Alldag am Altersheem (A2) episode artwork

EPISODE · Jan 22, 2026 · 4 MIN

Alldag am Altersheem (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:Alldag am Altersheem  B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck  nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss!  A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd.  Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt. Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns. 

NOW PLAYING

Alldag am Altersheem (A2)

0:00 4:53

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on January 22, 2026.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:Alldag am Altersheem  B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken....

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!