Virsätz fir dat neit Joer (A2)

EPISODE · Jan 7, 2025 · 3 MIN

Virsätz fir dat neit Joer (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Virsätz fir d’neit Joer  A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder?  B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn.  C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fänken d’Joer voller Energie un, mee duerchzehalen, dat ass eng aner Saach.  A: Dofir schwätze mir jo haut driwwer. Vläicht hëllefen eis Tipps a Virsätz jo eisen Nolauschterer, motivéiert ze bleiwen. Also, loost eis direkt ufänken. Wat sinn är Virsätz fir dat neit Joer?  C: O je, wou soll ech ufänken? Mäin Haaptvirsaz ass, méi Sport ze maachen. D’lescht Joer hunn ech esou oft gesot : ,,Ab muer ginn ech lafen !’’ Mee … ,,muer’’ koum iergendwéi ni. B : Klassiker! Mee, Sarah, wat heescht dat elo konkreet? Gees du elo all Moien um sechs Auer lafen?  C: Um sechs? Vergiess et! Ech wëll realistesch bleiwen. Ech ginn zwee Mol d’Woch lafen, dat geet fir de Moment duer. Vläicht mellen ech mech am Fréijoer fir e Vollekslaf un, fir e klengt Zil ze hunn.  A: Dat kléngt dach realistesch! Ech fannen, kleng Ziler sinn immens wichteg.  B: Jo, mee Jil, ech si mer sécher, datt s du dëst Joer nees ee vun deenen immens éiergäizege Virsätz hues.  A: E bëssen, jo. Ech wëll endlech mäin éischt Buch schreiwen.  C: Wow! An, hues du schonne Plang?  A: Jo. Ech hu mir virgeholl, all Dag op d’mannst eng Stonn ze schreiwen. Dat kléngt no net vill, mee ech hoffen, datt ech esou bis de Summer e klengen Entworf hunn.  B: Respekt! A wat méchs du, wann d’Motivatioun noléisst?  A: Gutt Fro. Ech wëll mir eng speziell Plaz ariichten, wou ech ouni Oflenkung schaffe kann. An ech hunn enger Frëndin dovun erzielt, déi mech reegelméisseg froe wäert, wéi et leeft. Esou hunn ech e bëssen Drock.  C: Kléngt gutt. Vläicht soll ech och een hunn, dee mech reegelméisseg freet, ob ech lafe war.  B: O, do hëllefen ech gär! Ech ruffen einfach all Méindeg un a froen, ob s du scho lafe waars.  C: Ha ha. Max, wat sinn dann deng Virsätz?  B: Bei mir geet et ëm d’Iessen. Ech wëll manner Fast Food iessen a méi selwer kachen.  C: Dat ass dach gutt ! Mee ech hu geduecht, du wiers esou frou mat Burgeren a Pizza?  B: Dat sinn ech och! Mee ech hunn d’lescht Joer gemierkt, datt ech mech no esou vill fettegem Iessen oft midd fillen. Dofir wëll ech et op eemol d’Woch reduzéieren. An: Ech wëll léieren, e puer einfach Platen ze kachen.  A: Dat kléngt jo no engem Challenge. Weess de schonn, wat s de kache wëlls ?  B: Jo! Ech hu mir schonn dräi Rezepter erausgesicht: e Curry, eng selwergemaache Pizza – gesond, natierlech – a Lasagne.  C: O, ech komme laanscht, wann s de d’Lasagne méchs!  B: Deal ! Mee dir däerft eréischt kommen, wa se net méi no ‘’Kachufänger’’ schmaacht.  A: Okay, also als Resümmee: d’Sarah wëll méi lafen, de Max wëll manner Fast Food iessen a besser kachen, an ech schreiwen e Buch. Wat denkt dir, wéi grouss sinn d’Chancen, datt mir dat duerchzéien?  C: Hmm, soe mer 70 Prozent?  B: Also, ech gi mir selwer 50 Prozent. Mee wann dir reegelméisseg nofrot, wéi et leeft, klammen d’Chancë vläicht op 60 Prozent.  C: Haha, da komm, mir maachen en Deal: Ech froen dech no denge Kachkënscht, an du erënners mech, lafen ze goen.  A: An dir frot mech no mengem Buch! Esou motivéiere mir eis géigesäiteg. 

NOW PLAYING

Virsätz fir dat neit Joer (A2)

0:00 3:59

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!