Aussprooch: ei - éi (A1) episode artwork

EPISODE · Jun 18, 2024 · 4 MIN

Aussprooch: ei - éi (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?  B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z.B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier.  A: Ok.  B: Mir schreiwen “deier” mat  d, e, i , e, r   a mir prononcéieren et: deier. D’Aussprooch vum Diphthong “e,i”  ass [ɑɪ]. Denk un en “a” an en “i”: [ɑɪ]. Probéier du et elo! [ɑɪ]  A: [ɑɪ]  B: [ɑɪ]  A: [ɑɪ]  B: Gutt! So elo: “deier”!  A: deier  B: deier  A: deier  B: Tipptopp! En “Déier” ass eppes Aneres. En Hond ass en Déier, en Elefant ass en Déier, e Fësch ass en Déier, a sou weider. Mir schreiwen et och anescht wéi “deier” an d’Aussprooch ass anescht. Mir schreiwen et grouss a mat Accent aigu: D, e Accent aigu, i, e, r. D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ].  A: [ɜɪ]  B: [ɜɪ]  A: [ɜɪ]  B: An elo: “Déier”.  A: Déier  B: Déier  A: Déier  B: Lauschter den Ënnerscheed:     deier     Déier     deier     Déier     deier  B: So “deier”.  A: deier  B: So “Déier”  A: Déier A: Elo héieren ech den Ënnerscheed.  B: Hei sinn nach Wierder mat [ɑɪ]: Leit, hei, bei, eis, nei, Gei, schreiwen, leider, eidel, einfach, fein, Feier, Feierdag, feieren, heiheem, weiblech, zeideg, Zeil, a sou weider. An hei sinn nach Wierder mat [ɜɪ]: wéi, véier, éischt, éischter, Méindeg, schéin, Kéier, léieren, kombinéieren, notéieren, buschtawéieren, féieren, géint, héieren, séier, a sou weider  A: Ok! Merci fir deng Hëllef!  B: ‘t ass gär geschitt! 

NOW PLAYING

Aussprooch: ei - éi (A1)

0:00 4:07

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 18, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?  B:...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!