Minett Mash-Up: De Podcast podcast artwork

PODCAST · leisure

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

  1. 49

    Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras

    Kontaktéiert eis2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut.An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, an tëscht 1974 an 1978 gouf am Dall nach eng Kéier am Dagebau Minett ofgebaut. Haut gehéiert de Fond-de-Gras zesumme mat Lasauvage zum Minett Park – an doheem sinn och direkt zwee Veräiner, déi historescht Material restauréieren a fir de Public erliefbar maachen: Train1900 an d’Minièresbunn Doihl.Eis Gäscht: Robyn Wehles, Charel Kugeler & Joël MiltgenMir starten dësen Episod mam Robyn Wehles, der Directrice vum Minett Park. Fir d’Gespréich souze mir an der Épicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert ass.Fir an de Fond-de-Gras ze komme gëtt et am Summer d’Méiglechkeet mam Zuch ze fueren, dat ass awer net egal wéi een Zuch, mä den Train 1900.  De Charel Kugeler, e passionéierte Member vum Train1900 verréit eis méi iwwert d’ASBL, déi d’Zuchstreck bedreift a fänkt ganz vir an der Geschicht vum Veräin un, dee schonn zënter 1970er aktiv ass.Um Schluss geet et dann nach aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage. Duerfir geet et an den Doihl, d’Minière duerch déi d’Minièresbunn fiert, de Joel Miltgen, President vun der ASBL erkläert wéi an den 1990er déi verloosse Minière nees a Betrib geholl gouf, fir mam Zuch kënnen doduerch ze fueren.Highlights & Rendez-vousen am Fond-de-GrasDe Fond-de-Gras ass awer net nëmme Geschicht – de Summer duerch gëtt e volle Programm am Minett Park. Sonndes an op Feierdeeg sinn den Train 1900 an d’Minièresbunn am Asaz. Et gëtt awer och eng Rei grouss Manifestatiounen am Fond-de-Gras, déi der Wäert sinn se mat z’erliewen. De 5. Juni ass owes de Night Train ënnerwee. Den 11. Juli ass den traditionellen „Blues Express“ a fir de Schluss vun der Saison invitéiert de Minett Park um leschte Weekend vum September op den Anno 1900, hire grousse Steampunk-Festival.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  2. 48

    Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines

    Kontaktéiert eisD'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass.Eis "Minett Location vum Mount": Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an de Musée des Mines op Rëmeleng – eng Plaz, wou een d'Geschicht vum Biergbau net just gesäit, mä och fillt. D'Entrée vum Musée läit um Carreau vun der Minn Walert, an hei gëtt ee ganz konkret an d'Welt vun de Mineure agefouert.De Musée existéiert elo schonn iwwer 50 Joer a gëtt de Visiteure en authenteschen Abléck an d'Aarbechtskonditiounen vun deemools. Matten an der Minn sinn et schuckeleg 11 Grad bei enger richteg héijer Loftfiichtegkeet – do muss bei Visitten net just no Visiteure gekuckt ginn, déi heiansdo an der kuerzer Box an am T-Shirt kommen, mä och no den Exponater, déi am Laf vun der Visite Guidée gewise ginn.E speziellen Zeien aus vergaangenen Zäiten hänkt nach virum Musée: e Buggi vun der Seelbunn, déi vun Ëtteng op Déifferdeng an d'Schmelz gaangen ass. Dës Seelbunn war vun 1906 bis 1980 aktiv an huet d'Minnen mat der Weiderveraarbechtung vum Eisen verbonnen. Genee esou Detailer maachen d'Location vum Mount zu méi wéi nëmmen engem Musée: et ass eng Entrée an eng vergaangen Zäit, déi eis hëlleft, eist industriellt Ierwe besser ze verstoen.Eise Gaascht: Dario Di GenovaEise Gaascht, den Dario Di Genova, ass Guide am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hien deelt seng Passioun fir d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Minnen mat de Visiteure a bréngt d'Erënnerung un d'Aarbecht vun de Mineure lieweg erof.Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu dëser besonnescher Plaz an iwwert seng Motivatioun, hei als Guide ze schaffen, déi op Erfarungen zeréckgeet, déi den Dario als Bouf am Ëmfeld vun der Minn um Thillebierg gemaach huet, wou säi Papp 31 Joer laang geschafft huet. D'Gespréich beliicht vill Facetten, déi d'Welt vum Biergbau ausgemaach hunn:d'Grënnung an d'Geschicht vun de Minnen an dem Musée zu Rëmeleng,d'Bedeitung vun de Minne fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft,déi markantst Periode fir de Biergbau an der Regioun,déi technologesch a mënschlech Entwécklung vun de Minnen am Laf vun der Zäit,d’Verschwanne vun dëser Industrie zu Lëtzebuerg,den Impakt vum Biergbau op d'Regioun an hir Awunner,an d'Fro, wat een enger neier Generatioun d’Erënnerung un dës Epoch ka viruginn.Als Guide huet den Dario och eng besonnesch Passioun fir Modelle vun der Minnen-Industrie, déi hie elwer baut. Heiriwwer gi mer och méi an dësem Episod gewuer.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  3. 47

    Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz

    Kontaktéiert eisWéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass.Minett Location vum Mount: MetzeschmelzDës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an d‘Metzeschmelz, eng industriell „Friche“ an en immens staarken Zeie vun der Zäit wou Stolproduktioun an Alldag hei am Süde ganz enk matenee verbonne waren.Mir si fir dësen Episod zu Gaascht am fréieren Zentralatelier vun der Schmelz Esch‑Schëffleng – an enger impressionnanter Hal, wou de Ferro Forum zënter e puer Joer säin Doheem fonnt huet. Hei gëtt net just „iwwer d’Schmelz geschwat“: hei gëtt Erënnerung lieweg gehalen, hei gi Geschichte gesammelt an Industriekultur mat Leit gedeelt, déi Loscht hunn, de Minett a seng Entwécklung besser ze verstoen.Eise Gaascht: Carlo Jones Eise Gaascht Carlo Jones ass Member a Benevole beim Ferro Forum – beschriwwe gëtt hien do als „homme à tout faire, même la trésorerie“. Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu der Lëtzebuerger Stolindustrie an iwwert säin eegene Wee duerch d’Aarbechtswelt.D’Gespréich beliicht vill Facetten, déi Welt vun de Schmelzen ausgemaach hunn an nach ausmaachen:de Wee an d’Aarbecht an op d‘Aarbecht,d’Fro, wat een un engem erausfuerderenden an heiansdo geféierlechen industriellen Ëmfeld ugezunn huet,Feier, Hëtzt an Iewen: tëscht Faszinatioun, Respekt an Energie – a wat dat fir eng Persoun bedeite kann,wéi schwéier (oder wichteg) et ass, Passioun fir esou eng „haart“ Aarbecht un déi Jonk weiderzeginn,d’Entwécklung vun der Sécherheet an d’Verännerung vun de Mentalitéite vis‑à‑vis vum Risiko,technologesch Entwécklungen, déi den Alldag op der Schmelz verännert hunn,an d’Fro, wat een enger neier Generatioun matgi wëll, déi a moderniséiert industriellt Ëmfeld erakënnt.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  4. 46

    Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen

    Kontaktéiert eisBiodiversitéit a Gestioun vun de Minetter DagebausgebidderDe Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat.Eis “Minett-Location” vum Mount: LéiffrächenFir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng vun de 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere a gläichzäiteg eng Plaz, wou eist natierlecht an industriellt Ierwen op eng ganz speziell Aart zesummekommen.Am Podcast schwätze mir doriwwer, firwat grad d’Léiffrächen als Kärzon esou spannend ass: Als fréiert Minièresgebitt weist si, wéi post-industriell Landschaften zu wichtege Refugë fir Fauna a Flora kënne ginn. Gläichzäiteg stellt sech hei ganz konkret d’Fro, wéi een Naturschutz, Zougang fir de Public an d’Erhale vun der industrieller Erënnerung ënnert een Hutt kritt.Eise Gaascht: Jan HerrEise Gaascht ass de Jan Herr, Biolog bei der Naturverwaltung an Animateur vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebausgebidder. Mat him kucke mir hannert d’Kulissen: Wat heescht et, esou Gebidder am Alldag ze geréieren? A wéi gesäit ee Gestiounsplang fir en Naturschutzgebitt iwwerhaapt aus?Am Gespréich ginn et och ëm dës Punkten:Wat un der Léiffrächen anescht ass ewéi op anere KärzonenWéi eng Elementer vun der Biodiversitéit hei besonnesch wichteg sinn – och am Kontext vum Natura 2000-Programm vun der EU.Ob d’Renaturéierung vun ale Minnièressitten aus biologescher Siicht e Succès ass, a firwat een an “post-industrielle” Landschaften heiansdo vun enger spezifescher Biodiversitéit schwätze kann.Firwat et heiansdo ausgesäit, wéi wann eng Fläch “mat engem Bagger duerchgeplout” wier – a firwat et fir de Naturschutz trotzdeem (oder grad dofir) wichteg ka sinn, reegelméisseg ze intervenéieren.Wat déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an Zukunft sinn: Klimawandel, Siidlungsdrock, Liichtverschmotzung – oder nach eppes ganz anescht?Als klengt Natur-Highlight kënnt natierlech och d’Bëschléierchen (alouette lulu) net ze kuerz: mir stellen se kuerz vir fir all déi, déi se nach net kennen an och eis “Minetter Schof”, déi Naturschützer mat véier Bee sinn, stelle mir am Gespréich mam Jan Herr vir.Nieft de fachleche Froe gëtt et och eng méi perséinlech Säit: De Jan erzielt, wéi säi Wee ausgesinn huet, a mir schwätzen doriwwer, wéi een “ofschalt”, wann d’Natur gläichzäiteg Aarbechtsplaz ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  5. 45

    Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B

    Kontaktéiert eisOch 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz.An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997.Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR – Musée vun der Aarbecht.D'Location vum Mount: Den Héichuewen BFir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer.Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d'Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D'Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn – ouni hir Geschicht ze vergiessen.Eisen Invité: Carlo PalluccaEisen Invité ass Carlo Pallucca – e Mann, deen d'Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet.De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d'Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet.Am Gespréich mat him goe mer op Froen a wéi:Wéi huet en 'typesche Schaffdag' um Héichuewen B ausgesinn?Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag?Wéi huet d'Aarbecht um Héichuewen d'Mënsche kierperlech a mental beaflosst?Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf – an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass?De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  6. 44

    Episod 44: Best of 2025

    Kontaktéiert eis2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen.Dëse „Best Of 2025“ faasst déi flottst a relevanst Momenter aus den 11 Episode vun dësem Joer zesummen a weist: d’Minett Biosphere ass net nëmmen eng Regioun, mee e Liewensraum, an deem Industriekultur, Biodiversitéit an engagéiert Politikerinnen a Politiker zesummewierken, fir déi nächst Kapitele vun der Regioun ze gestalten.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  7. 43

    Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng

    Kontaktéiert eisSchëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn.Eis “Minett-Location” vum Mount: De LallengerbiergAm 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg geklotert, deen eis Location vum Mount ass. Dëst beléift Erhuelungsgebitt, wat 282 Hektar grouss ass, bitt net just eng fantastesch Vue, ass 282 Hektar grouss an ass en Doheem ronn 500 verschidde Päiperleksaarten. Et ass doriwwer eraus d‘Haaptsiidlungsgebitt vun der Bëschléierchen zu Lëtzebuerg. Verschidde Wanderweeër, wéi de Minett Trail oder den Auto-pédestre Schëffleng, maachen dës Plaz zu engem Highlight fir Naturfrënn an d’Awunner vun den Dierfer, déi um Fouss vum Lallengerbierg leien.An dësem Episod gi mer op d’Wichtegkeet vum Lallengerbierg fir Schëffleng an, net nëmme wéinst senger natierlecher Schéinheet, mee och als Symbol fir d’Verbindung tëscht Natur an der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen gëtt och gefrot, firwat säi Choix fir d’Opnam op dës Plaz gefall ass a wat de Lallengerbierg him perséinlech bedeit. Eise Gaascht: Carlo FeiereisenEise Gaascht an dësem Episod ass de Carlo Feiereisen, deen zënter Uganks August  Buergermeeschter vu Schëffleng ass. Am Interview schwätze mir iwwer seng nei Roll, déi hien no enger geplangter Transitioun vum fréiere Buergermeeschter Pol Weimerskirch iwwerholl huet. Hien erzielt, wéi hien sech an deene puer Méint zënter senger Ernennung an der neier Positioun erëmfonnt huet a wéi dës Transitioun, déi am Koalitionsaccord festgehale war, ofgelaf ass.Nieft sengem Posten als Buergermeeschter ass de Carlo Feiereisen och Member am Verwaltungsrot vun der Agora an am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD. Am Podcast diskutéiere mat him iwwert seng Visioun fir Schëffleng bis 2029, spezifisch Häerzensprojeten, déi hie realiséiere wëll an de regionalen Developpement vum Lëtzebuerger Süden, virun allem wat de Reamenagement vun industrielle Frichen ugeet, a wéi Schëffleng seng industriell Vergaangenheet mat moderner Stadentwécklung verbënnt, um Beispill vum Projet Metzeschmelz.Weider Themen an eisem Gespréich sinn seng berufflech Vergaangenheet als Infirmier Anästhesist, d’Internationalitéit vun der Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, an Infrastrukturprojete wéi den internationale Lycée, dee geschwënn op Schëffleng kënnt. Mir schätzen och iwwer d’Symbolik vun der Schëfflenger Schmelz als Verbindung tëscht vergaangener Aarbecht an der Zukunft an de Carlo Feiereisen deelt och seng perséinlech Verbindung zum Industrie-Patrimoine mat eis.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  8. 42

    Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem

    Kontaktéiert eisFir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nieft deenen, déi sech mam industrielle Patrimoine, der Natur an eisem Gaascht befaassen, netz e kuerz.Eis „Minett-Location“ vum Mount: De Pavillon Source BelvalD'Location vun dëser Episod ass de Pavillon vun der Source Belval, eng Plaz, déi als Erënnerung un dat fréiert Belvaler Mineralwaasser am Kader vun Esch2022 geschafe gouf. D'Plaz, wou een a gemittlecher Atmosphär eppes drénken oder eppes Klenges iesse kann, ass en Hommage un d' industriell Vergaangenheet vun der Quell Bel-Val. Net wäit vun der Source vun engem vun de renomméiertste Mineralwaasser weltwäit aus dem fréien 20. Joerhonnert gëtt haut un dëst Stéck Lëtzebuerger Industriegeschicht erënnert. Am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up geet et och ëm d'Potenzial, d'Source Bel-Val an edukativ oder touristesch Projeten z'integréieren, fir d'Bewosstsi fir d'Bedeitung vum Waasser am lokale Patrimoine ze stäerken. D'Plaz symboliséiert d'Verbindung tëscht der industrieller Kultur an den natierleche Schätz vun der Minett-Regioun.Eise Gaascht: Simone Asselborn-BintzDen Invité vun dësem Episod ass d'Simone Asselborn-Bintz, d'Buergermeeschtesch vu Suessem an déi eenzeg Fra un der Spëtzt vun enger vun den eelef Gemengen an der Minett Biosphere. Am Gespréich gëtt hir politesch Carrière beliicht, inklusiv den Ënnerscheed tëscht hirem Mandat als Buergermeeschtesch an hirer Zäit an der Chamber. Mir ginn der Fro no, firwat et esou wéineg Fraen un der Spëtzt vu Lëtzebuerger Gemenge gëtt an d’Simone Asselborn-Bintz erzielt eis och iwwer hire perséinleche Wee an d'Politik, wou hir Elteren, de Schauspiller Aly Bintz an d’Radiosspeakerin an Escher Lokalpolitikerin Micky Erpelding, éischter eng Brems ewéi eng Motivatioun waren. Als fréier Educatrice erkläert eis Invitée eis awer och, wéi hir berufflech Erfarung hir politesch Usiichten, besonnesch am soziale Beräich, beaflosst huet a si deelt och hir Perspektiven zur Gläichstellung vu Fraen a Männer um Aarbechtsmaart an an der Politik mat eis. An och d’Bëschléierchen, deen heemleche Star vun eisem Biosphärereservat ass e Sujet am Gespréich mat der engagéierter Lokalpolitikerin.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  9. 41

    Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng

    Kontaktéiert eisAm neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett.Eis “Minett-Location vum Mount”: SpektrumDës Kéier hu mir am "Spektrum" opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d'Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet. Fir Esch2022 gouf d'Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d'Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de "Spektrum" ausgesäit.Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin MuhovicDoriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war. Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d'Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d'Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten. Aner Sujete sinn d'Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d'Gemeng d'Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  10. 40

    Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng

    Kontaktéiert eisDe 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péitenger esou vill bedeit, datt se him en Denkmal gebaut hunn. Eis "Minett Location" vum Mount: D’Péitenger GemengenhausDëse Mount hu mir eis am Häerz vun der Gemeng Péiteng mat eise Gäscht getraff. D’Gebei, wat an der zweeter Halschent vun den 1930er gebaut an Uganks den 2000er Jore vergréissert huet, ass déi Plaz op där d’Häaerz vun der Gemeng Péiteng schléit.Geleeën op der John F. Kennedy Plaz, huet déi aktuell Péitenger Gemeng d‘Nothombsschlass ersat, wat tëscht 1908 a 1935 de Sëtz vun der Gemengenadministratioun war. Eis Gäscht - Jean-Marie Halsdorf a Guy BrechtDen aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Schäffe Guy Brecht, deen och Member an Bureau vum Gemengesyndikat PRO-SUD ass, wat jo d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dëse Mount mat eis geschwat.De Jean-Marie Halsdorf kann op eng laang an erfollegräich Karriär als Politiker zeréckkucken. Nieft senger Funktioun als Buergermeeschter vun der fënneftgréisster Gemeng vum Land war hien, ënnert anerem Innen- a Landesplanungsminister. Hien deelt mat eis seng Andréck vun der Gemeng Péiteng, hirer dynamescher Entwécklung an d’Bedeitung vun der Industriekultur, déi e Kär vun hirer Identitéit ass. De Guy Brecht, deen berufflech bei der Eisebunn aktiv war, ass 2023 Schäffe vun der Gemeng Péiteng ginn. Do virdrunner war de Rodanger 23 Joer laang Gemengeconseiller. Mat him hu mer notamment iwwert d’Roll vun de restauréierte Millen um Territoire vu senger Gemeng geschwat.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  11. 39

    Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech

    Kontaktéiert eisFir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete sinn d’Aktivitéitszon zu Féiz, déi eng vun de gréissten an eelsten Aktivitéitszone vu ganz Lëtzebuerg ass, an d‘Naturschutzgebitt Dumontshaff, wat Visiteure mat senge Waasserbüffel a Storche begeeschtere kann. Da schwätze mer awer och iwwert den Ausbau vun der erneierbarer Energie. Monnerch plang e grousse Solarpark un ale Crassier, deen natierlech och e Sujet am Podcast ass.Eis Gäscht: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-ThillDéi zwee Gäscht an dësem Episod vum Minett Mash-Up sinn de Jeannot Fürpass, de Buergermeeschter vu Monnerech, an d‘Anouk Boever-Thill, fréier PRO-SUD-Presidentin an aktuelle Member vum PRO-SUD-Büro. Mam Buergermeeschter potere mer iwwert déi grouss Projete vun der Gemeng a firwat him als Buergermeeschter d'Biergerbedeelegung esou wichteg ass. Mam Anouk Boever-Thill kucke mer op hir 8 Joer an der Gemengepolitik zeréck, gi gewuer firwat si sech elo aus der aktiver Politik zeréckzitt a kréien en Abléck an hir aktuell berufflech Challengen. Si ass virun e puer Joer als Quereinsteigerin an den Enseignement gewiesselt.Méi Infoen iwwert de "Minett  Mash-Up" an all d'Linken bei d'Sujeten iwwert déi mer geschwat hunn, fannt dir an eise Shownotes.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  12. 38

    Episod 38: Jean Weiler X Käl

    Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergermeeschter ënnerhale konnten.Eis „Minett-Location” vum Mount: De Park OuerbettRendez-vous fir dësen Episod vum Minett Mash-Up opzehuelen hate mer am Park Ouerbett. Dës gréng Long am Zentrum vu Käl ass am Joer 2010 opgaangen a war 2011 souguer Finalist fir de Lëtzebuerger Architekturpräis. Et ass eng Oas vun der Rou fir grouss a kleng, mat enger Spillplaz, Sportsinstallatiounen, déi vun der Bevëlkerung genotzt kënne ginn an engem Pavillon, an deem ganz geschwënn nees e Restaurant opmaachen dierft.Eisen Invité: Jean WeilerDe Jean Weiler ass zënter 2022 Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng. Éier hien seng politesch Funktioun iwwerholl huet, war de Jean Weiler als Enseignant engagéiert. Hien ass, wéi en eis verroden huet, e richtege Käldaller, dee schonn an all den Uertschafte vun dësem Dall gelieft huet.An eisem Gespréich ass riets gaangen iwwert d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vun enger Gemeng, déi an engem relativ enken Dall, tëscht zwee aussergewéinlechen Naturschutzgebidder läit. An deem Kontext hu mer mam Jean Weiler iwwert de „Plan de développement communal” geschwat an den zukünftege Quartier Käl-Nord. E weidere Sujet war déi lokal Industriegeschicht mat den Infrastrukturen, déi d’Gemeng esouwuel mam Musée Ferrum ewéi doriwwer eraus en place gesat huet.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  13. 37

    Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng

    Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft.Location vum Mount: Käerjenger MuseksschoulD'Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun.Am Moment ass d'Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d'Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll.Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves CruchtenDe Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass.Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  14. 36

    Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht

    Kontaktéiert eisAm 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'BrillschoulD'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d'Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht.D'Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d'Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht.Haut ass d'Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D'Gebai gouf iwwer d'Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D'Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d'Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d'Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen.Eise Gaascht: Christian WeisDe Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen.Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d'Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik.An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d'Baken an d'Pâtisserie. Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  15. 35

    Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng

    Kontaktéiert eisDës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'ItalieEise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter, déi Enn vum 19. Joerhonnert op Diddeleng komm sinn, fir an der Eisenindustrie ze schaffen.D'Plaz läit um Hiwwel vum Quartier Italien, iwwer der Stad Diddeleng, a bitt e wonnerschéinen Ausbléck op déi fréier Diddelenger Schmelz, de Floater, den CNA an eriwwer op de Ginzebierg, mam Sendemast vun RTL.Eise Gaascht: Dan BiancalanaDen Dan Biancalana, dee selwer italieenesch Wuerzelen huet, ass zënter iwwer 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng. Als Deputéierten an der Chamber a Co-Präsident vun der LSAP ass hien e wichtege politeschen Acteur am Land.An eisem Gespréich hu mer mat him iwwert déi rezent Erneierung vum Diddelenger Duerfkär, iwwert den zukünftege Quartier „Neischmelz“ an "Sustainable Urban Mobility Plan" geschwat. Weider Sujete war den nationale Konschtarchiv, deen zu Diddeleng geplangt ass, d’Natur- an Noerhuelungsgebidder ronderëm Diddeleng an déi sëlleg Bongerten, déi an der Stad un der franséischer Grenz am urbane Raum gëtt.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  16. 34

    Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng

    Kontaktéiert eisFir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass.Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod vum Minett Mash-Up schwätzen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Kabaischen zu LasauvageEe vun den éischte Projeten, déi nach wärend der Kandidatur vum Lëtzebuerger Süden, fir UNESCO-Biosphär ze ginn, lancéiert gouf, war de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher. Mat der Kreatioun vum Biosphärereservat ass en 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen entstanen an all Gemeng huet ee Gîte, genannt Kabaischen, amenagéiert, fir esou den nohaltegen Tourismus am Minett unzekuerbelen.Fir den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up si mer zu Lasauvage an de Gîte gaangen. Dëst ass en aalt Haus an deem fréier Mineure gewunnt hunn a wat zu enger Lodge mat 7 Schlofplazen ëmgebaut ginn ass. Besonnesch spektakulär sinn déi zwou Fresken, déi am Kader vun der Transformatioun vun deem alen Haus realiséiert goufen. Eng Fresk weist d’Legend vun der „wëller Fra“, no där d’Duerf Lasauvage benannt ginn ass, an déi aner d’Liewen am Duerf, wat iwwer 100 Joer laang ee vun den Zentre vum Lëtzebuerger Biergbau war.Eis Gäscht: Guy Altmeisch & Erny MullerFir déi zweet Visit bei de Politiker aus den 11 Gemenge vun der Minett Biosphär hate mer mat Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch a mam PRO-SUD Vizepresident Erny Muller op en Neits zwee Gäscht. De Guy Altmeisch ass zënter dem Hierscht 2023 Buergermeeschter vun Déifferdeng. Mam fréiere Polizistin hu mer iwwert säi Wee an d’Politik an d’Gemeinsamkeeten tëscht der Aarbecht als Gemengepapp an als Polizist geschwat. E weidere Sujet am Gespréich mam Déifferdenger Buergermeeschter war säi jorelaangen Engagement an der Nowuessaarbecht vum gréisste Fussballsveräin aus senger Gemeng.Mam Erny Muller hu mer iwwert seng iwwer 25 Joer als Lokalpolitiker geschwat. Aner Sujete waren d‘“Net Zero Cities“, seng Aarbecht als Elektroingenieur an der Déifferdenger Schmelz an d’Konzept vum Quartierspark, wat him besonnesch um Häerz läit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  17. 33

    Episod 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg

    Kontaktéiert eis2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentlechen Transport sinn.Den Optakt vun eiser Rees queesch duerch d’Minett UNESCO Biosphere ass zu Beetebuerg.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D‘CollartsschlassFir d’Opnam vum 1. Podcast vun der neier Saison hate mer Rendez-vous am fréiere Bureau vum Eugène Collart, engem Entrepreneur an Industriellen, deem senger Famill d’Schlass, wat 1733 gebaut gouf, zënter 1807 gehéiert hat.1971 ass d’Schlass vun der Famill Collart un d’Gemeng Beetebuerg verkaf ginn, déi, no gréisseren Ëmbauaarbechten, zënter den 1990er hei hir Administratioun ënnerbruecht huet.Eis Gäscht: Laurent Zeimet a Jean Marie JansFir den éischten Episod vum Minett Mash-Up an dësem Joer hate mer direkt zwee Gäscht. De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet an de Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans.Mam Laurent Zeimet hu mer iwwert säi Wee an d’Politik, seng berufflech Erfarungen am Journalismus an den Challenge geschwat, wéi een als Député-Maire Politik a Famill ënnert een Hutt ka kréien.De Jean Marie Jans huet mat eis iwwert d’Mobilitéitskonzept vu Beetebuerg geschwat, hien huet eis verrode firwat hien als „richtege“ Beetebuerger zu Klierf op d’Welt komm ass an datt hien all Fréijoer mat Spannung op ee ganz speziellen Awunner vu senger Gemeng waart.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  18. 32

    Episod 32: Do Demuth X Ferro Forum

    Kontaktéiert eisEisen, Stol an NaturFir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Ferro ForumAm Zentralatelier vun der fréierer Schmelz, déi den 10. Oktober 1871 mat der Produktioun vun Eisen an engem éischten Héichuewen um Site ugefaangen hat, ass haut de Ferro Forum doheem. Nodeems am November 2011 d’Produktioun um Site agestallt gouf an en 2016 endgülteg stëllgeluecht gouf, huet de Ferro Forum, deen 2019 gegrënnt ginn ass, hei säin Doheem fonnt.D'Zil vum Ferro Forum ass et de kulturellen, industriellen an handwierkleche Patrimoine, souwéi de Know-how ronderëm d'Produktioun vu Stol an Eisen, z‘erhalen a virun ze ginn. D’Associatioun huet de But fir laangfristeg fir e Schlësselspiller an deem Beräich ze ginn an och eng dreiwend Kraaft am kulturelle Liewen vum Quartier Metzeschmelz no deem senger Transformatioun. Eis Invité: Do DemuthD’Do Demuth ass e richtege Minettsdapp. Si ass zënter der Grënnung vum Ferro Forum aktive Member am Veräin a bekëmmert sech aktuell ëm déi kulturell a strategesch Koordinatioun. Am Gespréich mat der Schëfflengerin geet et ëm de Ferro Forum als Associatioun, hiren Engagement an hir Zukunft um Site vun der Metzeschmelz. Et geet ëm den Engagement vu Benevolen a Leit, déi sech ewell professionell ëm de Projet këmmere kënnen.Mir hu mat der Innenarchitektin awer och iwwert hiren Job geschwat, iwwert hir Bünekreatiounen am Theater an iwwert de Minett, deen dem Do wierklech um Häerz läit.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  19. 31

    Episod 31: Trixi Weis X Kinosch

    Kontaktéiert eisEng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méiDëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert gëtt: de Bärbelendag.Déi helleg Bärbel ass d'Patréinesch vun de Mineuren, an anere Beruffsstänn, an hiren Dag gëtt all Joer de 4. Dezember gefeiert. An de leschte Joren erliewen d'Bärbelfeieren esouguer eng Zort Renaissance. Virun deem Hannergrond hunn sech och den CNCI an d'Kulturfabrik decidéiert mat engem spezielle Programm de Bärbelendag  an der Kufa ze feieren.Dësen Owend steet am Mëttelpunkt vun eisem Gespréich mam Trixi Weis, wat extra fir de Bärbelendag am alen Escher Schluechthaus eng Bäsrbelstatu kreéiert huet, déi am Kader vun enger Pressessioun de 4. Dezember duerch d'Kulturfabrik wäert gedroe ginn.Eise Gaascht: Trixi WeisD'Trixi Weis, Joergang 1967, ass zënter laange Joren zu Esch doheem. No hirem Studium an der Belsch huet d'Trixi iwwer 10 Joer laang an der Tschechescher Republik gelieft a geschafft, éier d'Kënschtlerin Uganks vun den 2000er Joren nees op Lëtzebuerg komm ass.Hei huet d'Trixi Weis sech séier en Numm gemaach mat hire Konschtinstallatiounen an och mat hire Bünebiller. Bis ewell huet d'Trixi iwwer 40 verschidde Bünebiller fir all d'Theateren a vill aner Kulturhaiser am Land geschaf. Och wann d'Konscht vum Trixi dacks ephemère ass, esou gëtt et Installatioune vun der Kënschtlerin déi permanent sinn an déi all Mënsch hei am Land kennt. Ee Konschtwierk ass d'City-Clock um Kierchbierg, iwwert déi mer natierlech och mat der Kënschtlerin geschwat hunn.Aner Sujete vun dësem Episode vun eisem Wanderpodcast sinn dem Trixi seng Joren zu Prag an natierlech dem Trixi seng Performance fir de Bärbelendag an der Kulturfabrik um Mëttwoch, de 4. Dezember.Eis “Minett-Location” vum Mount: KinoschD'Kulturfabrik ass e Centre Culturel, deen am ganze 4500m2 grouss ass an an deem et nieft zwee Säll fir Concerten a Veranstaltungen, e Bistro an e Restaurant gëtt. Et gëtt och Proufraim an esouguer e klenge Kino: de Kinosch.Vun 1983 bis 2016 gëtt am Kinosch eng reegelméisseg Programmatioun gewisen an et ass nieft dem Ariston ee vun zwee Kinoen um Gebitt vun der Stad Esch. Zënter 2016 gëtt de Kino just nach sporadesch fir d'Projektioun vu Filmer, mä och fir aner Evenementer genotzt.Wou d'Kulturfabrik nach e Schluechthaus war, war de Kinosch iwwregens déi Plaz wou d'Heizungsanlag vum Schluechthaus ënnerbruecht war.Méi Links zu all den aner Sujeten fannt Dir hei.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  20. 30

    Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng

    Kontaktéiert eisParticipativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng StadOp eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWaVeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum Joerhonnert stëll geluecht gouf. De VeWa ass Deel vum Site NeiSchmelz a wäert, am Kader vun der Transformatioun vun deem fréiere Stolwierk zu engem nohaltegen an neie Quartier vun der Stad Diddeleng, erhale bleiwen.De VeWa ass haut awer och eng Asbl an där eng Rei Diddelenger Associatioune vum DKollektiv iwwert de Fotoclub bis d’Inter-Actions regroupéiert sinn. Si alleguerten deelen sech dat aalt Industriegebai, an deem haut eng Rei Atelieren, Säll a kreativ Ecker hiert Doheem fonnt hunn.Erhalen a renovéiert gouf de VeWa am Kader vu partizipativen Atelieren, wou Biergerinnen a Bierger opgeruff waren de lokalen Associatiounen ze hëllefenEise Gaascht: De Serge EckerDe Kënschtler Serge Ecker, deen zu Käl opgewuess ass, ass Member vum DKollektiv, deen um Site NeiSchmelz zu Diddeleng aktiv ass. Hien ass e richtege Minettsdapp an de Minett ass och eng Inspiratioun fir seng kënschtlerech Aarbecht. Säin Interessi un der Exploratioun vu verloossenen an industrielle Raimlechkeeten huet him de Wee zu enger Carrière als Kënschtler opgemaach, obwuel hien, deen aus enger Famill vu Mineure kënnt, net onbedéngt fir esou e Wee predestinéiert war.De Serge Ecker ass bekannt fir seng Skulpturen aus recycléiertem Material a säin Engagement fir ökologesch verantwortlech Konscht. An dës Approche passt och säin Engagement beim DKollektiv, dee sech fir de Partage vu Wëssen an d’Valorisatioun vum industrielle Patrimoine asetzt.Duerch verschidden Initiative probéiert de Serge urban Raim nei ze iwwerdenken a mat ökologeschen a sozialen Themen ëmzegoen. Den DKollektiv probéiert, och duerch de Serge Ecker a déi aner Kënschtler, déi Member sinn, d'Plaz vun der Konscht an der zäitgenëssescher Stad z‘iwwerdenken an esou e kulturellen Dialog ronderëm d'Reaffektatioun vun industrielle Frichen ze féieren.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  21. 29

    Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

    Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen.Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren.Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn DoihlD’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen.Eisen Invité vum Mount: Joël MiltgenFir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien huet eis fir d’Gespréich mat seng „Minn“ geholl, wou mer méi iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass, an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen.Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison 2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn deelweis kann zéien.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  22. 28

    Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum

    Kontaktéiert eisUm Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel am Minett ganz beléift, fir vun A op B ze kommen, an de leschte Joerzéngten huet de Vëlo allerdéngs am deegleche Gebrauch un Attraktivitéit verluer.Firwat ass de Vëlo manner attraktiv gouf? Wat ee maache kann, fir him nees méi Plaz am deegleche Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg ze ginn? Dat si Froen, déi mir eisem Gaascht vun dësem Mount, dem Raoul Petit gestallt hunn.Eise Gaascht: Raoul PetitDe Raoul Petit, deem aus dem Käldall kënnt an elo zu Diddeleng doheem ass, ass President vun der Associatioun Vëlo Diddeleng. Hei setzt hie sech zënter fënnef Joer schonn duerfir an, datt d’Vëlosinfrastruktur an der Gemeng verbessert gëtt. De Familljepapp schwätzt awer net just iwwert de Vëlo als Transportmëttel, mä notzt en dagdeeglech. Nodeems d’Famill Petit ee vun hiren zwee Autoe géint e Cargobike getosch huet, fiert den Enseignant net just all Dag d’Kanner selwer mam Vëlo an d’Schoul, mä duerno och nach op d’Schaff op Beetebuerg.Seng Erfarungen, fir mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, si Sujet am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up. Vëlo Diddeleng an hir Efforte fir d’Vëlosinfrastruktur zu Diddeleng ze verbessere sinn e weidere Sujet dëse Mount an da schwätze mir natierlech och iwwert d’Ausstellung „Vélocité – La vallée des champion.nne.s“, déi nach bis Enn September am Musée Ferrum zu Téiteng ze gesinn ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  23. 27

    Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines

    Kontaktéiert eisOp engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Campobasso.Eise Gaascht: Raffaella CampobassoD‘Raffaella steet eis dës Kéier Ried an Äntwert. No hirem Studium vun der Konschtgeschicht ass si vun Italien op Lëtzebuerg komm an huet hir Aufgab am Domaine vun der Industriekultur an der industrieller Geschicht fonnt. Zënter 2019 steet si un der Spëtzt vum Minnemusée, deen 1973 seng Dieren opgemaach huet. Mam Raffaella Campobasso schwätze mer iwwert de Minnemusée, déi deeglech Gestioun, d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an den Alldag vun de Mineuren, déi an der Minière Walert geschafft hunn. E weidere Sujet ass déi touristesch Bedeitung vum Musée, deen zu engem vun de wichtegsten Attraktioune vum Süde gehéiert.Eis Minett-Location vum Mount: Musée National des Mines de FerAn der fréierer Minière „Walert“ zu Rëmeleng fënnt een haut de Musée des Mines. Nodeems dës Minière 1963 zougemaach gouf, huet et 10 Joer gedauert, éier aus der Minn e Musée gouf.Am Musée gëtt d’Entwécklung vum Biergbau zu Lëtzebuerg vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an déi zweet Hallschent vun dem 20. Joerhonnert gewisen. Artefakten, Maschinnen an Archivdokumenter ginn dem Visiteur, op enger ronn 2 Stonne laanger Visite guidée en Abléck an d’Aarbecht vun de Mineuren.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  24. 26

    Episod 26: Carole Lorang X Ariston

    Kontaktéiert eisNo eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu EschAn de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet.Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  25. 25

    Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange

    Kontaktéiert eisNo Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet, déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt.Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn.Eise Gaascht: Jean LarchéDe Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg zeréckgekuckt huet.No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange féieren.Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“ ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn. D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet ginn.All d'Linke zu de Sujeten aus dësem Episod fannt Dir hei.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  26. 24

    Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

    Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° - Creative Hub De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen. Eise Gaascht: Philippe ErnzerDe Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht.Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen.Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.Méi Infos hei!De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  27. 23

    Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

    Kontaktéiert eisVu Sammler, Schmuggler a StongenThematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng Diren opgemaach huet.Eis Minett-Location vum Mount : Musée Minier et Métallurgique de Musson/HalazanyDëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren. Eise Gaascht: Rudolf NobenDe Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen.An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet.Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  28. 22

    Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    Kontaktéiert eisSprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige EpisodeDëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn. Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg PützDe Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  29. 21

    Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

    Kontaktéiert eisLieweg Industriegeschicht matten an der NaturD’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt.Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen. Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park Fond-de-GrasFir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou.Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen.Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.Eise Gaascht: Robyn WehlesZënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  30. 20

    Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

    Kontaktéiert eisFir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCINodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  31. 19

    Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

    Kontaktéiert eisLegenden, Theater, Pedagogik a MermaidsDës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d'Mirka Costanzi kennen. D'Mirka war de kreative Kapp hannert dem Esch2022-Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem", deen a 6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand huet.Eise Gaascht: Mirka CostanziD'Mirka Costanzi ass studéiert Theaterpedagogin a schafft am Centre culturel "Rotondes". Si ass och am Kënschtlerkollektiv "Maskénada" engagéiert, mat deem si regelméisseg kulturell Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem" bedeelegt, an deem d'Mirka ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit a digitaalt Liewe geschenkt huet.Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir hunn awer och mam Mirka iwwer seng italienesch Wuerzele geschwat. Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi Zolwer, d'Uertschaft an där d'Mirka doheem ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  32. 18

    Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng)

    Kontaktéiert eisDëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi vun eis gaange sinn, um Liewen hale kéint.Eise Gaascht, de Carlo Hamling, ass déif mat senger Heemechtsgemeng verwuerzelt. Hien interesséiert sech zënter senger Jugend fir d'Geschicht vu sengem Dall a kennt dës wéi kaum een Aneren. Seng Leidenschaft ass ustiechend an hien deelt säi Wëssen och gäre mat aneren, ënnert anerem bei Ateliere fir Schoulkanner aus der ganzer Regioun.De Carlo ass och begeeschterte Sammler vun historeschen Objeten, déi hien deels och dem neie Musée Ferrum zu Téiteng, enger Annex vun der Schungfabrik, zur Verfügung gestallt huet, fir datt se engem breede Public zougänglech sinn.Kommt mat op eng Rees duerch iwwer 5500 Joer Gesicht vun enger vun de méi klenge Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  33. 17

    Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)

    Kontaktéiert eisOp eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.Diddeleng kritt e komplett neie Quartier an d'Sanéierungsaarbechten um Site wäerten elo am Oktober no an no ulafen. Bis 2028 sollen éischt Wunnengen am neie Quartier fäerdeg sinn an de südleche Wupp vun Diddeleng en neit Gesiicht kritt hunn. Eise Gaascht: Michel Gira Eisen Invité dëse Mount ass zoustänneg fir d'Koordinatioun vun de grousse Projeten, déi de Fonds du Logement an den nächste Jore realiséiert. Dat ass engersäits de Projet „Nei Schmelz“ an anerersäits de Projet "Wunne mat der Wolz" am Norde vu Lëtzebuerg.De Michel Gira verréit eis am Gespréich méi iwwert seng deeglech Aarbecht, stellt eis den ambitiéisen Developpementsprojet zu Diddeleng vir a gëtt eis e klengen Abléck an déi ökologesch Aspekter, déi beim Baue vun dësem neie Quartier berücksichtegt ginn. Donieft hu mer mam Michel Gira awer och iwwert seng Passioun Handball geschwat an eng al Diddelenger Legend ass och thematiséiert ginn. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  34. 16

    Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras)

    Kontaktéiert eisNo eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee sech fir den Erhalt vun dësen historesche Maschinnen asetzt sinn eise Sujet vum Mount August.Eise Gaascht: Charel KugelerEisen Invité vun dësem Mount ass nach Schüler am Lycée Nic Biever zu Diddeleng an zënter e puer Joer passionéierte Member vun der Train1900-Ekipp. Eise Gespréichspartner koum duerch e Bekannten, deen hien eng Kéier mat an de Fond-de-Gras geholl hat, bei d’Dampmaschinnen, déi hei restauréiert a gefuer ginn.Obwuel de Charel bis dohinner wéineg Kontakt mat Hydraulik, Dampkesselen oder Kuelen hat, sinn déi al Maschinne séier zu senger Leidenschaft ginn. Haut ass de Charel mat Häerz a Séil fir als Benevole beim Train1900 engagéiert a verbréngt, net seelen, de gréissten Deel vu senge Weekender am enken Dall tëscht Rodange an Nidderkuer. Wéi seng Klassekomeroden säin Engagement gesinn, wéi eng Verantwortung een als Maschinist oder Zuchbegleeder beim Train1900 huet a wat nach bis zum Enn vun der Saison am Fond-de-Gras gebuede gëtt, dat si Sujeten an eisem Gespréich vun dësem Episode vum Minett Mash-Up.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  35. 15

    Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

    Kontaktéiert eisDësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.Eise Gaascht: Mahmoud HashoushAls Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als Participant dobäi. Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem services“ gehalen.D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn.De Minett Biosphere Youth Forum gouf ënnerstëtzt vun der André Losch Fondation, Erasmus+, der UNESCO Kommissioun Lëtzebuerg, der ANF an dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du Territoire.Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  36. 14

    Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng

    Kontaktéiert eis Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen. Eise Gaascht: Michel DadarioDe Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher Karriär Carrière ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz verzielt. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  37. 13

    Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

    Kontaktéiert eisNodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de Kabaisercher um Minett Trail a war, eventuell dee falsche Choix fir en Episod mam Sujet „Tiny Houses“ opzehuelen, well eleng an den Openthaltsraum vun dëser Kabaische géif e ganzt Tiny House passen.Zënter enger Rei Jore gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Associatioun (Tiny House Community Luxembourg), déi sech duerfir asetzt, der Wunnform vum Tiny House eng legal Basis ze ginn. Eng Fuerderung där se virun e puer Wochen däitlech méi no komm sinn, wéi den Inneministère e „Guide de mise en oeuvre“ fir Tiny Houses publizéiert huet, deen de Gemenge Richtlinne gëtt, wa se dës Form vu Wunnen op hirem Territoire wëllen erlaben.  De Guide fir d‘Gemengen, d’Iddi hannert dem Liewen an engem Tiny House an d’Schwieregkeeten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt an d’Konzept vun engem Tiny Houses Village sinn eis Sujeten am Gespréich mam Nickie Lippert, der Presidentin vun der Tiny House Community Luxembourg, déi hiert butzegt Doheem am Gaart vun hiren Eltere stoen huet, an dem Laura Hurst, enger Amerikanerin zu Lëtzebuerg, déi sech zum Zil gesat huet nach virun Enn vum Joer an engem Tiny House ze wunnen. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  38. 12

    Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage

    Kontaktéiert eisDéi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn. Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner aus der Minett UNESCO Biosphere. Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  39. 11

    Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux

    Kontaktéiert eis"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.  De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch "Das Gangrän", aktuell Tendenzen an der Literatur, ëm Zillen, déi féier zu Beetebuerg produzéiert goufen an och ëm Kannerbicher, Natur a Legenden. De Maxime Weber ass als Useldenger sécher kee Minettsdapp an awer huet hien sech als Auteur an der Gemeng un der Uelzecht lancéiert. Nodeems hien et 2015, bei der alleréischter Editioun vum Prix Laurence, dem Literaturpräis fir Nowuesschrëftsteller zu Beetebuerg, an d’Final gepackt hat, konnt hien de Prix Laurence dat Joer duerno gewannen. Doropshin huet de Maxime säin Debut-Roman „Das Gangrän“ geschriwwen, deen 2021 erauskomm ass. Iwwert de Roman geet natierlech riets. Mam Maxime, deen zu München a Berlin studéiert huet, hu mer iwwert seng Walheemecht Berlin geschwat, iwwer aktuell Tendenzen an der Literatur a virun allem bei Reeditioune vun eelere Bicher an och iwwert d'Kabaische vum Beetebuerger Park, déi enk mam "Renert" verbonnen ass. Schlussendlech waren och "speculative fiction" a "science fiction" e Sujet an eisem Gespréich an do kënnt Dir ënnert anerem gewuer ginn, datt e Lëtzebuerger als "Papp" vun der "science fiction" kann ugesi ginn.   De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  40. 10

    Episod 10: Julia Ruhmann X Wikkelhouse (Biergem)

    Kontaktéiert eisAn der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat speziellt Konzept hannert dëse Konstruktioune ass ee vun de Sujeten an dëser Episod. Konscht an d’Engagement fir eise Planéit sinn awer de Fokus vun dësem Podcast fir dee mir d’Julia Ruhmann invitéiert hunn. D’Julia ass vun Diddeleng an ewell zu Esch doheem, also richteg verbonne mam Minett. Nieft hirer Konscht schafft d'Julia awer fir "Youth4Planet" Lëtzebuerg wou si Jonker bäibréngt hire Smartphone als Kommunikatiounsmëttel anzesetzen, fir esou op hir Probleemer opmierksam ze maachen.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  41. 9

    Episod 9: Teena Lange X Gonnerhaus (Rumelange)

    Kontaktéiert eisDëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun.Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d'Directrice artistique vum Projet Spektrum Teena Lange als Gaascht.D'Teena ass eréischt zanter dem leschte Joer zu Lëtzebuerg. Déi däitsch Performancekënschtlerin, déi Theater a Performance zu Leipzig, Paräis a Berlin studéiert huet, huet zu Berlin gewunnt an huet nach laang net all d’Brécken an hir al Heemecht ofgerappt. Fir ronn 10 Joer war si am Projet "Grüntaler 9" engagéiert, dat ass eng Plaz zu Berlin fir d'Performance Konscht ze promoten.Nieft hirer Aarbecht als Curatrice zu Berlin huet d'Teena och als Kënschtlerin oder Curatrice zu Istanbul, New York, London, Jerusalem a Bréissel geschafft, fir just e puer Beispiller ze nennen. Zënter dem leschte Fréijoer dirigéiert hatt, zesumme mam Sebastian Häger, de Projet Spektrum zu Rëmeleng.Spektrum, ass e Projet am Haus vum berüümte Rëmelenger Sculpteur Albert Hames. Et ass en Treffpunkt, deen als Esch2022 Projet entstanen ass, deen sech op immersiv, experimentell a prozessbaséiert kulturell a artistesch Praktike konzentréiert, souwéi kreativen Tourismus. Seng immersiv, strukturell a programmatesch Approche verbënnt interdisziplinär Perspektiven op d'Zukunft, d‘Géigewaart an d‘Vergaangenheet, souwéi Leit, Konscht an de kulturelle Patrimoine.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: www.minett-biosphere.com/projects/mmu/De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  42. 8

    Episod 8: Sergio Carvalho & Pol Zimmermann X Heure Bleue Ellergronn

    Kontaktéiert eisFir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.De Sergio Carvalho war dann och ee vun eisen zwee Gäscht an dësem Episod. De Preposé vum Naturschutzzentrum Ellergronn, Pol Zimmermann, deen d’Minett Mash-Up Equipe an d’Gäscht, déi beim Enregistrement vun dësem Podcast dobäi waren, duerno och nach mat op en Trëppeltour vum Ellergronn op Rëmeleng geholl hat, war den zweete Gaascht.D’Sujeten, iwwert déi geschwat goufen, ware villfälteg. Et goung riets iwwert d’Beruffer vum Architekt a vum Fierschter, et ass iwwert d‘“Heure Bleue“ als Projet an als spezielle Moment tëscht Dag an Nuecht geschwat ginn an och d’Spezifizitéite vum Site Ellergronn waren e Sujet am Gespréich, wat um Sonndeg, 17. Juli, am fréie Moien op der Bün vun der „Heure Bleue“ opgeholl ginn ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  43. 7

    Episod 7: Lynn Theisen X Bremshaischen Téiteng

    Kontaktéiert eisMatten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fir Esch2022 si just zwee vun de Sujeten iwwert déi mir geschwat hunn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  44. 6

    Episod 6: Sören Salvatore X Schëfflenger Brill

    Kontaktéiert eisHannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis Stiwwelen schlamméieren a vill um Wee laachen! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  45. 5

    Episod 5: Sven Fielitz X Ellergronn

    Kontaktéiert eis Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selwer aus! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  46. 4

    Episod 4: Lynn Jung X Belval

    Kontaktéiert eisLéiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är am Podcast gewuer!De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  47. 3

    Episod 3: Daniel Migliosi X Diddelenger CNA Pomhouse

    Kontaktéiert eisEis Rees hëllt eis dës Mount op Diddeleng an den flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir treffen den Jazz Trompettspiller, Daniel Migliosi, a diskutéieren seng wuerzelen an Verbindungen mam Minett – Schlësselwuert Italien, Russland a vill Caféen! Kleng juwelen iwwer d’Jazz Zeen, Diddeleng an den Haard kritt är och gewuer! Fir méi detailléiert Show Notes, kuk op minett-biosphere.com :DDe Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  48. 2

    Episod 2: Lisa Junius X Escher Gaalgebierg

    Kontaktéiert eisAn dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!  INSTA: @lisajuniusWEB: lisajunius.comEscher Gaalgebierg: esch.lu + Video iwwer de GaalgebiergSchreif eis gären un!  INSTA: @minettbiosphere Email: [email protected] Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

  49. 1

    Episod 1: Minett Mash-Up - De Podcast!

    Kontaktéiert eisHäerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart. Eis Minett Location vum Mount Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E)  Extra Infoen iwwer de Giele Botter:  https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/Sentiers_Prenzebierg_-_Giele_Botter.htmlhttps://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/sentiers-nature/sud/prenzebierg_-_giele_botter_petange_niedercorn.html wwww.visitminett.lu/en/what-to-do/hiking-walking/fiche/walking/discovery-trail-prenzebierg-giele-botter  www.minettpark.lu/eng/activites/16_the-giele-botter  D’ Mine Schlammefeld Wéi d’ Mine fréier ausgesinn huet: https://rail.lu/mineschlammefeld.html   Iwwert eis: Minett UNESCO Biosphere  D'Minett UNESCO Biosphärreservat besteet aus der ganzer Regioun vum Minett souwéi alles wat et enthält. Sief datt déi natierlech Lanscapes, d'Leit, déi natierlech Flora a Fauna oder den industrielle Patrimoine. Zesumme mat hire ville Partner am Süden ass et de Syndikat PRO-SUD dee den verantwortlech ass fir d'Biosphär ze managen. Duerch d'Organisatioun vun Projeten mat regional Bierger Bedeelegung, Sensibilisatiounsaarbecht a Fuerschung, wäert d’nohalteg Entwécklung an d’Harmonie tëschent Mensch a Natur am Minett gefërdert. Websäit: minett-biosphere.comMusée vun der Arbecht – MUAR  De MUAR – Musée vun der Aarbecht ass eng Initiativ vun der Gemeng Käl am Kader vun „Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad“. De MUAR ass deen éischte Musée zum Thema Aarbecht zu Lëtzebuerg, deen als Musée ouni Maueren dem Visiteur d’Méiglechkeet gëtt d’Welt vun der Aarbecht, iwwer verschidde Manifestatiounen, wéi Seminären, Konferenzen, Concerten an informativ Workshoppen, aus verschiddene Bléckwénkelen ze entdecken. Mat dësem Projet soll den industriellen a kulturelle Patrimoine aus der Minettregioun komplétéiert ginn.Websäit: www.muar.luInstagram: @schungfabrikFacebook: @SchungfabrikTetangeIndustriekultur-CNCI asbl  Industriekultur-CNCI asbl (Centre national de la culture industrielle) sëtzt sech an fir d’Industriekultur an den Industriepatrimoine zu Lëtzebuerg. E vun hiren Haaptziler ass et e kooperative Reseau opzebaue mat de Muséeën a Associatiounen déi am Beräich vun der Industriekultur aktiv sinn. Fir dass dëse Patrimoine fir weider Generatiounen erhale bleift schafft den IK-CNCI ënnert anerem Konzepter aus fir al Industriegebaier a -sitte op kreativ Aart a Weis nei ze notzen. Iwwert interessant Projeten a praktesch Aktivitéiten bréngt d’asbl de Leit d’Industriekultur méi no.   Websäit: www.cnci.lu Instagram: @industriekultur_cnci Facebook: @IndustriekulturCNCI De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/Followed eis op Instagram

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

HOSTED BY

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Minett Mash-Up: De Podcast have?

Minett Mash-Up: De Podcast currently has 49 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Minett Mash-Up: De Podcast about?

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun...

How often does Minett Mash-Up: De Podcast release new episodes?

Minett Mash-Up: De Podcast has 49 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Minett Mash-Up: De Podcast?

You can listen to Minett Mash-Up: De Podcast on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Minett Mash-Up: De Podcast?

Minett Mash-Up: De Podcast is created and hosted by Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR.
URL copied to clipboard!