Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2) episode artwork

EPISODE · Oct 22, 2024 · 4 MIN

Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess! B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet? A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen. B: A lass! Solle mer Blumme kafen? A: Hmm, déi gefale mer elo net immens, an dir? B: Nee, ech waarden op d’Tulpesaison. A: Ok! Also...fir eis Bolognesezooss brauche mer mol: Ënnen, Knuewelek, frësch Tomaten, Muerten an Zelleri. B: Komm, mir kafen och nach Courgetten, Paprika a Champignonen. A: Jo. Banannen... B: ...Äppel a Bieren... Häss de gär Drauwen? A: Jo, gär! Soss nach eppes? B: Nee. Da gi mer weider. Mmm, de Sushi gesäit gutt aus. Solle mer dat de Mëtteg iessen? D’Bolognese kache mer den Owend. A: Jo, gutt Iddi! Komm, mir kafen eis nach Mëtschen an eng frësch Baguette fir de Kaffi muer. An och nach e Bauerebrout. B: Kuck, dee Wäin do ass an der Reklamm! Dräi Fläsche fir de Präis vun zwou. A: Ass en da gutt? B: Jo, ech kennen en. Ech hunn e gär. Hu mer nach genuch Tomatepüree? A: Ech mengen, mee huel nach eng oder zwou Fläsche Passata. An e puer Päck Spaghetti. B: Ech gi mol dëse Gank erof, kanns du séier d’Gehacktes siche goen? A: Hei sinn ech nees. Ech hunn och nach gerappte Kéis an e Stéck Parmesan matbruecht. B: Ech hunn nach Räis, Lënsen, Orzo a Lënsennuddelen an de Caddie geluecht. A: Ok, da komm mir ginn elo nach bei d’Mëllechprodukter. B: Ass dann nach genuch Plaz am Weenchen? E Kaffi drénke goen A: Moien!  M: Moien! Kënne mir eis setzen oder musse mir hei beim Comptoir bestellen?  A: Hei beim Comptoir, wgl.   M: Ok! Ech hätt gär e Cappuccino. Hutt dir och planzlech Mëllech?  A: Jo, mir hunn Huewer- a Sojamëllech.   M: Super! Dann huelen ech de Cappuccino mat Huewermëllech, wgl.   A: Ok. Kritt dir och eppes?  F: Hutt dir och normale schwarze Kaffi?  A: Jo, natierlech! Mat oder ouni Zocker?  F: Einfach schwaarz, wgl. Ouni Zocker.   A: Hätt dir och gär eppes fir z’iessen?  M: Jo, ech huelen e Stéck Carrot Cake. Oder sinn do Nëss dran?  A: Jo, deen ass mat Nëss.   M: A, schued, ech sinn allergesch op Nëss. Dann huelen ech e Croissant.   A: Gefëllt oder normal? Déi gefëllt si mat Schockela.   M: Dann huelen ech e gefëllte Croissant. Hëls du och eppes?  F: O jo, déi Kéistaart gesäit nawell gutt aus! Ech huelen e Stéck dovun.   A: Bezuelt dir zesummen oder getrennt?  F: Komm, ech lueden dech an!  M: O, dat ass awer léif, Merci.   A: Dat mécht dann 22,50 €, wgl.   F: Ou?! Dir hutt awer gepeffert Präisser.   M: Ech wousst net, datt s du knéckeg wiers!   F: Ech sinn net knéckeg, mee ech fannen et awer zimmlech deier.   A: Jo, mee mir hunn nëmme regional a Bio-Produkter.  M: Solle mer dann net awer eenzel bezuelen?  F: Nee, ‘t ass gutt, d’nächst Kéier ass et dann un dir.   M: Ok … da komme mer awer net heihinner.

NOW PLAYING

Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2)

0:00 4:15

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 22, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A:...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!