Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)

EPISODE · Mar 6, 2025 · 3 MIN

Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Säin Dramhaus beschreiwenBen: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt? Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken? Ben: Dann ziel mol fir d‘éischt. Wat huet der da sou gutt gefall? Joulie: Et ass en aalt renovéiert Bauerenhaus mat ganz vill Plaz a ville Fënsteren. Et gëtt eng wonnerschéin oppe Kichen, eng gemittlech Stuff, e risege Späicher an e modernt Buedzëmmer. An an der Mëtt steet eng grouss Buedbidden.  Ben: A, lo verstinn ech firwat et dir esou gutt gefält. A wéi vill Zëmmeren huet et? Joulie : Um éischte Stack huet et dräi hell Schlofzëmmeren an e flotte Büro. Am Eltereschlofzëmmer huet een eng wonnerschéi Vue op dat aalt Schlass.  Ben: Dat ass schéin, mä ech sinn nach net iwwerzeegt. Joulie: Da waart mol. Et huet nämlech och e klenge Gaart an e grousse Keller. En ass grouss genuch fir zwee Autoen an deng Vëloen. An et huet och e klengen Atelier. Ben: A jo, dat ass interessant. A wou läit et? Joulie: D’Haus läit ganz roueg an enger Cité. Et ass kee Kaméidi ronderëm an et huet een nach zwou Parkplaze virun der Dier. Ben : Ok ok, dat kléngt wierklech gutt. Dajee du hues mech iwwerzeegt. Mir ginn et zesumme kucken. Iwwer d'Géigend schwätzenA: Hallo! An, wéi geet et dir? B: Hey! Ganz gutt an dir? A: Jo, alles an der Rei. So, de Luc huet mir erzielt, dass du däin Dramhaus fonnt hues. Wou wunns du dann elo? B: Do huet e Recht! Ech wunnen an engem ganz schéine Quartier, net wäit vun der Gare. A: A sou! Wat gefält dir dann do? B: Hei ass et ganz flott. Et gi vill Geschäfter a Restauranten. Ech kann an de Park an an de Bësch spadséiere goen. D’Géigend ass immens gréng. A: A, dat kléngt gutt! Wat gefält dir am meeschten? B: Mir gefält, dass et vill verschidde Leit hei gëtt. Et ass ëmmer eppes lass, a jiddereen ass  frëndlech. D’Stad ass net wäit ewech an den ëffentlechen Transport ass super! A: Dat ass praktesch! Ginn et och Saachen, déi der net gefalen? B: Jo, heiansdo ass vill Kaméidi wéinst dem Verkéier, virun allem moies an owes. An d’Präisser fir d’Wunnengen si ganz héich. Wann s du en Auto hues, ass et och schwéier fir eng Parkplaz ze fannen. A: Jo, ech verstinn... A wéi ass et mat de Vëlosweeër? B: Net esou gutt. Et ginn der e puer, mä wann een duerch d’Stad fiert, muss een awer ganz gutt op d’Autoen an de Verkéier oppassen. A: Dat ass schued. Mä soss kléngt et ganz flott. B: Jo, ech si frou hei. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mer emol zesumme spadséiere goen. A: Ganz gär! Bis geschwënn. B: Bis geschwënn! 

NOW PLAYING

Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)

0:00 3:46

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!