Am Kleederbuttek an d'Wallis paken (A2) episode artwork

EPISODE · Jun 13, 2024 · 4 MIN

Am Kleederbuttek an d'Wallis paken (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Kleederbuttek Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?  Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.  Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn?  Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht aus Seid.  Verkeeferin: Ech mengen, esou eppes hu mir. Wat fir eng Gréisst hutt dir?  Cliente: 38.  Verkeeferin: Kommt mat Madamm, ech weisen Iech e puer Räck.  Cliente: Merci.  Verkeeferin: Voilà, hei hunn ech dräi Räck am Bloen. Deen een ass och aus Seid a geet bis un d’Knéien. Wëllt dir e gär en umoossen?  Cliente: Jo, deen do gefält mir. Wat denks du, Marc?  Mann: Jo, deen ass schéin. Mooss e mol un.  Cliente: Wou sinn d’Kabinnen?  Verkeeferin: Do hannen. Braucht dir soss nach eppes?  Cliente: Nee, merci, ech kucke fir d’éischt just dee Rack hei.  Verkeeferin: An? Wéi sëtzt de Rack?  Cliente: Perfekt! Marc, kuck emol !  Marc : Jo, e geet dir wierklech gutt. Ech géif en huelen.  Cliente: Wéi vill kascht e, wgl?  Verkeeferin: 120 €. Mee en ass an de Solden, dofir kritt dir nach  20 % drop.  Cliente: Super! Ech huelen en.   Verkeeferin: Braucht dir soss nach eppes?  Cliente: Nee, dat ass alles.  Mann: Moment, ech brauch och nach en neie Kostüm fir d’Hochzäit!   Verkeeferin: Ok, Monsieur, kommt mat, ech weisen Iech eis Kostümer. Soll et eng bestëmmt Faarf sinn?  Mann: Ech mengen, donkelblo wier flott. Dat passt gutt bei menger Fra hiren neie Rack. Deen hei gefält mir ganz gutt. Hutt dir deen och am 52?  Verkeeferin: Ee Moment, ech gi kucken … Jo, hei ass en am 52!   Mann: Merci, ech ginn en umoossen.  Verkeeferin: An? Ass e Mooss?  Mann: Jo. Claire, kuck emol!  Cliente: Jo, en ass net ellen. An e passt gutt bei mäi Rack. Mee ech weess net, ob d’Faarf dir esou gutt geet …  Mann: Hmm … Wéi vill kascht en, wgl.?  Verkeeferin : 250 €.  Mann : Sinn do och nach Prozenter drop?  Verkeeferin: Nee, leider net. D’Kostümer sinn net an de Solden.  Mann: Hmm, ok … Ech mengen, dann iwwerleeën ech mir et nach eng Kéier. Vläicht fannen ech eppes aneres, wat mir besser gefält.  D'Wallis paken Lara: Ech freeë mech schonn op eis Vakanz!  Mike: Jo ech och! Endlech fort aus dem Reen!  Lara: Ech weess net wierklech, wat ech apake soll.   Mike: Also ech hunn d’Wiederprevisioune gekuckt an et gëtt sonneg an immens waarm. Ech hu liicht a bequeem Kleeder agepak.  Lara: Mega, ech brauch definitiv e bësse Sonn! Wat hues du da genau agepak?  Mike: Ma ech hu mäi bloen a mäi bronge Short agepak. Ech huelen och véier wäiss T-Shirten mat, du weess, ech schweesse vill. Fir owes hunn ech nach mäi gréngt a schwaarzt Hiem agepak. Wat d’Schong ugeet, huelen ech just meng bequeem rout Turnschlappe mat.  Lara: Ok. Ech mengen, ech paken da mäi faarwegt Kleed a meng giel Blus an. Dann huelen ech och nach meng blo kuerz Box, mäi grénge Short, meng geblummelegt Jupe, mäi rouden T-Shirt, meng gëlle Sandalen, meng schwaarz Tallekeschong...   Mike: Ehm... Maach mol lues, mir bleiwe jo just véier Deeg do.  Lara: Jo, mee ech huele léiwer méi mat, dann hunn ech méi Choix.  Mike: An der Rei, sou laang alles an däin Handgepäck passt, ass dat ok.  Lara: Maach dir do keng Suergen.  Mike: Vergiess och net deng Sonnecrème an däi Sonnebrëll matzehuelen.  Lara: A jo, stëmmt! A mäi gesträifte Bikini a mäi liichte Pyjama däerf ech och net vergiessen. Hmm, vläicht muss ech awer manner Saachen apaken.  Mike: Ech mengen och. Ech loossen dech elo a Rou deng Wallis paken.   Lara: An der Rei. 

NOW PLAYING

Am Kleederbuttek an d'Wallis paken (A2)

0:00 4:26

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 13, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!