Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2) episode artwork

EPISODE · Jun 5, 2025 · 4 MIN

Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet.Transkript:Aktivitéiten op der AarbechtPatronne: Moien Här Welter! Wéi geet et Iech haut? Aarbechter: Bonjour! Et geet mir gutt, merci. An Iech? Patronne: Och ganz gutt, merci. Kënnt Dir mir soen, wéi Är Aarbechtszäite muer sinn? Ech muss dat an de System androen. Aarbechter: Jo, natierlech. Ech kommen um 6:50 an d’Fabrick, ech badge mech an an ech fänken um 7:00 Auer mat schaffen un. Patronne: A sou a wat maacht Dir als éischt? Aarbechter: Vun 7:00 bis 9:00 maachen ech d’Maschinnen un a kontrolléieren d’Material. Patronne: An dono? Aarbechter: Vun 9:00 bis 10:30 paken ech d’Produkter an d’Këschten. Patronne: An der Rei. Maacht Dir och eng Kaffispaus? Aarbechter: Jo, déi maachen ech vun 10:30 bis 10:45. Patronne: Gutt. A wéini maacht Dir Är Mëttespaus? Aarbechter: Meng Mëttespaus ass vun 12:00 bis 12:30.  Patronne: Dir maacht nëmmen eng hallef Stonn Paus?  Aarbechter: Jo, ech iessen nëmmen eng Schmier an drénken en Téi. Patronne: Ok. A wéi geet et dono weider? Aarbechter: Vun 12:30 bis 15:30 lueden ech d’Päck an de Camion a kontaktéieren d’Clienten.  Patronne: A wéini sidd Dir fäerdeg mat schaffen? Aarbechter: Ech sinn um 16:00 fäerdeg an ech gi géint 16:10 heem. Patronne: Dir sidd ganz gutt organiséiert. Merci Här Welter! Aarbechter: Gär geschitt!  Meng lescht VakanzA: Salut Caroline! Wéi geet et dir? B: Moie Lara! Et geet mir gutt, ech si ganz entspaant. Ech war grad an der Vakanz. A: A, flott! Wou waars de dann? B: Ech war eng Woch eleng a Spuenien, zu San Sebastián. Dat ass eng schéi Stad am Norde vum Land. Do gëtt et Bierger a Plagen. A: Ganz eleng? War et net langweileg fir dech? B: Am Ufank hat ech e bësse Bedenken, mee et war guer net langweileg. Ech konnt maachen, wat ech wollt a mengem eegenen Tempo an ech hat Zäit fir mech selwer. Dat huet mir wierklech guttgedoen. A: Dat kann ech gutt verstoen! Wat hues du dann alles gemaach? B: Villes! Nomëttes war ech meeschtens op der Plage. D’Waasser war frësch, mee agreabel. Ech hu gelies, war schwammen an hu mech gesonnt. Moies hunn ech Yoga um Strand gemaach – dat war wierklech flott, mat de Geräischer an dem Geroch vum Mier. A: Dat kléngt no enger relaxer Vakanz. Mee du hues gesot, du hues och Sport gemaach? B: Jo, ech war och aktiv! Ech si Mountainbike an de Bierger gefuer. Do gëtt et vill Weeër an der Natur. Een Dag sinn ech bal véier Stonne gefuer. Ech war och zweemol wanderen. A: Wow! Hues de och eppes Neies probéiert? B: Jo! Ech war an enger Surfschoul. Déi éischt Stonne sinn ech dauernd vum Briet gefall, mee mat der Zäit gouf et besser. Et war ganz witzeg! A: Dat kléngt wierklech cool! Wéi laang waars de eigentlech fort? B: Ech war zéng Deeg fort. Dat war genau richteg. Ech hu vill erlieft, mee hat och Zäit fir ze raschten. A: Ech kréie richteg Loscht och esou eng Vakanz ze maachen. B: Jo, ech kann et wierklech recommandéieren. San Sebastián ass eng super Plaz – et ass net ze grouss, mee et gëtt vill ze gesinn an ze maachen.  

NOW PLAYING

Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2)

0:00 4:14

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 5, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet.Transkript:Aktivitéiten...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!