Aussprooch: D'Vokaler (A1) episode artwork

EPISODE · Mar 14, 2024 · 4 MIN

Aussprooch: D'Vokaler (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a. Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü. Elo trainéiere mir d'Aussprooch zesummen. Ech soen d'Lauter fir d'éischt an dir schwätzt haart no: i, u, e, o, a, ä, ë, ö, ü. Heiansdo schwätze mir d'Vokaler laang aus:   [i:] wéi bei siwen an heiansdo kuerz:  [i] wéi bei siwwenzéng. siwen – siwwenzéng. laang: [u:] wéi bei Tut – kuerz: [u] wéi bei Buch  Tut – Buch  laang: [e:] wéi bei Meter – kuerz: [e] wéi bei Méck Meter – Méck laang: [o:] wéi bei Fro – kuerz: [o] wéi bei Posch  Fro – Posch  laang: [a:] wéi bei Dag – kuerz: [ɑ] wéi bei Ball Dag – Ball laang: [ɛ:] wéi bei lämen – kuerz: [æ] wéi bei Äddi lämen – Äddi Den “ë” existéiert net als laange Vokal. Mir prononcéieren e just kuerz: [ə] wéi bei Fësch Fësch. laang: [ø:] wéi bei Fön – kuerz: [ø] wéi bei Ökolog Fön – Ökolog laang: [y:] wéi bei Süden – kuerz: [y] wéi bei Küst Süden – Küst

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 14, 2024

Embed this episode

Ready to play

Aussprooch: D'Vokaler (A1)

0:00 4:17

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 14, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!