Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2) episode artwork

EPISODE · May 20, 2025 · 4 MIN

Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Aktivitéite fir d’Kanner Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut? Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira? Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mäi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv! Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend. Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt. Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gëtt esou vill Spiller an Déieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’Déieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gär. Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten. Samira: Wësst der wat och flott ass? De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin. Luc: Kann een do Päiperleke kucken? Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu Päiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen. Anna: Dat kléngt interessant! Do kënnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a léieren. Luc: A propos léieren – mir ware viru Kuerzem am Naturmusée an der Stad. Meng Duechter interesséiert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinéiert! Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner? Luc: Et hänkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill Primärschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv. Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege Magnéit gespillt. Et war wéi eng Spillplaz mat Wëssenschaft. Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass? Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der Wäert. Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen. Samira: Vläicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vläicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis. Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kënnen do ronderëm lafen, Déiere gesinn, fidderen an heemelen. Luc: Topp! Mir fält och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mäi Bouf ass e grousse Fan vun Zich! Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent. Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published May 20, 2025

Embed this episode

Ready to play

Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2)

0:00 4:24

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 20, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!