'Ninon ass sech virstelle komm an de Benoît Martiny feiert den 20. Gebuertsdag vu senger Band.

  34. 67

    Am Takt: Rock d'Minn, 07/07/2025

    Hutt Dir schonn eng Iddi wat Dir den 19. Juli maacht? Villäicht ass "Rock d'Minn" eng Optioun. D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Géisdref, zesumme mam Syndicat d'Initiative vun der Gemeng Géisdref, de Jeunessë vun Dol, Géisdref, an Nacher, der Gemeng Géisdref a Gammler Schapp invitéieren op een Dag fir déi ganz Famill a virun allem mat vill Musek.

  35. 66

    Am Takt: Corbi & Encore, 30/06/2025

    Och wann et waarm ass, gëtt iwwer Musek aus dem Grand-Duché geschwat. Zum Beispill Musek vun hei déi et bis op New York gepackt huet an 20 Joer Rockhal mat engem ganz spezielle Rendezvous fir lokal Kënschtler am September.

  36. 65

    Am Takt: Josh Island, T The Boss & FAMIL, 16/06/2025

    Firwat war et 3 Joer laang roueg ronderëm den T The Boss. Wéi vill Courage brauch den Josh Island. A wat mécht eng Federatioun fir Museker an Interpreten. Äntwerten -> below.

  37. 64

    Am Takt: Joel Marques & Esancy, 19/05/2025

    Dës Woch mam Déifferdenger "The Voice" an LSC Talent Joel Marques, an dem Duo Esancy.

  38. 63

    Am Takt: Turnup Tun, 2ManyModels & Hell Keller, 12/05/2025

    Dës Kéier mam Turnup Tun vun Ibiza, 2ManyModels an dem Festival Hell Keller zu Welleschten.

  39. 62

    Am Takt: LOA, Superdrive, Horse Blinders, Merlettëfest, Culture Forest Festival a Rocklab Session, 05/05/2025

    Méindes Owes steet um Radio d'Lëtzebuerger Musekszeen am Mëttelpunkt. Haut war de Programm gutt gefëllt, mat dobäi waren d'Organisateure vum LOA, LOA, Superdrive an d'Horse Blinders. Dernieft hu mir iwwert d'Merlettëfest zu Reckeng an de Culture Forest Festival zu Esch geschwat. Um Schluss goung et dann och nach ëm d'Rocklab Session e Mëttwoch an der Rockhal. Dapple Rose an d'Band TNNE spillen do e Concert.

  40. 61

    Am Takt: Tuys & Rapson, 28/04/2025

    Dës Woch mat ville neie Singlen an der Playlist, enger Gebuertsdagsfeier, an engem Newcomer an Beräich Hip-Hop.

  41. 60

    Am Takt: Tame and the Wild, Skuto, Skreen Brulee an de Roll Rossi, 31/03/2025

    T’ass erëm Zäit fir Lëtzebuerger Musek, nei interpretéiert vum Roll Rossi. Zu Péiteng organiséieren se e Metal Festival a mir ginn op déi nächste Rocklab Session an der Rockhal an. De Skuto an d’Band Skreen Brulee liwweren do eng Portioun Alternativ, Rap an Hip Hop Musek. Den Duo Tame and the Wild bréngt e Freiden hier nei Single eraus, mir lauschteren se schonn en Avant-Première.

  42. 59

    Am Takt: Babanam & WazToo, 24/03/2025

    Dës Kéier mat Reggae an elektronescher Musek. De Bert Jung, bekannt duerch ënner anerem Alfalfa, war op Besuch fir säin neie Projet Babanam virzestellen an och de WazToo huet fläisseg produzéiert.

  43. 58

    Am Takt: Mam Lara Grogan, Rozeen, Tanja June, Georges Urwald&Debbie Marinkovic, Carisa Dias, 17/03/2025

     Am Am Takt vun dëser Woch hu mir iwwert d’Rocklab Session vum Lara Grogan an dem Rozeen, de 19. Mäerz an der Rockhal geschwat. Dernieft waren d’Tanja June, de Georges Urwald an den d’Carisa Dias beim Loïc Juchem am Studio.

  44. 57

    Am Takt: Maz Univerze & Misoley, 10/03/2025

    2 Gäscht um 10. Mäerz. De Misoley mat neier Musek an de Maz Univerze mat sengem neien Album "Little Prince".

  45. 56

    Am Takt: Luzac & Roll Rossi Lisa Mariotto, 03/03/2025

    Fuesméindeg natierlech mat Fuesmusek awer och mat neiem Geschier. De Luzac deen nach mat Je Danse beim Luxembourg Song Contest am Asaz war, huet en neit Lidd erausbruecht, déi nei Single vun Tuys ass och do an Dir héiert d'Resultat wann d'Lisa Mariotto an de Roll Rossi zesumme Musek maachen.

  46. 55

    Am Takt: Don Piano, Cosmic Jerk, Bottlenecks an Fuesmusek vum Yves a Guy, 24/02/2025

    An eiser Emissioun am Takt presentéiere mer iech um Meiden Owend vill nei Musek an am Studio sinn den Don Piano, Cosmic Jerk, Bottlenecks an déi 2 Häre vun der Comedy-Show mam Yves a Guy.

  47. 54

    Am Takt: Tonnar Urwald, Max Feller & Intwoyou, 03/02/2025

    "Intwoyou" nenne sech d'Louise an de Tom. Zwee jonk Leit, déi eigentlech am Film schaffen, awer och zesumme Musek maachen. Si presentéieren hier nei Single "Goodbye".De Max Feller kënnt mat senger neier Nummer "Firwat fëmms du" an de Studio. An den Duo Tonnar Urwald huet sech um Lëtzebuerger Chansonnier Poutty Stein inspiréiert. Erauskomm ass de Projet "Kapoutty".

  48. 53

    Am Takt mam Laura Thorn, Eric Lehmann ,Tuys an The Kools, 27/01/2025

    De Méinden nom Luxembourg Song Contest schwätze mir mat der Gewënnerin, dem Laura Thorn. De Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Eric Lehmann ass och am Studio an Tuys stellen hier nei EP bei eis am Studio vir. E Mëttwoch den Owend ass e Rock-Concert an der Rockhal, ënnert anerem vun The Kools. Sie präsentéieren eis hier Musek.

  49. 52

    Am Takt: Laura Thorn & Zero Point Five, 06/01/2025

    De Countdown fir déi grouss Show leeft. An och "Am Takt" ass am LSC-Modus. Déi nächst Woche léiert Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest kennen, ugefaange mam Laura Thorn & Zero Point Five.

  50. 51

    Am Takt: Kevin Misci & Englbrt, 16/12/2024

    Am leschten Episod vum Joer huet sech de Kevin Misci virgestallt. Hien ass Member vu Serpent Bite an zënter kuerzem huet hien de Projet Kivo van Twist an d'Liewe geruff. An de Georges Goerens (Seed To Tree, Bartleby Delicate & Englbrt) huet d'Loscht op säi leschte Concert vum Joer gemaach.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

HOSTED BY

RTL Radio Lëtzebuerg

Produced by RTL Luxembourg

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does RTL - Am Takt have?

RTL - Am Takt currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is RTL - Am Takt about?

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

How often does RTL - Am Takt release new episodes?

RTL - Am Takt has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to RTL - Am Takt?

You can listen to RTL - Am Takt on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts RTL - Am Takt?

RTL - Am Takt is created and hosted by RTL Radio Lëtzebuerg.
URL copied to clipboard!