Zréck Zu Dir Podcast

PODCAST · health

Zréck Zu Dir Podcast

🌿 Zréck Zu Dir PodcastAuthentesch. Éierlech. Heelsam.Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet. All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.Sou vill Léift no Baussen. 💫 — Däi Bonnie 🌸

  1. 42

    #035 - Am Chaos & Wandel - Hal dech selwer (Medi)

    Turbulent & transformatif Zeiten. Net nemme bei mir mee ech gesin bei ganz ville Léit vill Wandel. Genau dowéinst ass dës Folg kuez a knapp an ee Moment vir eis Kraft, eis selwer ze spieren. Wa mir emmer kléng Momenter vir eis huelen an eis Kraftmomenter eieren da kenne mir Chaos besser halen. Alles ass an dir. Du bass esou stark an ausdauerend. Komm hei an huel dir dain Auszeitsmoment vir kraftvoll déi nächt Challenge ze meeschteren. Well esou ass d'Liewen hei op da Aerd. Een Op an Oof.Ganz vill Léift & Magie vir dech.Zesumme si mir emmer nach méi starkDai Bonnie

  2. 41

    #034 - Mech net verléieren an da Léift

    Mech net verléieren an da LéiftD'Verbindung zu sech selwer halen och wann een aner Menschen ganz vill gären huet. Verbindung zu sech selwer halen a verbonne sinn mat dengem Geigeniwer. Ech quatschen an dëser Episode bessi iwwert al Muster, Attachment, Erwardungen, Werter & Grenzen a wat mir wichteg an enger Bezeihung ass. Partnerschaftlech Bezeihung, frëndschaftlech Bezeihungen an familiär Bezeihungen. Egal wat ass ech wielen emmer rem mech a bleiwen a Verbindung mat mir selwer wéi mat mengem Geigeniwer. Deel mat mir deng Andréck an deng Themen an denge Bezeihungen.Ech lieben dat Thema 🥰Vun Haerzen ganz vill Léift & Magie ✨Dai Bonnie 🌸

  3. 40
  4. 39

    #033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick)

    An dëser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am Zréck zu Dir Podcast a mir schwätzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid.De Yannick deelt seng perséinlech Geschicht vun déiwem Schmerz, ennere Kämpf an vun deene Momenter wou hien sech géint d’Liewen an dann awer vir d’Liewen entscheed huet.Mir schwätzen driwer,- wéi et sech ufillt wann alles zevill ass- wat an engem Mensch wirklech virgeet- virwat ee sou Gedanken net einfach oofschalte kann- a wat him geholef huet vir haut sou kraftvoll hei ze sinn.Dës Folg ass eierlech, beréierend a mecht Raum op vir Verstees-de-mech, Matgefill an Hoffnung.Wanns du betraff bass oder ee kenns: Du bass net aléng!Wichteg Ulafstellen❗️- SOS Détresse (Telefon 45 45 45)- @LetzBeAware op Instagram & Facebook vir Guidance a Schwierege MomenterMerci Yannick vir dai Vertrauen an dai Mut. Du bass ee Licht 💖Vill Léift & Magie ✨Dai Bonnie 🌸

  5. 38

    #032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier)

    Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwätzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierper, aise Gefiller, vum Moment. Virwat ass dat sou? Wéini hu mir dat esou décidéiert? A wéi fänke mir un nees Verbindung ze wielen?D'Nathalie an ech schwätzen doriwer :)D'Nathalie ass MBSR Coach a bid Gruppen sou wéi Eenzelsëtzungen un. Hat verbennt Achtsamkeet, mat Matgefill, Nervesystem Regulatioun & Traumawëssen. Seng Platz huet et am Liewenshaus zu Wormeldange fonnt. Du fënns hat op Instagram ënnert @nathaliekrier_mindfulness an op senger Webseit www.nathaliekrier.comD'Nathalie huet sain aktuelle Programm Herzstück, wou hat Raum bid vir méi a Verbindung zu dir ze kommen. Herzstück start den 17/4 an et si nach puer Platze frei. Kuck op senger Webseit no vir méi Infos.D'Nathalie & ech bidden och gemeinsam ee Krees un am Liewenshaus den 10/05/2026 vir zesummen bei eis selwer zréck ze kommen. Mir verbréngen een Dag zesummen andeems mir méi a Connexioun mat eis an eisem Kierper kommen. Wells du do dobei sinn da kuck bei him a bei mir op Instagram lanscht.Fënns du dech hei rem bei Funktionéieren, Machen an ni ee Moment vir sech fannen?Da lauschter onbedengt hei ran :)Ganz vill Léift & MagieDai Bonnie

  6. 37
  7. 36

    #031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia)

    An dëser Episode hunn ech d’Xénia bei mir am Zréck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. Wéi et verzweifelt géint seng Panikattacke gekämpft huet an sech emmer méi aus dem Liewen zréckgezunn huet.Wat war den Dréipunkt wou d’Xénia Stop gesot huet?Wéi geseit sain Heelungswee aus?Wéi geet et haut mat Herausfuerderungen em?Mir schwätzen iwwert Hoffnung, Heelung a wéi ee Stéck vir Stéck an seng Kraft ka kommen.A senger ganzer Kraft huet d'Xénia och sain eegene Podcast gegrënnt a schwätzt iwwert genau esou Themen. Lauschter onbedéngt mol bei him eran. Sai Podcast heescht "Ee Raum fir dech" by Xénia XJB. Lauschter op Spotify. A fann hat op Instagram ennert @xenia_xjbMerci du wonnerbart Xénia vir dëst wertvollt Gespréich.Lauschter wéi emmer op Spotify & op Apple Podcast.Ganz vill Léift a Magie Dai Bonnie

  8. 35
  9. 34
  10. 33

    #030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne)

    An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwätzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen. D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familjen zréck an d'Verbindung.Dorëms geet et an d'Verbindung ze goen an genau nozelauschteren. Ais selwer an aisem Geigeniwwer.Dem Fabienne sai Kontakt fënns du op Instagram @fabienne_weber_familiencoachSeng Webseit www.fabienneweber.deD'Buch iwwert déi 5 Liebessprochen dat d'Fabienne ernimmt huet ass,Die 5 Sprachen der Liebe vum Gary ChapmanKenns du deng Liebessproch?Wann net da lauschter hei ran. A wann Jo da lauschter awer well du hells secher Wertvolles mat :)Ganz vill Léift & Magie vir dech.Dai Bonnie

  11. 32
  12. 31

    #029 - De Wee aus da Häuslecher Gewalt (Interview mam Isabelle)

    TriggeralarmDës Episode kann bereieren an eppes ausleisen. D'Isabelle erzielt vu senger Zeit wou et gefange war an den eegene 4 Wänn. Am permanenten Alarmzoustand an an da Angscht déi nächst Schlei ze kréien. Gewalt am Alldag. Gewalt als Normalzoustand. D'Isabelle huet de Wee aus dëser Gewalt fonnt an huet een immense Mut op dësem Wee entwéckelt. Eng grouss Léift zum Liewen an zu sech selwer an ee grousse Perspektivewiessel huet dës wonnerbar Séil an sech selwer fonnt. Lauschter dës wertvoll a bereierend Episode mat oppenem Haerzen.Bass du Affer oder Täter? Helef ass dobaussen. Vernetzung existéiert. Häuslech Gewalt ass esou ee grousst Tabuthema an et gëtt sou oft verharmlost oder erofgespillt. Ech soen hart STOP.Hei ass dem Isabelle sain Instagram Kontakt @isabellelanners. Sai Buch "Hinter verschlossenen Türen" fenns de op Amazon https://amzn.eu/d/6hhsl1AAner Ulafstellen fenns du op dëser Lëscht déi um Site www.violence.lu stinn,https://violence.lu/liste-des-contacts/Looss ais d'Aan grouss opmachen, aise Mond & aist Haerz.Merci du wonnerbart Isabelle vir dai Mut, deng Wourecht an deng Hoffnung.Wanns du betraff bass, du bass wichteg, esou wichteg! Et existéiert een anere Wee an et ass esou vill Léift vir dech do.Décke Kuss nobaussen an eng immens grouss Léift.Dai Bonnie

  13. 30

    Bonnie‘s Magic Moments - Wiel Vertrauen

    Bonnie’s Magic Moments ass dai Raum vir Wonner ✨Dai Raum vir dech & mech.Ee Moment Verbindung.Erënneren.Ech deelen hei mat dir kuerz Impulser, Ding Dongs, Gebieder, Affirmatiounen an alles wat an d’Welt well.Kléng Momenter vir zréck an d’Verbindung zu dir, zum Liewen, zur Magie vum Moment 💫Momenter déi dech rem drun erënneren wous du wirklech wells hin an dir erlaben dech richteg auszerichten an ze fokuséieren.Vill Léift & Magie 💛Dai Bonnie 🌸

  14. 29

    #028 - Dai Moien ass ee Portal - Wéis du bewosst an dain Dag starts

    An dëser Episode huelen ech dech mat a mai Moien :)Wéi mir aisen Dag starten entscheed wéi mir en erliewen.De Moien ass en Iwwergangsraum, tëscht Dram a Realitéit, tëscht Ennerbewosstsinn an Alldag.An dëser Episode schwätzen ech driwer,- virwat déi Ausrichtung Moies so kraftvoll ass- wat et verännert sech Moies bewosst auszerichten- wat d'Bieden mat deem ganzen ze dinn huet a virwat et alles verännertEch deelen mat dir meng Moiesroutinen an ech lueden zum Schluss op ee Prayer an.Ech verspriechen dir, dass dech Folg deng Energie hiewt an, dass de vill méi motivéiert waerts sinn.Dain Dag mat oppenen Haerzen, Kloerheet an ennerer Verbindung zu dir unzefänken verännert de Recht vun dengem Dag.Dës Folg ass eng Aluedung dech scho Moies frei ze wielen, deng Energie bei dech zréck ze huelen an dech bewosst op dain Dag auszerichten.Et fänkt mat dir un.Ganz vill Léift vir dech.Bonnie

  15. 28

    #027 - Entdeck däin ënnere Schatz

    Dech gëtt et nemmen eemol genau sou wéi mir hei sinn. An du dréis eng eenzegarteg Medizin an dir. Deng ganz eegen Medizin. Ech sinn iwwerzeegt, dass all Mensch seng eegen Medizin dréit an d'Welt huet se esou neideg.Wanns du mat dir an dengem hellege Raum verbonne bass hues du Accès op deng ganz Schöpferkraft an verbenns dech mat denger Medizin a kanns se raus an d'Welt droen.An dëser Episode verbanne mir ais mat aisem hellege Raum.Ech hunn a menger Zauberkollektioun genau vir dëst Thema, déi Verbindung, een Zauberspray mat mengem Papp & da Kraft vun de Planzen erschaft.Den Zauberspray Magic Light ennerstetzt dech mat sengem mageschen Doft an d'Verbindung mat dengem hellege Raum ze goen.Merci, dass du dech wiels.Du bass wichteg.Vill Léift vir dech.Dai Bonnie

  16. 27

    #026 - Jubiläumsfolg 1 Joër Zréck zu Dir Podcast

    Mir feieren 1 Joër Zréck zu Dir Podcast :)1 Joër voller Geschichten, Verbindung, Heelung, Mut a Wuesstum.Merci dass du hei bass an dëse Podcast lieweg mes.Merci un all Mensch deen a méngem Raum séng Geschicht gedeelt huet. Deen sech ausgeschwat huet. Deen gedeelt huet.Merci Merci Merci.Main Haerz danzt an ech sinn erfëllt.Ech wënsche mir vir dat nächst Joër dass dëse Raum weider wiist, nach méi déif, méi grouss & méi liichtvoll.Mir ginn an dëser Episode d'Joër 2025 duech an machen ais op vir d'Wonner an 2026 ze empfänken.Ech wënschen dir, dass dain Haerz grouss op ass an dass de all Wonner empfänks an erkenns an aus dir raus wiis.Vill Léift vir dech.An Happy New Year <3Dai Bonnie

  17. 26

    #025 - Vun Trigger, Léift & Wuesstum - Mama-Sinn nei verstoen (Gespréich mam Michèle)

    An dëser aktueller Episode sinn ech am Gespréich mam Michèle Bloes. D'Michèle ass Fra a Mama a begleed aner Fraen a Mammen zréck an hier Kraft, an d'Verbindung zu sech selwer.Mir schwätzen zesummen iwwert Themen wéi:- Bedürfnisorienteiert Begleedung- Nerveregulatioun am Alldag- Trigger, al Glawenssätz & Konditionéierungen- wéi mir als Mama Heelung weiderginn- Virwat Verbindung méi wichteg ass wéi Perfektioun- Wats du mache kanns wann dai Nervesystem d'Situatioun an da Hand huet- Wéis du als Mama bei dir rem ukennsDës Folg ass eng Aluedung douce ze ginn. Dai Kierper dréit eng Geschicht an et ass schéin ze verstoen, dass du déi verännere kanns.Mir schwätzen driwer wéi mir ais selwer hale kennen a wéi mir mat ais a Verbindung ginn an zu aise Kanner.Huel dir dëse Moment vir dech.Otem déif.A geneiss d'Folg :)Du fënns dem Michèle sai Kontakt op Instagram ënnert @michi_emotionwaveDai Bonnie

  18. 25

    #024 - Looss Lass & Wiel dech ganz (Meditatioun)

    An dëser Episode erward dech eng kléng Meditatioun déi dech erem bei dech selwer bréngt. Ee Moment mat dir vir an déng Rou & Entspanung ze kommen. Se leed dech dobei lass zelossen an dain Haerz opzemachen a ganz a Verbindung mat dir selwer ze kommen.Een hellege Moment.Geneiss dëse Moment mat dir.Wonnerschéin wéis du dir ee Moment vir dech hels.Ganz vill Léift.Dai Bonnie

  19. 24

    #023 - Vun Alarm op Regulatioun (wéi geet et déngem Nervesystem?)

    An dëser Episode schwätzen ech ebessi iwwert d'Nervesystem Regulatioun.Vir mol an d'Bewosstsinn ze kommen an ze verstoen, dass aise Kierper eng Mémoire huet an ais kloer Signaler gëtt wat vir hien secher ass oder onsecher. Vun all aisen vergangenen Erfahrungen huet aist Nervesystem eng Basis opgestallt wat secher an onsecher ass. An och wann dat vir aise Kapp verkéiert kléngt huet aist Nervesystem sain Bescht vir ais gemach. Well dat wat him wichteg ass, ass, dass mir iwerliewen.Wa mir dovunner ausginn, dass Regulatioun nemmen méigeleg ass bei Co-Regulatioun, also, dass mir a Bezeihungen Regulatioun leieren ass Fakt dass vill vun ais net geleiert hunn mat hiere Gefiller ze setzen an de Kierper ze spieren vir an déi optimal Regulatioun ze kommen.Vir also mol unzefänken sech lues a lues méi no mat sech selwer ze beschäftegen an an Verbindung zu sech selwer ze kommen ass als aller eischt déi neideg Info wichteg an sech bewosst dovir opzemachen.Dës Episode gëtt dir ee kléngen Abléck an erlabt dir Bewosstsinn ze schafen :)Ech bidden Begleedungen un vir zréck an d'Verbindung zu Dir. Mir schaffen zesummen op d'Nervesystem Regulatioun, Werte & Grenzen Opstellung an wéis du dech ganz wiels an ganz a Verbindung zu Dir kenns :)Mat vill Léift.Bonnie

  20. 23

    #022 - Tabuthema Stëllgebuert (Interview mam Méla & Joé)

    An dëser Episode schwätzen ech mam Méla & mam Joé iwert de Verloscht vun hierem Jong de Fynn. Si erzielen hier Geschicht, iwert Schmerz, Trauer an ganz vill Léift. Hiere Mut vir weider ze machen an sech nei ze entdecken an ee Licht vir aner Betraffener ze sinn.Wichteg Ulafstellen am Thema Deuil périnatal:1. Stärekanner asbl2. Eidel Ärm vun da Initiativ Liewensufank3. Omega90Dem Méla sai Kontakt op Instagram @mela_2290 Lauschter mat oppenem Haerzen.Vill Léift no Baussen.Dai Bonnie

  21. 22

    #021 - D'Léift ass an ais selwer ze fannen (Interview mam Yannick)

    Haut schwätzen ech mam Yannick Gaspar iwert ais perséinlech Entwécklung. Ais individuell Perséinlechkeetsentwécklung.Wat waren d'Momenter déi ais gerëselt hunn, déi ais erwächt hunn? Wat huet ais geholef zou ais zekommen a wat heleft ais aktuell? Wéi si maer dozou komm zu ais selwer a Verbindung ze kommen? Wéi fänken ech un no maer ze kucken?  A virwat ass et wichteg iwerhaapt mol no Bannen ze kucken?Iwert dat alles schwätzen ech mam Yannick.Mell dech emmer vir Begleedung an Ennerstetzung :)Vill Léift no Baussen.Dai Bonnie

  22. 21

    #020 - Vun Ernährung zu Bewosstsinn: Eng Rees no bannen (Interview mam Fabrizio)

    Haut schwätzen ech mam Fabrizio Annicchiarico iwert gesond Iesssen, iwert bewoost Iessen, iwert Veganismus.Maer stellen ais d'Fro ass vegan automatesch gesond?Wat ass iwerhapt gesond Iessen?Wat ass wirklech nährend?Wéi wichteg ass mai Bewosstsinn an daer ganzer Iessensthematik?Dës Folg erweidert déng Perspektiv op een nährend Liewen.Du fenns de Fabrizio op Instagram ennert @fabrizioannicchiaricoVill Léift.Dai Bonnie

  23. 20

    #019 - Daily Upgrade: Bewosst an d'Verännerung

    All Dag leeft et selwecht oof.All Dag hoffen op Besserung, op Changementer, op ee Wonner.Wat kanns du ab elo direkt machen vir an d'Verännerung ze kommen?Ee wichtegen Schlëssel ass - Dai Bewosstsinn.Wou kanns du mol méi Bewosstsinn an den Alldag bréngen?Ech ginn daer an dëser Episode puer Manéieren vir einfach mol méi an d'Bewosstsinn ze kommen an ze kucken wat iwerhaapt all Dag sou routinéiert oofleeft. An dann kucken wou a wéiee Changement all Dag kann applizéiert ginn vir dénger Zukunftsversioun méi no ze kommen. Yuhuu.Mat vill Léift.Dai Bonnie

  24. 19

    #018 - Zweifel un da Hand an Zukunft am Bléck

    Haut schwätze maer iwert ais Zweifel an ais Ängscht.Oft ennerhuele maer déi neideg Schrëtt net well maer Angscht hunn. Wéi oft gi maer net vir ais well maer Zweifel hunn. An dëser Episode schwätze maer driwer wéis du awer vir dech kanns lass goen an wéis du muteg vir déng Dreem gees.Wéi ee kléngen mutegen Schratt kéins du haut machen - obwuels du Angscht hues?Mat ganz vill Léift.Dai Bonnie

  25. 18

    #017 - D'Gebuert vu méngen 2 Haerzensjongen

    Ech zielen an dëser Folg wéi ech méng 2 Gebuerten erlieft hunn. Et sinn 2 total ennerscheedlech Experienzen.Zeitweis ginn ech bessi emotional. Ausschwätzen heelt an d'Emotiounen daerfen fleissen. Ganz eierlech an riit eraus.Ganz vill Léift.Dai Bonnie

  26. 17

    #016 - Wann d'Gebuert zum Albdram gëtt (Interview mam Yeliz)

    Wann dee schéinste Moment zum schlemmste gëtt. Vun Trauma Gebuert op anal Inkontinenz op zréck an séng Kraft an d'Léift zum Liewen. Ee mega wertvollt an heelend Gespréich mam Yeliz.Hat deelt vir déi 1. Kéier séng Geschicht a brecht een Tabu. Ech feieren hat mat ganzem Haerz. Wanns du d'Yeliz wells kontaktéieren fenns du hat op Instagram ennert @letzbreathe.lu Ganz vill Heelung.Dai Bonnie

  27. 16

    #015 - Eng Mama gëtt gebuer (Interview mam Sarah Holtgen)

    Dës Episode schwätzen ech mam Sarah iwert d'Zeit no da Gebuert. Net nemmen de Bébé gëtt gebuer mee och d'Mama. Wéi wichteg ass sech op déi Zeit ze preparéieren an wéi kann ech dat machen? Wéi ennerstetzt mech eng Doula dobei? Wat sinn déi wichteg Punkten am Wochenbett vir dass alles zum Beschten vir d'Wuel vun da Mama & vum Kand oofleeft. Wéi wichteg ass aist Emfeld bei deem ganzen Prozess? Wéi ennerstetzt mech eng Doula an deem ganze Prozess virun a no da Gebuert? Ass et ok einfach total iwerfuerdert ze sinn? Maer schwätzen och iwert d'Depressioun am Postpartum an iwert villes méi. D'Sarah huet vum Questionnaire geschwat deen ech daer hei verlinken sou hues du Accès drop:https://drive.google.com/drive/folders/1Rms3adwljh19Y6kGcfuiJDJQwydM_F6_?usp=sharingDem Sarah sai Kontakt ass op Instagram @sarah.the_gentle_doulaHat bid schéi Kreeser vir Fraen an all Phase an vill verschidden Themen a villes méi.Bass du op da Sich no natierlech ennerstetzenden Compléments alimentaires, tisanes etc da kanns du dech ganz gären bei [email protected] mellen an dech mat méngem Papp dem Benoît ennerhalen. Ganz vill Inspiratioun.Dai Bonnie

  28. 15

    #014 - Kraftvoll Fra & Mama sinn (Interview mam Sarah Holtgen)

    Haut hunn ech d'Sarah am Interview an d'Sarah ass Mama an Doula an begleed d'Fraen an all de Phasen. Maer schwätzen iwert d'Schwangerschaft, Gebuert an alles wat an enger Mama sou virgeet während deser Phase. Vill Drock vu baussen an esou vill Informatiounen sinn zeitweis iwerstimuléierend an et huet een d'Gefill wéi wann een net Meeschter iwert alles ka ginn. Eng Doula ass do vir ze begleeden, ze ennerstetzen an eng Mama ze halen. Eng stark schützend Begleedung. D'Sarah kanns du fannen op Instagram ennert @sarah.the_gentle_doulaHat bid och schéi Kreeser vir Fraen an all Phase an vill verschidden Themen.Bass du op da Sich no natierlech ennerstetzenden Compléments alimentaires, tisanes etc da kanns du dech ganz gären bei [email protected] mellen an dech mat méngem Papp dem Benoît ennerhalen. Ganz vill Inspiratioun.Dai Bonnie

  29. 14

    #013 - PMA & Reebouschwangerschaft (Interview mam Jennie)

    Haut hunn ech erem d'Jennie am Interview an des Kéier ass d'Thema PMA (Kënschtlech Befruchtung) & Reebouschwangerschaft. Ganz grouss Tabuthemen an aiser Gesellschaft nach an dovir extrem dankbar iwert déi Oppenheet a Vertrautheet déi maer am Gespréich hunn. Erem soen ech main Merci un d'Jennie vir sain Deelen vun sénger ganz privater Geschicht, sai ganze Parcours an da Kënschtlecher Befruchtung an sain Verloscht vun séngem Bébé an wéi et ass duerno awer erem schwanger ze sinn an ee gesond Meedchen op d'Welt ze bréngen. Sou een déiwen Abléck an déi ganz Trauerthematik an déi Ängscht déi an engem sinn wann een no engem Verloscht erem schwanger ass. Deep Talk. Sou ee grousse Merci.Mell dech beim Jennie wanns du de Besoin hues. Du fenns hat um Instagram ennert @natural_souls_doulaIn Love & LightBonnie

  30. 13

    #012 - Liewen mat Endometriose (Interview mam Jennie)

    Haut hunn ech d'Jennie am Interview. D'Jennie ass Life Enpowerment Coach an et begleed Menschen, Séilen wéi hat seet, op hierem Wee emmer méi zou sech selwer. D'Jennie ass betraff vun da Endometriose an doriwer dréint sech dann och des Podcast Episode. Hat gett ais en Abléck an d'Diagnos Endometriose an wéi sain Alldag ausgeseit. Wéi beaflosst d'Endometriose séng Bezeihungen, séng Partnerschaft, séng Roll als Mama an séng Bezeihung zu sech selwer. Ech soen dem Jennie ee grousse Merci vir d'Deelen vun sénger Geschicht. Vir dat Vertrauen an deen déiwen Abléck a sai Liewen an sai Feld. Enorm beréiert sinn ech an dankbar.Wanns du dech beim Jennie wells mellen kanns du hat um Instagram fannen ennert @natural_souls_doulaIn Love & LightBonnie

  31. 12

    #011 - La symptothermie (Interview mam Sara De Oliveira)

    Haut hunn ech erem d'Sara De Oliveira am Interview an haut schwätze maer ganz spezifesch iwert d'Symptothermie. D'Symptothermie ass eng Technik déi eemol als Contraceptioun déngt an op daer anerer Seit awer och ennerstetzend ass beim Wonsch Kanner ze kréien. Alles weideres ges du am Interview gewuer :)Fill dech ganz vill inspiréiert.Fals du d'Sara wells kontaktéieren mach dat gären ennert dem +352 691 957 221 oder du fenns hat op Instagram ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira). Mat him kanns de ee Suivi starten vir ganz genau d'Symptothermie Technik ze léieren. An an Zukunft bidd hat nach ganz vill schéin Sachen un :)In Love & LightBonnie

  32. 11

    #010 - Vivre en harmonie avec notre cycle (Interview mam Sara De Oliveira)

    Haut schwätze maer iwert den wéiblechen Zyklus all séng Phasen.Am Interview hunn ech d'Sara De Oliveira, hat ass Enseignante am Franséichen, Conseillère en Naturopathie an Conseillère an da Symptothermie.Fals du d'Sara wells kontaktéieren kanns du hat op Instagram fannen ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira) oder du kanns hat ereechen ennert dem Nummer +352 691 957 221.Gëff gären dai Feedback.Ganz vill Love & LightDai Bonnie

  33. 10

    #009 - Männlech & Weiblech Energie

    Haut geet et em d'Thema Mann & Fra. Männlech & Weiblech Energie.Yin & Yang.Maer schwätzen bessi iwert d'Ennerscheeder vun deenen 2 Energien an wéi se sech ergänzen.Wéi geseit et mat da Fra aus an aiser patriarchalescher Welt? Wéi daerf ech lues a lues méi a Verbindung zu ménger weiblecher Energie kommen?Dat alles beschwätze maer :)Love & LightDai Bonnie

  34. 9

    #008 - Wat well mai Kierper maer soen? Ee kléngen Abléck an d'Psychosomatik

    Haut huelen ech dech mat a méng Welt ;)Maer schwätzen iwert d'Psychosomatik. Wat well dai Symptom daer soen? Maer wesse jo dass aise Kierper aise Frend ass an dovir wesse maer och dass all Symptom ee Message vir ais huet :)2 Bicher déi ech daer an da Psychosomatik recommandéieren sinn am déitschen vum Christiane Beerlandt - Der Schlüssel zur Selbstbefreiung. Enzyklopädie der Psychosomatik. An am franséichen vum Jacques Martel - Le grand dictionnaire des malaises et des maladies.Fals de Ennerstetzung bei déngem Heelungsprozess brauchs mell dech <3 Dai Bonnie 

  35. 8

    #007 - Vergebung & endlech méi Lichtegkeet

    Hei ginn ech daer 2 Übungen un d'Hand wéis du dech vun toxesche Menschen, Situatiounen oder Undeeler vun daer selwer daerfs energetesch trennen.Du fenns am Strichmännchen-Technik Dokument genau wéi Virgoen an wéi dës Technik op dech uwenden. D'Technik ass vum Jacques Martel an net vum Jean wéi ech an da Folg soen ;) Hei fënns du d'Technik: https://drive.google.com/drive/folders/1rY09eAS_IbqAWek97nZKdH70jBDCT3KY?usp=drive_linkWanns de Loscht op Ho'oponopono Meditatioun hues so maer bescheed an ech huelen eng Medi op :)Du daerfs a Lichtegkeet & Freiheet liewen :)Ganz vill Léift,Bonnie

  36. 7

    #006 - Virwat Werter festsetzen?

    De 15/3 organiséieren ech ee klénge Krees wou ech dech dobei begleeden déng Werter ze erkennen an festzesetzen an esou kloer vir dech anzestoen an déng Grenzen ze weisen.Et ass essentiell vir an dénger Stabilitéit ze stoen an an dénger Secherheet.Well wann ech eppes geléiert hunn dann ass et dass alles an ais selwer ze fannen ass :)Ech fréeë mech voll op dech :)Ganz vill Léift vir dech,Bonnie

  37. 6

    #005 - Wat ass Herboristerie & Naturopathie

    An dëser Episode kris du de Métier vum Herboriste & Naturopath vum Benoît méi no bruecht. Hues du den Impuls hien ze kontaktéieren kanns du dat ganz gären machen enner [email protected] dech inspiréiert :)

  38. 5

    #004 - 7 Übungen vir an déng Kraft zekommen

    Hei déi 7 Übungen vir méi an déng Kraft ze kommen. Vir méi an d'Verbindung zu daer selwer ze kommen:1. Setz déng Intentiounen2. Schutz ufroen3. Aerdungsübung4. Vertrauen!5. Otem6. Schréiw 3 Sachen op vir déis du haut dankbar bass. 3 Sachen déi daer gudd gelonge sinn.Am Nachhinein ass maer eng weider Übung agefall.7. Lachen. Einfach lachen 🤪😂Hoffen du zits vir dech wertvoll Momenter hei raus 🙏🏽Deel déng Erkenntnisser mat maer 💕Mat all ménger Léift,Bonnie 🌸

  39. 4

    #003 - Mat staarke Gefiller emgoen

    D’Thema vun haut ass Emotiounen.Wat geschitt an aisem Kierper bei starke Gefiller an virwat kommen déi emmer erem?Wéi kanns du besser mat sou Gefiller emgoen?An wéi kann dat alles an Zukunft méi licht ginn?Ais Emotiounen sinn Deel vun ais a maer därfen léieren se unzehuelen an se an aisem Liewen wëllkomm ze heeschen.Schréiw maer an deel déng Themen mat maer 💞Mat all ménger Léift 💖Bonnie 🌸

  40. 3

    #002 - 7 Changementer déi ech ennerholl hunn vir méi an méng Kraft ze kommen

    Hei déi 7 Changementer déi ech ennerholl hunn vir méi an méng Kraft ze kommen 😊100% Eierlechkeet zu maer selwerCommitment mat maer a méngem LiewenMéng Werter & Standarten festsetzenDoduech entstinn méng GrenzenMech op Nr 1 machen an esou prioretiséierenMain Herz ganz opmachenDéi Aner si lossen an naischt forcéieren

  41. 2

    #001 - De Primula House Podcast: Dai Podcast fir déng Gesondheet

    De Primula House Podcast ass dai Podcast vir déng Gesondheet. Dai Podcast vir an déng Kraft zekommen. Dai Podcast vir an d'Verbindung mat daer selwer zekommen an dénger Emwelt an aiser wonnerschéiner Natur 🌸 Maer beschwätzen ais Themen, ais Ängscht, ais Symptomer, ob allen Ebenen. Maer schwätzen iwert Planzen & Kréider & ais Ernährung 🌱 Wéi komme maer emmer méi an ais Kraft? Emmer méi an ais Gesondheet? Emmer méi op aisen authentesche Wee? ✨️ Primula House Podcast ass déng Begleedung an déngem Selbstfindungsprozess 🌻Stell déng Froen iwert déng Symptomer kierperlech wéi psychesch. Wat wells du beschwätzen am Podcast? Ech fréeë mech vun daer ze heieren 🥰 Maer wuessen zesummen ✨️Du inspiréiers mech an ech inspiréieren dech 💕Bonnie 💖Primula House Podcast 🌱

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

🌿 Zréck Zu Dir PodcastAuthentesch. Éierlech. Heelsam.Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet. All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.Sou vill Léift no Baussen. 💫 — Däi Bonnie 🌸

HOSTED BY

Primula House

URL copied to clipboard!