EPISODE · May 12, 2026 · 4 MIN
Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)
from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Saache fir eng Studentewunneng kafen A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy? B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen. A: Sichs de eppes Bestëmmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem d’Fréijoersbotz gemaach? B: Nee, mäi Meedche geet geschwënn op d’Uni a fir seng éischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen. A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss. B: Genee, mir wëllen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nëmmen 20 €. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlëmm. A: Wat feelt dann? B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch. A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles? B: Hatt brauch nach Dëppen a Panen: e grousst Dëppe fir Nuddelen ze kachen, e klengt Dëppe fir Zoossen ze maachen, eng grouss Pan fir Geméis ze broden an eng kleng Pan fir zum Beispill Spigeleeër ze maachen. A: Wéi ass et mam Besteck? B: Mir hunn nach kee Besteck, mee et steet ganz uewen op der Lëscht. A: Ma, ech hunn nach en aalt Besteck. Vläicht feelen do och e puer Forschetten, Messeren oder Läffelen, mee fir eng Persoun misst et awer duergoen. Wier dat ok fir iech? B: Genial! Villmools Merci, dat wier super! A: Topp! Dat läit säit Jore bei eis am Keller an enger Këscht. Ech si frou, wann een et gebrauche kann. B: Wéi vill frees de? A: Näischt! Ech schenken iech et! Entweeder dir kritt et oder mir bréngen et op de Recycling. B: Déck léif! Merci! A: Gär geschitt! Wat brauch hatt dann nach alles...? B: Op der Lëscht stinn nach e Schnéibiesem, en Zoppeläffel, e Bräiläffel aus Holz, ... ëmm ... A: Kichemesseren? B: Jo, e grousst an e klengt Kichemesser. An e Schneidbriet. A: An eng Kaffismaschinn? B: Vläicht méi spéit. Fir d’éischt kafe mer déi wichteg Saachen, wéi zum Beispill e Wasserkocher, e Béchsenëffner, Kichendicher, ... A: A jo, a Botzgeschier! B: Jo! Fir an der Kichen: Spüli, e Schwämpchen, Spulllompen, eng Biischtchen, an dann nach, fir allgemeng ze botzen: e Staubsauger, Torschongen, eng Raclette, eng Kierbiischt, an natierlech Botzmëttelen. A: An Dreckstuten. B: Jo! Déi éischt Botzmëttelen an Tute kafe mir, fir datt et weess, wat een alles brauch. Duerno muss hatt dat awer selwer nokafen. A: Et brauch ee wierklech vill fir eng nei Wunneng. Wéi ass et mat de Miwwelen? B: Do hate mer Chance. Mir kënnen d’Miwwelen vun der viregter Studentin iwwerhuelen. Vläicht kafe mer eng nei Matrass. Déi momentan ass scho méi al a richt net gutt. A: Dat kann ech verstoen! Freet däi Meedche sech op dat neit Kapitel? B: Jo! Hatt ass schonn immens opgereegt! A: A wéi geet et dir domat? B: Ech freeë mech fir hatt, mee ech wäert et immens vermëssen! Hatt wäert eemol de Mount oder all sechs Wochen heemkommen, wann et Zäit huet. Dat ass och gutt esou. Et ass wierklech en neit Kapitel an enger neier Stad, ouni seng Elteren, eng eege Wunneng, nei Frënn, nei Erfarungen. Ech hu super Erënnerungen u meng Studienzäit an ech hoffen, datt et bei him d’selwecht flott gëtt. A: Ech och! Trotz den Examen. Ech wënschen him eng super Zäit. B: Merci! A: Wéini soll ech d’Besteck matbréngen? B: Wann s de Zäit hues! Mir hunn nach e puer Wochen Zäit éier hatt plënnert! A: An der Rei!
NOW PLAYING
Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
May 13, 2026
May 12, 2026
May 11, 2026
May 8, 2026
May 7, 2026
May 6, 2026