Skip to content
Speakeasy Podcast podcast artwork

PODCAST · society

Speakeasy Podcast

by Speakeasy

Fir all Är philosophesch Froen...

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Oct 17, 2026 · Source feed

Episodes

  1. Nohalteg liewen ouni Kompromesser?

    Ass e gutt Liewen mat Ëmweltschutz iwwerhaapt ze vereenen? Den Thomas Koenig schwätzt mam Thomas Steinmann vum Mouvement Écologique Lëtzebuerg iwwer nohaltege Konsum – ouni moralesch Zeigefanger, mee mat éierlechen Äntwerten op Froen, déi eis alleguer betreffen. An dëser Episod: - Kënne mir...

  2. 10 Joer Zentrum fir politesch Bildung

    10 Joer Zentrum fir politesch Bildung – Wat huet sech wierklech verännert? Zënter engem Joerzéngt setzt sech den ZpB fir Demokratie a politesch Bildung zu Lëtzebuerg an. Mee wat huet den ZpB an där Zäit konkret erreecht? Wéi eng Erausfuerderunge hu si missen meeschteren? A firwat genderen si,...

  3. D'Kris am Noen Osten

    Ech interviewen den RTL-Journalist Petz Bartz iwwert d’Kris am Noen Osten. Firwat hunn d’USA an Israel den Iran ugegraff? Wat huet di Attack getriggert? Wéi gëtt se gerechtfertegt? Wee profitéiert vun dem Krich? Hunn d’USA dobäi en Selbstgoal kasséiert? A wéisou sinn esou Saachen iwwerhaapt...

  4. Darf man der Täter gedenken?

    Warum gibt es einen deutschen Soldatenfriedhof in Sandweiler nahe Luxemburg-Stadt? Weshalb hat Luxemburg ihn nach 1945 zugelassen – und wer ist heute für ihn verantwortlich? Wie gedenkt man Soldaten, die für das nationalsozialistische Deutschland kämpften? Und kann man um Gefallene trauern, ohne...

  5. En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz

    En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz Wat ginn di wichtegst Events vun 2026? Ech hunn den Journalist Petz Bartz getraff, fir mat him ze kucken, op wat dëst Joer sollt/kéint oder misst oppassen. E puer Stonnen virdrun ass en Diktator entfouert ginn, wat da schonn an di relevant Kategorie kéint falen....

  6. Opfer oder Täter?

    Opfer oder Täter? – Wann Moral op Gehorsam trefft… Wann ech an enger Diktatur opwuessen, do endoktrinéiert ginn, an duerno schrecklech Verbriechen am Numm vu mengem Diktator beginn – weem seng Schold ass dat dann? Sinn ech en Opfer vum System – oder trotzdeem verantwortlech fir dat, wat ech…

    more
  7. Den Lustgarten - botanescht Symbol vum Klassekampf?

    Exotesch Planzen, komplex Waasserfäll, romantesch Landschaften – den Lustgarten ass eng Spillplaz vir den selbstbewossten Räichen, dee weisen wëll, ween di décksten Palm am Gaart huet. Mee den “parc municipal”, deen fir all Mënsch do ass, ass och vläicht just Beschäftegungsthérapie fir den...

  8. D'Idée vu Lëtzebuerg

    Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi? Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"? Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn? Mam Historiker Pit Peporte...

  9. Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15

    Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute? An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.

  10. Where's the money, Kohnen? - Triple K #01

    Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich? Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill. Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht, an de weltwäite Räichtum war...

  11. Äddi a Merci #14 - Deng läschte Kéier!

    Wat seet den Doud iwwert eis aus? D’Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer. Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt...

  12. Wéi geet Konsens?

    Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d’Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss? Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.

  13. Den Trump-Faktor: Wat bedeit dat fir eis?

    Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU? Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.

  14. Äddi a Merci #13 - Wou spukt et zu Letzebuerg?

    Wou spukt et zu Lëtzebuerg ? Wee spukt ? Firwat iwwerhaapt ? D’Land ass voll mat Geschichten iwwert Geeschter, den Däiwel, mee Zombies, Vampiren, asw. Fënnt een keng. Haut schwätze mer net mat Léit, di am Beräich „Doud a Stierwen“ schaffen, mee haut schwätze mer iwwert di Ondoudeg. Den Historiker...

  15. PhiloFlow Fir GSO #01 - Aféierung an d'Fach

    Erklärungen zum Fach "Questions Philosophiques" fir d'Première Générale (GSO, GSN, A3D, ...) Wat ass Philo, wat muss ech do maachen? An firwat ass et gutt?

  16. PhiloFlow Fir GSO #02 - Dossier Epistemologie & Philo Des Sciences

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Épistémologie les sciences“ geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Philo des sciences, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat...

  17. PhiloFlow Fir GSO #03 - Den Karl Popper

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Karl Popper geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro…

    more
  18. PhiloFlow Fir GSO #04 - Den Rudolf Carnap

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Rudolf Carnap geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro a...

  19. PhiloFlow Fir GSO #05 - Aféierung an d'Ästhetik

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier?...

  20. PhiloFlow Fir GSO #06 - Den Walter Benjamin

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Benjamin geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video!…

    more
  21. PhiloFlow Fir GSO #07 - Den Walter Biemel

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Biemel geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 –...

  22. PhiloFlow Fir GSO #08 - Aféierung an d'Anthropolgie

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Anthropologie geet? Wat ass Anthropologie iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:00 - Intro 08:01 - Froen vum Dossier 08:16 - Iwwerbleck…

    more
  23. PhiloFlow Fir GSO #09 - Den Thomas Hobbes

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Thomas Hobbes geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:20…

    more
  24. PhiloFlow Fir GSO #10 - Den Jean-Paul Sartre

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Sartre ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:30 – Biographie 02:35 –...

  25. PhiloFlow Fir GSO #11 - Aféierung an d'Ethik

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Ethik geet? Wat ass Ethik iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:47 - Wat ass Ethik? 07:57 - Froen vum Dossier 08:20 - Qui est autrui? 13:37 -...

  26. PhiloFlow Fir GSO #12 - Den Peter Singer

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie…

    more
  27. PhiloFlow Fir GSO #13 - Den Hans Jonas

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Hans Jonas? Oder du wëlls einfach méi zum Prinzip Verantwortung léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:32 –...

  28. Radikal am Alldag?

    Extremismus, Terrorismus, Konspirationismus - mir kennen all Léit, déi "ë bësse méi komesch Iddien”. Mee et schéngt der ëmmer méi ze ginn. A et schéngt, wéi wann se ëmmer manner Problemer hätten, hir komesch Iddien als eppes ze verkafen, wat eigentlech guer net komesch méi ass...Wee wees, vläit…

    more
  29. Gerechtegkeet am Krich?

    Wéini däerf ech op Kanner schéissen ? Wéini däerf ech op Fraen schéissen ? Am Krich stellen sech vill Froen, am modernen Krich nach vill méi. Sinn Zivilisten haut de facto legitim Zieler ? Däerf ech Massevernichtungswaffen asëtzen, a wa jo, wéini? Wat däerf ech maachen, wann den Feind keng…

    more
  30. Schüler-Froen zur Kris am Noen Osten

    D'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.

  31. Formel 1 an Fairness - Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1?

    Geet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg

  32. Formel 1 an Fairness - Di selwescht Regelen fir all Mënsch?

    Ass Formel 1 en fairen Sport? A wann jo, firwat gëtt dann net all Pilot oder Écurie gläich belouhnt. An dëser Episod gi mer méi am Détail op di berühmt-berüchtegt Course zu Abu Dhabi 2021 an…wéi fair war dat, an kann een sech Weltmeeschter nennen, wann een den Titel quasi geschenkt kritt? Déi…

    more
  33. Philosophesch Wanderung?

    Haut si mer dobaussen, an maachen eng Wanderung mam Pascale Worré vun Philo-Life. Hatt proposéiert säit kuerzen dat Konzept, an mir froen no, wat sech dohannert verstoppt!

  34. Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancengläichheet?

    Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d’F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn?...

  35. Top 3 Events fir 2024

    Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz

  36. Keng Stëmm fir Fraen?

    Firwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer

  37. Israel-Gaza mam Petz Bartz

    Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen…

    more
  38. Punition, réinsertion, pardon?

    Punition, réinsertion ou pardon ? Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l’interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l’écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est...

  39. Qui va volontairement en prison?

    Aujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d’aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux ! Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes...

  40. Äddi a Merci #12 - Doud a Statistik 3/3

    Ass et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z’erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et...

  41. Äddi a Merci #11 - Doud a Statistik 2/3

    Wat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus,...

  42. Äddi a Merci #10 - Doud a Statistik 1/3

    Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach?...

  43. Wahl-Campagne an Journalismus

    Stellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn? Bref: Wéi leet een sech un, fir...

  44. Äddi a Merci #9 - Suizid a Präventioun

    Suizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem…

    more
  45. (Inter?)national-Walen

    An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft...

  46. Äddi a Merci #8 - Bei de Pompjeeën

    An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam...

  47. Äddi a Merci #7 - Beim Doudegriewer

    Wat mécht en Doudegriewer eigentlech? Wéi geet een mental domat am, um Kierfecht ze schaffen? An dëser Episod vun “Äddi a Merci – E Liewen mam Doud” geet et op de Märeler Kierfecht, wou ech mam Luc Theis a mam Marc Conradt iwwert hiren professionellen Alldag schwätzen.

  48. Ukraine mam Petz Bartz #3

    Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod...

  49. Walrecht ab 16?

    Ech diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.

  50. Äddi a Merci #6 - Beim Paschtouer

    Wéi seet een Äddi? Wat denkt oder fillt een als Paschtouer, wann een eng Doudemass hält oder en Begriefnis begleet? Wéi leeft dat ganzt iwwerhaapt of? Dat sinn e puer vun den Froen, déi ech mat bei den Francis Erasmy geholl hunn, den Dekan vun der Iechternacher Basilika.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Fir all Är philosophesch Froen...

HOSTED BY

Speakeasy

Produced by SpeakEasy

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Speakeasy Podcast have?

Speakeasy Podcast currently has 178 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Speakeasy Podcast about?

Fir all Är philosophesch Froen...

How often does Speakeasy Podcast release new episodes?

Speakeasy Podcast publishes regularly with 178 episodes available. Check the episode list for the typical release schedule.

Where can I listen to Speakeasy Podcast?

You can listen to Speakeasy Podcast on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Speakeasy Podcast?

Speakeasy Podcast is created and hosted by Speakeasy.
URL copied to clipboard!