Skip to content
Paus. podcast artwork

PODCAST · comedy

Paus.

by Jill & Yannick

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Oct 9, 2026 · Source feed

Episodes

  1. Dee mat de wedelnden Zerwéiten

    Mir sinn erëm do, wann den Hierscht kënnt – an zwar mat Scholdgefiller a rage bait am Gepäck! Äre Liblingspodcast (alias den hateful ally an de Mann mam Teint um Nippel) diskutéieren haut iwwer Gaytown, memento.lu an (on)impressive Filmer. Et gi frozen margarita faces, Strëppen a rüsteg Rentner,...

  2. #192 Dee mam Teachermemes

    An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes. Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener...

  3. #191 Dee mam Cat

    Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen. Et gëtt seriöen...

  4. #190 Dee mam Philippe

    An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie. Donieft geet et…

    more
  5. #189 Dee mam Julie

    Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt! Et gëtt net nëmmen iwwer Lëtzebuerger Musik-gems geschwat, "Fann de Portugis" gespillt a…

    more
  6. #188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)

    Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a...

  7. #187 Dee mam Jordi

    Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu...

  8. #186 Dee mam melancholeschen Tennis

    Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch...

  9. #185 Dee mat de Stitzercher

    Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er. Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut...

  10. #184 Dee mat de Lëtzebuergays

    Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei...

  11. #183 Dee mam Mord vum Cédric

    Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg…

    more
  12. #182 Dee mat der Botox-Fee

    Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir.…

    more
  13. #181 Dee mam maale Rosalía

    Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf. Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der...

  14. #180 Dee mam (feelende) Schummen

    Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do! Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella"…

    more
  15. #179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS"

    At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege...

  16. #178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram

    Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)! De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche...

  17. #177 Dee mam Organhandel am Spa

    Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi...

  18. #176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller

    Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes". Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt...

  19. #175 Dee mam Familienzwist & der Zwietracht

    Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles. D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an zerwéieren iech haut comédiséiert Vulgaritéit, Geröllheimer Gays an en Touch "Chicago".…

    more
  20. #174 Dee mam Gebrachginn vum Erich Kästner

    Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt. Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara,...

  21. #173 Dee mam singenden Telegramm

    Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd". Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum...

  22. #172 Dee mam putegen Outfit

    Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli). Tëscht Chaos a Comfort Zones...

  23. #171 Dee mam Twerken am Asia Market

    Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around). Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming,...

  24. #170 Dee mam bloe Fuedem

    Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden Doppelmaus-Momenter iwwer ëffentleche Liebesbekundungen bis hin zu spaassegen Aufgabe...

  25. #169 Dee mam "Not Claire in Luxembourg"

    Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."! The future grand duchess talked to Gillian and the man with many fans about Luxembourg lore, possible...

  26. #168 Dee mat der musikalescher Offenbarung

    Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain! D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts: Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a...

  27. #167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen

    Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles, "british pettiness", eng Attack vun der...

  28. #166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie

    Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert. Mee CALN ZHOWN…

    more
  29. #165 Dee mat der Welttour zu Wickreng

    Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche. D'Crème de la crème (an d'Jill)…

    more
  30. #164 Dee mam illegale Backstagebesuch (sorry Nosi)

    Endlech geet et nees em eis! D'Summer-Paus. ass eriwwer a si sinn erëm do: de Starmaker an d'kompresséiert Sardinnebéchs. Et gouf vill Schmu gedriwwen, Feedback ginn, Zäit an der Horizontaler verbruecht a bal beim Parkautomat gekusst. Postoperativ Investigatiounen an urgent Insolatiounen waren…

    more
  31. #163 Dee mam Bob

    Let's go!! Déi läscht Summer-Paus. kënnt eng Woch éischter ewéi gewinnt a liwwert en Zesummentreffen, dat Olympia an de Schiet stellt. D'Jïel an de Yåkz hunn e grouss gemaach an haut huet de lëtzebuergësche Kelce-Brudder sech ausgebadged, fir iwwer Käerzen, d'"Moutarderie de Luxembourg",...

  32. #162 Dee mam Pit

    Fir déi zweetlescht "Summer-Paus." deelt äre Liblings-Schlagerduo sech Kopfhörer a potert mam Paus.-Haus und Hof-Fotograf Pit zu Porto. Huet eis Drag-Schwëster Iddie fir en zukünftegt Cover? Gëtt et deemnächst eng Podcast-Episod aus dem "Berghain"? A ween hat eigentlech de Rock-a-field am Gaart?...

  33. #161 Dee mam Fabienne

    Nothing beats a ... Concert am Atelier! Dofir ass haut d'Mamm vun de Staren, der Stad Diddeleng a "Catch a smile" an eiser Summer-Paus. Et geet ënner anerem ëm iconic Rockshows, 48 Stonne mam Robbie Williams an e legendären Owend mam Lemmy. Mat dobäi sinn och schwiereg Kënschtler*innen, den…

    more
  34. #160 Dee mam Kitty

    D'Summer-Paus. geet weider a mat dobäi ass haut keen aneren ewéi d'edgy "Kindle"-Queen a Member vun "The Cocktails": d'Kyra a.k.a. Kitty (oder och Kythi). Paakt är Mini-"Dianas" aus a kommt mat eis an d'Kölner Clubszeen aus den 2010er, mam Streckeisen an d'Frittebud an op de Gehaansbierg. Mat…

    more
  35. #159 Dee mam Lizzy

    An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och…

    more
  36. # 158 Dee mat der Homoerotik am Ouer

    Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags. Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival. Mir gi mat...

  37. #157 Dee mam F***ennnationalfeierdag

    Herzlichen Glückwunsch zu mir! Et geet um Surfbriet a Richtung Kneppenhepperdampferfest - well et ass Zäit fir eng nei Episod vun ärem Liblingspodcast! Tëscht Dokteschrechnungen an italieenesche Bopen am Weltall gëtt sech iwwer "Picon Béier"-Männer opgereegt, Thomas Mann-Joer gefeiert an "GNTM"...

  38. #156 Dee mam Üben

    Den "Houfrëgmount" ass amgaang an är problematic faves sinn am Asaz – mat Aarullen a GANZ ville Ligen! Kenne mir de Bachelor an d'Hanni? Lafe mir den "ING"-Marathon beim Opernsangen? Muss ee vun eis no enger Hochzäit auswanderen? Live aus dem Hondskuerf ginn et (opgewiermten) Köln-Gossip, schéint...

  39. #155 Dee mam Flippo

    Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt...

  40. #154 Dee mat de Labubus

    D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg. Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit. Ausserdeem gi prominent...

  41. #153 Dee mam Klaus Kinski am Palladium

    D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum...

  42. #152 Dee mam Koks am Waasser

    Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et...

  43. #151 Dee mat der Speckmaus

    D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker". An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an…

    more
  44. #150 Dee mam eenzegen Influencer vun der Welt

    D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten...

  45. #149 Dee mam Fraendag (en Dag ze spéit)

    Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e...

  46. #148 Dee mat der Geisel bei de Metal-Fans

    Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala…

    more
  47. #147 Dee mam Boomer-Humor zu Réimech

    Silencio! Äre Liblingspodcast ass nees do an huet alles dobäi, wat iech gutt duerch de Februar bréngt: SNL-Comedians an Haaptrollen, onzourechnungsfäeg Leit am Stroosseverkéier a Witzegrenzen zu Lëtzebuerg. Mir sichen e joedennewaldesken Typ mat enger Jeep, liwwere Cottage Core an en Touch...

  48. #146 Dee mat Nieten, Nutten, Nagetiere

    Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam...

  49. #145 Dee mam Merdy Christmas

    Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen? No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg...

  50. #144 Dee mam Klaasohm Heufer-Umlauf

    Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster. Äre…

    more

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

HOSTED BY

Jill & Yannick

Produced by Paus.

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Paus. have?

Paus. currently has 244 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Paus. about?

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest...

How often does Paus. release new episodes?

Paus. publishes regularly with 244 episodes available. Check the episode list for the typical release schedule.

Where can I listen to Paus.?

You can listen to Paus. on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Paus.?

Paus. is created and hosted by Jill & Yannick.
URL copied to clipboard!