EPISODE · Mar 7, 2026 · 2H 7M
#177 Dee mam Organhandel am Spa
from Paus. · host Jill & Yannick
Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen. Endlech gëtt och "Heated Rivalry" beschwat, decidéiert, wat ee mat ganz ville Suen maache kann an opgekläert, wou d'Discokugel erfonnt gouf. Mat on air sinn eng Sekten-Influencerin, d'Bitch vun Halloween, d'Désirée vun Esch an d'Isabelle vun Thionville, ausserdeem eng witzeg Barbe à papa, den "Airbud", eng literaresch wäertvoll Berliner WG, "T42" an d'"ARBED". Et gëtt och nees vill gefrot: Wéi ass dem Ilya Rozanov seng Squat-Routine? Ass den Tony Soprano en Opernsänger? A wat hunn d'Nina Hagen an d'"Foo Fighters"(leider) gemeinsam?
Embed this episode
NOW PLAYING
#177 Dee mam Organhandel am Spa
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.