Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2) episode artwork

EPISODE · Oct 7, 2025 · 3 MIN

Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir vun enger Famill, déi de Weekend zu Steesel an de Bongerten Äppel plécke war. Duerno héiere mir och nach e Rezept fir eng Äppeltaart.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Äppel plécken & Rezept Äppeltaart A: An, wéi war däi Weekend? B: Ganz flott! Mir si mat de Kanner op Steesel an d’Bongerten Äppel plécke gaangen. A: O, cool! Hutt dir da vill Äppel gepléckt? B: Jo, nawell. Mir haten zwou grouss Tute voll. Ech wousst guer net, wéi vill verschidden Zorten Äppel do wuessen. Séisser, sauerer – mir hu vill probéiert. A: Haha, also méi giess wéi gepléckt? B: Dat kéint ee bal soen. Haha, nee, ech maachen de Geck. Mee wéi mir mat deene villen Äppel heemkomm sinn, hu mir eis awer gefot, wat mir mat esou vill Äppel maache sollen. A: Hmm … Äppelkompott? B: Jo, dat ass eng gutt Iddi. Mee mir hunn eis decidéiert, fir d’éischt emol eng Äppeltaart ze baken. A: Mmh, immens! An, wéi ass se ginn? B: Se war herrlech! Mir hunn déi séiss Äppel dofir geholl an duerno huet dat ganz Haus no Äppel a Kanéil gericht! A: Du méchs mech elo richteg hongereg! Hues du d’Rezept ? B : Jo, ee Moment. Et ass wierklech einfach. (…) Hei ass et. Also, du brauchs : -200 Gramm Miel -100 Gramm Zocker -100 Gramm mëlle Botter -zwee Eeër -een Téiläffel Bakpolver -e Schoss Mëllech -a véier oder fënnef séiss Äppel, geschielt a gevéierelt. A: Dat kléngt jo net komplizéiert. An dann?  B: Fir d’éischt ginn de Botter, den Zocker an d’Eeër cremeg gemixt. Duerno méchs du d’Miel an d’Bakpolver an e bësse Mëllech dobäi a réiers den Deeg bis e glat ass. Da kënnt den Deeg an eng ronn Bakform an d’Äppelstécker ginn drop geluecht. Wann s du wëlls, kanns du och nach Zocker, Kanéil oder Mandelen drop maachen. Da gëtt d’Taart ongeféier 40 Minutten op 180 Grad am Schäffche gebak. A: Ech mengen, dat kréien ech hin! B: Haha, bestëmmt! An iwwregens, se schmaacht am beschte waarm mat enger Bull Vanillsglace! A: Ok, du hues mech iwwerzeegt. Dat probéieren ech den nächste Weekend! A wann s de d’nächst Kéier eppes bécks, da bréng roueg e Stéck mat op de Büro! B: Haha. Gëtt gemaach. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Oct 7, 2025

Embed this episode

Ready to play

Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2)

0:00 3:21

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 7, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!