Den Hierscht a Pappendag (A2)

EPISODE · Oct 3, 2024 · 4 MIN

Den Hierscht a Pappendag (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer den Hierscht a Pappendag zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Den Hierscht Mir wollten elo iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Hierscht maache ka schwätzen. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren. Am Hierscht ass et mëttlerweil net méi esou kal wéi fréier an et sinn ëm déi 10 Grad. Mee et reent awer vill am Hierscht. Grad well et esou vill reent, mécht een am Hierscht éischter Aktivitéiten dobannen. Zum Beispill kann ee mol déi verschidde Muséeë besichtegen. An der Stad ginn et vill Muséeën, zum Beispill de MUDAM, de Musée Dräi Eechelen, den Nationalmusée fir d'Naturgeschicht, a sou weider. Eng aner Aktivitéit, déi een dobannen nach maache kann, ass an d’Cinemathéik goen, do lafen oft al Filmklassiker an d’Entrée ass net ze deier. Zu Lëtzebuerg gëtt et och vill Theateren, wou ee mat Frënn, Kanner oder Partner higoe kann. A wann ee gär doheem bleift, kann ee Käschten am Uewe maachen. Dat schmaacht och ganz gutt.  Am Oktober kann een och op den Nëssmaart op Veianen goen an dat kann een da mat enger Visitt am Schlass kombinéieren. Um Nëssmaart kritt ee vill verschidde Spezialitéiten, déi aus Nëss gemaach ginn, wéi zum Beispill Nësslikör, Nësskuch, Nëssseef asw.   Eng aner flott Aktivitéit, déi ee mat de Kanner maache kann, ass op d’Robbesscheier goen a Gesiichter an d’Rommele schnëtzen, déi een da fir Trauliicht oder Halloween doheem als Dekoratioun benotze kann. Pappendag Maxi: Jana, weess du, wéi Pappendag zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt?  Jana: Jo, natierlech! Zu Lëtzebuerg gëtt Pappendag den éischte Sonndeg am Oktober gefeiert, an net am Juni, wéi a villen anere Länner.  Maxi: Jo, dat ass interessant. Ginn et bestëmmt Traditioune fir deen Dag?  Jana: Jo, d’Kanner bastelen oft e klenge Kaddo an der Schoul, si schreiwen eng Kaart fir hire Papp oder si sangen e Lidd, wat si an der Schoul geléiert hunn. Verschidde Famillen maachen och en Ausfluch oder si gi mat der Famill an de Restaurant iessen.  Maxi: Also esou änlech wéi Mammendag, richteg?  Jana: Genau. Et ass en Dag, fir de Pappen ,,Merci’’ ze soen an hinnen ze weisen, wéi wichteg se fir hir Kanner sinn. Bei eis doheem maache mir oft e Brunch, well mäi Papp dat léiwer huet, wéi an de Restaurant ze goen.  Maxi: Dat kléngt schéin. Hues du da schonn e Kaddo fir däi Papp fir dëst Joer?  Jana: Ech hunn him e Bong fir e Bicherbuttek kaf. Mäi Papp liest immens vill a gär, a mat engem Bong kann hie sech dat kafen, wat hie gär wëll. An du?  Maxi: Ech komme jo aus England, a bei eis ass Pappendag am Juni. Mäi Papp kuckt gär Fussball, dofir hu mäi Brudder an ech him dëst Joer Tickete fir e Match am Wembley Stadion kaf.   Jana: A jo, richteg! Doriwwer huet hie sech bestëmmt gefreet!   Maxi: Jo. Zanter ech zu Lëtzebuerg wunne gesi mir eis normalerweis net fir Pappendag, mee mir telefonéieren da mat Video mat menger Schwëster, déi och am Ausland wunnt.  Jana: Dat ass och schéin. Vläicht kann däi Papp jo eng Kéier fir de Lëtzebuergesche Pappendag op Besuch kommen!  Maxi: Jo, dat kann ech emol proposéieren. Den Oktober ass och eng schéin Zäit, fir Lëtzebuerg ze besichen. Dann e schéine Pappendag mat denger Famill!  Jana: Merci! 

NOW PLAYING

Den Hierscht a Pappendag (A2)

0:00 4:52

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!