Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)

EPISODE · Nov 28, 2024 · 4 MIN

Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Fester am Dezember A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent. B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer schonn en Adventskranz. A: Wiem sees de et! Ech hu keen Adventskranz, mee ech hunn awer iwwerall vill Käerzen a Luuchten. Mäi Chrëschtbeemche steet scho säit dem 15. November. B : Mir ass dat ze fréi. Mee an de Supermarchéë gëtt et schonn zënter Enn September / Ufank Oktober Schockelaskleesercher a Chrëschtdekoratioun. A: Dat ass definitiv vill ze fréi. Mee sou vun November u kommen ech schonn a Chrëschtdagsstëmmung an et gesäit immens gemittlech bei mir aus. Ech fänken och scho fréi un, Kaddoen ze kafen. B: Ech gleewen! Am Dezember ass esou vill lass! Den éischten Advent fält dëst Joer op den 1. Dezember, de 6. Dezember ass Kleeserchersdag, de 24. ass Hellegowend an de 25. Dezember ass Chrëschtdag. A: Vergiess Silvester, den 31. Dezember, net! An op Kleeserchersdag hu mir jo net fräi… B: Jo, och nach Silvester! An dat si lo nëmmen d’Fester an d’Feierdeeg zu Lëtzebuerg! Ech huele mer de 6. Dezember awer fräi, well meng Kanner dann doheem sinn. Ech huele mer dëst Joer och zwou Wochen ëm Chrëschtdag Congé, vum 20. Dezember bis de 5. Januar. D’lescht Joer hat ech ze vill Stress. Da kann ech mech gutt erhuelen. Wéi méchs du et? A: Ech fléie kuerz viru Chrëschtdag bei meng Famill a bleiwen awer bis no Dräikinneksdag do. Bei eis ass de 6. Januar och nach e wichtege Feierdag. B: A jo! Schéin! Zu Lëtzebuerg ass de 6. Januar zwar net fräi, mee mir kafen awer en Dräikinnekskuch. A: Jo, wann ech heemkommen, da gëtt et déi nach. Ech kafe mer och all Joer een. Op eng Chrëschtfeier goen A: Moien! Frees de dech schonn op d’Chrëschtfeier d’nächst Woch?  B: Jo, total! Mee ech hunn e Problem … Ech weess nach net, wat ech undoe soll. Den Dresscode ass jo ,,schick mat engem speziellen Accessoire’’. Wat soll dat heeschen?  A: Jo, et ass dëst Joer net esou einfach! Mee du kanns jo zum Beispill einfach en elegante Rack oder eng Jupe mat enger Blus undoen. An als speziellen Accessoire en Hutt, eng opfälleg Ketten oder eng faarweg Krawatt.  B: Eng Krawatt wier cool! Ech kéint och e schwaarzen Tailleur mat enger wäisser Blus undoen, an dobäi eng rout Krawatt. Dat passt jo gutt bei Chrëschtdag, oder?  A: Absolut! Et ass festlech, mee net ze opfälleg.  B: Merci fir deng Hëllef! Mee ech hunn nach eng Fro. Mir wiichtele jo, an ech hunn d’Sarah gezunn. De Problem ass, ech kennen hatt guer net gutt … Hues du eng Iddi, wat ech him kafe kéint?  A: O, d’Sarah? Dat ass einfach! Hatt drénkt gär Téi an huet vill Planzen doheem. Villäicht kéints du him eng kleng Planz, wéi e Kaktus schenken?  B: Dat ass eng gutt Iddi! Dat, oder e schéinen Téiset géifen him bestëmmt gefalen. Merci!  A: Gär geschitt. Ech si scho gespaant, wéi d’Feier gëtt. Ech hoffen, d’Musek ass dëst Joer besser wéi d’lescht Joer.  B: Ech hoffen och. Bis dann! 

NOW PLAYING

Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)

0:00 4:27

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!