En Aarbechtsaccident (B1)

EPISODE · Oct 14, 2025 · 4 MIN

En Aarbechtsaccident (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident op der Aarbecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:En Aarbechtsaccident (B1) Lena: O mei Alex. Geet et? Du gesäis awer bleech aus. Alex: Salut Lena. Jo, mir geet et net esou gutt. Ech hat gëschter e klengen Accident op der Aarbecht.  Lena: Wierklech? Wat ass da geschitt?  Alex: Majo, gëschter Mëtteg kuerz virun zwielef ass nach eng grouss Këscht mat neiem Material bei eis am Magaséng ukomm. Ech wollt déi nach direkt virun der Mëttegpaus réckelen, hat awer keng Loscht fir se opzemaachen an d’Stécker eenzel auszeraumen. Dunn hunn ech se wëllen ophiewen. Ech krut se esou just gehuewen, mee dunn hunn ech d’Gläichgewiicht verluer a si mat der Këscht nohannen ëmgefall.  Lena: O jee. Seriö? Hues du dir wéigedoen?  Alex: Jo, ech hu meng riets Rëppen a meng riets Hand immens wéi. Ech si bal net méi ënnert där schwéierer Këscht erauskomm.  Lena: Dat do kléngt eescht. Bass de bei den Dokter gaangen?  Alex: Net direkt. Mee an der Nuecht konnt ech vu lauter Péng net schlofen, du sinn ech an d’Urgence gefuer. No laangem Waarden huet dunn en Dokter mech ënnersicht an ech krut eng Rëntge gemaach. Zum Gléck ass näischt gebrach. Mee meng Hand ass verstaucht an zwou Rëppe si geprellt.  Lena: Et ass positiv, dass näischt gebrach ass. Mee ech hunn héieren, dass eng geprellt Rëpp méi wéi deet, wéi eng gebrache Rëpp.  Alex: Dat hunn ech och héieren. Ech weess et net, mee ech kann der soen, dass et schrecklech ass wann s de an der Nuecht am Bett läis an du kanns dech net dréien. All Beweegung deet wéi. Dat schlëmmst ass, wann s de néitsche muss an duerno kanns de deng Nues emol net anstänneg schnäizen. Lena: Dat do kléngt net gutt. Wéi laang bass de dann elo krankgeschriwwen? Alex: Den Dokter huet mer elo mol e Krankeschäin vun zwou Woche ginn. Da soll ech nach emol bei e goen an da géif e kucken, ob ech dann erëm prett fir op d’Aarbecht wier. De Problem ass, dass ech bei eis am Lager schaffen an näischt hiewe kann. Ech muss meng Chefin froen, ob ech net no zwou Wochen bei eis an der Telefonszentral schaffe kéint. Vläicht just e puer Wochen, bis ech erëm ganz fit sinn.  Lena: Deng Chefin ass esou fein. Si fënnt bestëmmt eng Léisung fir dech. Wat sot si da vum Accident?  Alex: Si war ganz léif, mee si war awer och e bësse rosen an huet mech gefrot, firwat ech keen aneren ëm Hëllef gefrot hunn oder einfach bis no der Mëttegpaus gewaart hunn, fir d’Stécker eenzel aus der Këscht auszeraumen. Si huet den Accident direkt gemellt an d’Käschte vu menger Behandlung ginn dee Moment dann och bezuelt.  Lena: Jo, ech versti si och e bëssen. Du waars do erëm ze léif a wollts keen esou kuerz virun der Paus stéieren. Alex: Jo, dat stëmmt. Ech hat net gemengt, dass déi ganz Geshicht esou géif ausgoen. D’nächst Kéier wäert ech sécher een Aarbechtskolleeg ruffe fir mir eng Hand mat unzepaken.  Lena: Majo, onbedéngt. Dat ass jo och ee vun de Virdeeler, wann een an der Ekipp ka schaffen.  Alex: Du hues Recht. Ech hunn elo doraus geléiert.  Lena: Da kënnt dat an Zukunft alt net méi vir. Ech wënschen dir dann eng ganz gutt Besserung Alex. Schoun dech a gëff séier erëm fit! Wann s de eppes brauchs, da ruff un. Ech ka jo einfach fir dech mat akafe goen.  Alex: Villmools Merci Lena! Dat géif mer wierklech hëllefen! Lena: Kloer, guer kee Problem. Dat geet jo an engems. 

NOW PLAYING

En Aarbechtsaccident (B1)

0:00 4:27

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!