Gesondheet a Rotschléi (A2)

EPISODE · May 14, 2024 · 4 MIN

Gesondheet a Rotschléi (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2). Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1 Luca : Moie Melanie, wéi geet et ?  Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erëm erkaalt.  Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ?  Melanie : Nee, nach net. Ech hu just e puer Pastille fir den Hals geholl.  Luca : Dat ass jo scho gutt. Drénks de och genuch ?  Melanie : Jo, ech hunn haut schonn zwou Tasen Téi mat Hunneg, Zitroun an Ingwer gedronk. Ech probéieren och ëmmer, zwee Liter Waasser ze drénken.  Luca : Du solls och oppassen, datt s de genuch Vitamminen anhëls. Ëss de genuch Uebst a Geméis ?  Melanie : Ech menge jo. Mee ech war d’lescht Woch an der Vakanz a mir hu vill am Restaurant giess. Dat war dunn net esou einfach.  Luca : A, da kann et och sinn, datt se dir do eppes agefaang hues.   Melanie : Jo, mir sinn och mam Fliger geflunn an d’Klimaanlag huet déi ganzen Zäit kal op mech geblosen …  Luca : Ma da wonnert et mech net, datt s du elo den Hals wéi hues ! Ech huelen ëmmer en décke Pullover mat an de Fliger.   Melanie : Doru muss ech d’nächst Kéier denken. Ech si just genervt, well ech iwwermuer mäin Orall am Italieeneschcours hunn a fit well sinn. Hues du nach e puer Tipps fir mech, wéi ech séier nees gesond ginn ?  Luca : Jo, et ginn e puer Saachen, déi s du déi nächst Deeg maache kanns. Pass op, datt s de genuch schléifs, et sollen op d’mannst 8 Stonne sinn. Du däerfs dech och elo net ze vill stressen. Bleif eventuell en Dag doheem an erhuel dech. A kach eng gutt Zopp, dat hëlleft bal ëmmer.  Melanie : Merci, ech wäert mer deng Rotschléi zu Häerz huelen.  Luca : Gär. Wann et der iwwermuer net besser geet, da géif ech awer bei den Dokter goen.  Dialog 2: Olivier: Moien! Wéi geet et?  Jessy: O, net immens. Ech sinn an der lescht oft midd an net a Form.  Olivier: Dat deet mer leed. Méchs du Sport? Vläicht géing et der hëllefen, wann s de méi oft eraus an déi frëscht Loft gees.   Jessy: Hmm... vläicht. De Moment maachen ech guer kee Sport. Ech hunn net vill Zäit mat der Aarbecht.  Olivier: Du kéints probéieren, e puer mol d’Woch spadséieren ze goen. Du muss jo net direkt all Dag eng Stonn an de Fitness goen, mee schon zwanzeg Minutten dobaussen an der Mëttespaus kënnen hëllefen.  Jessy: Dat ass eng gutt Iddi. Virun allem déi Deeg, wou ech am Home Office sinn. Do sinn ech e bësse méi flexibel a kéint effektiv en Tour duerch de Park maachen.  Olivier: Gesäis de! Oder du gees moies e Stéck zu Fouss op d’Aarbecht oder du fiers mam Vëlo. Dat geet jo an dëser Joreszäit gutt, well et moies fréi hell gëtt an et net esou kal wéi am Wanter ass.  Jessy: Dat stëmmt. Mee ech hu kee Vëlo ...  Olivier: Et ass bestëmmt eng Veloh-Statioun an dengem Quartier!  Jessy: Dat ka sinn. Ech muss mech emol informéieren. Mee ech mengen, ech muss och eppes u menger Ernärung änneren. An der lescht iessen ech net immens gesond ...  Olivier: Da probéier, einfach e bësse méi Uebst a Geméis z’iessen, a manner Zocker, Fett an Alkohol zou dir ze huelen. Du muss keen extreeme Regimm halen, fir dech gesond z’ernären!  Jessy: Jo, do hues de Recht. Ech mengen, ech muss mir einfach emol méi Zäit fir mech huelen, a vläicht manner schaffen.  Olivier: Dat ka gutt sinn! Wann s de wëlls, gi mer de Weekend bei mech an de Bësch trëppelen. D’Wieder soll gutt ginn!   Jessy: O jo, komm mir maachen dat! 

NOW PLAYING

Gesondheet a Rotschléi (A2)

0:00 4:02

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!