PODCAST · education
Poterkëscht vum INLL
by Poterkëscht
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
-
188
Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Saache fir eng Studentewunneng kafen A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy? B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen. A: Sichs de eppes Bestëmmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem d’Fréijoersbotz gemaach? B: Nee, mäi Meedche geet geschwënn op d’Uni a fir seng éischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen. A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss. B: Genee, mir wëllen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nëmmen 20 €. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlëmm. A: Wat feelt dann? B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch. A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles? B: Hatt brauch nach Dëppen a Panen: e grousst Dëppe fir Nuddelen ze kachen, e klengt Dëppe fir Zoossen ze maachen, eng grouss Pan fir Geméis ze broden an eng kleng Pan fir zum Beispill Spigeleeër ze maachen. A: Wéi ass et mam Besteck? B: Mir hunn nach kee Besteck, mee et steet ganz uewen op der Lëscht. A: Ma, ech hunn nach en aalt Besteck. Vläicht feelen do och e puer Forschetten, Messeren oder Läffelen, mee fir eng Persoun misst et awer duergoen. Wier dat ok fir iech? B: Genial! Villmools Merci, dat wier super! A: Topp! Dat läit säit Jore bei eis am Keller an enger Këscht. Ech si frou, wann een et gebrauche kann. B: Wéi vill frees de? A: Näischt! Ech schenken iech et! Entweeder dir kritt et oder mir bréngen et op de Recycling. B: Déck léif! Merci! A: Gär geschitt! Wat brauch hatt dann nach alles...? B: Op der Lëscht stinn nach e Schnéibiesem, en Zoppeläffel, e Bräiläffel aus Holz, ... ëmm ... A: Kichemesseren? B: Jo, e grousst an e klengt Kichemesser. An e Schneidbriet. A: An eng Kaffismaschinn? B: Vläicht méi spéit. Fir d’éischt kafe mer déi wichteg Saachen, wéi zum Beispill e Wasserkocher, e Béchsenëffner, Kichendicher, ... A: A jo, a Botzgeschier! B: Jo! Fir an der Kichen: Spüli, e Schwämpchen, Spulllompen, eng Biischtchen, an dann nach, fir allgemeng ze botzen: e Staubsauger, Torschongen, eng Raclette, eng Kierbiischt, an natierlech Botzmëttelen. A: An Dreckstuten. B: Jo! Déi éischt Botzmëttelen an Tute kafe mir, fir datt et weess, wat een alles brauch. Duerno muss hatt dat awer selwer nokafen. A: Et brauch ee wierklech vill fir eng nei Wunneng. Wéi ass et mat de Miwwelen? B: Do hate mer Chance. Mir kënnen d’Miwwelen vun der viregter Studentin iwwerhuelen. Vläicht kafe mer eng nei Matrass. Déi momentan ass scho méi al a richt net gutt. A: Dat kann ech verstoen! Freet däi Meedche sech op dat neit Kapitel? B: Jo! Hatt ass schonn immens opgereegt! A: A wéi geet et dir domat? B: Ech freeë mech fir hatt, mee ech wäert et immens vermëssen! Hatt wäert eemol de Mount oder all sechs Wochen heemkommen, wann et Zäit huet. Dat ass och gutt esou. Et ass wierklech en neit Kapitel an enger neier Stad, ouni seng Elteren, eng eege Wunneng, nei Frënn, nei Erfarungen. Ech hu super Erënnerungen u meng Studienzäit an ech hoffen, datt et bei him d’selwecht flott gëtt. A: Ech och! Trotz den Examen. Ech wënschen him eng super Zäit. B: Merci! A: Wéini soll ech d’Besteck matbréngen? B: Wann s de Zäit hues! Mir hunn nach e puer Wochen Zäit éier hatt plënnert! A: An der Rei!
-
187
Aarbechtszäiten an Auerzäiten (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut trainéiere mir d'Auerzäiten.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript: De Schoulmeeschter De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul. Hie fänkt um hallwer aacht moies mat schaffen un. Hien hält um Véierel op dräi nomëttes mat schaffen op. D’Doktesch D’Doktesch schafft an enger Praxis. Si fänkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un. Si hält um hallwer véier nomëttes mat schaffen op. De Bäcker De Bäcker schafft an enger Bäckerei Hie fänkt um hallwer fënnef moies mat schaffen un. Hien hält um hallwer zwou nomëttes mat schaffen op. D’Verkeeferin D’Verkeeferin schafft an engem Buttek. Si fänkt um néng Auer moies mat schaffen un. Si hält um Véierel vir sechs owes mat schaffen op. Den Infirmier Den Infirmier schafft op Schichten an enger Klinick. Haut huet hien Nuetsschicht. Hie fänkt um Véierel vir zéng owes mat schaffen un. Hien hält um Véierel op 6 moies mat schaffen op. Ech erwächen um hallwer siwen. Um Véierel op siwen drénken ech Kaffi. Ech fueren um Véierel vir aacht doheem fort. De Cours fänkt um hallwer néng un. Um Véierel op néng maachen ech eng Paus. Ech schaffe bis Véierel vir zwielef. Um hallwer eng iessen ech zu Mëtteg. Ech treffe meng Frëndin um Véierel vir eng. Um hallwer dräi drénken ech e Kaffi. Ech hunn um Véierel op dräi e Rendez-vous. Um Véierel vir dräi ginn ech heem. Ech maachen um hallwer véier Sport. Um Véierel vir fënnef duschen ech. Ech kachen um Véierel vir sechs. Um hallwer siwen iessen ech zu Owend. Ech kucken um Véierel op siwen d’Tëlee. Um Véierel vir aacht telefonéieren ech. Ech liesen um hallwer néng e Buch. Um Véierel op néng ginn ech schlofen.
-
186
Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren.-Transkript:Zwou Noriichten iwwer Hënn A: O, wow! B: Wat ass? A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf. B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm? A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien! B: O, deen aarme Mupp! A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun! B: An dunn? A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff. B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett? A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war. B: A wéi hu si dat gemaach? A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt. B: Uff! A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht. B: Schéin! A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz! B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck! A: Ech och! B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond héieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: d’Heldin. Et ass eng Hondsdamm. A: Erziel! B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. D’Fra hat géint 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat Zäit d’Haus verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op d’Plaz koumen. Déi zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol, mee et hätt kënne méi schlëmm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net méi geschitt. Déi hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Koppel erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war. A: Super! B: An net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht. A: Wéi geet et dem Hond? B: Deem ass och näischt geschitt! A: Weess een, firwat et gebrannt hat? B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn. A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang! Catsitting an nom Haus kucken A: Salut Julie, hues du kuerz Zäit ? B : Jo, wat ass lass ? A : Ma, ech fueren d’nächst Woch fir zéng Deeg an d’Vakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. Kéints du dat villäicht maachen? B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen? A: Merci! Dat hëlleft mir vill. Also, d’Luna och ganz léif an onkomplizéiert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes d’Fudder gëtt a frësch Waasser dohi stellt. B: Dat kann ech maachen. Geet d’Luna net eraus? A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen. B: An der Rei. Soll ech villäicht soss nach eppes maachen, wärend s de an der Vakanz bass? A: Jo, kéints du vläicht all puer Deeg eng Kéier an d’Boîte kucke goen an de Courier eraushuelen? B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes? A: Nee, ech mengen net. A… dach. Du kéints vläicht owes eng Kéier d’Fënster opmaachen an e bësse lëften, a kucken, op d’Planzen um Balcon kee Waasser brauchen. D’Stränz steet och um Balcon. B: Ok, dat geet. A: Merci! Hei ass de Schlëssel. B: A wéini kënns du zeréck? A : Den 18. Mee, owes. B : Ok, et ass notéiert. A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wäert mech bei dir revanchéieren.
-
185
D'Oktav an de Mäertchen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptD’Oktav an de Mäertchen A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen. B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer. A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad. B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner? A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert. B: Wéi huet dat dann ugefaangen? A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen. B: Dat mécht et nach méi speziell. A wat ass dann de Mäertchen? A: De Mäertchen ass e Maart um Knuedler, deen extra fir d’Oktav organiséiert gëtt. Do ginn et vill Stänn, wou een iessen, drénken an och lokal Produiten entdecke kann. B: A, also eng Kombinatioun aus reliéiser Traditioun an engem klenge Fest. A: Genee! Vill Leit ginn no der Pilgerrees nach dohinner, fir sech z’entspanen an d’Stëmmung ze genéissen. B: Wat kann een dann do genee iessen? A: Ganz vill verschidde Saachen! Lëtzebuergesch Spezialitéiten, verschidden Desserten an nach aner Saachen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi. B: Dat kléngt wierklech flott. Gees du eleng oder mat anere Leit? A: Ech hat eigentlech vir, eleng ze goen. Ech wëll dat als perséinlech Erfarung erliewen. Mee ënnerwee trëfft een ëmmer Leit an et kënnt ee séier an d’Gespréich. B: Dat gleewen ech. Ech ka mir virstellen, datt do eng speziell Energie ass, wann esou vill Leit zesumme pilgeren. A: Absolut. Et ass roueg, mee gläichzäiteg och lieweg. An du hues Zäit, fir nozedenken oder einfach de Moment ze genéissen. B: Hmm, elo kréien ech och Loscht esou eppes ze maachen. Muss een dofir reliéis sinn? A: Nee, iwwerhaapt net. Vill Leit ginn aus Traditioun oder einfach fir d’Erfarung dohinner. Jidderee ka matkommen. Aner Leit gi just op de Mäertchen, well se eppes Guddes iesse wëllenoder als Aktivitéit mat de Kanner. B: Dat ass gutt ze wëssen. Ech kucke mol wéi ech mech organiséiert kréien. Solle mir dat zesumme maachen oder wëlls du onbedéngt eleng goen? A: Nee, mir kënne gär zesumme goen, da kann ech dir nach e puer Saache weisen an erklären. B: Dat wier super, merci! Ech freeë mech schonn.
-
184
Den Zuch verpasst & en Accident mam Vëlo (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir zwee Dialoger: am éischten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun den Zuch fir op d'Aarbecht verpasst huet. Am zweeten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident mam Vëlo erzielt.Vill Spass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
183
Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Wat méchs du dann dëse Weekend? B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn. A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen? B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren. A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht. B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft. A: Hues de schonn eppes geplanzt? B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt. A: Firwat grad déi Planzen? B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg. A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll. B: (laacht) Genee! A: A wat wëlls du nach uplanzen? B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen. A: Wéi ass et mat Tomaten? B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart. A: Wat ass dat? B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15. Mee. Eng Bauerereegel seet, datt bis de 15. Mee nach Frascht am Fréijoer méiglech ass. Duerno kann ee sech bal sécher sinn, datt d’Deeg méi waarm ginn. A: O, dat ass jo guer net gutt fir d’Planzen. B: Genee, duerfir ass et besser, wann een déi kriddeleg Planzen eréischt duerno planzt. A: Dat ass e gudden Tipp. B: Jo. Ech géing och nach gär Kraider ubauen. A: Wat dann zum Beispill? B: Péiterséileg, Majiskraut, Bratzel an Dëll. Déi benotzen ech oft, wann ech kachen. A: Dat ass immens praktesch! Dann hues de ëmmer frësch Kraider doheem! Wat eng gutt Iddi! B: Esou Kraider kanns du och uplanzen. Dofir brauch ee kee Gaart. Hues de e Balcon? A: ‘t ass wouer! Jo, ech hunn e klenge Balcon. B: Ma, perfekt! Duer kanns du och Saache séien. A: Wat dann zum Beispill? B: Ech géif soen, Tomaten an engem Blummendëppen an och Äerdbier. D’Kraider kanns de och op de Balcon setzen. Oder eeben op e Fënsterbriet. A: Dat kléngt super! B: Du kanns och Blumme séien, zum Beispill Sonneblummen. Se wuesse séier a sinn net schwéier. A: Dat ass gutt fir Ufänger wéi ech. B: Et muss ee just reegelméisseg nätzen a Gedold hunn. A: Du hues mech elo richteg motivéiert! B: Hues de schonn eng Iddi? A: Ech fänken emol kleng un: op alle Fall Kraider fir ze kachen a vläicht probéieren ech d’Tomaten am Dëppen nach. B: Dat ass e gudde Plang. Et muss ee jo net alles matenee maachen. A: Genee. Schrëtt fir Schrëtt. B: Wann s de Froen hues, da mells de dech bei mer! Ech hëllefen dir gär! A: Villmools Merci! Ech freeë mech drop, unzefänken.
-
182
Um Nopeschfest (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptA: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd. M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen. C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen. A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei. C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit. M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco. C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert. M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed. A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen. C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued. M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart. A: Jo, dat ass richteg! D’lescht Joer hu mir mat der Residence vis-à-vis e grousst Grillfest organiséiert. C: Wow, dat kléngt flott! Ech grille ganz gär. A propos Iessen, wat ass dat hei? M: Dat sinn Arancini. Meng Fra huet déi gemaach. Wëlls du ee schmaachen? C: Jo, gär! Merci. Mmh, déi si ganz gutt ! A: Ech hunn eng klassesch Nuddelszalot gemaach. Déi steet do hannen um Dësch. C: O, ech iesse ganz gär Nuddelszalot. Ech ginn herno emol kucken. M: Vu wou kënns du eigentlech, Clara? C : Ech komme vun Tréier, mee ech schaffen zanter sechs Joer zu Lëtzebuerg. Ech hat keng Loscht méi, all Dag ze pendelen, dofir hunn ech decidéiert, an d’Stad ze plënneren. A: Dat verstinn ech. Wou schaffs du dann? C: Ech schaffen an engem Architektebüro um Belair. M: O, interessant! Schaffs du all Dag um Büro, oder schaffs du och heiansdo vun doheem? C: Ech muss leider déi meescht Deeg op de Büro goen. Ech däerf just een Dag d’Woch vun doheem schaffen. A: Dat ass awer blöd. Mee ech verstinn dat. Ech si Proff an engem Lycée. C: Seriö? Wat fir Fächer gëss du dann? A: Däitsch a Geschicht. Et mécht mir Spaass, mee heiansdo ass et awer och stresseg. Dofir sinn ech frou, net wäit ewech vun der Schoul ze wunnen. M: Ech verstinn! Ech schaffen hei am Spidol an der Rezeptioun. C: Dat ass bestëmmt och stresseg, oder? M: Jo, besonnesch moies, wa vill Patiente gläichzäiteg kommen. A: Mee du bass ëmmer roueg a frëndlech. Dat ass bestëmmt wichteg op denger Aarbecht. C: Wat maacht dir da gär an ärer Fräizäit? A: Ech gi gär lafen an ech strécke gär. An du? C: Ech mole gär an treffe mech gär mat Frënn. Heiansdo ginn ech och an de Kino oder an den Theater. M: Ech spillen de Weekend oft Fussball mat Frënn. An ech kache gär. C: Seriö? Da muss du mir emol eng Kéier e Rezept ginn. Ech ka guer net gutt kachen! M: Natierlech! Ech kann dir och weisen, wéi een Arancini mécht. A: Dat wier dach eng flott Iddi fir dat nächst Nopeschfest: e Kachowend! C: O jo, dat fannen ech super! M: Mir kënne jo eng Lëscht maachen. Jidderee bréngt Ingrediente fir e Plat aus sengem Land oder senger Regioun mat. Da kache mir zesummen, an duerno schmaache mir alles zesummen. A: Gutt Iddi! Dann hu mir vill verschidde Saache fir z'iessen. C: Dat kléngt no engem flotten Owend. M: Kuck, do hanne spillt elo ee Gittar. Solle mir emol kucke goen?
-
181
Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren!- TranskriptA: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff? B: Ech sinn Elektriker. A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen? B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen. A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin? B: Zënter aacht Joer. A: Schaffs du och op engem Büro? B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem. A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee... B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier. A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell? B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn. A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus? B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client, wat gemaach gi muss. Duerno fänken ech un: ech leeë Kabelen, ech installéiere Steckdousen oder schléisse Geräter un. Ech iwwerpréiwe reegelméisseg, ob alles richteg fonctionéiert. A: Schaffs de eleng oder am Team? B: Op de grousse Chantiere schaffen ech mat mengen Aarbechtskolleegen zesummen. Bei Privatleit schaffen ech awer meeschtens eleng. A: Ass däi Beruff geféierlech? B: E bëssen. Stroum ka geféierlech sinn. Duerfir musse mir ëmmer virsiichteg sinn an eis un d’Sécherheetsreegelen halen. Mir doen och extra Schutzkleedung un, Sécherheetsschong an heiansdo och Händschen. Dat ass immens wichteg. A: Wat gefält dir un dengem Beruff? B: Ech fannen et flott, datt ech mat den Hänn schaffe kann. Ech sëtzen net gär op engem Büro, mee si léiwer aktiv. Ech gesinn och gär d’Resultater, zum Beispill eng Luucht, déi fonctionéiert oder wann e ganze System fäerdeg ass. A: Wat gefält dir net esou gutt? B: Heiansdo sinn d’Aarbechtszäiten immens laang a wann ech dobausse schaffe muss, wann et reent... Dann ass et ongemittlech! A: Wéi bass du Elektriker/Elektrikerin ginn? B: Ech hunn nom Lycée eng Léier gemaach. A: Hues de wärend der Léier och scho praktesch geschafft? B: Jo, ech hunn an engem Betrib e Stage gemaach a Coursen an der Handwierkerschoul geholl. An der Schoul léiert ee vill iwwer d’Technik an d’Sécherheet. Et war net ëmmer einfach, virun allem d’Theorie.Mee sou ass et bei deene meeschte Beruffer. A: Géings de däi Beruff recommandéieren? B: Jo! Op alle Fall! Besonnesch fir déi Leit, déi gäre praktesch schaffen a sech fir Technik interesséieren. Online fënnt een all d’Informatiounen. Et gëtt verschidden Diplomer, déi ee maache kann. Et kann een zum Beispill och als Erwuessenen eng Léier maachen. Et ass ni ze spéit, säi Beruff ze wiesselen. A: Zum Schluss nach: wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: A menger Fräizäit ginn ech gär Vëlo fueren. Do kann ech gutt ofschalten. Heiansdo hëllefen ech och Kolleegen, fir doheem Luuchten opzehänken oder fir deen een oder aneren elektreschen Apparat zeflécken. Awer just heiansdo! A: Villmools Merci fir d’Gespréich. B: Gär geschitt.
-
180
Liblingsiessen & Ratatouille kachen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hiert Liblingsiesse schwätzen. Duerno héiere mir och e Rezept, fir eng Ratatouille ze kachen. -Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
179
Eis Dagesroutinnen (A1-A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Dagesroutinne schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
178
E Wellness-Weekend (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen.Vill Spass beim Nolauschteren!-Transkript:A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend? B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung. A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn. B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen? A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen. B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen. A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool. B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht? A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung. B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg. A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen. B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen. A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress. B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren. A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng. B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt? A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer. B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat? A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt. B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch. A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone. B: Dat kléngt wierklech alles excellent. A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet. B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen. A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen. B: Ganz gär. Ech libe Yoga. A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend. B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt.
-
177
Iwwer Online-Dating schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Wat méchs du de Weekend ?B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag!A: Wow! 10 Joer! Felicitatiounen!B: Merci! D’Zäit vergeet...A: Wéi hutt dir iech dann deemools kenne geléiert?B: Mir hunn eis iwwer eng Dating-App kenne geléiert.A: Wierklech? Ech kennen nëmmen Horrorgeschichte vun Onlinedating. Vill Leit soen, datt een do just iwwerflächlech Kontakter fënnt oder d’Leit oft an hirem Profil léien. Ech hätt Angscht, eng béis Iwwerraschung ze kréien.B: Jo, mee bei eis huet dat immens gutt geklappt. Bei aneren huet et den Onlinedating och gutt fonctionéiert. Ech kenne Leit, déi bestuet sinn a Kanner hunn. Et gëtt dat Eent an dat Anert.A: Jo, ok. Trotzdeem hunn ech d’Gefill, datt Dating-Apps net immens romantesch sinn. Et gesäit een eng Foto vun enger Persoun an da swipet een no riets oder no lénks. Dat ass iergendwéi wéi e Spill. Mir gefält dat net.B: Ech verstinn, wat s de mengs. Ech perséinlech fannen awer Discoen, wou haart Musek leeft ass an eventuell Alkohol gedronk gëtt, onromantesch. Wat ech bei eis schéi fannen, ass, datt de Lino an ech zwou Woche laang geschriwwen hunn, éier mir eis fir d’éischt getraff hunn. Ech wousst vu Fotoen natierlech wéi en ausgesäit, mee ech hu mech wärend där Zäit a säi Charakter, säin Humor, säi Wësse verléift. A bei eisem éischten Date hate mir schonn direkt vill Gespréichtheemen.A: Hm...ok...ech verstinn. Anerersäits gesäit een am reale Liewen direkt, ob d’Chimie passt an et verléiert ee keng onnéideg Zäit. Has de da guer keng Bedenken?B: Vläicht e bëssen. Virum Lino hunn ech och mat anere Männer geschriwwen. Verschiddener ware fuerchtbar. An ech gouf och vun engem no eisem éischten Date geghost.A: Geghost?B: Ghosting ass, wann eng Persoun ouni Erklärung de Kontakt ofbrécht. Mir haten eist éischt Date an am Fong war et wierklech flott. Ech hat e gutt Gefill. Wéi ech mech nach eng Kéier treffe wollt, huet hie mir net méi geäntwert... am Plaz ze soen, datt en net interesséiert ass.A: Ee, wéi feig vun him!B: Gell! Mee e puer Wochen drop hunn ech schonn de Lino kenne geléiert!A: Dir hat wierklech Chance. Ech denken trotzdeem, datt een immens gutt oppasse muss. Et weess een net ëmmer, wie sech hannert de Fotoen an Informatioune verstoppt.B: Am reale Liewe muss een och oppassen...A: Ech perséinlech wënsche mer, datt ech mäi Partner zoufälleg treffen, zum Beispill an engem Café oder bei Frënn.B: Dat ass natierlech immens romantesch, mee bei mir huet dat leider net geklappt...A: Hues du dech dowéinst op der Dating-App ugemellt?B: Genee. Ech sinn Enn 2014, no mengem Studium, zeréck op Lëtzebuerg komm. 2015 hunn ech eng Aarbecht fonnt an hat immens vill ze dinn. Ech si guer net méi erausgaangen an hat och kaum Zäit fir Hobbyen, duerfir hunn ech keng nei Leit kenne geléiert...Ouni d’Dating-App hätt ech de Lino ni kenne geléiert. Mir schaffen zwar allen zwee an der Stad, mee mir wieren eis vläicht ni iwwer de Wee gelaf.A: Jo, ok. Vläicht soll ech meng Meenung e bëssen änneren. Béid Weeër hunn hir Vir- an Nodeeler. Är Geschicht weist jo, datt Onlinedating fonctionéiere kann. B: Genee.A: Vläicht probéieren ech et iergendwann och. B: Ech drécken der d’Daumen!A: Merci! Ech wënschen iech zwee Léiwen e schéinen Anniversaire!B: Merci!
-
176
Vakanz mam Camper & e Museksfestival (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwou Persounen eng Vakanz mam Camper plangen. Am zweeten Deel héiere mir, wéi zwou aner Persounen e Weekend op engem Museksfestival plangen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
175
Communautéitsgäert zu Lëtzebuerg (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis e bëssen iwwer d'Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
174
Iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef op der Aarbecht iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
173
Vegan a Vegetaresch Ernärung (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir vun zwou Persounen, déi iwwer vegan a vegetaresch Ernärung schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
172
Beruffsweeër zu Lëtzebuerg & Work-Life Balance (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer verschidde Beruffsweeër zu Lëtzebuerg.Vill Spaass!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
171
E Filmowend (B1-B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen.Vill Spaass!-Transkript:E FilmowendBob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott! Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes? Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes streamen. Babsi: Ech weess net, dat ass esou oniwwersiichtlech ginn. Bis de iwwerall gekuckt hues, wat et gëtt, ass den Owend schonn erëm an du hues nach näischt fonnt. Bob: Jo, an europäesch Filmer sinn do rar. Ech fannen et jo ganz schlëmm, datt et struppevoll mat amerikanesche Filmer ass. Dat ass dach ëmmer dat selwecht! Babsi: Villäicht bei den neie Filmer. Wa se da méi Pärelen aus de 70er oder 80er Joren hätten, dat wier et der Wäert. Bob: A wa mer an d’Bibliothéik oder an d’Mediathéik vun der Stad ginn? Do kriss de dach vill! Babsi: Elo, de Sonndeg? Do huet dach alles zou, dat kanns de vergiessen. Bob: A meng DVD-Sammlung hu mer och schonn dräi Mol duerch, do gi mer net glécklech. Babsi: Gëtt et do net Streaming-Déngschter vun der Nationalbibliothéik? Ech mengen, do eppes héieren ze hunn. Bob: Ajo, effektiv, lo wou s de et sees. Do kann ee mol e Bléck drop geheien. Et héiert een de Bob eppes um Laptop tippen. Bob: Hm, wat solle mer dann... o kuck mol hei: si hunn eng Fantasy-Februar-Sammlung! Babsi: Effektiv... O, wéi wier et mam Film “The Beastmaster”? Bob: Boah nee, deen ass mir ze laang. Babsi: Dat si jo mol keng zwou Stonnen! Kuck hei, Hellboy! Deen ass zwar méi rezent, mä ech hunn deen ëmmer nach net gesinn. Bob: Wat heescht hei rezent, deen ass jo scho groussjäreg. Babsi: Egal wat... Bob: Ok ok, wéi wier et da mat engem richteg ale Film? The Bishop’s Wife, deen ass vu 1947. Babsi: E Film iwwert e Paf, dee sech an en Engel verléift? Nee Merci! Bob: Dat kléngt dach ganz léif! Du hues et dach mat romantesche Geschichten. Babsi: Naja, mä dat kléngt mir e bëssen ze dréchen a steif. Du hues dach europäesch Filmer léiwer, solle mer dann no esou engem kucken? Bob: Zwar, ech gesinn hei e puer gutt italieenesch Klassiker! Suspiria a Phenomena zum Beispill. Babsi: Ëm wat geet et dann? Bob: Ma kuck, hei ass eng kuerz Beschreiwung... Babsi: Eng jonk Fra, déi mat Insekte schwätze kann an e Mord probéiert opzeklären? Do sinn ech dobäi. Bob: Da lass... ech maachen alt de Popcorn prett. Eis cinephil Koppel kuckt sech de Film un a verdréckt dobäi eng grouss Portioun Popcorn. Den Ofspann leeft grad. Bob: Also mir huet dat richteg gutt gefall. D’Mise en scène war nees ganz typesch fir dee Regisseur. Hie spillt ëmmer richteg flott mat de Kamerastellungen a Perspektive. Babsi: Jo, mä ech muss awer soen, datt dee Soundtrack e bësse komesch war. Scho bal ze rockeg fir dee Film, oder? Bob: Ech fannen, dat hieft dat ganzt nach op e ganz aneren Niveau. E bëssen trasheg eben. An d’schauspilleresch Leeschtung war e bëssen duerchwuess. Babsi: Dat läit villäicht och um Dréibuch an un den Dialoger. Ech froe mech, ob de Film sech am italieeneschen Original net anescht ufillt. Well den Haaptpersonnage wierkt ëmmer esou distanzéiert. Bob: Hatt ass iwwerhaapt e Komescht... an ech soen dat net nëmme, well et mat Insekte schwätze kann... Babsi: Ech mengen, dee Film wäert eis nach eng ganz Zäitchen am Gediechtnes bleiwen... Bob: Jo... a wat kucke mer muer?
-
170
Vun engem Tennismatch erzielen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!-Transkript:Vun engem Tennismatch erzielen (B1) Nadine: Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter? Vanessa: Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun. Nadine: Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee ech hunn d’Terrainen net fonnt. Sinn déi net an der Rue du Près? Vanessa: Dach, vis-à-vis vum Fussballsterrain. Nadine: Mee do ass dach déi grouss Sportshal. Vanessa: Jo, do hues Recht. D’Terraine sinn hannert der Sportshal. Du muss lénks laanscht d’Sportshal goen an da gesäis du d’Terraine riets. Nadine: A sou! Da weess ech et fir d’nächst Kéier. Vanessa: Wann et eng nächst Kéier gëtt! Ech hunn am Moment esou d’Flemm mam Tennis, ech weess net, ob ech nach eng Kéier spillen. Nadine: Dat sees du ëmmer, wann s du e Match verluer hues. An ausserdeem wollte mir dach e Freideg zesumme spille goen! Vanessa: A jo, dat wollt ech der nach soen. Do kann ech awer net, well ech mat mengem Meedchen dréngend bei d‘Hautdoktesch muss. Hatt huet en Ausschlag um Aarm an ech wëll awer léiwer, dass d’Doktesch sech dat emol ukuckt. Nadine: An der Rei, hues du dann e Samschdeg de Moien Zäit? Vanessa: Jo, wéi wier et um 10 Auer? Nadine: Jo, dat geet. Da kënne mer bis hallwer 12 spillen. Vanessa: Tipptopp, ech reservéieren den Terrain. Nadine: Gesäis de, elo hues de awer erëm Loscht, spillen ze goen. Dann erziel emol, wat war dann de Problem bei dengem Match? War deng Géignerin esou staark? Vanessa: Ma eeben net. Ech hätt misse gewannen. Mee ech hat erëm dermoosse Problemer mat mengem Service. Ech hunn elauter Double-fautë gemaach. Nadine: Ech weess, dass du domadder Problemer hues. Du gehäis de Ball ze vill hannert dech. Du muss en e bësse riets virun dech geheien an en héich siche goen. Vanessa: Ech kréien et einfach net hin, de Ball anstänneg ze geheien. Nadine: Du kanns dat doheem um Kannapee üben, zum Beispill, wann s de owes bei der Tëlee sëtz. Vanessa: Wa just dat de Problem gewiescht wier… Wann ech attackéiert hunn, ass meng Virhand och ëmmer an d’Netz gaangen. Nadine: Du leefs ze no un de Ball erun. Du muss méi Plaz tëscht dir an dem Ball loossen an dech méi säitlech zum Ball stellen. Vanessa: An da sinn ech bei engem Match och ëmmer esou opgereegt. Nadine: Jo, doduerch bass de blockéiert an deng Beenaarbecht ass net gutt. Du solls dech op deng Bee konzentréieren, fir dass de dech gutt beweegs a gutt an d’Knéie gees. Vanessa: Du hues Recht. Mir kënnen e Samschdeg jo dann dorunner schaffen. An och un denge Voléeën. Nadine: Wat ass da mat menge Voléeën? Vanessa: Du brauchs keen esou e grousse Gest ze maachen. Nadine: Ech wëll de Ball awer séier zeréckschéissen. Vanessa: Du muss méi roueg bleiwen. Du kanns vun der Vitess vum Ball profitéieren an einfach d’Rackett dohinner halen. Dat geet schonn duer. Net all Ball muss e Winner sinn. Et ass besser, du méchs kee Feeler. Nadine: Jo, dat mécht Sënn. Da looss eis dat och e Samschdeg üben. Sproochnoriicht: Vanessa: Hallo Rafael, ech muss dir elo awer fir muer ofsoen. Ech komme grad mat mengem Meedche vun der Hautdoktesch. Si huet eis e Rendez-vous fir muer de Moien an der Kannerklinick ginn. Si wëll, dass sech en Expert deen Ausschlag eng Kéier ukuckt. Et deet mer immens leed. So mer, wéini s du den nächste Weekend Zäit hues, da reservéieren ech en Terrain fir eis. So, ech kucke grad d’Finall vun den Australian Open. Den Djokovic huet grad den éischte Saz gewonnen. Ech gleewen awer trotzdeem drun, dass den Alcaraz nach gewënnt. Dréck d’Daumen! Bis geschwënn!
-
169
Hobbyen: Sangen a baken (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen.Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu-Transkript:Sangen a bakenM: houscht C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues? M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Festival. Do ware ganz vill Chorallen an Ensemblen aus ganz ville verschiddene Länner, an natierlech och vu Lëtzebuerg. Si hunn all esou schéi gesongen an do konnt ech et mir net huele loosse fir e bësse matzesangen. Du weess jo, ech sange selwer och immens gär. C: Bass du dann an enger Chorall? M: Nee, leider net méi. Mee ech sangen an enger Museksschoul an huelen och eemol d’Woch eenzel Gesangscoursen. Dodernieft hunn ech och ugefaange Gittar ze léieren an ech sangen dobäi. An elo war ech de ganze Weekend zu Ettelbréck Concerte lauschteren. C: O wow, du has awer eng décke Programm dëse Weekend! Hätt ech dat gewosst, dann hätt ech mäi Brout eréischt e Méindeg gebak a wier bis op Ettelbréck komm. Mee erziel: Kann een dann do och eemol kucke kommen, wat s du proufs? M: Nee, dat geet leider net, well et guer net dofir geduecht ass. Et mécht mir Spaass a bréngt Freed, wann ech sangen. C: Vläit soll ech dat dann och eng Kéier probéieren, mee ech wëll mech net laangfristeg engangéieren. M: Ma kenns du dann net d’INECC? C: D’INECC? Nee. Wat ass dat? M: Dat ass den “Institut Européen de Chant Chorale”. Si organiséiere ganz flott Atelieren a Workshops. Du muss net reegelméisseg dohinner goen, mee just esou wéi s de Zäit a Loscht hues. C: A wat fir Atelieren oder Workshops sinn dat? M: O do gëtt et vu bis. Zum Beispill Jazz, Circle Songs oder Wellness Sangen. Wann s de wëlls, kuck einfach op hirem Site. Dat ass einfach inecc.lu. Déi meescht Coursë sinn an der Stad, no bei der Gare. An dat Flottst ass, datt dat Ganzt relativ flexibel ass. Du kanns owes, de Weekend oder esouguer heiansdo an der Mëttegpaus dohi goen. ... Mee elo zu dir! Du hues erzielt, datt s du de Weekend gebak hues? C: Jo, mäi Weekend war am Verglach zu dengem e bësse méi roueg. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, mäi Brout selwer ze baken, a maachen dat mëttlerweil 1 bis 2 Mol d’Woch. An de Weekend war et dann nees esouwäit. M: Wéi bass du dann dozou komm? C: O dat ass leider aus engem net esou schéine Grond geschitt. Ech hunn nämlech virun e puer Joer ugefaangen Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel z’entwéckelen. A säitdeem ech ënnert anerem mäi Brout a villes Aneres selwer baken, hunn ech dat besser an de Grëff kritt. M: ... An ech ka mir virstellen, datt s de doduerch och e bessert Gefill fir d’Liewensmëttel kritt hues? C: Jo, genee. Säit ech weess, wéi vill Zäit een investéiere muss, fir e fäerdegt Brout um Teller ze hunn, wäertschätzen ech dat Ganzt vill méi. A gläichzäiteg kann ech och op den Zocker an d’Zutaten oppassen... M: Wéi gesäit et mat leckere Kuchen aus? Oder Taarten? C: Joooooo, och do toben ech mech gär aus! Leider bleift bei eis doheem awer ëmmer esou vill iwwreg, well mäi Mann a meng Kanner ëmmer just ee Stéckche schmaachen an op hir Linn oppasse wëllen. Du weess jo, d’Virsätz am Neie Joer sinn ëmmer déi selwecht... An e ganze Kuch packen ech och net eleng. M: Jo, du sees et! Bei eis doheem gesäit et d’selwecht aus. Ech baken och gär. Dat heescht: Ech hu fréier gär gebak. C: A firwat dann elo net méi? M: Majo, d’selwecht ewéi bei dir. Wie soll de Kuch dann iessen? Meng Frëndinne passen op d’Kalorien op, mäi Meedchen ësst nëmme vegan... C: Jo... Wéi et ausgesäit muss ech mir en neit Hobby sichen...
-
168
Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich A: Moien! B: Moien! Wéi geet et dir ? A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt! B: O! Gutt Besserung! A: Merci! Wéi geet et dir ? B: Mir geet et ganz gutt! A: Super! Wéi heeschs du? B: Ech heesche Raïda. An du? A: Ech heesche Fabio. B: Et freet mech! A: Mech och! Vu wou kënns du? B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du? A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener. B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin. A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du? A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare. B: Wéi al bass du? A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer. B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer. A: Wat fir Sprooche schwätz du? B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du? A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch. B: Flott! Wat bass du vu Beruff? A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du? B: Ech sinn Informatikerin. A: Wou schaffs du? B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg. A: Ech schaffen och um Kierchbierg. B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet? A: Nee, ech sinn net bestuet. B: Hues du Kanner? A: Nee, ech hu keng Kanner. An du? B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al. A: Wat sinn deng Hobbyen? B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen. A: Wéi oft gees du schwammen? B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer. A: Méchs du gär Sport? B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit? A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär. B: Wéini lies du? A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen. B: Ech liesen och all Owend am Bett! A: Flott!
-
167
Eng Rees an eng Stad plangen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen eng Rees an eng Stad plangen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng Rees an eng Stad plangen A: Dëst Joer fält däi Gebuertsdag op e Sonndeg, wat géings de gär maachen? B: Ech weess et net… ech sinn net immens motivéiert. A: Firwat? B: Keng Anung... ech ginn net gär méi al! A: Allez! Dach! Sief frou, dass du kanns méi al ginn. Dat muss ee feieren! Soll ech e puer Proposë maachen? Mir kënnen eis méindes fräihuelen a vu freides bis méindes anzwousch fueren. Wat gefält dir besser? Eng Rees an eng Stad, eng Rees an de Süden oder e Wellnessweekend, hei an der Géigend oder méi wäit fort? B: Ech wëll net fléien. Fir esou eng kuerz Zäit wëll ech net de Fliger huelen. A: Ok! Kee Problem! Mir kënne mam Auto, mam Bus oder mam Zuch fueren. B: Gutt! Eng Stad wier flott... A: Topp! Nenn mer dräi Stied, déi s de gär besiche géings. B: Basel, Maastricht, Lille. A: Flott! Firwat déi dräi? B: Ech war nach ni zu Basel an zu Lille, an ech war réischt eng Kéier zu Maastricht, virun ... 10 oder 12 Joer. A: Wat géings de da gär do maachen? B: Basel huet emol e wonnerbare Konschtmusée mat Wierker vum Rembrandt, Cézanne, van Gogh, Monet, an an an ... waart, ech googelen ... D’Alstad ass immens schéin, d’Iessen ass och super, d’Bierger, an der Géigend sinn och nach flott Stied an Uertschaften am Elsass, wéi zum Beispill Colmar a Freiburg am Breisgau an Däitschland. A: An zu Lille an zu Maastricht? B: Ech mengen, ech géing gär op Basel goen. D’Fotoe si sou schéin! A vläicht schneit et, wa mir do sinn! A: Gutt Iddi! Ech kucken emol, wéini d’Zich fueren. Hei ass en Trajet mat zwee Mol ëmklammen, eng Kéier zu Metz an eng Kéier zu Stroossbuerg. Den Zuch fiert um 13.39 Auer zu Lëtzebuerg fort a mir kommen um 17.38 Auer zu Basel un. B: Hm... dat ass spéit. Da verléiere mir e ganzen Dag. A: A waart... Dësen Zuch ass praktesch! Mir fueren um 07.13 Auer hei op der Gare fort, da klamme mir zu Mulhouse ëm a mir kommen um 10.26 Auer zu Basel un. B: Hm... dat ass fréi. Da si mir freides de ganzen Dag midd. A: Hei ass een um 9 Auer, mee mat dräi Mol ëmklammen. B: O Nee, dat ass iwwerdriwwen. Gesäis de! Lo hunn ech scho guer keng Loscht méi. Komm, mir bleiwen heiheem! A: Lee däi Kapp a Rou! Solle mir mam Auto fueren? D’Faart dauert ongeféier véier Stonnen an da si mir do ënne méi flexibel, fir nach aner Uertschafte kucken ze goen. B: Dajee alt. A: Wat fir en Hotel solle mir buchen? Wat gefält dir besser? En Hotel am Zentrum oder e Wellnesshotel? B: Gëtt et eng Kombinatioun? E Wellnesshotel am Zentrum? A: Jo, den Hotel Basler. E kascht awer méi deier wéi en Hotel ouni Wellnessberäich. B: Egal! Et ass mäi Gebuertsdag! Ech bezuelen dat gär. Am Dag kënne mir Tourismus maachen an nomëttes oder owes gi mir an d’Sauna. Huet den Hotel eng Schwämm? A: Jo. Déi gesäit souguer ganz flott aus. Mee weess de wat? B: Nee... Wat? A: Et ass jo däi Gebuertsdag! Ech invitéieren dech! Dat ass mäi Kaddo, fir dech! B: Wow! Dat ass awer léif! Villmools Merci! Solle mer net awer mam Fliger op Barcelona fléien? A: Haha. Mee, ech si frou, dass du elo mol besser gelaunt bass.
-
166
E Kënnegungsgespréich (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef e Kënnegungsgespréich féiert. Duerno erzielt si enger Frëndin an engem Voicemessage, wéi d'Gespréich gelaf ass.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:E Kënnegungsgespréich (B1) A: Gudde Moien, Madamm Da Costa. Dir wollt mat mir schwätzen? B: Gudde Moien, Här Braun. Jo, Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Et fält mir net einfach, mee ech hunn haut e wichtegt Theema mat Iech ze beschwätzen. A: Natierlech. Ëm wat geet et? B: Ech hu mech déi lescht Wochen intensiv mat menger berufflecher Situatioun beschäftegt an ech hu mech och extern op e puer aner Plaze gemellt. Elo hunn ech eng Offer kritt, déi interessant fir mech ass. A: Ech verstinn. Heescht dat, Dir wëllt eis Firma verloossen? B: Jo. Ech hu mech entscheed, d’Offer unzehuelen a géif dofir gär der Kënnegungsfrist geneem meng Aarbecht hei an der Firma kënnegen. A: Dat iwwerrascht mech, éierlech gesot. Däerf ech froen, wat Äre Grond fir dës Entscheedung ass? B: Jo, natierlech. Ech krut eng Plaz ugebueden, op där ech méi Verantwortung kann hunn an déi mir besser Entwécklungsméiglechkeeten ubitt. Ausserdeem passt se och besser bei meng laangfristeg Ziler. A: Gëtt et eppes, wat Iech hei gestéiert huet? B: Nee, net wierklech. Ech hu mech hei ëmmer wuelgefillt. D’Ekipp an d’Zesummenaarbecht hunn ech immens geschat. Meng Entscheedung huet näischt mat der Firma u sech ze dinn, mee éischter mat menger perséinlecher Weiderbildung. A: Ech verstinn. Natierlech bedaueren ech Är Decisioun. Wéini wier dann Äre leschte Schaffdag? B: Laut Kontrakt hunn ech eng Kënnegungsfrist vun dräi Méint, also wier mäi leschten Dag hei an der Firma den 31. Mee. A: An der Rei. Wiert Dir bereet, an där Zäit Är Tâchen un eng aner Kolleegin ofzeginn, respektiv en neie Mataarbechter oder eng nei Mataarbechterin unzeléieren? B: Jo, selbstverständlech. A: Däerf ech och froen, ob mir eppes hätten anescht maache kënnen, fir Iech ze halen? B: Ech hunn doriwwer nogeduecht, mee de Moment ass eng aner Plaz fir mech déi nächst logesch Etapp. A: Da respektéieren ech Är Decisioun. Ech soen Iech Merci fir Är Éierlechkeet an Är Aarbecht déi lescht Joren. B: Merci. Ech soen Iech och Merci fir Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen. Ech hunn hei vill geléiert. A: Da wënschen ech Iech vill Erfolleg op Ärer neier Plaz. B: Merci, Här Braun. Voicemessage: A: Hallo, sou, ech wollt dir just kuerz erziele wéi et haut mat mengem Chef gelaf ass. Ech war wierklech mega nervös, et ass mir schwéiergefall, d’Theema unzeschwätzen. Mee schlussendlech ass et besser gelaf wéi erwaart. Ech hunn him direkt gesot, datt ech eng Offer krut, an datt ech mech entscheed hunn, se unzehuelen. Hie war fir d’éischt zimmlech iwwerrascht, an ech mengen och e bëssen enttäuscht. Hien huet gefrot, firwat ech ginn, an ob et eppes gouf, wat mech gestéiert huet. Ech hu probéiert, ganz éierlech ze sinn an ze erklären datt et näischt mat der Firma ze dinn huet, mee datt ech d’Gefill hat, mech do berufflech net esou gutt wieder ze entwéckele kënnen wéi op enger anerer Plaz. Zum Gléck huet hien dat awer verstan. Hien huet meng Decisioun respektéiert an esouguer gesot, datt hien et schued fënnt, datt ech ginn, mee mir awer vill Erfolleg wënscht. Mir huet et gutt gedoen, dat ze héieren. Jo, elo sinn ech total erliichtert. Et ass nach ëmmer e komescht Gefill, mee ech sinn awer stolz, dee Schrëtt gemaach ze hunn. Mir héieren herno nach vun eneen, ok? Ciao!
-
165
Eng Kichen nei ariichten (A2) & e Buedzëmmer renovéieren (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen eng Kichen nei ariichten. Duerno heiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatioun vun engem Buedzëmmer schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
164
D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir den zweeten Deel. Den éischten Deel kënnt dir am leschten Episod lauschteren.-Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den éischten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
-
163
D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir en éischten Deel. Den zweeten Deel héiert dir am nächsten Episod.-Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den zweeten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
-
162
Aide-soignante am Altersheem an am Spidol (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg? Persoun B: Jo, dat ass richteg. Persoun A: Wou schaffs du am Moment? Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem. Persoun A: A wat méchs du do am Alldag? Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken. Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit? Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen. Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft? Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft. Persoun A: A! Wat war dann do anescht? Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi. Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef? Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach. Persoun A: Wat heescht dat? Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef. Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach? Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser. Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit? Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht. Persoun A: Dat kléngt ganz interessant. Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional. Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem? Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser. Persoun A: Bass du och nach an der Schoul? Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé. Persoun A: Wat léiers du do? Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet. Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn? Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer. Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen? Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen. Persoun A: Interessant. Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen. Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg. Persoun B: Jo, effektiv! Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils. Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt.
-
161
E Rendez-vous beim Zänndokter (A2)
Wëllkomm an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt.-Transkript:Beim Zänndokter Um Telefon A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ? B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous. A: Ee Moment, ech kucken. Sidd dir scho Patient bei eis? B: Nee, nach net. Ech hu bei mengem Zänndokter ugeruff, mee do ass de Repondeur gelaf. Deen ass dës Woch am Congé. Ech hunn dunn online no engem aneren Zänndokter a menger Géigend gesicht an Dir krut gutt Kriticken. Hutt Dir haut vläicht nach eppes fräi wgl.? Ech hu wierklech vill Péng. A: Dir hutt Chance. Virun enger hallwer Stonn, huet een anere Patient säi Rendez-vous vun de Mëtteg annuléiert. Hutt Dir haut um 15:00 Auer Zäit, fir ze kommen? B: Jo. Dat geet! Villmools Merci. Ech sinn Iech wierklech dankbar! A: Kee Problem. Mir hëllefe gär, wa mir kënnen. Da bräicht ech elo nach Är Donnéeë wgl. Wéi ass Ären Numm an Är Adress wgl.? B: Leni Wagener. Leni mat i, a Wagener – W-A-G-E-N-E-R. Meng Adress ass 27, rue Laurel Hardy zu Rolleng. A: Merci. Dat ass notéiert! Kënnt Dir mir och nach Är Matricule soe wgl.? B: Jo, natierlech: 1995 02 30 67 800. A: Merci. An Är Telefonsnummer? Ech gesi se hei op mengem Telefon: Ass dat d’Nummer 681 27 48 92? B: Jo, genee. Dat ass richteg. A: An der Rei, Äre Rendez-vous ass notéiert. Dir kritt och nach eng Confirmatioun per E-Mail geschéckt. An elo fält mir op, dass ech Iech nach net no Ärer E-Mail Adress gefrot hunn. B: Meng E-Mailadress ass: [email protected] B: Ok, villmools merci. A: Merci och, äddi. An der Praxis C: Gudde Mëtteg Madamm Wagener, entschëllegt fir de Retard. Mee haut ass eng méi lass. Wéi geet et Iech? B: Gudde Mëtteg. Dat ass kee Problem. Ech si frou, dass ech haut nach e Rendez-vous bei iech krut. Mir geet et net immens. Ech hu meng Zänn immens wéi. Ech mengen, ech hunn e Lach. C: Dann huelt Iech emol Plaz. Ech kucke mir dat dann emol un. Wou hutt Dir wéi? B: Uewe lénks. C : Maacht wgl. Äre Mond grouss op. O jo, Dir hutt hei eng kleng Karies an ech gesinn, dass Äert Zännfleesch och e bëssen entzünt ass. Dréckt Dir vläicht e bësse fest, wann Dir Iech Är Zänn wäscht? B: Ech weess et net. Ech muss mir all 3 Wochen eng nei kafen, well se da schonn immens ofgenotzt ass. A: O mei, jo. Ech mengen, dass Dir da wierklech mat e bëssen ze vill Effort Är Zänn botzt. Aner Patienten hunn ech elektresch Zännbiischt recommandéiert an dës weist mat Hëllef vun enger Luucht, wéi fest Dir grad Är Zänn wäscht. Wann d’Luucht wäiss blénkt, dréckt Dir net fest genuch, wa se rout blénkt, dréckt Dir ze fest a wa se gréng liicht, ass et genau gutt! B: A sou? Dat hunn ech nach ni héieren. Ech huelen un, dass een déi online oder an engem Elektrobuttek kritt? A: Jo, genee. Et dierft kee Problem sinn, fir esou eng ze fannen. B: Merci. Mee Här Dokter, kënnt Dir mäin Zant nach haut flécken? C: Jo, normalerweis schonn. Ech maache just fir d’éischt eng Rëntgen, fir ze kucken, wéi déif d’Lach ass. B: Ok. C: Dir hutt Chance, d’Lach ass relativ kleng. Ech kann et elo flécken an Iech e Plomb maachen. B: Kréien ech eng Sprëtz? Ech hunn e bëssen Angscht. C: Jo, wann Dir wëllt, maachen ech Iech eng kleng Lokalanästhesie, da spiert Dir guer näischt. B: Merci. C: Voilà, d’Lach ass elo gefléckt. D’Anästhesie kann nach e puer Stonnen unhalen, mee Dir hutt normalerweis duerno keng Péng méi. Kommt wannechgelift awer a sechs Méint nach eng Kéier an d’Kontroll, da maache mir och en Détartrage. B: An der Rei, merci! A wat soll ech elo maachen, dass mäin Zännfleesch sech erhëlt? C: Wéi gesot. Kaaft Iech esou eng elektresch Zännbiischt a gitt an d’Apdikt a kaaft Iech do eng speziell Zanpasta. Sot der Apdiktesch einfach, dass Äert Zännfleesch entzünt ass. Si hëlleft Iech da weider. B: Villmools Merci, Här Dokter! C: Gär geschitt. Nach e schéinen Dag!
-
160
Alldag am Altersheem (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:Alldag am Altersheem B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss! A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd. Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt. Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns.
-
159
Kleeder vergläichen (B1) & eng Léier am Kleederbuttek (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune Kleeder an d'Material vergläichen. Duerno héiere mir, wéi e Léierbouf nei an engem Kleederbuttek ufängt an d'Tâche vun der Cheffin erkläert kritt.-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
158
An der Receptioun vun enger Klinick (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:An der Receptioun vun enger Klinick A: Moien! B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147? A: Jo. B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen? A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr. Jentgen. B: Kann ech Är Identitéitskaart an Är Krankekeesskäertche kréien, wannechgelift? A: (gëtt d’Käertercher) B: Merci. (kleng Paus) B: Ass Är Telefonsnummer nach ëmmer korrekt? A: Ech mengen, jo. B: Kënnt Dir se widderhuelen, wannechgelift? A: 021 89 14 53. B: Merci! An Är Adress? A: 327, am Duerf ; 8363 Houschent, also “Hoscheid”. B: Tipptopp, ‘t ass alles korrekt. Är Doktesch ass viru siwe Méint op en anere Stack geplënnert. Ech erklären Iech de Wee. Dir gitt elo fir d’éischt no lénks bis bei de Lift oder bei d’Trapenhaus. Hir Praxis ass elo um drëtte Stack. Beim Lift oder bei den Trape gitt Dir no riets an dann direkt no lénks. Da gitt Dir ongeféier zéng Meter riichtaus. Do ass nach eng kleng Receptioun. Sot dem Receptionnist Bescheed, datt Dir do sidd. Vis-à-vis ass d’Salle d’attente. D’Dr. Jentgen kënnt Iech da sichen. Si huet leider e bësse Verspéidung. Vläicht musst Dir 15 bis 20 Minutte méi laang waarden. A: Ok. Hutt Dir eng Kantin oder eng Cafeteria? B: Jo, eis Cafeteria ass hei um Rez-de-chaussée, no riets an dann um Enn vum Gank. Et ass awer gutt, wann Dir Iech fir d’éischt erop umelle gitt, fir dass si wëssen, datt Dir do sidd. Am Waardezëmmer gëtt et och e Kaffisautomat an e Gedrénksautomat. De Kaffi an der Cafeteria ass, menger Meenung no, besser wéi deen aus dem Automat. A: Dat gleewen ech. Villmools Merci fir all déi detailléiert Informatiounen! B: Ganz gär geschitt! Schéinen Dag nach! A: Merci gläichfalls. Äddi!
-
157
E Gespréich beim Kaffi & eng Deenungsübung (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt!Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:E Gespréich beim KaffiPersoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg? Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi. Persoun A: Ech och. Ech maachen eis direkt zwou Taasen. Wëlls du léiwer e staarke Kaffi, oder häss du gär léiwer een deen net esou staark ass ? Persoun B: Definitiv e staarke Kaffi wgl. Hues du och Mëllech? Persoun A: Natierlech hunn ech Mëllech. Soll ech dir e Cappuccino maachen? Persoun B: O! Hei ass et jo bal wéi an engem Hotel. Wann s du scho frees, dann huelen ech e Cappuccino wgl. Persoun A: Nëmmen dat bescht fir meng Gäscht. Da kriss du e Cappuccino an ech maache mir e schwaarze Kaffi. A wat wëlls de iessen? Persoun B: Wat proposéiers du mir dann? Persoun A: Also, ech hu frëscht Brout, Botter, Gebeess a Schockelasbotter. Ech hunn awer och Jughurt an Uebst, wann s du dat wëlls. Ech kéint och nach Croissante bei de Bäcker siche goen, deen ass direkt hei ëm den Eck oder eventuell eng Omlette maachen. Persoun B: Nee, ‘t ass gutt, du muss elo net extra Croissante kafe goen. Et reent jo och grad. Ech iessen eng Schmier mat Botter a Gebeess an huelen och nach en Apel. Persoun A: Ok. Ech iesse moies net immens vill, ech iesse just eng Schmier mat Kakuettebotter an enger hallwer Banann. Persoun B: O, dat kléngt jo gesond. Ech gi mir mol d’Gesiicht wäschen. Persoun A: An der Rei. Ech decken alt den Dësch. Persoun A: Sou, hei ass däi Cappuccino. Persoun B: Merci. Mmm, dee richt gutt. Persoun A: Hei sinn och nach d’Saache fir op d’Schmier an hei ass d’Brout. Ass dat ok, wann ech d’Zeitung liesen? Persoun B: Wie liest hautdesdaags nach d’Zeitung? Persoun A: Firwat dann net? Ech fannen dat iergendwéi relax. Ech liese gär d’Noriichte beim Kaffi. Persoun B: Ech si léiwer um Handy. Ech liesen d’Noriichten online an ech sinn e bëssen op de Soziale Medien. Persoun A: Ech weess net.. Um Handy kommen dann ëmmer rëm Messagen oder et ass een ofgelenkt. Esou kann ech mech just op dat konzentréieren, wat ech grad liesen. Persoun B: Hmm..jidderee huet seng Gewunnechte moies. Persoun A: Genee. Wa mäi Moien net gutt ufänkt, da weess ech, dass mäin Dag och net gutt wäert sinn. Persoun B: Bei mir ass dat och esou. Hues de dann eng Iddi, wat mir nom Kaffi maache kënnen? Persoun A: Ech hu mir iwwerluecht, datt mir an de MUDAM kéinte goen, do hu si eng nei Ausstellung a wann s du nach net am Musée Dräi Eechele waars, da kënne mir och dohinner. Persoun B: Jo, firwat net! Wier dat ok, wann ech nom Kaffi just e puer Deenungsübunge géing maachen. Däi Canapé-lit war e bëssen ze haart fir mäi Réck. Persoun A: O, dat deet mer leed. Deen ass schonn zimmlech al. Ech ginn der dono eng Matt, da kanns du deng Übunge maachen an ech ginn an der Tëschenzäit an d’Dusch. Persoun B: Top! Da kann ech och dono séier duschen an da si mer prett fir an d’Muséeën. Persoun A: Tipptopp.
-
156
Eng nei Sprooch léieren (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng nei Sprooch léieren (A1) A: Wat méchs du do? B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben. A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier? B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill! A: Firwat léiers du Koreanesch? B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen. A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours? B: Mir sinn zu 17 an der Klass. A: A wien ass dat? B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen. A: Wat fir Sprooche schwätze si nach? B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch. A: Wat schaffe si? B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg. A: Ok. B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen. A: Mega! B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär. A: Wat ass hatt vu Beruff? B: Hatt ass Architektin vu Beruff. A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen! B: Genee! Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis. A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen! B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn. A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott? B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert! A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren! B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen! A: Merci!
-
155
Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
-
154
Sylvester zu London (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Silvester zu London A: An? Hues de gutt geschlof? B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn! A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mussen eisen Dag awer e bësse plangen. Wat wëlls du fir d’éischt maachen? B: Hmm, et wier flott, enzwousch gemittlech Kaffi drénken ze goen. Wat mengs du? Hei an der Géigend ginn et bestëmmt e puer flott Caféen wou een e gudde Kaffi an eng Mëtsch iesse kann. A: Jo, bestëmmt, mir si jo bal ganz am Zentrum. Duerno kënne mir bei d’Tower Bridge oder d’London Eye trëppelen. Ech géif gär e puer Fotoe maachen, éier et ze schwaarz vu Leit ass B: Gutt Iddi. Ech hu gekuckt, d’Sonn soll haut esouguer e bësse schéngen. Bal e Wonner, hei zu London! A: Haha, wierklech. An duerno… vläicht kënne mir laanscht d’Themse spadséiere goen. Ech hu gelies, datt do och e puer flott Pubs a Restaurante sinn. Vläicht kënne mir do eppes drénke goen oder zu Mëtteg iessen. B: Kléngt gutt. Mir sollten och esou lues iwwerleeën, wuer mir den Owend stoe wëlle, wa mir d’Freedefeier vun der Themse aus gesi wëllen. Et ass jo riesg, an ech hunn héieren, datt d’Leit scho fréi kommen. A: Du hues recht. Vläicht kënne mir am Nomëtteg kucke goen, wou et am beschte ass. B: Mir kënnen och Tickete kafen. Ech hunn iergendwou gelies, datt verschidde Beräicher ofgespaart sinn, an datt een do Tickete brauch. A: Ech mengen, et ass besser mir informéieren eis e bëssen am Internet oder mir froen an der Rezeptioun vum Hotel no. Mee komm, mir maachen eis geschwë prett a gi fort. Et ass schon néng Auer a gëschter hu mir just de Wee vum Flughafe bis bei den Hotel gesinn. B : Haha, jo. Mee, ech si wierklech frou, datt mir net doheem bliwwe sinn. Dat gëtt e flotten Dag. A: Op alle Fall. Also, nach eng Kéier: fir d’éischt gi mir Kaffi drénken, da bei d’London Eye, an duerno laanscht d’Themse trëppelen? B: Dat kéngt gutt. Vläicht ass jo och nach e bëssen Zäit, fir am Nomëtteg an e puer Butteker op der Oxford Street ze goen. A: Dat wier flott! Mee ech wëll och net de ganzen Dag ënnerwee sinn, an dann den Owend futti sinn. B: Mir kënne jo eng kleng Sieste maachen, wa mir erëm am Hotel sinn. Mir musse jo net fréi eraus den Owend. A: Dat stëmmt. Mir kënnen och den Owend méi spéit eppes iesse goen. Weess du, ob et hei typesch Tradioune fir Silvester gëtt? B: Gutt Fro… ech weess just, datt vill Leit an e Pub ginn an do zesumme prosten. Vläicht kënne mir och dat am Internet nokucken oder ee froen. A: Kléngt gutt. Da komm mir maachen eis elo endlech fäerdeg.
-
153
Hellegowend doheem feieren (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Akafen op Hellegowend A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen. B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes Vegetaresches. A: Du hues Recht. Hatt ësst jo säit Neitstem kee Fleesch méi. Mir hu schon e puer Zaloten a Brout, mee dat geet jo net duer. Wat kënne mir fir hatt kachen? Vläicht e Gratin mat Geméis, oder eng Lasagne? B: Hmm, eng Lasagne dauert ze laang. Mir musse jo nach fir déi aner kachen, dekoréieren, den Dësch decken, an esou weider… Da léiwer e Gratin. Dofir brauche mir Gromperen, e bësse Geméis, Ram a Kéis. Hu mir nach alles doheem? A: Nee, ech mengen, mir hu just nach e Sak Gromperen. Waart, ech gi mol e bësse Geméis sichen, kanns du an de Rayon mat de Mëllechprodukter en Dëppche Ram an e Pak gerappte Kéis siche goen? B: Jo, ech gi kucken. Wat e Stress… Uff, ech hunn zum Gléck awer alles fonnt. Du och? A: Jo, e Broccoli an e Pak Champignonen. Dat misst goen. Sou, da brauche mir och nach e klenge Kaddo fir denger Schwëster hir Frëndin. Kuck, hei am Regal hu se e puer Kaddoen. Wéi wier et mat enger Käerz an enger Këscht Knippercher? Mengs de, dat geet duer? B: Jo, dat ass bestëmmt an der Rei. Sou, dann hätte mir elo alles, oder? A: Jo, ech denke schonn. Ech hoffen, d’Schlaang an der Keess ass elo net ze laang. B: Dat gleewen ech net. Mee wat soll ech soen, et ass Hellegowend. D’nächst Joer gi mir einfach en Dag éischter akafen. A: Haha, jo, wéi all Joer … Hellegowend virbereeden A: Sou, elo musse mir d’Haus nach fir den Owend raumen an e bëssen dekoréieren. B: Mat wat solle mir ufänken? A: Ech mengen, mir solle fir d’éischt d’Stuff raumen. B: Gutt Iddi. Ech raumen d’Zeitungen ewech a staubsaugen den Teppech. A: Ok. Ech botzen den Dësch eng Kéier of, leeën e schéint Dëschelduch drop a stellen e puer Käerzen drop. B: Mir mussen och nach de Chrëschtbeemche fäerdeg dekoréieren. A: Jo. Kanns du mir hëllefen, d’Liichtercher opzehänken? B: Natierlech, wou leie se? A: An der Kartongskëscht nieft dem Kannapee. B: A jo, hei si se. Soll ech och d’Bullen ophänken? A: Jo wannechgelift, ech sinn nach net ganz fäerdeg ginn. B: Brauche mir soss nach eppes fir den Owend? A: Jo, mir mussen den Dësch nach decken. Kanns du déi schéin Telleren an de Schaf siche goen? B: Jo, an ech bréngen och d’Glieser an d’Besteck. A: Merci! Ech falen d‘Zerwéiten. B: Sou, elo misste mer awer fäerdeg sinn. Et gesäit wierklech schéin aus! Dat eenzegt wat nach feelt ass eng schéi Chrëschtdagsplaylist. Ech sichen eis nach eng flott eraus. A: Gutt Iddi! Ech freeë mech op den Owend. B: Ech mech och. Dat gëtt bestëmmt gemittlech.
-
152
Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript Rezept GeméiszoppA: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden. B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir? A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt! B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir? A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt. B: Ok. Wou sinn d’Saachen? A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo. B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären? A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis. B: Alles? A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen? B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden. A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???). B: Wat maache mir duerno? A: Duerno brauche mir en Dëppen. B: En Dëppe mat Waasser? A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un. B: Firwat? A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma. B: Ech verstinn. A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm. Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser. B: Wéini kënnt de Geméisküb dran? A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas. B: Ok. Wéi vill? A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen. B: An dann? A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi? B: Jo, ganz gär! A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg! B: Mmm, ech freeë mech schonn drop! A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin. B: Platt Waasser, wannechgelift. A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt. B: Gären! A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo. B: Fänke mir un? A: Jo!
-
151
Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Pro/Contra Onlineshopping Samy: Hey, hues du schonn déi nei Deals gesinn? Online-shoppen ass einfach genial! Ee Klick geet duer an d’Saache si schonn ënnerwee. Besser geet et net! Lena: Ech weess net, Samy... Et ass praktesch, jo. Mee ech froe mech heiansdo, zu wéi engem Präis? Net nëmme finanziell, mee och par Rapport zur Ëmwelt, den Aarbechtskonditiounen, an der Qualitéit... Dat mécht mer éierlech gesot e bësse Suergen. Samy: Mee stell der vir: ech brauch net an d’Stad ze fueren, keng Parkplaz ze sichen an dann nach éiweg laang an der Keess ze stoen. A kuck d’Auswiel! Am Buttek fënns du 20 Artikelen – online 20.000. An hues du schonn d’Präisser gesinn? Virun zwee Deeg hunn ech eng Smartwatch fir 12 Euro kaaft. 12 Euro! Lena: 12 Euro? Dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn. A genee do läit de Problem. Wann et esou bëlleg ass, da muss iergendeen dofir bezuelen. Warscheinlech Leit, déi ënnerbezuelt a schlecht behandelt ginn oder a Fabricke schaffen, déi d’Normen net respektéieren. Du weess jo schonn, dass och ganz vill Kanner an esou Fabricke schaffen. Samy: Pff, du sees dat ëmmer esou dramatesch. Ech wëll jo just e gudden Deal maachen. A wann et mer net gefält, schécken ech et zeréck. Konsumenteschutz a Retourspolitik ass quasi ëmmer derbäi. Do muss ech mer net de Kapp zerbriechen. Lena: Jo, jo. Mee hues du der scho mol iwwerluecht, wat mat den Artikele geschitt, déi s du zeréckschécks? Vill dovu ginn net nach eng Kéier verkaaft. Déi ginn heiansdo einfach zerstéiert oder ewechgeheit. Dat sinn enorm vill Ressourcen, déi verschwennt ginn – Transport, Verpackung, Stock... Fir e Produit, deen s du 10 Minutten an der Hand has. Ech fannen dat wierklech net an der Rei! Samy: Ok, dat ass vläicht net ideal, mee trotzdeem... Ech ka Präisser vergläichen, Bewäertunge liesen a mech richteg gutt informéieren. Dat hätt ech an engem Buttek net. Lena: Dat stëmmt, d’Informatioun ass e Virdeel. Mee och do muss een oppassen. Vill “Bewäertungen” sinn heiansdo vum Verkeefer selwer geschriwwen oder verschidde Leit ginn dofir bezuelt. Du mengs, du méchs eng eegestänneg Entscheedung, mee a Wierklechkeet gëss du manipuléiert. Samy: Vläicht gëss du jo bezuelt, fir mir dat auszerieden. Ech kafen halt gär flott Saachen. An online fannen ech Saachen, déi et hei am Land nach guer net gëtt. Lena: Ech fannen dat guer net witzeg! Du liefs an enger Illusioun! Du mengs, datt s du fräi bass, mee du gëss vun de Soziale Medien an anere Leit beaflosst a keefs Saachen, déi s du am Endeffekt guer net brauchs. Samy: Hm, ech ginn zou, ech kafen heiansdo Saachen, déi ech net onbedéngt brauch. Mee ech wëll elo guer net weider diskutéieren, well ech gesinn, dass dech dat immens opreegt. Lena: Natierlech reegt mech dat op! Mee dem Problem aus dem Wee ze goen, ass och keng Léisung! Ech soe jo net, dass de komplett domat ophale solls, mee vläicht kanns du jo awer déi Saachen, déi s du hei am Land kriss eben an engem Buttek kafen an déi Saachen, déi s du onbedéngt brauchs an hei net fënns dann online kafen. Samy: Wann et dech frou mécht, da kann ech jo mol doriwwer nodenken, mee ech soen dir direkt, ech sinn net ganz iwwerzeegt. Lena: Dajee alt.
-
150
Silvester am Ausland (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer verschidden Optiounen, Silvester am Ausland ze verbréngen, schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Silvester am Ausland A: So, Julie, ech hunn dëst Joer wierklech keng Loscht, Silvester hei zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Et ass all Joer dat selwecht: Raclette, Tëlee an e puer Knupperten. Ech géif gär emol eng Kéier eppes aneres maachen. B: Ech verstinn dech total! Et ass all Joer änlech. Wuer géifs du da gär reesen? A: Keng Anung, Mee ech géif gär e puer Deeg fortfueren. Vläicht an eng schéi Stad, wou vill Leit op der Strooss feieren. Hues du eng Iddi? B: Hmm… Also, eng bekannt Plaz, déi net esou wäit ewech ass, ass natierlech Berlin. Do gëtt et ëmmer eng grouss Party beim Brandenburger Tor. A: Stëmmt! Dat hunn ech schon op der Tëlee gesinn. Dat gesäit flott aus. Mee et ass bestëmmt voller Leit, oder? B: Jo, definitiv. Mee d’Ambiance ass super. Wann s du eppes Extraes wëlls, kanns du och op London goen. Do maachen d’Leit och e grousst Freedefeier bei der Themse. A: O, dat kléngt flott. Ech war nach ni zu London. Ech kéint och e Musical kucke goen oder duerch d’Stad spadséieren… B: Genee. A wann s du eppes ganz Spektakuläres wëlls, dann ass New York natierlech och eng Iwwerleeung wäert. Ech hunn den Times Square schonn e puer Mol op der Tëlee gesinn. De grousse Ball, deen eroffällt, an déi vill Leit… dat géif ech och gär eng Kéier live gesinn. A: Ech ka mer virstellen, datt dat beandrockend ass. Mee de Fliger fir op New York ass ëm d’Feierdeeg bestëmmt immens deier… B: Jo, leider, an d’Hoteller och. Dat muss ee fréi plangen. Mee vläicht wier Wien och nach eng Iddi? Do gëtt et e Silvesterpad mat Musek, Iessen an elauter klenge Stänn. A: Wien… dat kléngt elegant. Ech hunn al Gebaier a klassesch Musek immens gär. An op Wien kéint ech eventuell och mam Zuch fueren. B: Eng aner Optioun wier natierlech eng waarm Plaz, wéi zum Beispill Barcelona. A Spuenien iessen d’Leit um Mëtternuecht zwielef Drauwen. Dat soll Gléck bréngen. A: Ou, dat wousst ech net. Kléngt flott! A waarm, ech kéint wierklech e bësse Sonn gebrauchen… ech hu keng Loscht op Schnéi dëst Joer. B: Wann s du et gär ganz waarm hues, kanns du och op Dubai goen. Do gëtt et och e riisegt Freedefeier beim Burj Khalifa. A: Ech mengen, dat ass e bëssen ze deier fir mech. Ech mengen, ech bleiwe léiwer an Europa. B: Wéi s de gesäis ginn et jo vill Méiglechkeeten. Wat hues du léiwer? Party, Kultur, Sonn, oder einfach raus aus dem Alldag ? A : Ech mengen, ech wëll einfach eng schéi Stad gesinn, e bësse Party maachen, awer net ze vill Stress. Vläicht kucken ech mir London oder Wien méi genee un. B: Da waart awer net ze laang! Du bass elo scho relativ spéit un! A : Jo, dat maachen ech. A Merci nach emol fir deng vill Iddien. Elo freeën ech mech wierklech op Silvester. B : Gär ! A wann s du wëlls, kommen ech mat. Ech hunn dëst Joer och nach näischt vir. A: O, jo, dat wier super!
-
149
Onzefridden am Restaurant & Kaffi drénken (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen am Restaurant iessen, awer net ganz zefridde sinn. Duerno héiere mir, wat dräi Persoune gär moies iessen.Vill Spaass!-D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
148
Dagesoflaf & Glatäis (A1-A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hiren Alldag an der Woch schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Glatäis schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
147
En Trëppeltour duerch d'Stad & Um Floumaart (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen en Trëppeltour duerch d'Stad plangen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun e puer Saachen op engem Floumaart kafe wëll.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op "Access as guest".
-
146
Kaddoe vum Kleeschen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember).Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren? B: Jo...? A: Hutt Dir Kanner? B: Jo, ech hunn dräi Kanner. A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.? B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen a wa moies dann eppes Klenges am Schong dran ass, da si se ëmsou méi frou. A: Wësst Dir eigentlech wou dee Brauch hirkënnt? B: Nee. Ech hu mer déi Fro nach ni gestallt. Et ass awer eng gutt Fro. A: Ech soen Iech et. D’Erklärung dofir, kéinte mir am Mëttelalter fannen. Deemools hunn déi einfach Leit hir Schong virun der Kierch stoe gelooss, wa se an d’Mass gaange sinn. A wéi se dunn erauskomm sinn, hu se ganz heiansdo eng Mënz an hirem Schong erëmfonnt. Eng léif Persoun huet iwwert dëse Wee e klengen Don, un déi Leit gemaach, déi vläicht net esou vill haten. B: A sou? Dat do wosst ech net. Ech fannen dat awer ganz interessant. A: Gellt? Wat fannen Är Kanner dann esou moies an hirem Schong. B: Klengegkeeten, wéi zum Beispill e Stéck Schockela, eng Mandarinn oder e puer Stickeren. Keng grouss Kaddoen. A: A propos Kaddoen. Dir sot, dir hutt dräi Kanner. Wat wënsche sech Är Kanner vum Kleeschen? B: Ech hunn e Jong, de Fernando, hien ass 5 Joer al, mäi Meedchen, d’Sofia ass 3 Joer al an e Puppelchen, d’Elena, hatt ass 5 Méint al. De Fernando an d’Sofia sinn immens frou mat hirer klenger Schwësterchen, duerfir wënsche si sech allen zwee eng Popp, well si alles kopéiere wëllen, wat mir mam Elena maachen: de Bëbee undoen, e wäschen, asw. Duerfir kréie si dann och nach Kleeder fir hir Poppen, eng Wéi, e Buggy an eng kleng Bidden. A: Flott! B: Si kucken och gär Bicher, duerfir kréie si och nach e puer Bicher. A: Wat kritt d’Elena dann? B: Hatt kritt en Teddybier an zwee Bicher aus Stoft. A: Schéin! Wësst Dir, wat d’Kanner generell de Moment flott fannen? B: Hmm...dem Fernando säi beschte Frënd wënscht sech e Sprangschlass, mee ech mengen, dat ass awer net méiglech. (laacht) A: (laacht) B: Soss wënschen d’Kanner sech och nach Autoen, Camionen a Baggeren, Gesellschaftsspiller, Puzzelen, en Zuch aus Holz, hëlzen oder plastiks Bausteng, kleng a grouss Poppen, Kleeder fir sech ze verkleeden, e klenge Buttek oder eng Kichen mat all den Accessoiren, Jicken, Schaukelpäerd, e Sprangseel, Spillsaache fir am Sand ze spillen, e Poppentheater... D’Kanner fannen et ëmmer flott, wa se déi Erwuessen imitéiere kënnen. Duerfir kréien eis Kanner och nach Uebst a Geméis aus Holz, dat duerch Ritschratsch zesummenhält an dat se da mat engem hëlze Messer “schneide” kënnen. Si hu schonn eng Kichen, mat där se gär spillen. Dat passt gutt derbäi. Mir passe souwisou gär drop op, datt eis Kanner net ze vill Spillsaachen aus Plastik hunn a méi aus Holz. Se ginn net esou séier futti a sinn duerfir méi nohalteg. A: Interessant! Villmools Merci fir déi detailléiert Äntwert! B: Gär geschitt! A: Mir wënschen Iech an Ärer Famill e schéine Kleeserchersdag! B: Merci, dat gëtt bestëmmt rëm flott! B: Moment Madamm, wéi heescht scho méi Äre Podcast? Poterkëscht? A: Jo. B: Dat erënnert mech un dat Lidd, dat mäi Jong grad de ganzen Zäit séngt. Si léieren dat fir Kleeserchersdag an der Schoul. Et heescht: Am Uewe potert d’Feier.
-
145
Eng Léier als Coiffeuse (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Léier als Coiffeuse erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng Léier als Coiffeuse maachen Marco: Moie Lucia! Ech hunn héieren, datt s du eng Léier als Coiffeuse méchs, stëmmt dat? Lucia: Jo genau, ech sinn am zweete Joer vu menger Léier. Et ass wierklech eng flott Aarbecht, och wa se heiansdo ustrengend ass. Marco: Interessant! Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ee genee an där Léier léiert. Meng Schwëster ass och eventuell interesséiert. Lucia: Am Ufank léiere mir d’Grondlagen, zum Beispill wéi ee richteg d’Hoer wäscht, dréchent a kämmt. Dono kënnt d’Schneiden, d’Fierwen, d’Fönen an och d’Stylen. Mir hu souwuel Theorie wéi Praxis. An der Schoul léiere mir och e bëssen iwwer d’Hoerstruktur, d’Haut, Hygiène an d’Produkter, déi mir benotze sollen. Marco: A, also net just mat der Schéier ronderëm fuchtelen, mee och e bësse Wëssenschaft dobäi! Lucia: Genau! Vill Leit mengen, et wier just „Hoer schneiden“, mee et geet ëm vill méi. Zum Beispill muss een d’Form vum Gesiicht analyséieren, kucken, wat engem Client steet, an och e bësse Berodung maachen. Marco: A wéi laang dauert d’Léier eigentlech? Lucia: Normalerweis dräi Joer. No all Joer gëtt et eng Bewäertung an um Enn maache mir en Examen. Do musse mir e puer Modeller friséieren an och theoreetesch Froe beäntwerten. Marco: Dat kléngt no vill Praxis. Hues du vill Kontakt mat de Clienten? Lucia: Jo, déi ganz Zäit! Dat ass och eppes, wat ech besonnesch gären hunn. Et ass flott mat de Leit ze schwätzen, se laachen ze gesinn, wa se frou si mat hirer Frisur. Mee et kann och stresseg ginn, wann ee vill Clienten hannereneen huet oder wann een net all Wonsch genee treffe kann. Marco: Jo, ech stelle mer vir, jidderee wëll anescht ausgesinn an huet eng aner Meenung. Wéi geet een domat ëm? Lucia: Et brauch ee vill Gedold. Heiansdo muss een erklären, datt eppes net funktionéiert oder net gutt fir d’Hoer wier. Mee wann een d’Cliente respektvoll behandelt, da klappt et meeschtens gutt. Marco: A wéi gesäit dann en typeschen Dag bei dir aus? Lucia: Ech fänke moies géint aacht Auer un. Als Léiermeedche fänken ech dacks u mat Botzen, bereeden d’Plaze vir a kucken, datt d’Produiten all do sinn. Da kommen déi éischt Clienten: wäschen, schneiden, fierwen, fönen, asw. An tëschenduerch botze mir ëmmer erëm, maache Rendez-vousen aus oder verkafe Produiten. Ech kann dir soen, den Dag ass séier eriwwer! Marco: Dat kléngt no vill Aarbecht! Du stees jo awer och bal de ganzen Dag, ass dat net ustrengend? Lucia: Jo, mir sti bal de ganzen Dag. Dofir brauch een eng gutt Haltung an e bëssen Ausdauer. Mee, wann ee Freed un der Saach huet, geet et. Marco: A wat gefält der am Beschten un dengem Beruff? Lucia: Ech géif soen: d’Kreativitéit an de Kontakt mat de Leit. Et ass flott, wann een engem Mënsch e schéint Gefill ka ginn oder e bësse méi Selbstvertraue schenken. Marco: Dat ass schéi gesot! A kann ee sech duerno och weiderbilden? Lucia: Jo, sécher! Et kann een d’Meeschterprüfung maachen, selwer enseignéiere goen oder sech spezialiséieren – z. B. op Make-up, Perrécken oder Hochzäitsfrisuren. Verschiddener maachen och hire Salon op. Marco: Do kann een tatsächlech Villes maachen. Ech hunn elo vill méi Respekt fir de Beruff, et ass net esou einfach wéi et ausgesäit. Lucia: Dat ass wouer. Mee, wéi bei all Beruff, wann een et gär mécht, dann ass et net esou schwéier.
-
144
Walfer Bicherdeeg a Bazar International (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Weekend op de Walfer Bicherdeeg erzielt. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen e Rendez-vous fir op de Bazar International ausmaachen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.
-
143
Eng nei Spillplaz am Quartier an e Rendez-vous ofsoen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng nei Spillplaz an hirem Quartier schwätzen. Duerno lauschtere mir eng Sproochnoriicht, an där eng Persoun enger anerer e Rendez-vous op der Spillplaz ofseet.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
142
Noriichten a Contrôle Technique mam Auto (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir d'Noriichte vum Radio "Poterkëscht", an duerno lauschtere mir e Gespréich tëschent zwou Persounen, déi iwwer de Contrôle Technique mam Auto schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
141
Lëscht fir e Bëbee a Babyshower (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger, an deenen et ëm Bëbeeën, also Puppelcher, geet. Am éischten Dialog héiere mir vun enger Persoun, déi erwaart, an am zweeten Dialog geet et ëm e Babyshower. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
140
Allerhellegen zu Lëtzebuerg (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun Allerhellegen zu Lëtzebuerg.Vill Spaass beim Nolasuchteren!-Transkript:Iwwer Allerhellege schwätzen A: Salut Anne-Marie! An, wéi war Allerhellege fir dech ? Ech hunn héieren, deng Bom ass dëse Summer gestuerwen. Mäi Bäileed. B: Merci. Jo, et war net einfach, mee mir haten awer e schéinen Dag mat der Famill. A: E schéinen Dag? (verwonnert) B: Jo, dat kléngt vläicht komesch... Mee looss mech dir erklären: Moies sinn ech kuerz mat mengem Papp an de Blummebuttek gaang, fir eng Coupe fir op d’Graf ze kafen. Nomëttes ware mir dunn um Kierfecht an d’Griewer goufe geseent. Wéi all Joer huet et natierlech gereent. A : Jo, dat ass bal ëmmer esou ! Ech hoffen, dir sidd net ze vill naass ginn. Waren da vill Leit um Kierfecht, bei deem Wieder ? B : Jo, nawell. Ech si mat mengem Mann a mengen Elteren zesumme gaang. Meng Tatta, also mengem Papp seng Schwëster, war och mat mengem Monni do. A: O, da wart dir jo zu e puer. A wat hutt dir duerno gemaach? B: Nom Kierfecht si mir fir Kaffi a Kuch bei meng Tatta a mäi Monni heem gefuer. Dat gehéiert och zu Allerhellegen dozou. Meng Tatta béckt eng immens Äppeltaart. An et ass ëmmer schéin, duerno nach e puer flott Momenter mat der Famill ze verbréngen, déi ee soss net esou oft gesäit. A: Ech verstinn. Bei eis an Däitschland ass dat och esou. Bei eis kënnt nach méi Famill zesummen, et ass wierklech wéi eng Familljefeier. Vill Leit soen ëmmer, Allerhellege wier en traueregen Dag, mee ech fannen, et ass och e wichtege Familljendag. Et denkt een un déi Verstuerwen, mee gläichzäiteg gesäit een och, wéi wichteg engem déi Famill ass, déi een nach huet. B: O, dat hues de elo schéi gesot. Mee et stëmmt. Fréier hunn ech Allerhellegen ëmmer e bëssen iwwerflësseg fonnt. Ech hu mir gesot, datt ech kee speziellen Dag brauch, fir un déi verstuerwe Familljememberen ze denken, ech maachen dat jo souwisou bal all Dag. Mee elo wou meng Bom net méi lieft, ass et awer schéi gewiescht, op deem Dag nach eng Kéier e puer Anekdoten ze deelen a sech einfach un déi schéi Momenter, déi mir all zesummen haten, z’erënneren. A: Ech hoffen, dat huet dir och gehollef, mat denger Trauer ëmzegoen. Et ass ni einfach, e Familljemember ze verléieren. B: Nee, dat ass wouer. Mee ech mengen, et gëtt och all Joer e bësse méi einfach. A: Jo, dat ass richteg. An et freet mech ze héieren, dass deen Dag méi positiv fir dech war an, dass de e puer schéi Momenter mat denger Famill has.
-
139
Halloween-Special: Grujeleg Geschichten (B2-C1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Fir Halloween schwätze mir haut iwwer e puer grujeleg Geschichten a Soen zu Lëtzebuerg.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...