EPISODE · Dec 31, 2025 · 1H 40M
#172 Dee mam putegen Outfit
from Paus. · host Jill & Yannick
Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli). Tëscht Chaos a Comfort Zones berichte mir och iwwer Böller-Budgets, den Doud vum Museksvideo an e rietsen Aarm, deen no lénks weist. Natierlech sinn d'obligatoresch "Stranger Things"-Mutmaßungen mat dobäi, plus e Projet fir "Spotify" an "ZLS" an e klenge Fësch zu Gran Canaria. An op de leschte Meter vum ale Joer gi selbstverständlech nees wichteg Froe gestallt: Wou sinn d'Husbands? Kréie mir eng Plaquette an der "Belle Etoile"? Wei ee geheime Virsaz gouf heemlech ëmgesat? A wéi funktionéiert eigentlech Recycling? Happy new year!
Embed this episode
NOW PLAYING
#172 Dee mam putegen Outfit
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.