-
0
Zwou skandinavesch Komponistinnen
Et huet bis 1891 gedauert, éier déi richteg Identitéit vun där schweedescher Komponistin Laura Netzel opgedeckt gouf. Bis dohinner hat d'Laura Netzel, Schülerin vum Charles-Marie Widor, mat ganz vill Succès quasi an der Anonymitéit geschafft. Eng Grëtz anescht ass et der norwegescher Musekerin Mathilde Berendsen-Nathan ergaangen, déi zwar nom Bestietnis hir Karriär als Pianistin missen opginn, als Komponistin awer eng wichteg Roll gespillt huet, obschonns si ni Kompositioun studéiert hat.
-
-1
Alma Deutscher a Sarah Nemtsov
D'Maria Gutierrez recherchéiert iwwer Biographië vu Komponistinnen. Hei geet ëm zwou Musekerinnen aus der Aktualitéit - nämlech ëm d'Alma Deutscher, déi dëst Joer eréischt groussjäreg gouf an ëm déi däitsch Komponistin Sarah Nemtsov. Zwou Creatricen, déi Succès mat hiren Operen hunn an awer klanglech mat hire Wierker zimmlech wäit auserneeleien. Och hire Start an d'Liewe war ënnerschiddlech. Wärend d'Sarah Nemtsov als Kand vill Zäit an der Klinik huet misse verbréngen, huet d'Alma Deutscher schonn éischt Erfolleger als Wonnerkand op der Tëlee an op der Bün gefeiert.
-
-2
Eng bedeitend Lied-Komponistin
De Felix Mendelssohn Bartholdy war begeeschtert vun hirem Talent, de Robert Schumann publizéiert eng vun hire Kompositiounen, d'Clara Schumann ënnerstëtzt si a spéide Joren: D'Josephine Caroline Lang war am Krees vun de Romantiker eng unerkannte Musekerin, déi virun allem Lieder komponéiert huet.
-
-3
Zwou Alliéierter am Portrait
Zwou Komponistinnen, déi ganz ënnerschiddlech sinn, an an deenen hire Biographien een trotzdeem verschidde Parallellen erkenne kann. D'Maria Gutierrez beliicht d'Liewe vun der Lou Koster an der Florence Price.
-
-4
"Diese Sinfonie ist ein bedeutendes und geniales Kunstwerk ..."
"Missing Link", "Music From The Shadows" - d'Ënnertitele vun zwee rezenten Albume mat Musek vun der Emilie Mayer. Béid Ënnertitelen hunn e Kär Wourecht, well d'Emilie Mayer als Komponistin aus dem 19. Joerhonnert sécher am Schiet vu villen Zäitgenosse steet awer och de Lien tëschent hinne mécht. Dat ass de Bléck vun haut op eng Musekerin, déi sech selwer als "Berufskomponistin" consideréiert huet an zu Liefzäiten och unerkannt war. Haut gehéiert der Emilie Mayer hir Musek éischter an d'Kategorie Entdeckungen.
-
-5
Symphonikerin am Land vun der Oper
An deene leschte Joren hunn d'Solistes Européens, Luxembourg konsequent symphonesch Musek vun der Louise Farrenc opgeféiert an och opgeholl. Datt sech d'Louise Farrenc virun allem mat Symphonien am Land vun der Grand Opéra een Numm gemaach huet, ass schonn aussergewéinlech. Trotz der Ënnerstëtzung vu Komponiste-Kolleege wéi dem Antonin Reicha, hat d'Louise Farrenc et net einfach am Museksbetrib. Si huet sech um Enn awer duerchgesat, gëtt Professorin um Conservatoire de Paris an dat mat demselwechte Gehalt wéi hir männlech Kolleegen.
-
-6
Felsensprengerin und Brückenbauerin
"Der Marsch der Frauen" - dat ass d'Lidd, dat um Ursprong vun der brittescher Fraebeweegung-Hymn steet. Komponistin dovunner ass d'Ethel Smyth. Kompositioun studéiere war ee vun hiren Dreem - een Dram, deen hir Eltere hir am Fong net erméigleche wollten. Schlussendlech reest si dann op Leipzeg, fir do um Conservatoire ze léieren. Do trëfft sinn ënner anerem op d'Clara Schumann, de Pjotr Iljitsch Tschaikowski an de Johannes Brahms. D'Ethel Smyth huet awer net nëmme Musek gemaach, mee huet sech och immens agesat fir d'Fraerechter. D'Maria Gutierrez kuckt zeréck op d'Liewe vun enger immens staarker a couragéierter Fra.
-
-7
Zwou grouss Komponistinnen aus dem 18. Joerhonnert
Am Alter vu 15 Joer publizéiert d'Helene Liebmann hir éischt Kompositioun. Zwee Joer méi spéit plënnert déi däitsch Komponistin vu Berlin op London, an dann op Hamburg. D'Jeanette Bürde kënnt véier Joer no der Helene Liebmann op d'Welt a mécht sech ganz bekannt mat hire Kompositiounen, zemools mat hire Lieder, dat zu Berlin. D'Maria Gutierrez iwwer d'Liewe vun dësen zwou Komponistinnen.
-
-8
"Bezaubernde Göttin der Musik"
"Bezaubernde Göttin der Musik" schreift de Johann Wolfgang von Goethe iwwer déi polnesch Pianistin Maria Szymanowska. D'Maria Szymanowska huet scho fréi hiert musikalescht Talent gewisen a misse kämpfen, fir kënnen als Pianistin a Komponistin ze schaffen. Esouguer eng Scheedung setzt si duerch, fir sech ganz der Musek kënnen ze widmen.
-
-9
Schrëftstellerin a Komponistin
Si si vrun allem als Schrëftstellerinne bekannt: d'Bettina von Arnim als Lyrikerin a Member vum romanteschen Dichterkrees ronderëm den Achim von Arnim an de Clemens Brentano. D'Annette von Droste-Hülshoff verëffentlecht 1842 hir Erzielung "Die Judenbuche", hiert bekanntst Wierk. Manner gewosst ass, datt d'Annette von Droste-Hülshoff och Bünewierker a Lidder komponéiert huet, grad wéi d'Bettina von Arnim.
-
-10
Zwou Komponistinnen aus dem 19. Joerhonnert
D'Agathe Backer hat et net einfach, hire Wee als Musekerin ze goen. Hir Eltere waren nämlech dogéint. Am Alter vu 27 Joer gëtt si da Member vun der Kinneklecher Schweedescher Museksakademie. Bei der Augusta Holmès huet et änlech ausgesinn. Wann et no hirer Famill gaange wier, hätt si Molerin misste ginn. D'Maria Gutierrez stellt béid Komponistinnen aus dem 19. Joerhonnert vir.
-
-11
Zwou Musekerinnen aus der Romantik
D'Luise Reichardt war net nëmme beschtens vernetzt am Krees vun de grousse romanteschen Dichter - Brentano, Eichendorff, Arnim, Novalis - si huet sech och géint de Wëlle vun hirem Papp duerchgesat an als Musekspedagogin geschafft. D'Luise Reichardt war ënner anerem d'Grënnerin vum éischte Fraechouer an Däitschland. Ee grad esou grousst Engagement fir d'Fraen huet d'Elise Müller manifestéiert - Pianistin a Komponistin mat gudde Kontakter zu Beethoven a Rossini.
-
-12
"On ne veut pas de moi ..."
"On ne veut pas de moi, mon nom est un crime.", sot d'Clémence de Grandval. D'Komponistin huet domadder op hir Plaz an der Musekszeen ugespillt. Obscho si Schülerin vum Frédéric Chopin a besonnesch Protegée vum Camille Saint-Saëns war, konnt d'Vicomtesse de Grandval sech ni richteg duerchsetzen, wat allerdéngs net un der Qualitéit vun hire Wierker louch, fir déi si ëmmer nees mat Präisser belount gouf.
-
-13
Maria Theresia von Paradis
Si war schonn als Kand blann, an konnt trotzdeem immens gutt Piano spillen. An obwuel si an éischter Linn Musekerin war, huet si net just op der Bün vu sech schwätze gedoen. Rieds ass vun der Maria Theresia von Paradies. D'Maria Gutierrez werft e Bléck op dat spannend Liewen vun der Wiener Komponistin aus dem 18. Joerhonnert.
-
-14
Vu Venedeg iwwer Bayreuth an den Déngscht vum Joseph Haydn
Wat huet d'Anna Bon di Venezia no hirer Zäit um Schlass zu Esterhazy ënner der Direktioun vum Joseph Haydn gemaach? An de 60er Jore vum 18. Joerhonnert verschwënnt déi italieenesch Komponistin aus de Chroniken, aus den offiziellen Dokumenter. Bliwwe si vun hir virun allem hir Flüttesonaten, déi haut zum Standard am Repertoire gehéieren. Ugefaangen hat der Anna Bon di Venezia hir musikalesch Karriär am Ospedale della Pietà zu Venedeg.
-
-15
D'Mamm an d'Duechter
Schülerin vum Franz Liszt, gutt Frëndin vun der Clara Schumann a Schwëster vun enger vun de bedeitendste Sopranistinnen am 19. Joerhonnert, der Maria Malibran: Fir d'Pauline Viardot-Garcia war de Wee an d'Musek quasi virgezeechent, fir d'éischt als Operesängerin, duerno als Komponistin. Nieft eegene Kompositiounen huet d'Pauline Viardot och Anthologië publizéiert wéi d'"École classique du Chant" oder eng Sammlung vu Schubert-Liedern mat franséischer Iwwersetzung. Déi musikalesch Traditioun ass vun där nächster Generatioun weidergeféiert ginn. Och der Pauline Viardot hir Kanner hu musikalesch Karriär gemaach: als Geiist a Sängerinnen an och als Komponistin - hir Duechter Louise Héritte-Viardot.
-
-16
Zwou Komponistinnen aus dem Adel
Als Schwëster vum musikalesch interesséierte Kinnek Friedrich II. vu Preussen hat d'Anna Amalia vu Preussen keng Problemer fir selwer Musek ze maachen a sech als Komponistin ze profiléieren. Hir grouss Inspiratiounsquell war de Bach, iwwer dee si och sämtlech Literatur fir hir berüümt Bibliothéik gesammelt huet. Goethe a Schiller waren d'Referenze fir d'Anna Amalia von Sachsen-Weimar-Eisenach. Als Herzogin mat Sëtz an der grousser Klassiker-Stad ass dat quasi selbstverständlech. Och kompositoresch beweegt d'Anna-Amalia sech op de Spuere vum Goethe, vun deem si eng Rëtsch Texter vertount.
-
-17
Déi éischt franséisch Operekomponistin
D'Elisabeth Jacquet de la Guerre, déi schonn als Fënnefjäreg fir de Louis XIV Clavecin gespillt huet, huet sech schonn zu Liefzäite virun allem als Instrumentalistin en Numm gemaach. D'Musekerin, déi 1665 zu Paräis op d'Welt koum, huet allerdéngs och äifreg fir de Clavecin komponéiert, sech dernieft awer och als Komponistin vu Kantaten a Bünewierker ervirgedoen.
-
-18
"Die Ausübung der Kunst ist ja ein großer Teil meines Ichs"
Eréischt an den 80er Jore gouf ugefaange sech intensiv mat der Clara Schumann ze beschäftegen. Éischt wëssenschaftlech fundéiert Biographië kommen eraus. 1993 publizéiert d'Musekologin Danielle Roster hir Clara-Schumann-Biographie. D'Clara Schumann gëtt zanterhier net just aus dem Bléckwénkel vun der Komponistefra gekuckt, mee als selbstänneg Komponistin, als Interpretin, als Publizistin.
-
-19
La musa novarese an eng Venezianerin zu Paräis
Déi italieenesch Barockmusek trompt mat ville bedeitende Komponisten op, dobäi ginn déi vill dichteg Komponistinnen aus där Zäit gären ënnerschloen. Dat ass och de Fall fir d'Isabella Leonarda an d'Antonia Bembo. Déi eng ass a jonke Joren an d'Klouschter gaangen, huet et bis zur Mère supérieure bruecht an dobäi och nach äifreg komponéiert - virun allem Sakralmusek. Déi aner huet als Sängerin ugefaangen, sech awer am Laf vun de Joren zu enger vun deene produktiivste Komponistinnen aus dem Barock entwéckelt.
-
-20
Komponistin vu Venedeg
Wann ee Venedeg a Barockmusek seet, fält fir d'éischt den Numm Antonio Vivaldi. Déi mannsten denken un d'Barbara Strozzi, déi grad esou äifreg eege Wierker publizéiert huet wéi hire Komponistekolleeg aus der Lagunestad. Schonn am Alter vu 15 Joer ass d'Barbara Strozzi als Sängerin opgetrueden. Vokalmusek mécht dann och spéider de Gros vun hirem Wierk als Komponistin aus.
-
-21
Déi éischt Operekomponistin
Schonn de Papp, den Giulio Caccini, war eng dichteg Perséinlechkeet am musikalesche Florenz am 16. Joerhonnert. Duechter Francesca Caccini féiert d'Familljentraditioun weider a profiléiert sech virun allem als Komponistin vu Vokalmusek, déi si deels och selwer interpretéiert. Hire Pendant war zu Mailand d'Chiara Margarita Cozzolani, eng Benediktinerin, déi gréisstendeels Sakralmusek geschriwwen huet.
-
-22
Freiheit, Liebe und Dichtung
"Ich ... hatte das Glück, daß derselbe Mann, der in seiner Jugend den Knaben Beethoven unterrichtet hat, in seinem späten Greisenalter mein Lehrer ward." D'Johanna Kinkel koum zu Bonn op d'Welt an huet do als Chouerdirigentin a Concertsorganisatrice geschafft, éier si sech zu Berlin etabléiert, wou si an de musikalesche Kreesser ronderëm d'Mendelssohn-Famill awer och un de literareschen Aktivitéite ronderëm d'Bettina von Arnim participéiert huet. An hire leschte Liewensjoren mécht d'Johanna Kinkel och nach Karriär zu London als Pianistin a Pedagogin.
-
-23
"Jedes Geschöpf hat einen Ton"
Theologin, Medezinnerin, Komponistin - d'Hildegard von Bingen faszinéiert bis haut duerch hir vill Facetten, déi nach ëmmer vill Stoff fir d'Fuerschung bidden. D'Äbtissin vum Klouschter Rupertsberg um Rhäin huet nieft hire reliéisen an naturwëssenschaftleche Publikatiounen och bedeitend musikalesch Sammlungen erausbruecht, déi d'Musek dacks an de Kontext vun der deemoleger Vue op d'Weltuerdnung stellen.
-
-24
Déi eelste weltbekannte Komponistin
Mir sinn am Joer 810 zu Konstantinopel, wou d'Kassia gebuer gëtt. Eng Komponistin, fir déi et wichteg war, dat negatiivt Bild vun der Fra deemools net unzehuelen. 1889, ronn dausend Joer no hirem Doud, gëtt d'Kassia helleggesprach. D'Byzantinerin komponéiert geeschtlech Musek, a méi wéi 50 Stécker sinn dovunner erhalen bliwwen, an dat schonns 300 Joer virun der Hildegard von Bingen.
-
-25
Alma Deutscher a Sarah Nemtsov
D'Maria Gutierrez recherchéiert iwwer Biographië vu Komponistinnen. Hei geet ëm zwou Musekerinnen aus der Aktualitéit - nämlech ëm d'Alma Deutscher, déi dëst Joer eréischt groussjäreg gouf an ëm déi däitsch Komponistin Sarah Nemtsov. Zwou Creatricen, déi Succès mat hiren Operen hunn an awer klanglech mat hire Wierker zimmlech wäit auserneeleien. Och hire Start an d'Liewe war ënnerschiddlech. Wärend d'Sarah Nemtsov als Kand vill Zäit an der Klinik huet misse verbréngen, huet d'Alma Deutscher schonn éischt Erfolleger als Wonnerkand op der Tëlee an op der Bün gefeiert.
-
-26

-27
Zwou zäitgenëssesch Komponistinnen
Zwou Musekerinnen, déi net nëmmen zäitgenëssesch Musek schreiwen. D'Lera Auerbach ass eng éisträichesch-amerikanesch Musekerin, déi och ee grousse Faibel fir d'Poesie huet. Fir si huet d'Musek eng ganz déif Bedeitung fir d'Liewen. Déi griichesch Musekerin Konstantia Gourzi schreift scho mat siwe Joer hir éischt Museksstécker fir hir Mamm. Nom Studium zu Berlin gëtt si selwer Professorin un der Musikhochschule zu München an huet do och viru ronn zéng Joer den Ensembel oktopus gegrënnt. Dës Woch (Juli 2023) gouf déi griichesch Musekerin mam Opus Klassik Präis als Komponistin vum Joer ausgezeechent. D'Maria Gutierrez kuckt op d'Liewe vun dësen zwou zäitgenëssesch Komponistinnen.
-
-28

-29
Zwou grouss Perséinlechkeete vun der zäitgenëssescher Musek
Wéi d'Kaija Saariaho Ufank Juni gestuerwen ass, huet d'Welt vun der zäitgenëssescher Musek eng vun hire ganz grousse Perséinlechkeete verluer. D'Maria Gutierrez proposéiert e Portrait vun där finnescher Komponistin a werft doriwwer eraus och e Bléck op déi däitsch-ungaresch Komponistin Adriana Hölszky.
-
-30

-31
Sofia Gubaidulina
D'Sofia Gubaidulina gëtt als Einsiidlerin beschriwwen, déi flitt, nëmme geleeëntlech eise Planéit besicht an eis beliicht, éier si erëm op hir Ëmlafbunn eropflitt. Si gehéiert zu deene weltwäit unerkannte Komponisten a Komponistinnen aus Russland, déi nom Schostakowitsch koumen. D'Maria Gutierrez werft e Bléck op d'Liewe vun der tatarescher Komponistin, deenen hir Wierker an der Sowjetunioun verbuede goufen, well hir Musek de Virstellunge vum Regimm net gepasst huet.
-
-32

-33
Grazyna Bacewicz a Viteslava Kaprálová
Eng polnesch an eng tschechesch Komponistin aus dem 20.Joerhonnert hunn de Wee op Paräis fonnt, fir do mat bekannte Komponiste kënnen ze studéieren. Zwou Fraen, déi nei Moossstief an der Musekerwelt gesat hunn. An trotzdeem war d'Schicksal vun der Grazyna Bacewicz e ganz anert, wéi dat vun der Viteslava Kapralova. Wärend déi polnesch Komponistin am Zweete Weltkrich an der staark bewaachter Sowjetunioun sech fir d'Musek agesat huet, ass déi tschechesch Komponistin nach am Zweete Weltkrich un der Tuberkulos gestuerwen.
-
-34

-35
Eng Pianistin mat enger grousser Léift fir den Cello
Mat 20 Joer spillt d'Henriëtte Bosmans hiren éischte Concert um Piano, an duerno kënnt een Optrëtt nom nächsten. Esou spillt si insgesamt ronn 22 Concerten eleng mam Concertgebouw Orchester. Um Enn vum 19. Joerhonnert kënnt si zu Amsterdam op d'Welt, als Duechter vun enger enger Pianistin a Professerin um Amsterdamer Conservatoire a vum deemools éischten Cellist beim Royal Concertgebouw Orchester. Obwuel de Piano hiert Haaptinstrument ass, huet si och eng grouss Léift fir den Cello a komponéiert vill Musek fir d'Sträichinstrument. D'Maria Gutierrez werft e Bléck op d'Liewe vun der hollännescher Musekerin.
-
-36
La Dame des Six
"Les Six" - Deel vum franséische Komponistegrupp waren den Darius Milhaud, Francis Poulenc, Arthur Honegger, Louis Durey, Georges Auric, an d'Germaine Tailleferre. An domat war si déi eenzeg Fra an dësem Grupp. Schonn a jonkem Alter wosst si ganz genee, wat si wollt. Géint d'Meenung vun hirem Papp studéiert si um Paräisser Conservatoire, an ännert esouguer hire Nonumm. Hire Museksstil ass dee vum Paräisser Neoklassizismus, a grouss Bewonnerung hat d'Germaine Tailleferre fir d'Musek vum Bach an och Mozart. Hire Motto war: "Ich mache Musik weil mich das amüsiert", an esou huet si komponéiert a Piano gespillt bis si am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. D'Maria Gutierrez wërft e Bléck op d'Liewe vun der franséischer Musekerin.
-
-37

-38
Zwou Alliéierter am Portrait
Zwou Komponistinnen, déi ganz ënnerschiddlech sinn, an an deenen hire Biographien een trotzdeem verschidde Parallellen erkenne kann. D'Maria Gutierrez beliicht d'Liewe vun der Lou Koster an der Florence Price.
-
-39

-40
Zwou verschidde Schwësteren
Zwou musikalesch Legenden, déi och Schwëstere sinn. Rieds geet vun der Nadia an der Lili Boulanger. D'Lili huet ugefaange mat zwee Joer ze sangen a spillt schonn als Kand fënnef Instrumenter, an d'Nadia wollt virun hirem fënnefte Gebuertsdag guer näischt mat Musek um Hutt hunn. Béid wuessen an enger Famill op, fir déi d'Musek an d'Kultur eng wichteg Roll spillen. D'Maria Gutierrez hëlt mat an d'Liewe vun den zwou Schwësteren.
-
-41

-42
D'Margarete Schweikert an d'Charlotte Sohy
D'Margarete Schweikert an d'Charlotte Sohy kommen alle béid am Joer 1887 op d'Welt. D'Margarete Schweikert an Däitschland an d'Charlotte Sohy a Frankräich. D'Margarete Schweikert komponéiert am Ganzen 160 Lieder, dorënner och d'Musek zum Märchespill fir Kanner "Der Froschkönig" - ee Wierk, dat deemools zemools an der Chrëschtdagszäit dacks opgeféiert gouf. D'Charlotte Sohy war eng Kandheetsfrëndin vun der Nadia Boulanger. Si léiert Uergel ze spillen a komponéiert spéiderhin ënner anerem Massen, Kammermusekswierker an och eng Sinfonie. D'Maria Gutierrez werft ee méi geneeë Bléck op d'Liewe vun dësen zwou Komponistinnen.
-
-43

-44
A Kroatien e Star
Si ass vill op der Rees, si ass gären a gudder Gesellschaft, a si wunnt op engem Schlass. Dës Facette loosse séier op e flaacht Bild vun der adeleger Komponistin Dora Pejačević schléissen. D'Realitéit war awer eng aner: Si schafft am Éischte Weltkrich als Infirmière, si distanzéiert sech vun hirem Stand an huet en oppene Geescht. D'Maria Gutierrez huet e Portrait iwwer d'Dora Pejačević erstallt.
-
-45

-46
"Sie liebt die Musik über alles"
"Die Rolle des Komponisten ... fällt mir zu - Deine ist die der liebenden Gefährtin ...!". Obwuel dem Komponist Gustav Mahler seng Fra musikalesch héichbegaabt war, huet hien hir d'Roll vun der Musekerin net zougestanen. Och wann hie seng Meenung spéider nees revidéiert, ass de Schued net méi gutt ze maachen. D'Marie Gutierrez werft e Bléck op d'Liewen an d'Wierk vun der Komponistin a Pianistin Alma Mahler-Werfel.
-
-47

-48
Musekerin a Fraerechtlerin
Dank engem Pleyel Piano doheem huet hir Passioun fir d'Musek fréi ugefaangen. D'Elisabeth Kuyper war eng hollännesch-däitsch Pianistin, Dirigentin a Komponistin, mee huet sech och staark fir d'Fraerechter agesat. Si wollt, datt talentéiert Fraen op richtege Concerte spillen, an net nëmmen als Amateur ugesi ginn. D'Maria Gutierrez werft e Bléckt op d'Liewe vun der Elisabeth Kuyper.
-
-49

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...