EPISODE · Jul 3, 2026
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
from Kultur · host radio 100,7
An de leschte Woche gouf et scho verschidde speziell Mudam-Aktiounen: z. B. hat d’Ekipp, ënner dem Motto “Dodeka”, 12 Wierker aus der Mudam-Kollektioun an 12 Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechter de Grand-Duché transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen, mat hinnen e gemeinsame Patrimoine ze deelen. A firwat? Mee, den 1. Juli viru ronn 20 Joer ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Dat schwätzt eventuell just déi un, déi eppes mam Mudam verbënnt: eng gemeinsam Geschicht oder esou. Dowéinst geet d’Kerstin Thalau elo nach emol op de Mudam-Passé an. An dozou gehéiert natierlech déi éischt Mudam-Directrice, d’Marie-Claude Beaud.
Embed this episode
NOW PLAYING
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.