Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1) episode artwork

EPISODE · Apr 1, 2025 · 6 MIN

Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Am A1-Sproochecours P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ? A & B: Ganz gutt ! P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin Noper. C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, vu Budapest. An du, wéi heeschs du, a vu wou kënns du ? B : Ech heesche Marco an ech kommen aus Italien, vun Napoli. P: Oppassen: Op Lëtzebuergesch soe mir “Neapel”. Marco, kanns du dat widderhuelen, wannechgelift? B: Jo, Ech kommen aus Italien, vun Neapel. P: Tipptopp! Sou, mir widderhuelen elo all zesummen an der Klass! Eva, kanns du d’Instruktioune vum Exercice liesen? C: Jo. Kommt an d’Mëtt a schwätzt mat minimum dräi Persounen. Notéiert den Numm, d’Heemechtsland, de Wunnuert an d’Sprooche vun ärem Partner an den Tableau. Dir hutt 15 Minutten Zäit. P: Super! Hutt dir nach eng Fro? Nee? Da fänkt elo un!  A : Moien ! Ech heeschen Anna. An du ? B : Salut, Anna ! Ech sinn de Marco. A : Vu wou kënns du ? B : Ech kommen aus Italien, vun Neapel. An du ? A : Ech kommen aus Schweden, vu Göteborg. B: Wéi schreift een dat, wannechgelift? A: Ech buschtawéieren: G-Ö (O mat Umlaut) – T – E – B – O -R -G. B: Merci! A: Ok, déi nächst Fro. Wunns du zu Lëtzebuerg ? B : Jo, ech wunnen zu Lëtzebuerg, zu Stroossen. An du? A: Ech wunnen och zu Lëtzebuerg, an der Stad, um Lamptersbierg. Wat fir Sprooche schwätz du? B: Ech schwätzen Italieenesch, Englesch, e bësse Franséisch, an elo léieren ech Lëtzebuergesch. An du? A: Ech schwätze Schweedesch, Englesch, e bëssen Däitsch, an elo léieren ech och Lëtzebuergesch. B: Flott! Et freet mech, dech kennenzeléieren! A: Mech och! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Apr 1, 2025

Embed this episode

Ready to play

Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1)

0:00 6:34

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 6 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 1, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!