Allerhellegen an Trauliicht (B1) episode artwork

EPISODE · Oct 24, 2024 · 2 MIN

Allerhellegen an Trauliicht (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen iwwer Allerhellegen (den 1. November) an Trauliicht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Mir waren e Sonndeg bei mengem Frënd sengen Elteren a seng Bomi sot, datt si elo onbedéngt d’Couppe fir op d’Griewer maache muss. Ech hu mech net getraut ze froen, wat dat bedeit, a wéi mer gëschter doheem waren, hunn ech vergiess de Mathis ze froen. Wat mengt si domat? B: Si schwätzt bestëmmt vun de Couppe mat Blumme fir Allerhellegen. Den 1. November ass zu Lëtzebuerg Allerhellegen, dat ass e chrëschtleche Feierdag. Deen Dag an heiansdo och den 2. November, op Allerséilen, versammele sech d’Leit op de Kierfechter, fir d’Griewer ze seenen a fir un déi Verstuerwen ze denken. Et ass och Traditioun, Blummen a Käerzen op d’Griewer ze stellen. A: A ok, dat huet si also gemengt. B: Hues de scho vun Trauliicht oder Rauliicht héieren? A: Nee, wat ass dat? B: Dat ass eng Traditioun, déi am Norde vu Lëtzebuerg, am Éislek, gefeiert gëtt. Fir dëse Brauch gëtt eng Rommel ausgehielegt an Aen, eng Nues an e Mond drageschnëtzt. Duerno gëtt eng Käerz dragesat, fir an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November d’Séile vun de Verstuerwenen ewechzehalen. Zënter 2023 gehéiert d’Trauliicht zu den immaterielle Kulturierwen. A: Dat kléngt jo wéi Halloween, mee amplaz vun engem Kürbis gëtt hei eng Rommel benotzt. Wéi witzeg! B: Genee. Zu Munzen ass fir d’Trauliichtbrenne souguer nach e Fakelzuch. Häss de Loscht dat dëst Joer kucken ze goen? A: Wat eng schéin Iddi, mee ech fléien Enn des Mounts bei meng Famill a Mexiko, fir mat menger Famill den Día de los Muertos ze feieren. B: Wéi schéin! Ech hu schonn a Filmer gesinn, datt dat ganz anescht gefeiert gëtt wéi Allerhellegen. Ziel mer méi dovun!

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Oct 24, 2024

Embed this episode

Ready to play

Allerhellegen an Trauliicht (B1)

0:00 2:59

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 24, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!