Kleng Accidenter (B1)

EPISODE · Jun 10, 2025 · 4 MIN

Kleng Accidenter (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir iwwer kleng Accidenter. Fir d'éischt héiere mir, wéi eng Persoun sech an de Fanger geschnidden huet. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin erzielt, datt si de Réck wéi huet.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:E klengen Accident A: Au! B: Wat ass? A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden! B: Hal en ënner kaalt Waasser! A: Dat maachen ech grad! B: Gutt! A: An elo? B: Wéckel Kichepabeier ronderëm an dréck fest op d’Wonn. A: Ok. eventuell kleng Paus A: Gutt, et huet opgehalen ze bludden. B: Ech desinfitzéieren d’Wonn nach. Looss dat e bëssen dréchnen, ech ginn eng Plooschter sichen. A: Merci! B: Voilà. Ass d’Plooschter net ze fest? A: Nee. B: Deet et wéi? A: Nee, et pickt just e bëssen. Merci fir deng Hëllef! Kanns du mer just wannechgelift e puer Tranchë Brout schneiden? Mee, pass op, dass de dech net och an de Fanger schneits! B: Ech probéieren! En Hexeschoss A: Allô? B: Hallo! Hei ass d’Lisa. A: O! Du kléngs awer net gutt! B: Ma Nee! Ech hunn e Problem!  A: Wat ass lass?! B: Ech hu mech virdru gebéckt, fir mäi Schong ze strécken a wéi ech mech nees gestreckt hunn, hat ech op eemol schrecklech de Réck wéi. Ech hu mech geluecht, mee lo leien ech hei an et gëtt net besser. Ech ka mech kaum beweegen a kommen net méi op! A: Aua! Dat ass definitiv en Hexeschoss! B: Jo? Ech hat dat nach ni! A: Dach, ech hat dat schonn! Da kann ee kaum nach opstoen! Ech konnt, zum Beispill meng Box net méi undoen an d’Schong net méi strécken, asw. B: O, nee! Ech muss awer schaffe goen! A: Nee...du kanns bestëmmt och net an den Auto eraklammen oder aus dem Auto erausklammen! Dat gëtt näischt! Hues de schonn eng Ibuprofen ageholl? B: Jo. A: Wäermt hëlleft! Hues de e Kiischtekärkëssen oder eng Bull doheem? B: Jo, ech hunn eng Bull. A: Gutt! Da fëll déi mat kache Waasser a lee dech drop. Oder lee dech direkt an d’Bidden...! B: Ha ha, da kommen ech ni méi do raus. A: Jo, ok! B: Mengs de, ech muss an d’Urgence? A: Nee!!! Wann, da gees de fir d’éischt bei däin Hausdokter oder deng Hausdocktesch. Wann et der muer net besser geet, dann hëls de e Rendez-vous. Da kann een der e Muskelrelaxans oder Kiné verschreiwen. B: Ok. Ech hunn och nach eng Sallef heiheem. Ech maachen déi nach drop. A: Perfekt! A maach keng séier Beweegungen! Soll ech laanschtkommen, fir der ze hëllefen? B: Nee, nee! Ech ruffe meng Schwëster nach un. Hat ass net op den Telefon gaang. Ech hunn dir ugeruff, well s du dech jo mat Réckeproblemer auskenns. Merci fir deng Rotschléi an deng Hëllef! A: Gär geschitt! Versuerg dech gutt! Gutt Besserung a so Bescheed, wann s de eppes brauchs! B: Merci! Maachen ech! Äddi! A: Äddi! 

NOW PLAYING

Kleng Accidenter (B1)

0:00 4:04

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!