Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)

EPISODE · Oct 9, 2025 · 5 MIN

Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wat e Pensionär a sengem Alldag mécht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Hobbyen: Klammen a Brietspiller spillen (A1) A: Andrea, wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: Ech spille gär Gesellschaftsspiller a Brietspiller. An du? A: Ech ginn oft klammen oder boulderen. Dat ass klammen ouni Seel un enger Klotermauer. B: O, flott! Méchs du dat an enger Hal oder dobaussen? A: Ech trainéiere just an enger Hal, zum Beispill am Pafendall oder zu Zolwer. Et ginn e puer flott Plazen zu Lëtzebuerg. B: Cool! A wéi oft méchs du dat? A: Normalerweis zweemol d’Woch. Dat ass gutt, fir fit ze bleiwen a Frënn ze treffen. An du? Wéi oft spills du Brietspiller? B: Bal all Weekend. Ech treffe mech entweder mat  Frënn doheem oder mir ginn an e Spill-Café. A: E Spill-Café? A wat ass dat? B: Dat ass e Café, wou een eppes drénke kann, a gläichzäiteg mat anere Leit verschidde Brietspiller spille kann. A: Cool! A wat fir Spiller hues du am léifsten? B: Ech spille ganz gär ,,Catan‘‘ oder ,,Carcassonne‘‘. Heiansdo spille mir och Schach. A: A, ,,Catan‘‘ kennen ech! Do baut ee Stroossen an Dierfer, oder? B: Jo, genau! Et ass flott, well ee vill plangen a mat aneren handele muss.  A: Ech mengen, dat géif mir och gefalen.  B: Ma da komm eng Kéier mat eis spillen! Mir sinn ëmmer frou, wann nei Leit kommen.  A: Jo, gär! A villäicht kanns du jo och eng Kéier mat mir klamme kommen. B: Hm, ech weess net, ob ech fit genuch dofir sinn. A: Du brauchs net esou vill Kraaft am Ufank. Déi richteg Technik ass och wichteg. B: Ok, dat kléngt jo dann net esou schwéier. Villäicht probéieren ech et eng Kéier. A: Jo, du bass ëmmer wëllkomm. D’Leit am Boulderclub si ganz frëndlech.  Den Dagesoflaf an der Pensioun (A1) Gudde Moien. Mäin Numm ass Charel Majerus an ech sinn 72 Joer al. Ech wunnen zu Rolleng, e klengt Duerf bei Miersch. Ech si Schoulmeeschter vu Beruff, mee elo schaffen ech net méi. Ech sinn elo schonn zënter 7 Joer an der Pensioun. Mäin Alldag ass roueg an dat ass och gutt. Moies stinn ech um hallwer 8 op. Als éischt ginn ech an d’Dusch an duerno drénken ech Kaffi. Ech iesse moies gär eng Schmier mat Gebeess an ech drénken eng Taass schwaarzen Téi. Heiansdo liesen ech och d’Zeitung um Tablet. Dat ass wierklech praktesch! Duerno ginn ech meeschtens e bësse spadséieren. Zwee oder dräi Mol an der Woch fueren ech mam Bus an de Supermarché, do kafen ech mir dann eppes fir z’iessen. Um hallwer 12 kachen ech. Dënschdes an donneschdes komme meng Enkelkanner ëmmer iessen.  Nomëttes maachen ech ëmmer eng kleng Sieste. Ech schlofen eng hallef Stonn. Duerno drénken ech eng Taass Kaffi a gi bei d’Anni. Hatt ass meng Nopesch. Mir ginn zesumme mam Hond spadséieren an duerno spille mir e bësse Kaarten. Hatt gewënnt bal ëmmer, mee et ass awer flott. Mir schwätzen a laache vill zesummen.  Owes iesse mir reegelméisseg zesummen eng Schmier oder mir ginn och heiansdo an de Restaurant. Duerno ginn ech heem an ech kucken nach e bëssen Tëlee. Um 22:00 Auer ginn ech an d’Bett. Ech liesen nach eng Véierelstonn an da schlofen ech. Weekends kréien ech oft Besuch. Meng Kanner komme mat den Enkelkanner. Dann ass net méi esou roueg doheem, mee et ass schéin fir Zäit mat der Famill ze verbréngen.    

NOW PLAYING

Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)

0:00 5:11

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!