Aide-soignante am Altersheem an am Spidol  (A2) episode artwork

EPISODE · Jan 29, 2026 · 4 MIN

Aide-soignante am Altersheem an am Spidol  (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg? Persoun B: Jo, dat ass richteg. Persoun A: Wou schaffs du am Moment? Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem. Persoun A: A wat méchs du do am Alldag? Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken. Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit? Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen. Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft? Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft. Persoun A: A! Wat war dann do anescht? Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi. Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef? Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach. Persoun A: Wat heescht dat? Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef. Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach? Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser. Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit? Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht. Persoun A: Dat kléngt ganz interessant. Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional. Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem? Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser. Persoun A: Bass du och nach an der Schoul? Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé. Persoun A: Wat léiers du do? Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet. Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn? Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer. Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen? Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen. Persoun A: Interessant. Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen. Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg. Persoun B: Jo, effektiv! Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils. Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt. 

NOW PLAYING

Aide-soignante am Altersheem an am Spidol  (A2)

0:00 4:13

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on January 29, 2026.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Persoun A: So,...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!