EPISODE · Mar 6, 2022 · 1H 10M
#67 Dee mat den Ankahdjahmz
from Paus. · host Jill & Yannick
++ Trotz den aktuellen Ereegnisser hu mir eis dozou decidéiert, weiderhin Episoden opzehuelen, well fir eis Oflenkung eng gutt Aart a Weis ass, mat deem ëmzegoen, wat grad alles an der Welt geschitt. Falls iech also net no dommem Gebraddels ass, ignoréiert eis einfach.++ Gréissewahnsinneg Männer ruinéieren d'Welt an alles geet d'Baach an. Nieft Gedanken zur aktueller Situatioun am Zesummenhang mat Social Media widmen sech d'Trommelginette an d'Marketingopfer Nummer Eent och méi liichten Themen: ënner anerem geet et em e wichtegt Jubiläum, Drama zu Munneref an linguistesch Filmprobleemer. Wéi funky ass et am "Bram" um éischte Stack? Wéi wéineg Anung muss een hunn, fir beim Frühstücksfernsehen dierfen ze schaffen? A wat ass eigentlech "Mauerbauertraurigkeit"?
Embed this episode
NOW PLAYING
#67 Dee mat den Ankahdjahmz
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.