EPISODE · Mar 19, 2023 · 1H 15M
#97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit
from Paus. · host Jill & Yannick
It's award season! Mir sinn Oscar... an um highway to the judgement zone: Haut ginn et schounungslos Analysen vu Bezéihungsmuster um Influencerinne-Beispill, e wëssenschaftlechen Kardashian-Bieber-Exkurs an e groundbreaking Hochzäitsknigge. Maacht iech prett fir eng besonnesch rau Episod (zumindest stëmmlech) mat enger Buergermëeschtësch, déi vläicht geschwënn enttrount gëtt a kriminellem Tubakhandel hannert der Grenz. Ee vun eis verteidegt granzeg al Männer an deen aneren huet e grousse Wonsch (Mell dech, Vicky Krieps!!). Mir rullen de rouden Teppech aus fir passiv-aggressiv "Pick Me Girls", gestressten Awards an eis Mammen. Tëscht engem onrouege Publikum a bewaffnete Kanner bei "Hooters" stelle mir oscarräif Froen ewéi: Ass de "Gotham" de perfekte Gay Club? Ass Diddeleng amfong Frankräich? A geet Krich wierklech ëmmer?
Embed this episode
NOW PLAYING
#97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.