PodParley PodParley

Episod 32: Do Demuth X Ferro Forum

Episode 32 of the Minett Mash-Up: De Podcast podcast, hosted by Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR, titled "Episod 32: Do Demuth X Ferro Forum" was published on December 27, 2024 and runs 58 minutes.

December 27, 2024 ·58m · Minett Mash-Up: De Podcast

0:00 / 0:00

Kontaktéiert eis Eisen, Stol an Natur Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler S...

Kontaktéiert eis


Eisen, Stol an Natur


Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: Ferro Forum

Am Zentralatelier vun der fréierer Schmelz, déi den 10. Oktober 1871 mat der Produktioun vun Eisen an engem éischten Héichuewen um Site ugefaangen hat, ass haut de Ferro Forum doheem. Nodeems am November 2011 d’Produktioun um Site agestallt gouf an en 2016 endgülteg stëllgeluecht gouf, huet de Ferro Forum, deen 2019 gegrënnt ginn ass, hei säin Doheem fonnt.

D'Zil vum Ferro Forum ass et de kulturellen, industriellen an handwierkleche Patrimoine, souwéi de Know-how ronderëm d'Produktioun vu Stol an Eisen, z‘erhalen a virun ze ginn. D’Associatioun huet de But fir laangfristeg fir e Schlësselspiller an deem Beräich ze ginn an och eng dreiwend Kraaft am kulturelle Liewen vum Quartier Metzeschmelz no deem senger Transformatioun.

Eis Invité: Do Demuth

D’Do Demuth ass e richtege Minettsdapp. Si ass zënter der Grënnung vum Ferro Forum aktive Member am Veräin a bekëmmert sech aktuell ëm déi kulturell a strategesch Koordinatioun. 

Am Gespréich mat der Schëfflengerin geet et ëm de Ferro Forum als Associatioun, hiren Engagement an hir Zukunft um Site vun der Metzeschmelz. Et geet ëm den Engagement vu Benevolen a Leit, déi sech ewell professionell ëm de Projet këmmere kënnen.

Mir hu mat der Innenarchitektin awer och iwwert hiren Job geschwat, iwwert hir Bünekreatiounen am Theater an iwwert de Minett, deen dem Do wierklech um Häerz läit.

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

Followed eis op Instagram

Sofía Luna, Agente Especial Canal Once Incursiona en el universo de una agente científica muy especial: Sofía Luna. Ella es una estudiante universitaria de Física y su mejor amigo es Pato, su hermano de 8 años que la acompaña por todas partes para descubrir que la ciencia está presente en nuestra cotidianidad, en cada rincón. Cabe destacar que esta serie contó con la colaboración y asesoría de la doctora Julieta Fierro, una de las máximas autoridades mundiales en la materia.El elenco de la serie está conformado por Inés de Tavira (Sofía Luna), Carlos Aragón (Otto Van Carpio y profesor Nemecio), Eduardo Minett (Pato Luna), Julieta Fierro (agente especial Julieta), Enrique Chi (Bulmaro), Armando Tapia (agente "Y"), Adriana Morales (Federica Piña) y Luis Ángel Jiménez (Mateo), quienes trabajaron bajo la dirección de Alfonso Cárcamo. Gloria Minott Presents... Gloria Minott Join journalist Gloria Minott as she talks with the newsmakers of today and tomorrow. Ord Minnett Podcast Ord Minnett Ord Minnett is a leading Australian private wealth management group that provides advice and tailored investment solutions. Ords has more than $59 Billion in Funds Under Advice, managed by a team of experienced investment professionals focused on providing our clients with insights and guidance to build their assets. In December 2020, Ord Minnett acquired financial advisory firm EL&C Baillieu.The Ord Minnett Podcast is where we discuss key issues, developments and opportunities in the Australian stock market. It features the latest insights from the Ord Minnett research team, conversations with CEOs of ASX-listed companies and interviews with Australia’s leading fund managers. #3 programa social music station Social Music Station Programa dedicado a los orígenes y la historia del reggae en Jamaica, en concreto a la compañía fundada por Clement Coxsone Dodd, Studio One. Tracklist: 1 - Count Machuki & The Sound Dimension - More Scorcha. 2 - Prince Francis - Street Doctor. 3 - The Heptones - Fattie Fattie. 4 - Joe Higgs - Song My Enemies Sing (I'm The). 5 - Johnny Osbourne - Murderer. 6 - Alton ellis - Breaking Up Is Hard To Do. 7 - Barry Brown - Far East. 8 - Sugar Minott - Roof Over My Head. 9 - John Holt - Do You Want Me. 10 - Leroy Sibbles - Express Yourself. 11 - Alton Ellis - Mad Mad. 12 - Nina Soul - Barb Wire. 13 - Jenniffer Lara - Sukiyaki. 14 - George Allen - Be Wise Brethren. 15 - Hortense Ellis - People Make The World Go Round. 16 - Johnny Osbourne - Can't buy Love. 17 - Marcia Griffiths - Melody Life- 18 - Alton Ellis - I'll Be Waiting. 19 - Otis Gayle - I'll Be Around. 20 - Johnny Osbourne - Truths & Rights.
URL copied to clipboard!