An de Supermarché goen (A1) episode artwork

EPISODE · Jun 12, 2025 · 3 MIN

An de Supermarché goen (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin en Audio-Message mat enger Akafslëscht schéckt. Duerno héiere mir, wéi d'Frëndin am Supermarché ass an d'Produkter keeft.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Akafslëscht  (Audio-Message)D: Hallo Martine, ech si schonn am Auto a kann elo net méi schreiwen. Ech schécken dir e klengen Audiomessage mat der Akafslëscht fir haut den Owend. Du gees jo an deen neie Supermarché am Quartier. Ech hoffen du fënns alles. Also... Mir brauchen en hallwe Kilo Tomaten fir d’Entrée. Fir de Schockelaskuch brauche mir och nach e Pak Miel. Dat ass alles. Merci! A nee... Pardon. Kaf och nach eng Fläsch Olivenueleg. Mir hu kee méi doheem. A kaf och nach e Liter Mandelmëllech, du weess jo, d’Sabrina ass laktosintolerant an hatt däerf keng Mëllech drénken.  Elo ass et awer alles... Merci! Äddi!  Am SupermarchéA : Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen, wannechgelift? B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir? A: Ech brauch Tomaten. Wou fannen ech déi? B: D’Tomate sinn do hannen am Rayon vum Geméis. A: A, merci! A wou ass d’Miel? B: D’Miel ass am drëtte Rayon, beim Zocker. A: Ok. An den Olivenueleg, wou fannen ech deen? B: Den Olivenueleg ass och am Rayon vum Miel. A: Tipptopp! Villmools merci fir Är Hëllef. Nach eng lescht Fro: Hutt Dir och Mandelmëllech? B: Nee, mir hu leider keng Mandelmëllech méi. Iwwermuer kënnt eng nei Liwwerung. Als Alternativ hu mir Soja- oder Huewermëllech. Déi schmaachen och gutt. A: Merci. Dat ass fein.   C: Gudden Owend. Hutt Dir alles fonnt? A: Jo, merci. C: Hutt dir schonn eng Clientskaart? A: Nee, nach net. Ech huelen de Formulaire mat heem. C: An der Rei. Dat mécht dann 23 Euro 75. Braucht Dir eng Tut ? A : Jo, wannechgelift. C: Dat kascht 10 Cent extra. A: Dat ass an der Rei. Merci! C: Bezuelt Dir boer oder mat der Kaart? A: Ech bezuele mat der Kaart, wannechgelift. C: Braucht Dir den Ticket? A: Nee merci.  C: Dann nach e schéinen Dag. A: Merci gläichfalls. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 12, 2025

Embed this episode

Ready to play

An de Supermarché goen (A1)

0:00 3:34

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 12, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!