Akafsgewunnechten (A2)

EPISODE · May 7, 2024 · 3 MIN

Akafsgewunnechten (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen  Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas.  Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.  Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.  Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fänke mat dir un. Wéi oft gees du akafen a wou keefs du am léifsten an?  Sarah: Also ech ginn ongeféier zweemol d’Woch akafen. Meeschtens ginn ech an e klenge Supermarché a mengem Quartier, well dat praktesch ass an ech do alles fannen, wat ech brauch.  Moderatorin: Ech verstinn. A wat keefs du normalerweis? Ginn et bestëmmt Saachen, déi ëmmer op denger Akafslëscht stinn?  Sarah: Jo, definitiv. Als Jonggesellin kachen ech oft fir mech eleng, also kafen ech vill frëscht Uebst a Geméis, mee och heiansdo preparéiert Platen fir wann et muss séier goen. Ech brauch och ëmmer Kaffi an e puer Séissegkeeten.  Moderatorin: Dat kléngt no enger gudder Balance. Thomas, wéi gesäit et bei dir aus?   Thomas: Ech hunn eng grouss Famill, dofir ass et heiansdo e bësse stresseg. Mee mir hunn eise Rhythmus fonnt a mir ginn eemol d’Woch alleguer zesummen akafen, normalerweis samschdes, well do jiddereen Zäit huet. Mir gi léiwer a grouss Supermarchéen, well mir do alles an enger Kéier kafe kënnen.  Moderatorin: Dat kléngt jo no enger gudder Strategie. Wat steet dann normalerweis bei iech op der Akafslëscht?  Thomas: Mat dräi Kanner doheem brauch ee relativ vill! Mir kafen ëmmer frëscht Uebst a Geméis, Mëllechprodukter, Fleesch an natierlech och Snacke fir d’Kanner. Mir passen och drop op, ëmmer genuch an der Reserv ze hunn, wa mir emol spontan Besuch hunn.  Moderatorin: Dat ass net schlecht! Eng Fro un iech zwee: Firwat ass et iech wichteg, bestëmmt Produiten ze kafen?   Sarah: Ech passe virun allem dorop op, datt d’Saache gesond, mee och einfach ze preparéiere sinn. Dofir kafen ech ëmmer Uebst a Geméis. D’fäerdeg Plate si fir déi Deeg, wou ech owes spéit heemkommen a mir net nach laang e Kapp maache  wëll, wat ech kache soll.  Thomas: Bei eis steet d’Famill am Mëttelpunkt. Eis ass et wichteg, datt jidderee sech gesond ernäert. Et mécht eis och vill Spaass, zesummen ze kachen an z’iessen. Do si mir all zesummen a kënnen iwwer eisen Dag schwätzen.  Moderatorin: Schéin. Merci, datt dir e puer Abléck an är Akafsgewunnechte mat eis gedeelt hutt. Mee éier mir äddi soen, hutt dir nach e lescht Wuert oder en Tipp fir eis Nolauschterer?  Sarah: Probéiert, eng Lëscht ze maachen, éier dir akafe gitt. Esou hutt dir en Iwwerbléck a kaaft just dat, wat dir och braucht.  Thomas: An informéiert iech, wat de Moment an der Reklamm ass – esou kënnt dir e puer Euro spueren, virun allem, wann dir grouss Quantitéite kafe musst!  Moderatorin: Merci fir är flott Rotschléi. Bis déi nächst Kéier! 

NOW PLAYING

Akafsgewunnechten (A2)

0:00 3:17

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!