Am Fitnessstudio (A2) episode artwork

EPISODE · Nov 7, 2024 · 4 MIN

Am Fitnessstudio (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Fitnessstudio Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Cliente: Moien! Ech géif mech gär an Ärem Fitnessstudio umellen. Kënnt Dir mir e puer Informatiounen zu de verschiddenen Abonnementer ginn?  Rezeptionist: Natierlech! Dir hutt e puer Optiounen. E Basiskontrakt kascht 40 Euro pro Mount. Dir kënnt awer och e Kontrakt op e ganzt Joer fir 420 Euro maachen. Domat spuert Dir 5 Euro pro Mount. Mam Basiskontrakt hutt Dir awer just den Accès an de Fitness. Interesséiert dir Iech och fir Gruppecoursen oder d’Sauna?  Cliente: Et hänkt dovun of. Wat fir Gruppecoursë ginn et dann?  Rezeptionist: Mir offréiere vill verschidde Coursen, zum Beispill Yoga, Pilates, Spinning oder Boxen. De komplette Programm vun der Woch fannt dir op eiser App. Do kënnt Dir Iech och fir déi eenzel Coursen umellen.  Cliente: Hutt dir och Course just fir Fraen?  Rezeptionist: Jo, freides owes a sonndes moies ass ëmmer e Boxcours just fir Fraen.  Cliente: Cool! A wat kascht d’Abonnement mat de Gruppecoursen?  Rezeptionist: D’Gruppecoursë kaschte 5 Euro extra pro Mount, also 45 Euro pro Mount oder 480 Euro pro Joer.  Cliente: Da maachen ech d’Abonnement mat de Coursen. Ass do och de Sauna-Zougang och dobäi?  Rezeptionnist: Nee, deen ass just an eisem Premium-Abo inclus. Dëst Abonnement kënnt Dir just op d’Joer maachen an et kascht 550 Euro.  Cliente: Hmm … Nee, da maachen ech just d’Abonnement mat de Gruppecoursë fir 45 Euro de Mount.   Rezeptionist: An der Rei. Da brauch ech just Är Carte d’identité fir eng Kopie ze maachen. Hei ass e Formulaire fir Iech. Notéiert wgl. Är Adress, Är E-Mail-Adress an Är IBAN-Nummer an ënnerschreift, datt dir mat allem averstane sidd.  Cliente: Ok, Merci. Hei ass meng Carte d’identité. Cliente: Voilà, ech si fäerdeg.  Rezeptionist: Super! Dir sidd elo Member vum Studio ,,Fit a Gesond’’. Hei ass Är Memberskaart. Soll ech Iech eng Kéier de Fitness weisen?  Cliente: Jo, ganz gär.   Rezeptionist: Ok, da kommt mat!   Rezeptionist: Also hei gesidd Dir eisen Trainingsberäich mat de Maschinnen an de fräie Gewiichter. D’Lafbänner, d’Crosstraineren an d’Vëloe sinn dohannen. Hei vir ass de Sall fir d’Gruppecoursë wéi Yoga, Pilates a Boxen. D’Spinning-Coursë sinn an engem separate Sall do hanne lénks.  Cliente: Flott, hei gëtt et jo vill Ekippement.   Rezeptionist: Jo. Ech roden Iech awer, moies no 9 Auer oder owes viru 17 Auer ze kommen, wann dir dëse Beräich benotze wëllt. Moies fréi oder owes no der Aarbecht sinn ëmmer vill Leit hei an da kann et sinn, datt Dir emol bei enger Maschinn waarde musst.  Cliente: Ech verstinn. A wou ass de Vestiaire?  Rezeptionist: Hei direkt bei der Entrée op der rietser Säit. Do ass de Vestiaire fir d’Männer an niewendrun ass de Vestiaire fir d’Fraen. Fir de Casier musst Dir just e PIN-Code mat 4 Zifferen aginn.  Cliente: Ok, super. Merci fir Är Hëllef! Da ginn ech mech elo undoen an da fänken ech mäin Training un.  Rezeptionist: Tipptopp! Wann dir eng Fro hutt, da kommt einfach hei bei d’Rezeptioun froen.  Cliente: Dat maachen ech! Merci! 

NOW PLAYING

Am Fitnessstudio (A2)

0:00 4:03

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on November 7, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Fitnessstudio Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Cliente:...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!