Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)

EPISODE · May 13, 2025 · 3 MIN

Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptIwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1) B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit? M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: Ech spille gär Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gär. M: Schued! An du, Liz, wat ass däin Hobby? L: Mäin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gär! M: Cool! Wat ass däi Liblingsbuch? L: Hmm… Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan. M: A, du lies gär Fantasy-Bicher ! L: Jo, dat ass richteg.  B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gär mat menger Frëndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie. L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball? B: Natierlech kucken ech och gär Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee. M: Hues du e Liblingsspiller? B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt.  L: Cool!  Moiesroutine (A2) T: Hallo Lea! Du bass awer erëm fréi um Büro. L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op. T: Seriö? Ech erwäche meeschtens eréischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol dräi Mol de Wecker aus… L: Haha, dat kennen ech nach vu fréier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwäche meng Kanner, doe se un – dat dauert ëmmer laang. T: O jo, dat kléngt stresseg. L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech séier, ech decken den Dësch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparéieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mäi Mann mat de Kanner op de Bus. T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bëssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wäsche mech a raséiere mech. Ech drénke bal ni Kaffi doheem. L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um Büro ze vill Schockela! T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim Bäcker. L: A wéi kënns du op de Büro? T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du? L: Ech fueren ëmmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill Verkéier op der Autobunn ass. T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fänkt gläich un! L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!  

NOW PLAYING

Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)

0:00 3:49

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!