E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)

EPISODE · Dec 26, 2024 · 4 MIN

E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: B: Hallo! Wéi geet et dir? A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ? B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar! A: Wéi? Wat ass da geschitt? B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperitifskichelcher, vun deem neien Traiteur do, vun deem ech der erzielt hat. A: A jo! B: Als Entrée gouf et fir d’éischt eng Héngerbritt, déi meng Bomi matbruecht hat an nach Saumon fumé mat Toasten. A propos, meng Bomi huet quasi déi ganzen Zäit geschwat: iwwer hir Kandheet, iwwer déi nei Dirigentin vun hirem Gesank,... A se huet och iwwer sou vill Leit, déi mir guer net kennen, geschwat a gelästert. Dat huet wierklech genervt. A: Ok. An dunn? B: Duerno gouf et e Brot an als Bäilag kleng Gromperegratinen a roude Kabes. A: Nee, nee! Wat ass du geschitt? B: Maja, waart! Mäi Monni, dee scho vill ze vill Wäi gedronk hat, huet sech opgereegt, datt de Kabes versalzt wier. Menger Mamm ass bal de Kolli geplatzt! Si kann hirer Schwëster hire Mann souwisou schonn net leiden. Glécklecherweis huet awer keen e Sträit ugefaang. Bon, als Dessert hate mer eng Bûche. Meng Schwëster mécht se all Joer selwer. Et ass wierklech déi bescht Bûche, déi ech jee giess hunn, eng Schockelasbûche. A: Mh hm. B: Obwuel mer scho laang sat waren, gouf et beim Kaffi nach kleng Stollen a Kichelcher. A: Dat kléngt wierklech no vill... B: Jo, dat Gefréiss all Joer...et ass mer all Kéiers ze vill. Mee lo awer: Meng Tatta, mengem Papp seng Schwëster, hat hiren Hond matbruecht. Dat huet eiser Kaz net esou gutt gefall. Den Hond huet si sou erféiert, datt se an de Chrëschtbeemche gesprongen ass. De Beemchen ass dunn ëmgefall. Wéi mir e rëm opgeriicht hunn, hu mer gemierkt, datt den Adventskranz gebrannt huet. De Beemchen hat d’Käerzen ëmgeheit. Mir sinn alleguer esou erféiert a woussten am éischte Moment net, wat maachen. Mäi Monni, dee grad en Tëmpche gehalen huet, well en ze vill gedronk hat, huet vu Schreck säi Glas Wäin op d’Feier geheit. Dat huet natierlech näischt gehollef. Meng Mamm huet dunn awer geschalt an de Brand mat dem Waasser aus dem Krou geläscht. A: O vreck! Wat e Chaos! Dat ass jo wierklech wéi an engem Film! Dann hoffen ech, datt wéinstens däi Silvester besser gëtt!

NOW PLAYING

E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)

0:00 4:11

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!