An der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2) episode artwork

EPISODE · Mar 20, 2025 · 2 MIN

An der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert.Vill Spaass!-TranskriptEducatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen? Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok? Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu gemierkt, datt de Máté déi lescht Deeg dräi Mol wärend der Mëttesrascht an d’Bett gemaach huet an hien ësst och praktesch näischt. Mamm: O, ech hu gemengt, dat geschitt de Moment just doheem. Educatrice: A! Ech hoffen, et ass alles an der Rei! Vläicht ass et eng Phas? Mamm: Dat ass gutt méiglech. Hien ass de Moment immens pappereg, mee mäi Mann ass zënter enger Woch bei sengen Elteren an Ungarn. Si plënneren an en Altersheem an hien hëlleft hinnen dobäi. Mir telefonéieren all Dag mat Kamera, mee de Máté verlaangert awer immens vill. Educatrice: Dat ass bestëmmt de Grond. Esou Verännerunge kënnen d’Kanner heiansdo veronsécheren. Mir wäerte probéieren, him déi nächst Zäit extra vill Sécherheet ze ginn. Mamm: Merci! Ech probéieren och, hie sou vill wéi méiglech ze berouegen, datt säi Papp geschwënn nees doheem ass. Hie kënnt an ongeféier 10 Deeg nees heem. Educatrice: Ok! Mir halen Iech um Lafenden. Wann et net besser gëtt, da probéiere mer eng aner Léisung ze fannen. Mamm: Villmools Merci, datt Dir mir Bescheed gesot hutt. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 20, 2025

Embed this episode

Ready to play

An der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2)

0:00 2:12

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 20, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!