Bretzelsonndeg & beim Bäcker (A2) episode artwork

EPISODE · Mar 27, 2025 · 4 MIN

Bretzelsonndeg & beim Bäcker (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Bretzelsonndeg A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf? B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren. A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu Lëtzebuerg. De véierte Sonndeg an der Faaschtenzäit ass Bretzelsonndeg. Dëst Joer fält et op den 30. Mäerz. Deen Dag schenken d’Männer de Fraen eng Bretzel. B: A, déi mat Salz? Déi ginn et jo dat ganzt Joer beim Bäcker. A: Nee, nee, dat ass eng aner Bretzel! Op Bretzelsonndeg keeft een eng séiss Bretzel aus Bliederdeeg mat Mandelen an Zockergoss.   B: A firwat genee eng Bretzel? A: Gutt Fro! Et soll en Zeeche fir d’Léift sinn. Wann s de genau kucks, erënnt d’Form vun der Brëtzel och e bëssen un eng Ëmaarmung. B: Stëmmt! Et ass wierklech e léiwe Gest. A wat geschitt, wann d’Fra d’Bretzel kritt? A: Wa si och frou mam Mann ass, schenkt si him fir Ouschteren en Ouschteree. Wa si net interesséiert ass, kritt de Mann en eidele Kuerf. Dohier kënnt och d’Expressioun ,,e Kuerf kréien’’, also vun enger Persoun, déi ee gär huet, ofgeleent ginn. B: O mei! An dat ass all Joer esou? A: Nee, wann e Schaltjoer ass, ass d’Traditioun ëmgedréit. Da mussen d’Fraen dem Mann, mat deem si frou sinn, eng Bretzel schenken, an d’Männer entscheede sech tëschent engem Ee an engem Kuerf. B: Wéi echt! Da muss ech mech bäi maachen an eng Bretzel fir e Sonndeg kafe goen. Wie weess, vläicht kréien ech jo dann och en Ee fir Ouschteren. A: Absolut! Vill Gléck! B: Merci! An der Bäckerei V: Gudde Moien! Wat kritt Dir? C: Gudde Moien. Ech hätt gär e Brout. V: Hätt Dir gär en donkelt Brout oder en hellt Brout? C: En donkelt Brout, wgl. V: Mir hu Roggebrout, Vollkornbrout a Walnossbrout. C: Hmm… d’Walnossbrout kléngt interessant. V: Jo, et ass en donkelt Brout mat vill Nëss. Et ass ganz gutt a passt gutt bei Kéis. C: Dann huelen ech eent. V: Geschnidden oder net geschnidden? C: Geschnidden, wgl. V: Hätt Dir soss nach gär eppes? Vläicht Bréidercher? C: Jo, ech huele véier Bréidercher. V: Heller oder Vollkornbréidercher? C: Zwee hell Bréidercher an zwee Vollkornbréidercher, wgl. V: Hätt Dir och nach gär eppes Séisses? C: Hmm, jo, hutt dir scho Bretzelen? Geschwënn ass jo Bretzelsonndeg. V: Jo, mir hunn normal Bretzelen a gefëllte Bretzelen mat Praliné. C: Mmh, ech huelen zwou gefëllte Bretzelen, wgl. Da si meng Kanner frou. V: Gutt, e Walnossbrout, zwee hell Bréidercher, zwee Vollkornbréidercher an zwou gefëllte Bretzelen. Dat mécht 8,60 €, wgl. Bezuelt Dir boer oder mat Kaart? C: Boer, wgl. Hei sinn 10 €. V: Merci. Hei sinn 1,40 € zeréck. Braucht dir eng Tut? C : Nee, Merci, et geet esou. Äddi! V : Äddi, an nach e schéinen Dag. C: Merci gläichfalls. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 27, 2025

Embed this episode

Ready to play

Bretzelsonndeg & beim Bäcker (A2)

0:00 4:12

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 27, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!