PodParley PodParley

Episod 31: Trixi Weis X Kinosch

Episode 31 of the Minett Mash-Up: De Podcast podcast, hosted by Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR, titled "Episod 31: Trixi Weis X Kinosch" was published on November 29, 2024 and runs 51 minutes.

November 29, 2024 ·51m · Minett Mash-Up: De Podcast

0:00 / 0:00

Kontaktéiert eis Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeier...

Kontaktéiert eis

Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi

Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert gëtt: de Bärbelendag.

Déi helleg Bärbel ass d'Patréinesch vun de Mineuren, an anere Beruffsstänn, an hiren Dag gëtt all Joer de 4. Dezember gefeiert. An de leschte Joren erliewen d'Bärbelfeieren esouguer eng Zort Renaissance. Virun deem Hannergrond hunn sech och den CNCI an d'Kulturfabrik decidéiert mat engem spezielle Programm de Bärbelendag  an der Kufa ze feieren.

Dësen Owend steet am Mëttelpunkt vun eisem Gespréich mam Trixi Weis, wat extra fir de Bärbelendag am alen Escher Schluechthaus eng Bäsrbelstatu kreéiert huet, déi am Kader vun enger Pressessioun de 4. Dezember duerch d'Kulturfabrik wäert gedroe ginn.

Eise Gaascht: Trixi Weis

D'Trixi Weis, Joergang 1967, ass zënter laange Joren zu Esch doheem. No hirem Studium an der Belsch huet d'Trixi iwwer 10 Joer laang an der Tschechescher Republik gelieft a geschafft, éier d'Kënschtlerin Uganks vun den 2000er Joren nees op Lëtzebuerg komm ass.

Hei huet d'Trixi Weis sech séier en Numm gemaach mat hire Konschtinstallatiounen an och mat hire Bünebiller. Bis ewell huet d'Trixi iwwer 40 verschidde Bünebiller fir all d'Theateren a vill aner Kulturhaiser am Land geschaf. Och wann d'Konscht vum Trixi dacks ephemère ass, esou gëtt et Installatioune vun der Kënschtlerin déi permanent sinn an déi all Mënsch hei am Land kennt. Ee Konschtwierk ass d'City-Clock um Kierchbierg, iwwert déi mer natierlech och mat der Kënschtlerin geschwat hunn.

Aner Sujete vun dësem Episode vun eisem Wanderpodcast sinn dem Trixi seng Joren zu Prag an natierlech dem Trixi seng Performance fir de Bärbelendag an der Kulturfabrik um Mëttwoch, de 4. Dezember.

Eis “Minett-Location” vum Mount: Kinosch

D'Kulturfabrik ass e Centre Culturel, deen am ganze 4500m2 grouss ass an an deem et nieft zwee Säll fir Concerten a Veranstaltungen, e Bistro an e Restaurant gëtt. Et gëtt och Proufraim an esouguer e klenge Kino: de Kinosch.

Vun 1983 bis 2016 gëtt am Kinosch eng reegelméisseg Programmatioun gewisen an et ass nieft dem Ariston ee vun zwee Kinoen um Gebitt vun der Stad Esch. Zënter 2016 gëtt de Kino just nach sporadesch fir d'Projektioun vu Filmer, mä och fir aner Evenementer genotzt.

Wou d'Kulturfabrik nach e Schluechthaus war, war de Kinosch iwwregens déi Plaz wou d'Heizungsanlag vum Schluechthaus ënnerbruecht war.

Méi Links zu all den aner Sujeten fannt Dir hei.

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

Followed eis op Instagram

Sofía Luna, Agente Especial Canal Once Incursiona en el universo de una agente científica muy especial: Sofía Luna. Ella es una estudiante universitaria de Física y su mejor amigo es Pato, su hermano de 8 años que la acompaña por todas partes para descubrir que la ciencia está presente en nuestra cotidianidad, en cada rincón. Cabe destacar que esta serie contó con la colaboración y asesoría de la doctora Julieta Fierro, una de las máximas autoridades mundiales en la materia.El elenco de la serie está conformado por Inés de Tavira (Sofía Luna), Carlos Aragón (Otto Van Carpio y profesor Nemecio), Eduardo Minett (Pato Luna), Julieta Fierro (agente especial Julieta), Enrique Chi (Bulmaro), Armando Tapia (agente "Y"), Adriana Morales (Federica Piña) y Luis Ángel Jiménez (Mateo), quienes trabajaron bajo la dirección de Alfonso Cárcamo. Gloria Minott Presents... Gloria Minott Join journalist Gloria Minott as she talks with the newsmakers of today and tomorrow. #3 programa social music station Social Music Station Programa dedicado a los orígenes y la historia del reggae en Jamaica, en concreto a la compañía fundada por Clement Coxsone Dodd, Studio One. Tracklist: 1 - Count Machuki & The Sound Dimension - More Scorcha. 2 - Prince Francis - Street Doctor. 3 - The Heptones - Fattie Fattie. 4 - Joe Higgs - Song My Enemies Sing (I'm The). 5 - Johnny Osbourne - Murderer. 6 - Alton ellis - Breaking Up Is Hard To Do. 7 - Barry Brown - Far East. 8 - Sugar Minott - Roof Over My Head. 9 - John Holt - Do You Want Me. 10 - Leroy Sibbles - Express Yourself. 11 - Alton Ellis - Mad Mad. 12 - Nina Soul - Barb Wire. 13 - Jenniffer Lara - Sukiyaki. 14 - George Allen - Be Wise Brethren. 15 - Hortense Ellis - People Make The World Go Round. 16 - Johnny Osbourne - Can't buy Love. 17 - Marcia Griffiths - Melody Life- 18 - Alton Ellis - I'll Be Waiting. 19 - Otis Gayle - I'll Be Around. 20 - Johnny Osbourne - Truths & Rights. Death Café Mondadori Studios Della morte non si parla. Ne sappiamo così poco di lei. E quando non sappiamo le cose, pensiamo sempre al peggio. L'ignoto in linea di massima ci spaventa e allora, che cosa succederebbe se decidessimo di iniziare a familiarizzare con il peggio, se iniziassimo a dare un nome alle cose, a fornirci delle spiegazioni scientifiche, insomma se iniziassimo un percorso di educazione alla morte?Se la paura di volare si combatte con una maggiore conoscenza del funzionamento degli aerei, perché non dovrebbe essere così anche per la paura di morire?Proprio come nei Death Cafe in cui gli avventori discutono sul tema della morte, così in questo podcast c’è spazio per le domande più bizzarre sul tema e le risposte fornite da esperti, scrittori, attori che insieme a Marina Minetti ci danno degli strumenti utili per capirne di più.Forse questo potrebbe scardinare tutte le difese che nel tempo abbiamo eretto e placare, così, la nostra emotività scomposta ogni
URL copied to clipboard!