PODCAST · leisure
Viva Vakanz - de Podcast
by RTL Radio Lëtzebuerg
De Camille Ney stellt e bësse méi confidentiel Vakanzendestinatioune vir, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... Ganz objektiv ginn hei déi positiv, wéi och vläicht déi méi negativ Säite vun all Destinatioun beliicht – e prakteschen Audio-Reesguide fir Touristen, déi des Plaz wëllen entdecken...
-
19
Episod 18: Den Dave Junker, General Manager am Shangri-La Mactan
Den "Award of Excellence"-Gewënner vun der EHTL un der Spëtzt vun engem 5-Stäre-Beach-Resort op de Philippinnen De Camille Ney huet de 46 Joer jonken Dikrécher op der philippinnescher Insel besicht a sech mat him iwwer säi Parcours an iwwer d'Dram-Vakanzdestinatioun ënnerhal...
-
18
Episod 17: Dauchen op de Philippinnen
De Marc Hoffmann huet op Cebu an Negros aus sengem Hobby säi Beruff gemaach No der Uni zu Saarbrécken wollt de Marc Hoffmann virun 20 Joer d’Welt entdecken an ass e Kolleeg an de Vietnam besiche gaang. Aus de geplangten 3 Wochen ass dunn 1,5 Joer ginn - am Viva-Vakanz-Podcast stellt hien dem Camille Ney seng nei 2. Heemecht vir...
-
17
Episod 16: Manila, d'Haaptstad vun de Philippinnen
De Ralph Becker huet hei e grousse Succès mat senger Start-Up "Urban Greens" De Lëtzebuerger Firmechef stellt eis seng nei Heemecht vir, déi definitiv besser ass wéi hire Ruff, a gëtt dem Camille Ney nëtzléch Tipps, wat een an der Milliounstad an op den Insele ronderëm kann entdecken...
-
16
Episod 15: D'Insel São Miguel op den Azoren
De Carlos Fonseca huet sech säi Liewensdram erfëllt an ass op déi schéi Vulkaninsel am Atlantik ausgewandert Hei bitt hie Vakanzewunnéngen un an ass Äre Guide Carlos' Little Paradise fir déi spektakulär Landschaften ze entdecken! De Camille Ney huet sech mat him a mat senger Schwëster Elisabeth ënnerhal...
-
15
Episod 14: Istanbul, Ankara a Kappadokien
De Camille Ney am Gespréich mam Lydia Heinisch vun der ULT a mat hirem Incoming-Partner Ekrem Dișçi 2025 proposéiert d'ULT eng ganz Rëtsch vu flotte Reesen an d'Türkei, e.a. an déi herrlech Regioun Kappadokien an Anatolien.
-
14
Episod 13: Bordeaux
"Et kënnt ee fir de Wäin, et bleift ee wéinst der Stad!" De Kevin Charpentier vu Bäerdref studéiert Droit op der Université de Bordeaux a stellt dem Camille Ney seng zweet Heemecht vir. Am Podcast kritt Dir och vill praktesch Informatiounen an Andréck aus der schéiner Stad un der Gironde...
-
13
Episod 12: Gstaad
D'Christine Kaysen vu Fenteng, Schräinerin zu Gstaad Déi geléiert Educatrice a Léierin lieft a schafft elo zanter bal 12 Joer am Schwäizer Berner Oberland. Duerch hir Léift zur Natur an zum Holz huet si de Beruff vum Schräiner geléiert a wëll elo all hir Skills matenee verbannen. De Camille Ney huet sech zu Gstaad mat hir ënnerhal...
-
12
Episod 11: Langkawi
Den Thierry Phal a senger 2. Heemecht a Malaysia! De fréiere Chef aus dem 2-Stäre-Michelin-Restaurant "La Bergerie" um Geyeschhaff bei Iechternach ass viru 17 Joer ausgewandert an huet op der Plage vun der malaysescher Insel Langkawi d'Yellow Beach-Bar opgemaach. Am Podcast stellt hien dem Camille Ney seng sonneg Destinatioun vir...
-
11
Episod 10: Singapur
Déi wibbeleg asiatesch Mega-Metropol, beschriwwe vun 2 Lëtzebuerger! Am Podcast zielen d'Isabel Galiano an de Kim-Kevin De Dood dem Camille Ney, wat si dohi verschloen huet, wéi et hinnen do gefält, wat een als Tourist muss gesinn hunn a gi praktësch Rotschléi fir Är Rees op Singapur ze plangen...
-
10
Episod 9: Pescara an d'Abruzzen
Entdeckt déi nei, sonneg Luxair-Destinatioun un der Adria an dat schéint Hannerland! Am Podcast zielen d'Lëtzebuerger Ginette Zeyen, Marcel De Bernardinis a Pascal Casel, déi an der Regioun liewen, dem Camille Ney, wat een alles an hirer zweeter Heemecht muss gesinn hunn an d'Nadia Hoegen aus dem Luxair-Marketing gëtt all praktesch Informatiounen, wéi ee komfortabel dohi kënnt...
-
9
Episod 8: Kopenhagen
Entdeckt déi dänesch Haaptstad mat Demy Schandeler an der Luxair a gewannt hei eng Rees fir 2 Persounen! Den Nico Pantaleoni, de Kai Thiry, d'Uschi Prümm-Sörensen, d'Véronique Clement, de Mathieu Van Mulders an d'Anne, d'Charlotte an de Pit Prüm zielen dem Camille Ney am Podcast wéi gutt et hinnen an hirer 2. Heemecht gefält a si ginn eis och Geheimtips, wat een zu Kopenhagen esou alles soll a muss maachen...
-
8
Episod 7: Déi thäilännesch Insel Koh Samui
Zwee Lëtzebuerger stellen dem Camille Ney hir Draminsel vir De Christian Di Nardo an de Carlo Rueda kennen déi exotesch Destinatioun ewéi hir Boxentäsch a maachen Iech am Podcast Appetit op eng Vakanz op der Draminsel, mat engem Stop-Over zu Bangkok
-
7
Episod 6: Bologna, Modena an Ëmgéigend
D'Luxair flitt elo 3 mol an der Woch an d'Haaptstad vun der Emilia Romagna Bologna gëtt och nach vun den Italiener mat dräi Adjektiven benannt: “La dotta, la grassa, la rossa”. Déi kultivéiert, wéinst der eelster Uni an Europa, déi déck, wéinst der excellenter Gastronomie, an déi rout wéinst der vulkanescher Faarf vu sengen Haiser. De Camille Ney war do an ass vill interessant Saache gewuer ginn...
-
6
Episod 5: Georgien
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten a Georgien Zanter 2013 huet d'LGS e flotte Projet zu Manglisi a Georgien, an deem et virun allem ëm Jugendaustausch a Fërderung geet. Am "Viva Vakanz-De Podcast" erzielen d'Sophie Weber, den Niels Rekker an de Michel Thielen dem Camille Ney wat si do erlieft hunn...
-
5
Episod 4: Saas-Fee
De Lëtzebuerger Yves Audrimont schafft zanter September 2020 am Tourismusbüro zu Saas-Fee a stellt eis seng nei Heemecht am Kanton Wallis mat Kolleege vir! Am Podcast gitt Dir mam Mattia Storni, dem Marketingchef vun der Saastal Tourismus AG, dem Thorsten Fink, dem Manager vum 5-Stären-Hotel Walliserhof an dem Lokalmatador Eddy Steiner gewuer wéi Wham sech beim Tournage vum Video vu "Last Christmas" zu Saas-Fee "opgefouert" hunn, wéi déi touristesch Bucket-List vu Saas-Fee am Wanter an am Summer ausgesäit, wat een do muss gesinn hunn, ësst an drénkt, wéi de walliser Dialekt kléngt a villes méi...
-
4
Episod 3: Bukarest a Rumänien
Déi rumänesch Haaptstad an dat ganzt Land mat Demy Schandeler an der Luxair erliewen "La folie des grandeurs" vum Ceausescu, Kultur, Architektur, Geschicht, Musek, Gastronomie, Nightlife, Dracula... alles gutt Grënn fir Bukarest a Rumänien ze entdecken - de Camille Ney war do an huet sech mat interessante Leit ënnerhal...
-
3
Episod 2: Cap Vert
Déi kapverdianesch Inselen aus der Siicht vun zwou Lëtzebuergerinnen, déi do liewen/gelieft hunn... D’Pauline Weis, als Bloggerin och als "Paulina on the road" bekannt, ass ee Joer vun Insel zu Insel gesegelt, an d’Noémie Engel, déi duerch hir Studien an England d’Vullepopulatioun vun de Flossregenpfeifer ënnert d’Loupe hëllt an zanterhir do lieft...
-
2
Episod 1: Panama
Dat mëttelamerikanescht Land mat all senge Facetten, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... De Camille Ney schwätzt mam Patrick Arendt vu Panama Tours an Touristen, déi Panama op verschidden Aart a Weisen erlieft hunn: Tanja Kientz, Chantal Englebert, Monique Weintzen, Laurence Diederich, Sonja Holper, Michel Sanna a Jerry Gérard...
-
1
Episod 0 - Promo
De Podcast iwwert cool Vakanzdestinatiounen
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
De Camille Ney stellt e bësse méi confidentiel Vakanzendestinatioune vir, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... Ganz objektiv ginn hei déi positiv, wéi och vläicht déi méi negativ Säite vun all Destinatioun beliicht – e prakteschen Audio-Reesguide fir Touristen, déi des Plaz wëllen entdecken...
HOSTED BY
RTL Radio Lëtzebuerg
Loading similar podcasts...