Am Reesbüro (A2)

EPISODE · Jan 21, 2025 · 4 MIN

Am Reesbüro (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am Reesbüro iwwer hir Vakanz beschwéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Reesbüro A: Gudde Moien, Madamm Müller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwätzen. Mir si wierklech enttäuscht!  C: Gudde Moien, Här a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?  B: Éierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, wat hätt kënne schifgoen! Fir d’éischt war d’Hotelszëmmer an engem fuerchtbaren Zoustand, wéi mir ukomm sinn! Et war stëbseg, d’Dreckskëscht war nach voll an et waren Hoer am Lavabo am Buedzëmmer an am Bett.  C: O mei, dat kléngt wierklech desagreabel. Hutt Dir dat dann dem Hotel gemellt?  A: Natierlech! Mee mir krute gesot, datt keen anert Zëmmer fräi ass, an datt d’Botzpersonal sech eréischt muer dorëms këmmere géing, well et schonn owes war. Net ze gleewen, oder?  C: Dat deet mir wierklech leed. Esou e Service ass natierlech inakzeptabel. Goufen et nach weider Problemer?  B: Allerdéngs! D’Iesse war eng eenzeg Katastroph. Mir hate jo Hallefpensioun gebucht, a moies an owes gouf et Buffet. Mee et gouf all Dag dat selwecht, an dat, wat et gouf, war entweeder ze fetteg, versalzt oder scho kal. Een Owend lounge mir souguer nuets mat Bauchwéi am Bett!  A: An dann nach dee Kaméidi! Den Hotel war direkt nieft engem Chantier, wat eis virdrun net gesot gouf. De ganzen Dag hu mir bei der Schwämm de Kaméidi vu Baggeren a Maschinnen héieren. Wéi soll een do entspanen?  C: Dat kléngt wierklech fuerchtbar. Ech verstinn Är Roserei. Hutt Dir wärend Ärem Openthalt probéiert, d’Reeseleedung op der Plaz ze kontaktéieren?  B: Jo, mee do hu mir entweeder keen erreecht oder mir goufe vertréischt. Mir hate wierklech d’Impressioun, datt keen eis hëllefe wollt.  A: Ganz éierlech, esou eppes hu mir nach ni erlieft. Mir si richteg rosen an hätte gär eng anstänneg Entschiedegung!  C: Dat verstinn ech total. Kommt, ech notéieren alles, datt mir eng Reklamatioun un den Organisateur weiderleede kënnen. Mir kënnen op e Remboursement oder op d’mannst op eng Entschiedegung a Form vun engem Reesbong insistéieren.  B: E Reesbong? Also, no dëser Erfarung weess ech net, ob mir jee erëm bei Iech buche wäerten!  C: Dat verstinn ech ... Ech maache mäi Bescht, fir e Remboursement a Form vu Suen ze kréien. Hutt Dir Fotoen oder aner Beweiser, déi mir mat eraschécke kënnen?  A: Jo, natierlech. Mir hunn alles dokumentéiert: Fotoe vum Zëmmer, vum Iessen an natierlech Videoe vun der Baustell.  C: Dat hëlleft scho vill, Merci. Ech schécken Är Reklamatioun direkt eran a wäert mech dofir asetzen, datt Dir eng fair Léisung kritt. Kann ech Iech déi nächst Deeg per Telefon kontaktéieren, fir Iech en Update ze ginn?  B: Dat wier gutt. Mir hoffen, datt Dir Iech seriö dorëms këmmert!  C:  Selbstverständlech. Et deet mir wierklech leed, datt Är Rees esou eng Enttäuschung war. Ech wäert alles dofir maachen, fir dat erëm gutt ze maachen.  A: Merci. Mee, éierlech gesot, hätte mir eis deen Ierger gär erspuert.  C: Dat verstinn ech. Nach eng Kéier, et deet eis leed. Ech melle mech esou séier wéi méiglech.    B: Ech sinn zwar elo gespaant, ob do wierklech eppes dobäi erauskënnt. Dës Kéier loosse mir eis net uschmieren!  A: Genau! An d’nächst Kéier recherchéiere mir selwer besser, bevir mir buchen. 

NOW PLAYING

Am Reesbüro (A2)

0:00 4:10

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!