E Rezept: Kniddelen (B1)

EPISODE · Apr 2, 2024 · 2 MIN

E Rezept: Kniddelen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen! Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)! --- Transkript: Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen. Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit. Yuuka: Wat iesse mir dann elo? Ben: Da waart emol... Ech kucken. A... Ech hunn eng Iddi. Mir maache Kniddelen. Yuuka: Kniddelen? Wat ass dat dann? Ben: Du kachs mir oft japanesch Spezialitéiten. Haut preparéieren ech dir emol en typesch lëtzebuergesche Plat. Yuuka: Ganz gär. Wéi ass dann d'Rezept? Ben: Dat hei ass d'Rezept vu menger Mamm. Mir brauchen: 350 Gramm Miel, 200 Milliliter Mëllech, 3 Eeër an e bësse                            Salz. Yuuka: Okay. An elo? Ben: Ech stelle mol en Dëppe Waasser op d'Kachplack an da brénge mir d'Waasser zum Kachen. An där Zäit, kënne mir scho mam Deeg ufänken. Ech huelen eng Schossel                        maachen d'Miel, d'Eeër, d'Mëllech an d'Salz dran an da mixen ech alles. Yuuka: Den Deeg gesäit jo elo scho gutt aus an d'Waasser kacht. Ben: Jo. Elo huele mir zwee kleng Läffelen a mir formen kleng Bullen aus dem Deeg. Da maache mir d'Bullen Deeg an d'Waasser. Dat maache mir soulaang bis keen Deeg méi am Dëppen ass. Yuuka: Wéi mierke mir wann d'Kniddele prett sinn? Ben: Wann d'Kniddelen uewe schwammen, si se fäerdeg. Dat dauert tëschent 8 an 10 Minutten. Duerno leeë mir se op en Teller a mir loosse se kal ginn. Wa se da kal sinn,       brode mir se an der Pan bis se ganz e bësse brong sinn. Yuuka: Ass dat alles? Ben: Elo kann een nach Speck an der Pan broden an e bësse Ram dobäi maachen. Et kann een och Kéis drop maachen. Dat hunn ech gär. Yuuka: Mir hunn awer kee Speck, keng Ram an och kee Kéis. Ben: Dat ass net schlëmm. Mir iesse se einfach mat Äppelkompott. Yuuka: An dat ass gutt? Ben: Hei... Schmaach emol. Yuuka: O jo. Dat ass gutt! Merci!

NOW PLAYING

E Rezept: Kniddelen (B1)

0:00 2:43

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!